Biologie – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Animalia - Bos primigenius taurus
Planta - Triticum
Fungi - Morchella esculenta
Stramenopila/Chromista - Fucus serratus
Bacteria - Gemmatimonas aurantiaca (- = 1 Micrometer)
Archaea - Halobacteria
Virus - Gamma phage
D'
Biologie
ass d'
Wëssenschaft
vun de Liewewiesen.
D'Wuert „Biologie“ kënnt aus dem
algriicheschen
βιος
bíos
„Liewen“ a λογος
lógos
„Léier“ a gouf am Joer 1802 vum franséische Biolog
Jean-Baptiste de Lamarck
agefouert.
Kennzeeche vun de Liewewiesen (ouni d'
Viren
änneren
Quelltext änneren
Déi wichtegst Kennzeeche vun de Liewewiesen (oder Organismen) sinn:
d'
Zell
als klengsten, liewege Bestanddeel vun all Organismus;
d'
DNA
als Träger vun der
geneetescher Informatioun
de
Metabolismus
oder
Stoffwiessel
: Otmung, Narungsopnam, Verdauung, Ausscheedung, Opbau an Ofbau vu kierpereegene Stoffer...;
d'Entwécklung vun der
Gebuert
iwwer de
Wuesstum
bis zum
Doud
d'
Reproduktioun
d'
Reizbarkeet
: Reaktioun op Reizen aus der Ëmwelt (Liicht, Geräischer...);
d'
Evolutioun
: geneetesch Verännerungen am Laf vun der Zäit (z.
B. zwecks enger besserer Upassung un de
Liewensraum
an/oder d'Liewensweis).
Well d'Viren net aus Zelle bestinn an och keen eegene Metabolismus hunn, gi si dacks net zu de Liewewiese gezielt.
Iwwersiicht iwwer d'Liewewiesen
änneren
Quelltext änneren
Populärwëssenschaftlech
kann een d'Liewewiesen a fënnef Gruppen (Kinnekräicher) andeelen:
Planzen
Pilzen
Déieren
, d'
Mënschen
abegraff,
Eenzeller
Protisten
),
Bakteerien
Prokaryonten
).
Wëssenschaftlech
ginn d'Liewiesen an dräi
Domäner
agedeelt:
Bacteria
, eenzelleg, Zellen ouni Zellkär;
Archaea
, bakteerienänlech Eenzeller, Zellen ouni Zellkär;
Eukarya
, Een- oder Villzeller, Zelle mat engem Zellkär.
D'Bakteerien an d'Archaeë ginn dacks zesummen als
Prokaryonten
Prokaryota
) bezeechent.
D'
Vire
feelen an der Lëscht, well nach net gewosst ass wéi si ënnereneen an och net mat deenen anere Liewewiese Famill sinn.
Der aktueller Systematik no
, déi awer vun de Wëssenschaftler nach kontrovers diskutéiert gëtt, ginn d'
Eukarya
Eukaryoten
) a sechs Gruppen (Kinnekräicher) agedeelt:
Opisthokonta
Déieren
Pilzen
Archaeplastida
Gréngalgen
an all aner
Planzen
Amoebozoa
Amoeben
a verwandten
Eenzeller
Rhizaria
Foraminiferen
Radiolarien
an aner Eenzeller;
Chromalveolata
Algen
ausser de Gréngalgen;
Excavata
: Eenzeller wéi z.
B. d'
Euglenen
Adl, S.M., 2005. The New Higher Level Classification of Eukaryotes with Emphasis on the Taxonomy of Protists.
The Journal of Eukaryotic Microbiology
52 (5): 399-451.(
Resümmee a ganzen Text
Keeling, P.J. et al., 2005. The tree of eukaryotes.
Trends in Ekology and Evolution
20 (12): 670-676. (Eng alternativ, liicht verschidde Klassifikatioun, mat fënnef amplaz sechs Kinnekräicher).
Definitioun vum Liewen
änneren
Quelltext änneren
Eng Definitioun vum Liewe gëtt gebraucht well:
op eiser
Äerd
sech d'Liewe graduell, also mat (villen?) Tëschestufen aus organescher Matière entwéckelt huet;
op anere
Planéiten
(z.
B. d'
Venus
) oder hire
Mounden
(z.
B. dem
Titan
vum
Saturn
) vläicht Liewensformen entstane sinn, déi sech grondleeënd vun deenen op der Äerd ënnerscheeden.
Follgend Definitioune goufen ënner anere virgeschloen:
Liewe besteet aus Populatioune vun Eenheete mat follgende Propriétéiten: Vermehrung, Verierwung a Variatioun. (
John Maynard Smith
, e britteschen
Evolutiounsbiolog
),
Liewen ass e
cheemesche
System, dee sech selwer erhale kann an eng
darwinesch
Evolutioun
matmécht.
Dës Definitioun gouf 1994 als Aarbechtshypothes fir d'
Nasa
bei hirer Sich no Liewen op frieme Planéite virgeschloen.
Literatur:
Hazen, R., 2007. Was ist Leben?
Spektrum der Wissenschaft
Okt. 2007: 67-70.
Aarbechtsmethode vun der Biologie
änneren
Quelltext änneren
D'Biologie benotzt ganz allgemeng d'Methode vun der
Wëssenschaft
, wéi:
Froe stellen;
Genee observéieren; och mat Hëllefsmëttele wéi dem
Mikroskop
oder der
Spektiv
Dokumentéiere vu Beobachtungen a Form vun Notizen, Handzeechnungen, Fotoen a Filmer, gradewéi Tounopzeechnungen;
Experimentéieren;
Opstellen an Teste vun
Hypotheesen
Donieft bidden ënnerschiddlech Deeldisziplinnen eegen Zougäng:
Systemateschen
Usaz
e System vun de Liewewiesen opstellen (Systematik), an onbekannt Liewewiese charakteriséieren, a mat Hëllef vun hiren Eegenschaften a Kennzeechen an dëse System anuerdnen.
Anatomie
doudeg Liewewiesen an hir Eenzeldeeler zerleeën an ënnersichen.
Physiologie
d'Funktioun an d'Zesummespill vun eenzelen Zellen an eenzelen Organer ënnersichen an erklären.
Pathologeschen
Usaz
aus kranken Zoustänn op deenen hir Mechanisme schléissen.
Geneeteschen
Usaz
D'Ierfgutt vun allen Aarte vu Liewewiesen analyséieren a katalogiséieren.
Biocheemeschen
Usaz
Déi verschidde Bestanddeeler vun de Liewewiesen (z.
B.
Eewäisser
Lipiden
Kuelenhydrater
) gradewéi d'cheemesch Stoffëmsetzungen analyséieren.
Verhalensbiologeschen
, speziell
soziobiologeschen
Usaz
D'Verhale vun Individuen, vun aartgläichen Déieren an der Grupp a vis-à-vis vun aneren Déierenaarte beobachten a versichen z'erklären.
Ökologischen
Usaz
De Liewensraum vun enger Aart vu Liewewiesen dokumentéieren, d'Wiesselbezéiunge vun de Liewewiese mat hirer Ëmwelt an d'Zesummespill vu verschiddenen Aarten an engem Liewensraum analyséieren.
Notz-Usaz
Notzplanzen
Notzdéieren
an Notzmikroorganismen halen, ziichten, ënnersichen.
Méiglech Andeelung vum Fachgebitt
änneren
Quelltext änneren
Wichteg Deelgebidder vun der Biologie
änneren
Quelltext änneren
Aerobiologie
--
Anatomie
--
Anthropologie
--
Bakteriologie
--
Biochimie
--
Biogeographie
--
Bioinformatik
--
Bionik
--
Biophysik
--
Biosemiotik
--
Biotechnologie
--
Biozönologie
--
Botanik
--
Chorologie
--
Chronobiologie
--
Entomologie
(Léier vun den Insekten) --
Entwécklungsbiologie
--
Epidemiologie
--
Evolutiounstheorie
--
Geneetik
(Verierwungsléier) an
Epigeneetik
(doriwwer eraus) --
Geobotanik
--
Histologie
(Léier vun de
Tissusen
) --
Immunologie
--
Kladistik
--
Lichenologie
(Léier vun de Flechten) --
Limnologie
--
Mieresbiologie
--
Mikrobiologie
--
Molekularbiologie
--
Morphologie
--
Mykologie
(Léier vun de Pilzen) --
Neurowëssenschaften
--
Ekologie (Biologie)
--
Onkologie
(Kriibsfuerschung) --
Ontogenie
(Individualentwécklung) --
Paleontologie
(mat
Paleobotanik
Paleozoologie
) --
Pathologie
(Léier vun de Krankheetserreeger) --
Pharmabiologie
--
Phykologie
--
Phylogenie
--
Physiologie
--
Phytopathologie
--
Protozoologie
--
Séisswaasserbiologie
--
Strukturbiologie
--
Taxonomie
--
Theoreetesch Biologie
--
Toxikologie
--
Verhalensfuerschung
--
Virologie
--
Zellbiologie
--
Zoologie
Grenzgebidder vun der Biologie
änneren
Quelltext änneren
Extraterrestresch Biologie (
Exobiologie
oder
Astrobiologie
Cryptobiologie
Kënschtlecht Liewen
(als Simulatioun op engem Computer och nach
AI
genannt, vum engl.:
Artificial Intelligence
kybernetesch Organismen (
Cyborgs
Medezin
Veterinärmedezin
Ingenieurbiologie
Kriminalbiologie
Fir ze liesen
änneren
Quelltext änneren
Ilse Jahn:
Geschichte der Biologie.
Spektrum, Heidelberg 2000,
ISBN 3-8274-1023-1
Ernst Mayr
Das ist Biologie. Die Wissenschaft des Lebens.
Spektrum, Heidelberg 2004,
ISBN 978-3-8274-1015-3
William K. Purves u. a.:
Biologie.
7. Auflage. Spektrum, Heidelberg 2006,
ISBN 3-8274-1630-2
Kuckt och
änneren
Quelltext änneren
Biosemiotik
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Biologie
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Biozone, en exzellente Meta-Link-Site zum Theema
De Liewensbam-Projet
Vun „
Kategorie
Biologie
Verstoppt Kategorie:
Säiten, déi magesch ISBN-Linke benotzen
Biologie
Sujet derbäisetzen