Cebuano – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Dëse
Sproochen- a Linguistikartikel
ass eréischt just eng
Skizz
. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
Cebuano
Gëtt geschwat an:
Philippinnen
Regioun
Südoste vun
Asien
Gëtt geschwat vun:
ca. 18 Millioune Mammesproochler
ca. 10 Millioune Zweetsproochler
Klassifikatioun no Sproochfamill:
Austroneesesch
Malayo-polyneesesch
Zentralphilippinesch
Visaya
Cebuano
Offizielle Status
Sproochcoden
ISO 639-2
ceb
ISO 639-3
ceb
Philippinesch Regioune mat haaptsächlech Cebuano-sproocheger Bevëlkerung.
Cebuano
(ausgeschwat: [
sebuano
]; Cebuano:
Sinugboanon
), och bekannt als
Visayan
(Cebuano:
Binisayà
) oder
Bisayan
, ass eng
austroneesesch
Sprooch déi zum Aascht vun de
malayo-polyneesesche
Sprooche gehéiert. Cebuano gëtt op de
Philippinne
vu ronn 18 Millioune Leit geschwat.
Den Numm gëtt ofgeleet vun der philippinnescher Insel
Cebu
, mat der spuenescher Adjektivendung
-ano
. Den alternativen Numm
Bisayan
gëtt dacks mat der Sprooch
Bisaya
(ISO-639-3-Code
bsb
bsy
) verwiesselt, déi laanscht der
Bucht vu Brunei
geschwat gëtt.
Cebuano gehéiert zu de
Visayasproochen
. Et gëtt eng Cebuano Versioun vun der Wikipedia an et ass déi Wiki - hannert der Englescher - mat der zweethéchster Zuel vun Artikelen
(Stand: 21. Juli 2019)
Cebuano ass d'Mammesprooch vun den Awunner vu
Cebu
Bohol
Negros Oriental
, de Leit aus der westlecher Provënz
Leyte
, vu
Southern Leyte
, a vu groussen Deeler vu
Mindanao
Cebuano ass no
Tagalog
déi zweetheefegst benotzt Sprooch vun de Philippinnen.
Textbeispill
änneren
Quelltext änneren
Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter (Artikel 1)
Cebuano
Lëtzebuergesch
Ang tanang katawhan gipakatawo nga may kagawasan ug managsama sa kabililhon. Sila gigasahan sa salabutan ug tanlag og mag-ilhanay isip managsoon sa usa'g-usa diha sa diwa sa ospiritu.
All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen.
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Cebuano
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikipedia op Cebuano
Kuerz Lëscht vun de wichtege Wierder a Riedensaarten op Cebuano
(en)
Kuerz Lëscht vun de wichtegste Wierder op Cebuano
(en)
Referenzen an Notten
Quelltext änneren
SIL International:
ceb
; Ethnologue:
ceb
United Nations Information Centre, The Philippines
Universal Declaration of Human Rights
www.ohchr.org.
Gekuckt den 22.11.2024.
Vun „
Kategorien
Sproochen
Philippinnen
Verstoppt Kategorien:
Wikipedia:Skizzen (Sproochen)
Citation
Cebuano
Sujet derbäisetzen