Creative Commons – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng
Skizz
. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
Creative Commons
de: „schöpferisches Gemeingut, Allmende“
) ass eng Gesellschaft, déi am
Internet
verschidde Standard
lizenzkontrakter
verëffentlecht, fir mat Hëllef vun hiren Auteuren an hire Wierker, wéi z.
B. Texter, Biller, Musek... asw., der Ëffentlechkeet d'Rechter fir se ze benotze kënne ze ginn.
Rechtermoduler
änneren
Quelltext änneren
Aktuell (Versioun 3.0) gëtt et 6 Lizenzméiglechkeeten, déi ee sech mat de Rechtermoduler selwer zesummebastele kann. Zanter der Versioun 2.0 gëtt d'Méiglechkeet "
Domaine public
" net méi ugebueden, soudatt d'Basisversioun "CC BY" ass, a jee no Bedarf weider Moduler derbäigesat gi fir sech eng Lizenz nom perséinleche Bedarf op d'Mooss zesummenzesetzen.
Ikon
Ofkierzung
Numm vum Modul
Kuerzerklärung
by
Nummnennung (Englesch: Attribution)
Den Numm vum Auteur muss genannt ginn.
nc
Net kommerziell (
on-
ommercial)
D'Wierk däerf net fir kommerziell Zwecker gebraucht ginn, woumat no EU-Recht och de Verkaf dee grad emol käschtendeckend ass verbuede gëtt.
nd
Keng Beaarbechtung (
erivatives)
D'Wierk däerf net verännert ginn.
sa
Weidergab ënner de selwechte Bedingungen (
hare
like)
D'Wierk muss no Verännerungen ënner der selwechter Lizenz weidergi ginn.
Beispill: D'Texter vun der
Wikipedia
sinn ënner der CC BY-SA Lizenz verëffentlecht. Dat heescht also, datt bei d'Basisversioun CC BY nach de Modul SA koum, an d'Texter vu jiddwerengem gebraucht a reproduzéiert gi kënnen, och a verännerter Form, ënner de Konditiounen (1) datt d'Auteuren déi zum Artikel bäigedroen hu genannt ginn (ze gesinn ënner dem Reider "Versioune weisen"), an (2) datt d'Lizenz déi selwecht bleiwe muss an och mat "CC-by-sa/3.0" ugi gëtt. Fir e Wikipedia-Artikel richteg ze zitéiere klappt een am beschte lénks d'Geschirkëscht op a klickt do op "Dës Säit zitéieren".
Projet cc-lu
änneren
Quelltext änneren
D'Adaptatioun vun der Creative Commons Lizenz un d'lëtzebuergesch Jurisdictioun ass vun der
Luxcommons
a.s.b.l.
de 15. Oktober 2007 lancéiert ginn
. Apaart um Projet ass datt déi lëtzebuergesch Lizenz direkt an der Versioun 3.0 erauskoum.
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
creativecommons.org
Creative-Commons-Websäit
Creative Commons Lëtzebuerg
Creative Commons Däitschland
Creative Commons Éisträich
Creative Commons Schwäiz
Creative-Commons-Wiki
fir Däitschland, Éisträich an d'Schwäiz
Lizenz-Assistent
zur Auswiel fir déi passend Lizenz
De Projet vu luxcommons.lu
Referenzen an Notten
Quelltext änneren
Quell:
Luxcommons CC-lu Launch Event 15.10.
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Creative Commons
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „
Kategorien
Organisatiounen
Internet
Verstoppt Kategorie:
Wikipedia:Skizzen
Creative Commons
Sujet derbäisetzen