Däitschland – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Bundesrepublik Deutschland
Detailer
Detailer
National Devise
Einigkeit und Recht und Freiheit
Offiziell
Sprooch
Däitsch
Haaptstad
Berlin
Awunner:
3 664 088
Staatsform:
Parlamentaresch Republik
Bundespresident:
Frank-Walter Steinmeier
Bundeskanzler
Friedrich Merz
Fläch:
357.588
km
62.
Bevëlkerung:
84.607.016
17.
Bevëlkerungsdicht:
237/
km
Nationalfeierdag:
3. Oktober
Nationalhymn:
Das Lied der Deutschen
(Lauschteren)
Wärung
Euro
(EUR)
Zäitzon
UTC
+1 (+2 am Summer)
Internet TLD
.de
Internationalen
Telefonsprefix
+49
D'
Bundesrepublik Däitschland
(oder einfach
Däitschland
däitsch
Deutschland
) ass e
Staat
Mëtteleuropa
an huet gemeinsam
Grenze
mat
Dänemark
Polen
, der
Tschechescher Republik
Éisträich
, der
Schwäiz
Frankräich
Lëtzebuerg
, der
Belsch
an
Holland
. Am Norde sinn d'
Nordmier
an d'
Baltescht Mier
natierlech Grenzen. Däitschland ass eent vun de gréisste Länner a
Westeuropa
Geschicht
änneren
Quelltext änneren
Wat elo kënnt ass nëmmen eng kuerz Skizz vun de wichtegste geschichtlechen Entwécklungen an Däitschland an an der Regioun vum haitegen Däitschland. Méi Detailer stinn am Artikel
Geschicht vun Däitschland
, am Artikel iwwer
Däitschland am Mëttelalter
, oder awer och an den Artikelen iwwer d'
Bundesrepublik
resp. iwwer d'
DDR
Déi eelst Spuere vu Mënschen um Gebitt vum haitegen Däitschland sinn ongeféier 700.000 Joer al. Zanter ronn 500.000 Joer gëtt Däitschland permanent bewunnt.
E puer
keltesch
germanesch
Stämm gi fir d'éischt bei de
Griichen
Réimer
an der virchrëschtlecher Zäit ernimmt. De
Rhäin
gëtt
58 v. Chr.
d'Grenz mat dem
réimesche Räich
. Eng éischt Geschicht vu ganz Germanie liwwert am Joer
98
de réimeschen Auteur
Tacitus
. Tëscht dem
1.
an dem
6. Joerhonnert
verdeele sech déi germanesch Stämm iwwer
Europa
Vëlkerwanderung
) a vermësche sech mat den net ausgewanderte Kelten. Grouss Deeler vum haitegen Ostdäitschland si bis an d'héicht
Mëttelalter
ënner staarkem
slaweschen
Afloss (
Germania Slavica
). Als Konsequenz vun der héichmëttelalterlecher
Ostmigratioun
gi si assimiléiert an akkulturéiert.
D'
Frankeräich
gëtt gegrënnt a stellt
800
mam
Karel de Groussen
als éischte westleche
Keeser
, no der Ofsetzung vum
Romulus Augustulus
duerch den
Odoaker
, den Usproch op d'Féierungsroll an Europa. Mä säi Räich bleift nëmmen e puer Joerzéngter stabil. Duerch Streidereien tëscht sengen Nofollger zerfält et an dräi Deeler (
Westfränkescht Räich
Lotharingien
an
Ostfränkescht Räich
), déi nächst Generatiounen deele säi Räich ëmmer méi op.
Als traditionellen (mä e bëssen arbiträr gewielten) Datum fir d'Grënnung vun Däitschland als Staat gëllt den
2. Februar
962
, wéi den
Otto I.
als éischten Ostfränkesche Kinnek zu
Roum
zum
Keeser
gekréint gouf.
D'Westfränkescht Räich entwéckelt sech zu engem
Nationalstaat
(dem haitege
Frankräich
), wärend d'Ostfränkescht Räich ëmmer méi de lokalen Interessen zum Affer fält. Obwuel d'Keesere vum Ostfränkesche Räich ëmmer erëm versichen d'Räich z'eenegen, zerfält d
Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
, dat eigentlech grad eréischt entsteet, gréisstendeels ëmmer méi an Onmasse vu gréisstendeels onofhängege Staaten a
Fräi Räichsstied
. No der
Reformatioun
an dem
Drëssegjärege Krich
ass d'Muecht vum Keeser nëmmen nach reng formell.
Deen Zoustand dauert bis
1806
. Dat Joer dankt den däitsche Keeser
Franz II.
, dee schonn
1804
Keeser vum
éisträichesche
Villvëlkerstaat ginn ass, op Drock vum franséische Keeser Napoleon of, andeems hien op d'Droe vun der Räichskroun verzicht. Ënner dem
Napoleon
gëtt d'Zuel vun däitsche Staaten duerch Fusioune staark verklengert, wouduerch vill Räichsstied hir Onofhängegkeet verléieren (Ee Moment gouf et 80 där Stied). De
Wiener Kongress
dreift d'Vereenegung weider a schliisslech grënnen 38 däitsch Staaten e lassenen
Däitsche Bond
Deutscher Bund
) ënner der Féierung vun Éisträich. Scho kuerz no der gescheiterter nationaler a liberaler
Mäerzrevolutioun
vun
1848
1849
kënnt et zur Kollisioun vu
Preisen
, dat ëmmer méi staark gëtt, mat der däitscher Groussmuecht Éisträich ëm d'Virmuechtsstellung am Däitsche Bond resp. an Europa, wat zum
Däitsch-Éisträichesche Krich
vun
1866
féiert. Preise gewënnt dee Krich, et kënnt duerno zu enger Deelung an domat zur Opléisung vum Däitsche Bond. Preisen annektéiert seng nërdlech Géigner aus dem Krich. Doduerch gëtt d'Zuel vun den däitsche Staaten nach eng Kéier méi kleng.
No der Grënnung vum
Norddäitsche Bond
am Uschloss dorun, natierlech ënner der Féierung vu Preisen, kënnt et, bal ouni siichtbaren Iwwergank, zur Grënnung vum
Däitsche Räich
. Allgemeng gëtt vun engem
klengen Däitschland
geschwat well Éisträich net dezou gehéiert. Zu dëser Grënnung kënnt et nom
Franséisch-Preisesche Krich
vun
1870
71
an der Proklamatioun vum preisesche Kinnek
Wilhelm I.
zum Däitsche Keeser (hien huet sech selwer net als Keeser vun Däitschland ugesinn, well dozou, senger Meenung no, och den däitschen Deel vun Éisträich misst gehéieren). Mat der Räichsgrënnung gehéieren op eemol Gebidder a Regiounen zu Däitschland, déi guer net méi zum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun gehéiert haten, mä Stécker vu Preise baussent dem Räich waren. Dozou gehéieren
Ost-
Westpreisen
Danzeg
, an Deeler vum haitege
Polen
an och nach
Schleswig
. An den
1880er
Joren huet dat Däitscht Räich op friddlechem Wee
Kolonien
an Afrika an Asien kaaft, woubäi déi bescht Kolonien awer scho laang anere gehéiert hunn.
De Wilhelm I. gëtt 1871 an der Galerie des Glaces zu Versailles zum däitsche Keeser gekréint
Nom Enn vum
Éischte Weltkrich
1914
1918
) setzt d'
Novemberrevolutioun
vun 1918 der
Monarchie
am Däitsche Räich (an an Éisträich-Ungarn) en Enn. De Keeser (
Wilhelm II.
) dankt of an aus dem Däitsche Räich gëtt eng
parlamentaresch
-demokratesch
Republik
. Am
Versailler Vertrag
gëtt Däitschland vun den Alliéierten dozou gezwongen eng Rei vu Gebidder hierzeginn (
Elsass-Loutrengen
u Frankräich,
Eupen-Malmedy
un d'Belsch,
Nordschleswig
un Dänemark, d'Provënze
Posen
Westpreisen
an den Oste vun
Uewerschlesien
an de Süde vum ostpreisesche Krees Neidenburg u Polen, d'
Memelregioun
Litauen
an d'
Hultschiner Ländchen
un d'
Tschechoslowakei
, dozou kënnt de Verloscht vun all de Kolonien). Des Weidere muss Däitschland all Joer Reparatioune bezuelen, an dat iwwer en Zäitraum vun 80 Joer.
D'
Weimarer Republik
leit ënner stännege Konflikter tëscht demokrateschen an autoritäre Stréimungen. Dozou kënnt e wäitverbreete Refus vum Versailler Vertrag a wirtschaftlech Schwieregkeeten, déi deelweis och dovu kommen, datt Däitschland muss, fir d'Reparatiounen ze bezuelen, immens Kreditter ophuelen.
1933
ass et mat där Republik eriwwer wéi de gebiertegen Éisträicher
Adolf Hitler
, mat Hëllef vu senger Partei, der
NSDAP
, un d'Muecht kënnt.
D'NSDAP mécht aus Däitschland ganz séier en
totalitären
Eeparteiestaat. Vun Ufank u gi politesch Géigner verfollegt, wärend de Judden eng kloer Ausgrenzungspolitik an d'Gesiicht bléist. Wärend dem
Zweete Weltkrich
gi schätzungsweis bis zu sechs Millioune Judden an Europa ëmbruecht (zanter den
1970er
Jore gëtt dofir "
Holocaust
" gesot, d'Jude soe "
Schoah
" dofir). Dausende Membere vun anere Bevëlkerungsgruppen
Sinti a Roma
Homosexueller
, physesch a psychesch behënnert Mënsche gi verhaft oder falen dem Massemord zum Affer. Eng genee Zuel ass och hei net bekannt.
D'nationalsozialistescht Däitscht Räich war op Expansioun ausgeriicht: Fir d'éischt gëtt
Éisträich
1938
nach ouni allze vill Widdersproch a mat Zoustëmmung vun der Bevëlkerung annektéiert (
Anschluss
), d'Annektioun vum däitsch bewunnte
Sudeteland
am selwechte Joer gëtt och nach relativ widdersprochslos vun de groussen europäesche Länner
akzeptéiert
. Mä den Ugrëff op Polen
1939
léist den
Zweete Weltkrich
aus, e Krich, dee weltwäit eng geschaten 55 Millioune Leit d'Liewe kascht. Fir dat (Grouss-)Däitscht Räich ass dëse Krich den
8. Mee
1945
eriwwer, mat enger Kapitulatioun ouni Konditiounen. Den Hitler huet sech schonn den
30. Abrëll
suicidéiert gehat; déi iwwerliewend politesch a militäresch Haaptverantwortlech ginn an den
Nürnberger Prozesser
viru Geriicht gestallt.
D'NS-Diktatur huet an der Geschichtswëssenschaft, mä och an der Ëffentlechkeet, dozou gefouert, datt sech Froe gestallt ginn, déi wäit iwwer dës zwielef Joer erausginn, z.
B. ob nëmmen den Hitler mat senger Clique, Deeler vun der däitscher Elite, eng Bevëlkerungsmajoritéit oder souguer dat ganzt däitscht Vollek fir d'Verbrieche verantwortlech ze maache sinn.
D'Alliéiert
, ufanks d'
USA
, d'
Sowjetunioun
Groussbritannien
, méi spéit och d'Besatzungsmuecht Frankräich, beméie sech um Ufank vun der Besatzung nach ëm eng gemeinsam Politik an där Saach. Eens sinn si sech iwwer d'Demilitariséierung an d'
Entnazifizéierung
. Mä scho bei der Fro, wat een ënner enger Demokratie ze verstoen huet, kommen éischt Differenzen tëscht der Sowjetunioun engersäits an de Westmuechten anerersäits op. Am Ufank huet Frankräich nach Annektiounspläng vis-à-vis vun Däitschland.
Éisträich
(mat der Konditioun neutrale Staat ze ginn) an d'
Tschechoslowakei
ginn erëm selbstänneg Staaten; Pole gëtt an neie Grenzen nees opgebaut woubäi dës Grenzen no Weste geréckelt goufen. De
Joseph Stalin
hat nämlech Pole grouss Deeler vum däitschen Oste versprach an der Sowjetunioun d'nërdlech Hallschent vun Ostpreisen, wat vun de Westmuechten op der
Konferenz vu Potsdam
nëmme mat Widderstand accordéiert gëtt. Allerdéngs hätt d'Verdreiwe vun den Däitsche missen "human" iwwer d'Bün goen, an déi polnesch a sowjetesch Verwaltung gouf "provisoresch" genannt.
D'Däitscht Räich gouf deemno definitiv opgeléist, an a sengem Kär ginn nei Staaten (an der Bundesrepublik méi spéit
Bundesländer
genannt) forméiert. Bei dem Zéie vun de Grenze vun dëse Staate spillen deelweis d'Grenze vun de Besatzungszonen eng Roll, z.
B. tëscht
Niddersachsen
Mecklenburg
resp.
Sachsen-Anhalt
souwéi tëscht
Thüringen
an
Hessen
Bundesrepublik Deutschland
gëtt den
23. Mee
1949 an den dräi westleche
Besatzungszone
gegrënnt; d'
DDR
de
7. Oktober
1949 an der Sowjetescher Besatzungszon. Domat war dat fréiert Däitscht Räich an zwéin nei Staaten opgedeelt a grouss Gebidder a Regioune waren den Nopeschstaaten zoukomm. D'Bundesverfassungsgeriicht stellt awer
1973
fest: "Die BRD ist nicht 'Rechtsnachfolger' des Deutschen Reiches, sondern als Staat identisch mit dem Staat 'Deutsches Reich'". De
Kale Krich
tëscht West an Ost trennt Mëtteleuropa, d'Bundesrepublik an d'DDR duerch en
Eisene Rideau
. Eréischt e Muechtwiessel an der Sowjetunioun féiert
zu (friddleche)
Revolutiounen
an um Schluss zum Zesummebrieche vun de kommunistesche Regierungen an der DDR an den anere Staate vum
Warschauer Pakt
. Mat dem Enn vum "Eisene Rideau" a Mëtteleuropa geet och erëm d'Grenz tëscht der Bundesrepublik an der DDR op. Den
3. Oktober
1990
trëtt d'DDR der Bundesrepublik bäi (däitsch
Wiedervereinigung
). Déi "vergréissert" Bundesrepublik ass domat och nees
souverän
ginn.
Zesumme mat Frankräich spillt (dat neit) Däitschland haut eng féierend Roll an der
EU
. Däitschland ass virbäi bei deene Staaten déi versichen, e méi vereenegt Europa ze schafen, mat engem politeschen, Verdeedegungs- a Sécherheetsapparat.
Kuckt heizou den Haaptartikel:
Geschicht vun Däitschland
Geographie
änneren
Quelltext änneren
Topograhesch Kaart vun Däitschland
Den nërdlechen Deel vun Däitschland, d
norddeutsche Tiefebene
, ass en Déifland dat vun der Äiszäit geformt gouf. A Mëtteldäitschland fënnt een d
Mittelgebirge
mat senge Bëscher. Am Süde sinn d'
Alpen
. Den déifste Punkt läit bei Neuendorf-Sachsenbande an der Wilstermarsch mat 3,54 m ënner dem Mierespigel. Den héchste Bierg ass d
Zugspitze
mat 2.968 Meter.
Grouss Flëss an Däitschland sinn ënner aneren de
Rhäin
, d'
Donau
, d'
Elbe
, d'
Weser
, d'
Oder
. Extrem Wierderkonditioune wéi Dréchenten, Tornadoen, Stierm, an exzessive Frascht oder Hëtzt asw. si relativ seelen. Dat kënnt wuel och dovun, datt Däitschland an der
geméissegter Klimazon
läit. An de leschte Jore gouf et an Däitschland zwou schlëmm Iwwerschwemmungen déi vu villen als Zeeche vun der Klimaerhëtzung gesi ginn. Eng weider Indikatioun dofir kéint de "Joerhonnertsummer" 2003 gewiescht sinn, deen ee vun deene wäermsten zanter Joerzéngte war. D'Suite waren, ënner aneren, schlecht Rekolte bei de Baueren. Däitschland läit op der
Eurasescher Plack
. D'Grenzen zu anere Placke si wäit ewech, wat dann och erkläert firwat et bis elo keng schwéier Äerdbiewe mat den deementspriechende Suite gouf.
Bierger:
Zugspitze
(2968 m),
Watzmann
(2713 m),
Wendelstein
(1838 m),
Feldberg
(1493 m),
Großer Arber
(1456 m),
Fichtelberg
(1215 m),
Brocken
(1142 m),
Auersberg
(1019 m),
Biergmassiver:
Alpen
Bayerischer Wald
Äifel
Elbsandsteingebirge
Erzgebirge
Fichtelgebirge
Harz
Honsréck
Kyffhäuser
Oberpfälzer Wald
Odenwald
Rhön
Rothaargebirge
Schwäbische Alb
Schwarzwald
Spessart
Taunus
Teutoburger Wald
Thüringer Wald
Westerwald
Wiehengebirge
Zittauer Gebirge
Flëss:
Ahr
Aller
Altmühl
Donau
Eider
Elbe
Ems
Fulda
Havel
Iller
Ilz
Inn
Isar
Lahn
Lech
Lenne
Leine
Lippe
Main
Musel
Mulde
Naab
Neckar
Neiße
Oder
Pegnitz
Regen
Rhäin
Ruhr
Saale
Saar
Sieg
Spree
Unstrut
Werra
Weser
Séien:
Ammersee
Bodensee
Chiemsee
Müritz
Plöner See
Ratzeburger See
Schweriner See
Starnberger See
Steinhuder Meer
Tegernsee
Zwischenahner Meer
Landschaften:
Alpenvorland
Altmark
Bayerischer Wald
Dithmarschen
Emsland
Fläming
Fränkische Alb
Fränkische Schweiz
Holsteinische Schweiz
Lüneburger Heide
Mecklenburgische Seenplatte
Niederlausitz
Nordfriesland
Oberlausitz
Ostfriesland
Pfälzerwald
Prignitz
Rheingraben
Sächsische Schweiz
Sauerland
Schwäbische Alb
Schwarzwald
Steigerwald
Stormarn
Teutoburger Wald
Thüringer Becken
Uckermark
Weserbergland
Nordséiinselen:
Héichséiinsel (Nëmmen am Sproochgebrauch, geographesch gesinn huet Däitschland keng Héichséiinsel):
Helgoland
Ostfrisesch Inselen
Borkum
Memmert
Juist
Norderney
Baltrum
Langeoog
Spiekeroog
Wangerooge
Neuwerk
Nordfrisesch Inselen
Amrum
Föhr
Pellworm
Sylt
Hallig Hooge
Hallig Langeneß
Ostséiinseln:
Fehmarn
Hiddensee
Poel
Rügen
Usedom
Kuckt heizou den Artikel:
Däitsch Inselen
Administrativ Ënnerdeelungen
änneren
Quelltext änneren
Haaptstad a Regierungssëtz ass
Berlin
; e puer Ministère sinn zu
Bonn
bliwwen. De
Politesche System vun Däitschland
ass
federal
an d'Land ass gréisstendeels als
parlamentaresch Demokratie
organiséiert. De Staat ass a 16
Bundesländer
ënnerdeelt. Däitschland ass Member vun der
EU
, der
NATO
an dem
G8
Stied
änneren
Quelltext änneren
Déi gréisst däitsch Stied si
Berlin
Hamburg
München
Köln
. Dat gréisst
Ballungsgebitt
ass d'
Ruhrgebiet
. Déi fënneftgréisst Stad, an zugläich däitsch Finanzmetropol, ass
Frankfurt am Main
, wou och de gréissten däitsche Fluchhafen ass, de (
Rhein-Main-Fluchhafen
). Dësen ass an Europa den zweetgréissten a bei der Fracht de gréissten.
Kuckt heizou d'Artikelen:
Lëscht vun den däitsche Stied
Lëscht vun den däitsche Groussstied
Politik
änneren
Quelltext änneren
Politesche System
änneren
Quelltext änneren
Haaptstad
Regierungssëtz
vun der Bundesrepublik Däitschland ass
Berlin
. Duerch den
Artikel 20 GG
ass d
Bundesrepublik Deutschland
eng
demokratesch
sozial
rechtsstaatlech
Republik
. Et gëtt 16 deelsouverän Länner (
Bundeslänner
), vun deenen der e puer a
Regierungsbezirker
ënnerdeelt sinn. D'
Grundgesetz
, ass d'
Constitutioun
vun Däitschland a gouf
1949
geschriwwen.
Staatschef
ass de
Bundespresident
dee méi representativ Aufgaben iwwerhëlt. De Regierungschef ass de
Bundeskanzler
. Hien huet
Richtliniekompetenz
fir d'Politik vun der
Bundesregierung
(Däitschland ass eng
Kanzlerdemokratie
).
Däitschland ass e Bundesstaat dee
féderal
organiséiert ass, d.
h. et gëtt zwéin Niveauen am
Politesche System
: de Bund, deen de Gesamtstaat Däitschland an d'Länder no bausse vertrëtt. All Niveau huet seng eegen
exekutiv
legislativ
judiciaire
Organer.
De
Bundestag
an de
Bundesrat
decidéieren zesummen iwwer
Gesetzer
vum Bund an hunn d'Recht mat enger jeeweileger 2/3-Majoritéit d'Constitutioun z'änneren. An de Länder decidéieren d'
Länderparlamente
(en
Landtag
resp. eng
Bürgerschaft
) iwwer d'Gesetzer vun hirem Land. D'Députéiert sinn no der Constitutioun ganz op sech gestallt wa se sollen entscheeden; trotzdeem dominéieren intern Virentscheedungen an de
Parteien
d'Législatioun.
D'
Exekutiv
besteet um Niveau vum Bund aus der Bundesregierung, déi vum Bundeskanzler presidéiert gëtt. Um Niveau vun de Länder presideiert de Ministerpresident (resp. d'Buergermeeschtere vun de Stadstaaten) d'Exekutiv. D'Verwaltunge vum Bund an de Länner gi jeeweils duerch déi entspriechend
Ministere
gefouert, si stinn dunn och op der Spëtzt vun de Verwaltungen.
Wéi an alle Länner spille Verbänn am politesche System eng wichteg Roll. Duerch hir Aarbecht als Lobby probéiere si, d'Politik an d'Richtung vun hire jeeweilegen Interessen ze steieren. Dës Tatsach ass staark ëmstridden a souwisou gëtt se net gär vun deene Verbänn gesinn, déi duerch déi Lobbyasrbecht negativ betraff sinn.
D'
Bundesverfassungsgeriicht
ass zoustänneg fir d'Anhale vum
Grondgesetz
. Déi ieweschst Geriichtshäff vum Bund sinn de
Bundesgerichtshof
zu
Karlsruhe
, d'
Bundesverwaltungsgericht
zu
Leipzig
, d'
Bundesarbeitsgericht
, d'
Bundessozialgericht
an de
Bundesfinanzhof
zu
München
. De Groussdeel vun der Applikatioun vum Recht läit an den Hänn vun de Länner. D'Geriichter vum Bund sinn nëmme fir d'
Revisiounen
zoustänneg a kontrolléieren, ob d'Decisioune vun de Geriichter aus de Länner formal dem Recht entspriechen.
Kuckt heizou d'Artikelen:
Politesche System (Däitschland)
Politesch Parteien (Däitschland)
Grundgesetz
Landkaart vun Däitschland
Aussepolitik
änneren
Quelltext änneren
Déi bundesdäitsch Aussepolitik huet als Prioritéit d'Verbindung mam Westen. Däitschland huet beim Opbau vun europäeschen organisatorische Strukturen en entscheedenden Undeel; d'Zil war dobäi laang Zäit, datt den Nopere soll d'Angscht virun Däitschland geholl ginn, an doduerch och d'Limitéierungen duerch d'Besatzer iwwerflësseg ze maachen. D'Bundesrepublik ass zanter
1950
Member vum Europarot an huet 1957 de
Traité vu Roum
ënnerschriwwen, de Grondstee vun der EU vun haut.
Wärend dem
Kale Krich
war déi däitsch Aussepolitik zimmlech limitéiert. Dat wichtegst Zil war déi däitsch Eenheet. Militärasätz am Ausland koumen net a Fro, obwuel d'Stationéierung vun amerikanësche Rakéiten a Betruecht gezunn gi war.
Zanter e puer Joer ass d'
Bundeswehr
- si däerf sech net un Ugrëffskricher bedeelegen an ass just do fir d'Verteidegung vum Land an de Partnerstaaten - a verschiddene Friddensmissiounen a Konflikter dobäi (jeegleche Militärasaatz muss vum Bundestag accordéiert ginn):
1992
1996
: Operatioun
SHARP GUARD
mat Schëffer an Opklärungsfligeren an der Adria géint Rescht-
Jugoslawien
1993
: Participatioun bei der
UN
-Missioun
UNOSOM II
a Somalia.
1999
: Participatioun beim Krich vun der
NATO
géint
Jugoslawien
2002
: Participatioun bei der Friddensmissioun
ISAF
am
Afghanistan
zanter 2002:Participatioun bei der Operatioun
Enduring Freedom
ë.
a. mat engem Marinekontingent virun Ostafrika an am
Mëttelmier
2003
: Mat
AWACS
-Éclaireuren an Iwwerfluchrechter am Irak (allerdéngs ouni Besatzung).
Ekonomie
änneren
Quelltext änneren
Däitschland feelt et u primäre Ressourcen, dofir ass seng Économie gréisstendeels op den industriellen an den Déngschtleeschtungssecteur konzentréiert. Grouss Fläche vum Land ginn allerdéngs landwirtschaftlech exploitéiert (nëmmen 2-3
% vun alle Beschäftegte sinn am Akerbau). Däitschland ass mat engem
Bruttoinlandproduk
vun iwwer 2,07 Billiounen
Euro
déi drëttgréisste
Vollekswirtschaft
an
Industrienatioun
op der Welt. Ausserdeem exportéiert Däitschland méi wéi jiddwer anert Land op der Welt. Beim Liewensstandard, dem
Human Development Index
, läit Däitschland allerdéngs nëmmen op der 18. Plaz an der Welt.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Am Moment leit déi däitsch Wirtschaft un enger aussergewéinlech héijer
Aarbechtslosegkeet
, virun allem an Ostdäitschland, an un engem relativ niddrege Wirtschaftswuesstëm. D'Sich no den Ursaache vun dëser Kris spléckt d'Gesellschaft: De Patronat an neoliberal Économiste gesinn dee staarken däitsche
Sozialstaat
als Grond, well duerch déi héich Lounniewekäschten d'Betriber an déi méi gënschteg Nopeschlänner auswäichen.
Gewerkschaften
a Globaliséierungskritiker stäipe sech op
keynesianistesch
Modeller a behaapten, datt Kierzungen an de soziale Beräicher den nationale Marché schwäche kéinten.
Als weltwäit konkurrenzfäegst Branchë vun der däitscher Industrie gëllen d'
Automobil
-, d'
elektrotechnesch
, d'
Maschinnebau
- an d'
Chimiesindustrie
Kuckt heizou den Artikel:
Wirtschaftsplaz Däitschland
Demographie
änneren
Quelltext änneren
Bevëlkerung
änneren
Quelltext änneren
Däitschland ass flächeméisseg e bësse méi grouss wéi säi Nopeschland
Polen
, huet awer mat ronn 82,5 Mio. Mënsche méi wéi duebel sou vill Awunner. Dovu sinn, ethnësch gesinn, ronn 68 Mio. vun däitscher Ofstamung a ronn 15 Mio. anerer Ofstamung. 74,981 Mio. Mënschen hunn déi
däitsch Nationalitéit
, e puer dozou och nach eng vun engem anere Land. 7,543 Mio. Mënsche sinn
Auslänner
, also ongeféier 10
% vun der Populatioun.
Kuckt den Artikel:
Wunnbevëlkerung an Däitschland
Sproochen
änneren
Quelltext änneren
Offiziell Schrëft- an
Amtssprooch
ass
Standarddäitsch
och nach Houdäitsch genannt. Donieft gëtt et e puer néier-, mëttel- an uewerdäitsch Dialekter, déi deelweis bis an dat not Ausland erareechen.
Unerkannte
Minoritéitesprooche
sinn
Dänesch
Frisesch
Sorbesch
Romanes
. Donieft gëtt et och nach nidderdäitsch (
Niddersächsesch
an
Nidderfränkesch
Regionalsproochen
Niddersächsesch
ass zanter
1994
duerch d'Sproochecharta vum
Europarot
unerkannt.
D'Sprooche vun deene Leit déi keng däitsch Originnen hu respektiv deenen hir
Mammesprooch
net däitsch ass, schwätzen, genee wéi hir Nokommen, virun allem
Russesch
(ongeféier 5 Mio.),
Tierkesch
(ongeféier 3 Mio.),
Polnesch
(ongeféier 2 Mio.). D'Sproochen aus Ex-
Jugoslawien
, d'
Spuenescht
a verschidde Sproochen aus den
islamesche
Länner wäerte méiglecherweis vum Däitschen assimiléiert ginn, anerersäits schéngt et awer och ëmmer méi zu enger
Ghettois
éierung ze kommen, vun enger ëmmer méi grousser Zuel vun
Immigranten
, déi keen Däitsch kënnen.
Ausgestuerwe Sproochen
änneren
Quelltext änneren
Moselromanesch
(am 11. Joerhonnert ausgestuerwen)
Polabesch
(am 18. Joerhonnert ausgestuerwen)
Relioun
änneren
Quelltext änneren
Martin Luther
(1483-1546)
Duerch d'Grondgesetz ass eng Gedanken-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet festgeluecht.
D'Majoritéit vun der däitscher Bevëlkerung ass enger chrëschtlecher
Konfessioun
ugehéiereg:
Réimesch-kathoulesch Kierch
32,4
%,
Evangeelesch Kierch
32,0
%,
Orthodox Kierch
1,14
% an e minime Prozentsaz ass Member an de chrëschtlesche
Fräikierche
wéi z.
B. de
Baptisten
(Evangeelesch Fräikierchlech Kierch), de
Methodisten
, der Fräier Evangeelescher Kierch a verschiddenen aneren Ofzweigunge vum Chrëschtentum.
Zu de bedeitende
Reliounen
an Däitschland gehéieren och den
Islam
(zirka 3,2 Mio. oder 3,8
% vun der Bevëlkerung), d'
Zeugen Jehovas
(zirka 164.000 oder 0,2
% vun der Bevëlkerung) an d'
Juddentum
(zirka 100 000 oder 0,12
% vun der Bevëlkerung).
Ongeféier 27
% vun der däitscher Bevëlkerung (virun allem an den
neie Länner
) déklaréiern, datt si kenger
Relioun
ugehéieren. Ausser deene meeschte
Relioune
gëtt et an Däitschland och Memberen a Symphatisante vun de verschiddenste
Sekten
a spirituelle Beweegungen.
Däitschland gouf zanter der
fränkescher
Zäit
christianiséiert
. D'
Reformatioun
huet am 16. Joerhonnert an Däitschland an an der
Schwäiz
ugefaangen, ugestouss duerch Leit wéi den
Ulrich Zwingli
an de
Martin Luther
. D'Reformatioun ass nach haut déterminéierend fir d'reliéis Landschaft an Däitschland.
Vun de Membere vun den unerkannte Communautéite gëtt eng Kirchenstéier verlangt, den Erléis geet un d'Kirchen.
Kuckt heizou den Artikel:
Reliounen an Däitschland
Kultur
änneren
Quelltext änneren
Generell
änneren
Quelltext änneren
Wéinst der dezentraler Struktur vun Däitschland gëtt et eng Abberzuel vu kulturellen Institutiounen an Événementer, virun allem an de grousse Stied.
Beispiller:
Bayreuther Festspiller
Berliner Festwochen
Berliner Philharmonisches Orchester
International Filmfestspiller vu Berlin
Berlinale
),
Laang Nuecht vun de Muséeen
zu Berlin,
Frankfurter Buchmesse
Leipziger Buchmesse
Internationale Kurzfilmtage Oberhausen
Déi Däitsch ginn, respektiv goufen, am Réckbléck op eng aussergewéinlech grouss Zuel vun Erfinder a bedeitende Wëssenschaftler (
Carl Benz
Otto Hahn
Max Planck
Wilhelm Conrad Röntgen
Albert Einstein
Wernher von Braun
Werner von Siemens
asw.), hire klassesche Schrëftsteller
Literatur
Goethe
Schiller
asw.), hire berüümte
Komponisten
Beethoven
Wagner
Bach
, asw.) an hire
Philosophen
Kant
Marx
Nietzsche
, etc.) als "Volk der Dichter und Denker" bezeechent.
Kuckt heizou den Artikel:
Lëscht vun de bedeitenden Däitschen
Sport
änneren
Quelltext änneren
Déi beléiftest Sportaart an Däitschland ass de
Foussball
; 6,3 Mio. Aktiver aus 170.000 Clibb sinn am
DFB
organiséiert, deen 2006 d'
Foussball-Weltmeeschterschaft
ausgeriicht huet. Wat d'Televisiounsquote betrëfft, kann nëmmen d'
Formel 1
mat dem Foussball mathalen.
Tennis
huet nom Enn vum
Boris Becker
an dem
Steffi Graf
hir Carrière u Popularitéit verluer.
Bildung
änneren
Quelltext änneren
D'Bildung an Däitschland läit an den Hänn vun de Länder, gëtt allerdéngs duerch d
Bundeskultusministerkonferenz
gereegelt. An alle Länner gëtt et eng néngjäreg Schoulflicht, d'Héichschoulmaturitéit kritt een, jee no Land, no zwielef oder dräizéng Schouljoer.
Quasi all Jugendleche geet duerno op eng weiderféierend Bildungsariichtung. Auszebildender an de Betriber ginn een oder zwéin Deeg an der Woch an eng
Beruffsschoul
. Studente kënnen tëscht wëssenschaftlechen
Universitéiten
a méi praxisorientéierte
Fachhéichschoule
wielen.
D'Weiderbildung am Beruff spillt och eng grouss Roll. Aarbechtslosen deelt d'Aarbeechtsamt Weiderbildungsbongen aus.
Reegelméisseg gëtt Däitschland an de leschte Jore vun der
OECD
fir seng Bildungspolitik kritiséiert. D'Problemer am System ginn zwar erkannt, mä verbessert gouf nach näischt. Déi däitsch Depensë fir d'Bildung leien am OECD-Vergleich ënner dem Duerchschnëtt. E besonnesche Schwaachpunkt sinn dobäi déi éischt Schouljoren, dogéint gëtt vill an d'Héichschoulen investéiert.
Verkéier
änneren
Quelltext änneren
De
Stroosseverkéier
huet an der zweeter Hallschent vum
20. Joerhonnert
d'
Eisebunn
als wichtegst Verkéiersmëttel ofgeléist. Däitschland huet eent vun den dichteste
Stroossennetzer
op der Welt, mat 11.980
km
Autobunn
an 41.386
km Stroosse vum Bund. D'Eisebunnsnetz vun der
Deutsche Bahn AG
ass an de leschte Joren ëmmer méi kleng ginn, wärend de Fluchverkéier ëmmer méi zougeholl huet. De Fluchhafe vu
Frankfurt am Main
ass d'Haaptachs vun der däitscher Fluchgesellschaft
Lufthansa
. Obwuel d'
Ëmweltschied
doduerch ëmmer méi grouss ginn a virun allem duerch déi zwee Verkéiersmëttel d'
Global Erhëtzung
accéléréiert gëtt, ass déi däitsch
Verkéierspolitik
op weidert Subventionéiere vu Strooss a Fliger amplaz op d'Subventiounéiere vun der Eisebunn ausgeriicht.
Kuckt dozou d'Artikelen:
Lëscht vun den däitschen Eisebunnsgesellschaften
Lëscht vun den Autobunnen an Däitschland
Lëscht vun den Eisebunnsstrecken an Däitschland
Feierdeeg
änneren
Quelltext änneren
D'
Feierdeeg an Däitschland
ginn duerch Gesetzer vun den eenzele Länder gereegelt. Néng Feierdeeg an all d'Sonndeger gëllen a ganz Däitschland no der Constitutioun als "Tag der Arbeitsruhe und der seelischen Erhebung".
Kuckt och
änneren
Quelltext änneren
Geschicht
änneren
Quelltext änneren
Geschicht vun Däitschland
Däitschland am Mëttelalter
Däitsch Kolonien
Däitscht Räich
Preisen
Däitsch Demokratesch Republik
Verschiddenes
änneren
Quelltext änneren
Administrativ Ënnerdeelungen: Gebittskierperschaften
Lëscht vun den däitschen Zeitungen
Lëscht vun de seelenen an endémeschen Déieren an Däitschland
Däitsch Marin
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Däitschland
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Administratioun
änneren
Quelltext änneren
www.deutschland.de
- Däitschland-Portal (méisproocheg)
D'Bundesregierung
Liewen an Däitschland
D'Servicer vum Bund
Wéi Däitschland funktionéiert
- Guide fir Migranten (méisproocheg)
Statistiken
änneren
Quelltext änneren
Zuelen, Donnéeën, Faiten iwwer Däitschland vum
Bundesamt für Statistik
Tatsaachen iwwer Däitschland vum
Auswärtigen Amt
(méisprocheg)
Dossier vum CIA iwwer Däitschland (op engl.; Enthält Informatiounen iwwer Geographie, Awunner, Régierung, Économie, Kommunikatiounswiesen, Verkéier a Militär)
Kultur a Sport
änneren
Quelltext änneren
Geschichtlech Hannergrënn vum Keeserräich bis zur Géigewaart (Original-Dokumenter, Videoen & Biller fir ze Verdäitlechen)
Verschiddenes an Allgemenges
änneren
Quelltext änneren
Situatioun vun de Mënscherechter an Däitschland
Linken zum Theema Däitschland mat Ënnerkategorien wéi Bildung, Économie, Rees, Bundesländer, etc.
beim
Open Directory Project
Däitsch Zeitungen
Autoritéitskontroll
VIAF
189116956
LCCN
n80125931
ISNI
0000 0001 2285 4945
GND
4011882-4
SUDOC
030685435
BNF
cb12205186t
(data)
BIBSYS
90101178
HDS
003352
NDL
00561571
NKC
ge135889
iNaturalist
7207
BNE
XX450924
CiNii
DA01371992
KulturNav
71d45793-db01-4f9a-bdf4-2db67ce79a6f
Memberstaate vun der
Europäescher Unioun
Belsch
Bulgarien
Däitschland
Éisträich
Dänemark
Estland
Finnland
Frankräich
Griicheland
Irland
Italien
Kroatien
Lettland
Litauen
Lëtzebuerg
Malta
Holland
Polen
Portugal
Rumänien
Schweden
Slowakei
Slowenien
Spuenien
Tschechesch Republik
Ungarn
Zypern
Memberstaate vun der
NATO
Albanien
Belsch
Bulgarien
Däitschland
Dänemark
Estland
Finnland
Frankräich
Griicheland
Holland
Island
Italien
Kanada
Kroatien
Lettland
Litauen
Lëtzebuerg
Montenegro
Nordmazedonien
Norwegen
Polen
Portugal
Rumänien
Schweden
Slowakei
Slowenien
Spuenien
Tierkei
Tschechesch Republik
Ungarn
Vereenegt Kinnekräich
USA
G7-Länner
Kanada
Frankräich
Däitschland
Italien
Japan
Groussbritannien
USA
Referenzen an Notten
Quelltext änneren
Vun „
Kategorien
Däitschland
Republicken
Verstoppt Kategorien:
AK mat 14 Elementer
Wikipedia-Artikele mat VIAF-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat LCCN-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat ISNI-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat GND-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat BNF-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat BIBSYS-Identifianten
Däitschland
Sujet derbäisetzen