Haaptsäit/WDS-Archiv – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
!! Dës Schabloune ginn net méi gebraucht
!!
Dat hei
war
d'Archiv vun der "
Wousst Dir schonn datt...
"-Rubrik op der
Haaptsäit
am ale Look
Et sinn dës Schabloune mat 5 bis 6 "Teaseren", wéi se viru Juli 2020 am Wochenturnus automatesch an der "Vitrinn" op der Haaptsäit presentéiert goufen. D'Zuel am Numm entsprécht där vun der Kalennerwoch, déi mam Code "
{{CURRENTWEEK}}
" agesat gouf.
Zanterhier ännere se all Dag;
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Haaptsäit/WDS
!! Dës Schabloune ginn net méi gebraucht
!!
Schabloun:WDS 1
One Penny Black
... d'Erfindung vum
Timber
et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
... de
Mathias Hardt
(1809-1877) mat sengem
Vocalismus der Sauermundart
(1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum
Lëtzebuergesche
gemaach huet?
Questionnaire Personenstandsaufnahme
... am Mäerz 2017 déi éischt
Bréck tëscht Frankräich a Brasilien
ageweit gouf?
… bei der sougenannter
Personenstandsaufnahme
vum 10. Oktober 1941
d'
Resistenzgruppen
d'Lëtzebuerger majoritär dovun iwwerzeegt kruten, bei verfängleche Froen iwwer Mammesprooch a "
Volkszugehörigkeit
" mat "Lëtzebuergesch" amplaz, wéi praktesch virgeschriwwen, mat "
" z'äntwerten?
... zwou Persoune mam Numm
Ernest Arendt
Member vum
Staatsrot
waren, an zwar de
Riichter Ernest Arendt
vun 1902 bis 1931 an den
Affekot Ernest Arendt
vun 1973 bis 1988?
... de
Mill Ends Park
mat 0,292 m
dee klengste Park vun der Welt ass?
Schabloun:WDS 2
Minoesch Fresk zu Knossos
… et verschidden Theorien iwwer den Ënnergang vun der
minoescher Kultur
gëtt, wouvun déi gängegst e
Vulkanausbroch
op der Insel
Thira
dofir verantwortlech mécht?
... d'
Marguerite Thomas-Clement
(1886-1979) 1919 déi éischt a laang eenzeg Fra war, déi an d'Lëtzebuerger
Chamber
gewielt gouf?
... d'Adepte vun der
Prënz-Philip-Beweegung
op
Vanuatu
iwwerzeegt sinn, datt de
Prënz Philip
, de Mann vun der brittescher Kinnigin
Elizabeth II.
, eng Gottheet ass?
Krispines
... bei der
Krispines
-Kapell, och
Péiter Onrou
genannt, um
Lampertsbierg
et bis virun net all ze laanger Zäit de
Brauch
gouf, Käerze mat dragepickte Spéngelen ofzebrennen, fir datt Männer, déi ontrei waren, solle "bestrooft" ginn?
... den
Alphonse de la Fontaine
(1825-1896), e Brudder vum
Edmond de la Fontaine
Dicks
), Auteur vun der éischter Fauna vun de
Wierbeldéieren
vu Lëtzebuerg war?
... op de Fënstere vun der
Kierch Zowaasch
verschidde Memberen aus der Grofefamill Saintignon an aner Stëfter vun der Kierch als Helleger duergestallt sinn?
Schabloun:WDS 3
... d'
Kar
keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonn an der Antiquitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
... den
Tevita Momoedonu
aus Fidschi alt
the Five Minute Prime Minister
genannt gëtt, well en 2000 zweemol (wärend e puer Minutten) an 2001 (wärend zwéin Deeg) Premierminister war?
... an de
Kasematte
vum fréiere
Bastioun Louis
vun der
Festung Lëtzebuerg
haut d'Bank LBBW Luxemburg S.A. hire Wäikeller huet?
... de
Krater vun Derweze
an Turkmenistan zanter 1971 am Gaang ass ze brennen, an dowéinst vun de Leit vun do den Numm
Paart vun der Häll
krut?
... d'
Luxemburger Wort
déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?
... den
Aristarch vu Samos
(ëm 310 - ëm 230 v. Chr.) och alt "griichesche
Kopernikus
" genannt gëtt, well hien als ee vun den Éischten d'
heliozentrescht Weltbild
vertratt huet, no deem d'
Sonn
an net d'
Äerd
am Zentrum vum Weltall stéing?
Schabloun:WDS 4
... d'Iddi fir den
Eiffeltuerm
vum elsässer Architekt
Maurice Koechlin
war?
... de lëtzebuergesch-franséischen Archeolog
Joseph Hackin
a seng Fra
Ria Hackin-Parmentier
1941 beim Ënnergang vum Cargoschëff
SS Jonathan Holt
, dat torpedéiert gouf, ëm d'Liewe koumen?
… et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger
Sezessioun
koum, déi der moderner
Molerei
zum Duerchbroch verhollef huet?
Cap Vert
... d'Land
Cap Vert
säin Numm vun engem Kap 500 km wäit ewech zu
Dakar
am
Senegal
huet, dat den Inselen hiren Numm ginn huet?
... et bei der
Lëtzebuerg-Kris
1867
drëms goung, datt Lëtzebuerg u Frankräich verkaf sollt ginn?
... nom Tourismuspionéier
Alexis Heck
(1830-1908) net nëmmen
eng Schoul
, ma och e
Cocktail
genannt gouf?
Schabloun:WDS 5
Wope vu Lëtzebuerg
... dem
Wope vu Lëtzebuerg
seng Originnen an de Wope vum mëttelalterlechen Haus Lëtzebuerg huet, an op den
Henri V.
(1136-1196) zeréckgeet?
... de lëtzebuergesche Journalist an Dokumentarfilmmécher
Gordian Troeller
(1917-2003) 1992 den Adolf-Grimme-Präis fir säi Liewenswierk krut?
... 1984 op engem vun deenen zwéi
Biergahornen op der Corniche
(haut net méi do) eng bis dohin onbekannt
Wanzenaart
entdeckt gouf?
... wéinst der Technikbegeeschterung an den 1960er Joren e
Basketballveräin
, de BBC Telstar Hesper, nom Kommunikatiounssatellit
Telstar
genannt gi war?
... e
Pingo
eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafraschtbuedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?
... bei der Renovéierung vum
Goteschen Haus
zu Iechternach de Giewel nëmmen do stoe gelooss gouf, wou z'erkenne war, wéi d'Haus uersprénglech war?
Schabloun:WDS 6
Buerg Malbrouck
... d'
Buerg Malbrouck
am loutrengesche
Manderen
nom englesche Feldhär
John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough
genannt ass, deen am Spueneschen Ierffollegkrich 1705 do aquartéiert war?
... den
Thomas Chippendale
(1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale-Stil benannt ass?
Codex Mariendalensis
... de
Codex Mariendalensis
, eng spéitmëttelalterlech Handschrëft iwwer d'Geschicht vun der
Yolanda vu Veianen
, joerzéngtelaang als verluer gegollt huet, ier en 1999 erëmfonnt gouf?
... d'Sowjetunioun, fir de Westen an d'Ier ze féieren, hire Kosmodrom bei Tjuratam no der Uertschaft
Baikonur
genannt huet, déi iwwer 300 km vun do ewechlouch?
... d'Uertschaft
Biver
an de
Bouches-du-Rhône
nom lëtzebuergesch-belsche Grouweningenieur
Ernest Biver
genannt gouf?
... d'
Huel Lee
zu
Bäerdref
hir aktuell Form huet, well do zanter der
Réimerzäit
Millesteng aus dem Fiels gebrach goufen?
Schabloun:WDS 7
... de
Miguel de Cervantes
an de
William Shakespeare
, de selwechten Dag, an zwar den
23. Abrëll
1616
gestuerwe sinn?
… d'Gesetz, dat de Leit aus Lëtzebuerg verbueden huet,
um Spuenesche Biergerkrich deelzehuelen
, eréischt 2003 revoquéiert gouf?
... vun den 11
Héichiewen zu Lëtzebuerg
, déi et an de 40er Jore vum 19. Joerhonnert gouf, ausser zu
Zowaasch
, keen Eenzegen am
Minett
stoung?
... de Lëtzebuerger
René Arend
d'
Chicken McNuggets
an de
McRib
, zwéi McDonald's Produiten, kreéiert huet?
Adler Duelem
... de
50-Eurobilljee
deen am meeschte gebrauchte Geldschäin an der
Eurozon
ass? Den 1. Januar 2018 waren 9.826.239.828 Exemplairen dovun am Ëmlaf. Duerno kommen dee vun 20 an dee vun 10
Euro
... den
Aadler um Duelemer Réimermonument
ursprénglech vergoldt war an an eng aner Richtung gekuckt huet?
Schabloun:WDS 8
Fändel vu Moresnet
...
Neutral-Moresnet
tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufe wien e kréich?
... de
Vincent Wiesenbach
(1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
... et beim lëtzebuergesche
Schoulgesetz vun 1912
zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der
Kathoulescher Kierch
an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Jore virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht
Lénks-
a Rietsparteie gefouert hat?
... de
Groussherzogleche Palais
an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Zort administrativen Allzweckbau war, wou nieft dem Kinnek-Groussherzog oder sengem Statthalter, déi do periodesch residéiert hunn, d'Regierung, d'Parlament, a vun 1858 un, de Staatsrot hire Sëtz haten, an och nach eng archeologesch Sammlung dran ënnerbruecht war?
… den Astronom
Christiaan Huygens
als Éischten dat, wat de
Galileo Galilei
als "Ouere" vum
Saturn
bezeechent hat, als d'
Saturnréng
identifizéiert hat?
...
Les danseurs d'Echternach
vum
Evy Friedrich
aus dem Joer 1947 deen éischte lëtzebuergesche Film war, deen um
Festival vu Cannes
gewise gouf?
Schabloun:WDS 9
... et dräimol an der Geschicht en
30. Februar
gouf?
... ee Konschtstéck vum lëtzebuergesche Kraaftmënsch
John Grün
(1868-1912) dora bestoung, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d'Luucht ze hiewen?
...
Luxemburgerli
den Numm vun enger Makrounespezialitéit vun enger
Zürcher
Confiserie ass?
... den
Traité vu London
vun 1867 déi éischt Kéier war, wou Vertrieder vu Lëtzebuerg (de
Victor de Tornaco
an den
Emmanuel Servais
) en internationalen Traité mat ënnerschriwwen hunn?
... et vun der Skulptur
Non-Violence
(oder
The Knotted Gun
) vum
Carl Fredrik Reuterswärd
eng 20 Repliquë gëtt, wourënner eng zu
New York
, déi de Lëtzebuerger Staat de
Vereenten Natioune
geschenkt huet, an engem virum Jean-Monnet-Gebai um
Kierchbierg
... de
Charles Bivort
(1845-1920) vun
Tratten
déi éischt
Stenographéiermaschinn
fir Blanner erfonnt huet?
Schabloun:WDS 10
... den
Ieselsfouss
, eng Fréijoersplanz, och
Fils avant le père
genannt gëtt, well d'Bléi virun de Blieder erauskënnt?
… et vum fréiere Gauleiter
Gustav Simon
sengem Doud eng "offiziell" an eng "inoffiziell" Versioun gëtt?
... nom
André Franquin
sengem
Comicpersonnage
Marsupilami
en
Asteroid genannt
gouf?
Stadpark Esch
... dem
Jean-François Gangler
säi
Lexicon der Luxemburger Umgangssprache
vun 1847 deen éischten
Dictionnaire vum Lëtzebuergesche
war?
... d'
Zitrouneblat
Päiperlek
ass deen
als Päiperlek
iwwerwantert?
... de
Stadpark vun Esch-Uelzecht
1911 um Hank vum Gaalgebierg ugeluecht gouf, well den Escher Bësch, wou d'Leit soss an d'Gréngs trëppele goungen, bal ganz ofgeholzt gi war, fir do d'
Adolf-Emil-Hütte
ze bauen?
Schabloun:WDS 11
... de
Peschtvull
sou genannt gëtt, well fréier säi sporadescht a mysteriéist Opdauchen a Mëtteleuropa als e schlecht Omen ugesi gouf?
... de Medezinner a Cheemiker
Henri-Jean-Népomucène Crantz
vu Rued (1722-1792) fir seng Fuerschungen an der Hygiène fir Hiewane vum
Jousef II.
geadelt gouf?
... d'Uewerfläch vum
Doudege Mier
ronn 400 m ënnert dem Mieresspigel ass?
Doudegt Mier
... an de fréiere
Gasometere
vu Wien-
Simmering
haut eng 1.500 Leit wunnen?
... dem
Groussherzog seng Bibliothéik
ronn 45.000 Wierker ëmfaasst?
... de
Manneken Pis
am Mee 2018 säin 1000. Costume geschenkt krut?
Schabloun:WDS 12
... op der
Pallett vum Narmer
, an enger vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt, d'Vereenegung vun Ënner- mat Ueweregypten duerch den
Narmer
duergestallt gëtt?
... den
Edmond de la Fontaine
(1823-1891) net nëmmen, ënner dem
Pseudonym
Dicks
Operette
geschriwwen huet, mä och jorelaang al
Seeërcher
Bräich
erfuerscht huet?
... wärend den Ëmbauaarbechten vum
Chambersgebai
, 1997-1999, d'
Chamber
hir Sëtzungen am
Stater Stadhaus
ofgehalen huet?
... "
Sequoiaen
" wuel dat eenzegt Wuert am Lëtzebuergeschen ass, bei deem all 5
Vokaler
hannerenee stinn?
... d'
Wollefsschlucht
bei
Iechternach
hiren Numm 1881 vun engem vun den éischten Touristen, déi doduerch gefouert goufen, krut, dee se mat der "Wolfsschlucht" aus dem
Carl Maria von Weber
sengem
Freischütz
verglach huet?
... den Ausdrock
Paparazzi
op e Personnage aus dem
Federico Fellini
sengem Film
La dolce vita
zeréckgeet?
Schabloun:WDS 13
... beim
Waasserball
d'Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
… deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de
Michel Théato
war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?
...
Island
souwuel op der nordamerikanescher wéi der europäescher
Lithosphärplack
läit?
… den
Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg
uganks der 1960er Joren ugeluecht gouf, fir eng Ofwaasserleitung aus dem Péitrussdall mam Pafendall ze verbannen?
... de franséische Komponist
Maurice Ravel
1937 ee Joer laang zu
Munneref
am
Hotel Grand-Chef
gewunnt huet?
... d'Joer
238
och
Sechskeeserjoer
genannt gëtt, well sechs Männer no- a mateneen vum Senat als
Keeser vum Réimesche Räich
unerkannt goufen?
Schabloun:WDS 14
... d'
Walnut Lane Bridge
zu Philadelphia (Foto) eng Kopie aus arméiertem Bëtong vun der Neier Bréck (
Adolphe-Bréck
) an der Stad Lëtzebuerg ass?
... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur
Hugo Gernsback
(1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
... ronn all zweete Vietnamees mam Familljennumm
Nguyễn
heescht?
... d'
Warnschëlter
viru
Véi op der Strooss
Fligeren an der Luucht
2012 aus dem
Lëtzebuerger Code de la Route
gestrach goufen?
... den
Zwergmammut
Mammuthus exilis
) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zeréckgezunn hat, an do am Laf vun der
Evolutioun
aus Manktem u Fudder ëmmer méi kleng gouf?
...d'
Anna Boch
den eenzege Client war deen de
Vincent Van Gogh
zu senge Liefzäiten hat?
Schabloun:WDS 15
Germaine Damar op argentinescher Zäitschrëft 1960
... d'
Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais
déi mam héchste gotesche Chouer vun der Welt ass, mä ni fäerdeg gebaut gouf?
... d'lëtzebuergesch Schauspillerin
Germaine Damar
duerch de Film
Die Beine von Dolores
an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Televisiounsemissioun hat?
... de Saz
"Play it again, Sam!"
esou net am Film
Casablanca
(1942) virkënnt?
... d'
Ukulele
en
hawaiianescht
Museksinstrument
ass, deem seng Originnen op
Madeira
zeréckginn, vu wou portugisesch Imigranten et matbruecht haten?
... d'
Hinzerter Kräiz
1946 um Stater
Nikloskierfecht
opgeriicht gouf, fir un déi 82 Lëtzebuerger z'erënneren, déi am Zweete Weltkrich am
SS-Sonderlager Hinzert
an zu
Köln-Klingelpütz
higeriicht goufen?
... een am
Bryce-Canyon-Nationalpark
Honnerte vun
Hoodooe
bewonnere kann?
Schabloun:WDS 16
Tiräng mat Karteikaarte mat bibliographesche Referenzen aus dem Mundaneum
... d'
Mundaneum
vum Belsch
Paul Otlet
(1868-1944) eng Zort Multimedia-Archiv war, dat un e bibliographesch-enzyklopedesche Repertoire gekoppelt war, an haut als eng "analog Sichmaschinn" vum Wësse vun der Welt ugesi gëtt?
... déi éischt
Verkéiersluucht
zu Lëtzebuerg de 5. Juli 1951 op der
Bréisseler Plaz
a Betrib geholl gouf?
... all d'
Planéite
vun eisem
Sonnesystem
no
réimesche Gëtter
genannt goufen, ausser der
Äerd
an dem
Uranus
... den islännesche
Literatur-Nobelpräisdréier
Halldór Laxness
sech 1922-23 an d'
Benediktinerabtei Klierf
zeréckgezunn huet an do gedeeft gouf?
Pinot-Gris-Drauwen
… déi éischt
Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg
den 11. August 1859
tëscht Lëtzebuerg a Zoufftgen
a Betrib geholl gouf?
...
Wäisse Wäin
vun alle méigleche
Wäindrauwen
, och där mat bloelzeger Haut, gemaach ka ginn?
Schabloun:WDS 17
... bei
Uergelpäifen
ë. a. tëscht
Labial-
an
Zongepäifen
ënnerscheet gëtt?
... de lëtzebuergeschen Auteur
Norbert Jacques
d'Figur vum
Doktor Mabuse
erfonnt huet?
... de
Yellowstone-Nationalpark
den eelsten Nationalpark vun der Welt ass?
… de
Sender 1212
e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
... d'
Gare Belval-Université
hirem Architekt
no, engem Mued oder enger Raup gläiche soll?
... d'
Dräikinneksgaass
an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den
Dräi Kinneken
iwwer der Dier hänken hat?
Schabloun:WDS 18
... de
Basiliscus plumifrons
, eng Eidechsenaart, op Franséisch och
lézard Jésus-Christ
genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?
... deen éischte lëtzebuergesche
Geldschäin
1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der
BIL
... der
UNESCO
no e
Buch
op d'mannst 49 Säiten (ouni den Deckel) muss hunn?
Graf Hauptmann von Köpenick
... dem "
Hauptmann von Köpenick
" säi Graf an der
Stad Lëtzebuerg
um
Nikloskierfecht
ass?
... "
Däitschland
" an der
Provence
nëmme knapps iwwer 500 Awunner huet?
... deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der
Chamber
gouf, de
Jean Schortgen
, op engem
1. Mee
bei engem Accident an der Grouf leie blouf?
Schabloun:WDS 19
... am Joer 1957 an der
Stengeforter Schmelz
10.041 Tonne Phenol produzéiert goufen?
... d'
Drëttel-Reegel
an der
Fotografie
dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
… am
Arno Schmidt
sengem Roman
Abend mit Goldrand
eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
Amazonas
... de
Péiterséileginselkonflikt
e Grenzkonflikt tëscht
Spuenien
Marokko
war, deen ausgebrach ass, wéi am Juli 2002 marokkanesch Truppen op der
Péiterséileginsel
u Land gaange sinn?
... den
Amazonas
seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den
Atlantik
ze lafen?
... déi zwéin Detektiven an
Dem Tintin senge Geschichten
, am Original
Dupont et Dupond
, an de lëtzebuergeschen Iwwersetzunge
Biwer a Biver
heeschen?
Schabloun:WDS 20
Lëtzebuerger Guillotine
... d'
Doudesstrof zu Lëtzebuerg
fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der
Verfassung
festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?
...
Baarle-Hertog
, eng belsch Gemeng, ë.
a. aus 20 Exklave besteet, déi an Holland leien, an deenen hirersäits 7 hollännesch Enklave sinn?
... d'
Loschbur-Fra
eng 1000 Joer méi al ass wéi de
Loschbur-Mann
... den
Émile Servais
(1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?
... de
Jarosław Kaczyński
2006-2007 polnesche Premierminister ënner dem Staatspresident
Lech Kaczyński
, sengem
eeneeëgen Zwillingsbrudder
, war?
... dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'
Metze Spidol
war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der
Metze Schmelz
als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?
Schabloun:WDS 21
Plakeg Maulefsrat
... d'
Plakeg Maulefsraten
Heterocephalus glaber
) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
... "
Ketty Maus
" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche
Päss
gebraucht gëtt?
... dat gréisst
Knabberdéier
, d'
Capybara
, bis zu 1,20 m grouss ka ginn?
… am
Karni-Mata-Tempel
zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
... d'
Bisamrat
keng Rat ass, mä villméi zu de
Wullmais
(Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
Logo Ro'd Wullmaus
...
D'Ro'd Wullmaus
eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a
Karikaturen
och alt de Prozess gemaach krut?
Schabloun:WDS 22
... d'Zuel vun de
Supermarché
ën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
...
Rio de Janeiro
iertemlech no engem "
Januar
-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
... den
18. Mee
1975
ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup
groussjäreg
goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
... dem belsche Kënschtler
Paul Van Hoeydonck
säi
Fallen Astronaut
dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um
Äerdmound
installéiert gouf?
...
Bréissel
Paräis
hiren Urspronk un de
Meandere
vun zwéin
homophone
Flëss
hunn?
... Lëtzebuerg (via
RTL
) tëscht 1956 an 1993 am Ganze siwenandrëssegmol beim
Eurovision Song Contest
matgemaach huet an dëse
fënnefmol gewonnen huet
Schabloun:WDS 23
… de
Meuse-Musel-Kanal
e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'
Ardennen
Léck
hätt solle mat
Waasserbëlleg
verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
... d'
Bäerbelekierch zu Crusnes
déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus
Eise
gebaut ass?
... de
Prix Grand-Duc Adolphe
e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um
Salon
vum
Cercle artistique de Luxembourg
(CAL) ausgestallt hunn?
...de
Félix Thyes
(1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
... d'Lidd
Bella Ciao
ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am
Piemont
erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
... d'
Staatlech Pressehëllef
, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?
Schabloun:WDS 24
… d'
Helen Buchholtz
(1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
... zu
San Marino
d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
…d'
Buergfrid-Affär
eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch
Madeleine Kinnen
, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
• ...
Basalt
d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
• … déi sougenannt
Offiziell Lëtzebuerger Orthographie
déi éischt gesetzlech festgeluechte Schreifweis vum
Lëtzebuergesche
war, déi
1946
agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum
Luxemburger Wörterbuch
ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?
... et a Brasilien eng 20
Luxemburgia
-Aarte gëtt?
Schabloun:WDS 25
... d'
Forest Green Rovers FC
vegane
Foussballveräi sinn?
... den däitsche Krounprënz
Wilhelm von Preußen
déi éischt Méint vum
Éischte Weltkrich
säin Haaptquartéier an der Groussgaassschoul zu
Esch-Uelzecht
hat?
... d'Sprooch aus dem fiktive Land
Syldawien
an den
Tintins-Geschichten
zu engem groussen Deel e schrëftlech verfriemte
Bréisseler
Dialekt ass?
… déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskoum,
La Clef du cabinet des princes de l'Europe
1704
) war, an dat, fir d'Zensur a Frankräich z'ëmgoen?
• ... de
Kinnek Louis XIV.
de Pätter vum Stater Affekot
Jean-Bernard Knepper
sengem Jong Louis ass, dee wärend dem
Kinnek senger Visite zu Lëtzebuerg
gebuer gouf?
•... d'
Sandale vu Christus
an der
Abtei Prüm
am Mëttelalter zu de bedeitendste
Reliquien
an der Géigend gezielt hunn, bis zu
Tréier
de sougenannten
Hellege Rack
opgedaucht ass?
Schabloun:WDS 26
... de
Mitock
Upupa epops
) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
d'
Gare vun Däitsch-Oth
an
déi vu Wuelmereng
zwou
Kappgarë
vun den
CFL
sinn, déi a Frankräich leien?
... de Konschtturner
Josy Stoffel
vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
• ... de
Meter
1793
als den 10-milliounsten Deel vun der Distanz vum
Pol
bis bei den
Equator
vum
Äerdmeridian
, op deem
Paräis
läit, definéiert gouf, an e Prototyp vun dësem Meter
1795
Messeng
gegoss gouf?
• ... de
Jules Hoffmann
, gebuer den 2. August 1941 zu
Iechternach
, 2011 den
Nobelpräis fir Medezin
kritt huet an zanter 2012 Member vun der
Académie française
ass?
... de
Sendemast vun Housen
mat 300 Meter dat
héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg
ass?
Schabloun:WDS 27
... de
Lëtzebuerger Frang
tëscht 1935 an 1941 e Véierels méi wäert war wéi
dee Belschen
, nom Krich awer nees zu enger
Paritéit vun 1:1
erëmagefouert gouf?
... d'
Schluecht vu Valmy
zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mä e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der
Franséischer Revolutioun
gefeiert gouf?
... de lëtzebuergesche Schauspiller
Joseph Noerden
tëscht 1949 an 1953 am
Bertolt Brecht
sengem
Berliner Ensemble
gespillt huet?
... de
Seechomessenniwwel
, e
planetareschen Niwwel
, sou genannt gëtt, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger
Seechomes
gläicht?
... am
Schlass Bierg
, der
groussherzoglecher
Residenz, tëscht 1941-1944 vum
däitschen Occupant
eng sougenannt
Nationalpolitische Erziehungsanstalt
ageriicht gi war?
... d'
Amerikanesch Joffereninsele
bis 1917 zu
Dänemark
gehéiert hunn, déi se du fir 25 Milliounen Dollar un d'USA verkaaft hunn?
Schabloun:WDS 28
… de
Ciné Kursaal
vu Rëmeleng, och nach den
Ale Kino
genannt, deen eelste
Kino zu Lëtzebuerg
ass, deen nach haut a Betrib ass?
… den
Edouard Luja
(1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z.
B. d'
Acacia Lujaei
oder d'
Eulophia Lujaeana
... de
Milbekéis
eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune
Milben
, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?
... d'franséisch Schrëftstellerin
Simone de Beauvoir
en Urenkelkand vum
Hubert Brasseur
war, engem vun de Matgrënner vun der
Brasseurs Schmelz
zu Esch?
... de
Var
dat eenzegt
franséischt Departement
ass, dat no engem Floss genannt ass (dem
Var
), deen hautdesdaags guer net derduerchleeft?
... op de Baupläng vun der
Rouder Bréck
zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
Schabloun:WDS 29
… um
Mosaik vu Viichten
, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den
Homer
mat den Néng
Musen
ze gesinn ass?
... de
Johannes Mylius
vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
… de Begrëff "
Télécran
" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum
George Orwell
sengem Roman
Nineteen eighty-four
fir den englesche Begrëff
telescreen
gebraucht gouf?
... op der Nordsäit vun der
Pyramid vum Kukulcán
, wärend der
Equinoxe
, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
… d'
Regierung Mongenast
zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
...
Kraków
(Krakau) vun 1038 bis 1609 d'Haapt- a Kinneksstad vu
Polen
war?
Schabloun:WDS 30
…den
Étienne Lenoir
(1822-1900) 1860 deen éischte brauchbare Gasmotor an 1863 dat éischt Stroossegefier, dat domat ugedriwwe gouf, gebaut huet?
... "
Luxemburg
" gläich dräi Uertschaften an de
Vereenegte Staaten
heeschen?
Kierch St Alphonse
... d'
Tranchée de Caster
an der Belsch e 65 Meter déiwen Aschnëtt an d'
Montagne Saint-Pierre
ass, déi tëscht 1930 an 1933 fir den
Albertkanal
ugeluecht gouf?
... d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter
Kierch St. Alphonse
("Paterekierch") an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der
Festungsmauer
stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?
... den Asteroid
(255019) Fleurmaxwell
no der Lëtzebuerger Äiskonschtleeferin
Fleur Maxwell
benannt gouf?
... déi
kasachesch Haaptstad
bannent 6 Joerzéngte fënnefmol den Numm gewiesselt huet?
Schabloun:WDS 31
... de lëtzebuergesche Metallurg
William J. Kroll
(1889 - 1973) ë.
a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht,
Titan
industriell ze produzéieren?
... d'
Husumer Protestschwäin
eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
... deen éischte
Long métrage
op Lëtzebuergesch
Wat huet e gesot?
geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
... de
Victor Tedesco
(1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
... d'Uertschaft
Gréiwels
fréier
Nei-Brasilien
housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a
Brasilien
auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
... de
Lake Luxembourg
a Pennsylvania säin Numm krut, well d'
Groussherzogin Charlotte
an hirem Exil wärend dem
Zweete Weltkrich
do en Terrain kaf hat?
Schabloun:WDS 32
... den
Zolwerknapp
en
Zeiebierg
ass; d.
h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
... d'
Gemeng Wëntger
2019 déi lescht Gemeng zu Lëtzebuerg war, déi
Stroossennimm
agefouert huet?
… de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende
Guillaume Capus
(1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indien fräikomm ass?
... den
Zoo vun Antwerpen
schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900
Aarte
verdeelen?
... de
Charles Metz
(1799-1853) Deputéierten souwuel an
der Belscher
wéi och an der
Lëtzebuerger Chamber
war?
... zu
Zowaasch
bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
Schabloun:WDS 33
… de
Jean Beck
(1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum
Gouverneur
vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
... op der Single
Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich
zwou däitsch Versioune vun de
Beatles
hire Lidder sinn, déi de
Camillo Felgen
hinnen iwwersat hat?
… d'Fro vum
Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen
bal 40 Joer laang ëmmer nees diskutéiert gouf, bis eng Kompromëssléisung fonnt gouf?
Léiffrächen
… zu
Keel
op der
Léiffrächen
Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis
Marienerscheinunge
solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
... dat eelst Dokument am Besëtz vun der
Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de
Willibrord
vum Poopst geschenkt krut?
... et 1982 am
Simbabwe
e Gesetz gouf, dat et verbueden huet, de Geck mam President
Canaan Banana
sengem
Familljennumm
ze maachen?
Schabloun:WDS 34
… de
Codex Aureus Epternacensis
, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050),
1955
zu Verkaf stoung, mä de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en sou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?
... nom
Groussherzog Henri
senger Mamm
schonns zu Liefzäiten eng
Bréisseler Metrosstatioun
genannt gouf?
... d'
Brubbel
zu
Wallenborn
deen eenzege Kalwaassergeysir an Däitschland ass, an all déck hallef Stonn Schwiefelgaser ausstéisst?
... de
Jacques Leurs
bekannt dofir ass, deen éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf gewiescht ze sinn?
Neimënster
... de Bäitrëttstraité vu
Rumänien
Bulgarien
zu der
EU
2005 an der
Abtei Neimënster
ënnerschriwwe gouf?
… de
Paul Lauterbur
(1929-2007), Nobelpräisdréier fir Medezin 2003, lëtzebuergesch Urgrousselteren hat?
Schabloun:WDS 35
d'Venus
... en Dag op der
Venus
méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
... mat "
Mutz vum Monomach
", engem russesche Kascht a Form vun der traditioneller
Kroun vun de Groussfürsten
an den éischten Zaren, souwuel eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och e Friichtekuch gemengt ka sinn?
... de
Bernard Molitor
(1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg
Fournisseur de la Cour impériale
war?
...
Luxembourgit
e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
... de
Magnum bullarium romanum
, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur
André Chevalier
erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?
Goering & Co an der Ashcan
...
Ashcan
(d.
h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en
alliéiert
Gefaangelager zu
Bad Munneref
am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?
Schabloun:WDS 36
... de
Buffalo Bill
mat senger
Wild West Show
den 3. September
1906
en Optrëtt zu Lëtzebuerg hat?
... d'
Däitschsproocheg Communautéit
déi klengst vun den 3 Communautéiten an der
Belsch
ass?
... bei der
Schluecht vu Salamis
enger vun de gréisste Séischluechten an der griichescher Antiquitéit,
Athen
ënner dem
Themistokles
d'Flott vum
Xerxes I.
vu Persien verdriwwen huet?
... de
Menhir vu Recken
joerhonnertelaang ëmgekippt do louch, ier en 1978 als sollechen erkannt an an de Joren dono nees opgeriicht gouf?
... 2001 fir de Film
Secret Passage
zu Esch-Uelzecht, op der Industriebrooch vun Terre-Rouge, eng iwwer 6 Hektar grouss Kuliss vu
Venedeg
am 15. Joerhonnert an Originalgréisst, inklusiv de Kanäl, opgebaut gouf?
… de
Michel Gloesener
vun
Uewerkäerjeng
d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domat de Grondstee fir den elektresche Motor geluecht huet?
Schabloun:WDS 37
Jean Linden
... de lëtzebuergesch-belsche Botaniker
Jean Linden
(1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa
Orchideeë
geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?
... d'
Schengener Ofkommes
um Schëff
MS Princesse Marie-Astrid 2
ënnerschriwwe gouf, dat haut ewell, als
MS Regensburg,
op der
Donau
ënnerwee ass?
... op der Karibikinsel
Saint-Martin
Frankräich an Holland zesummen eng 10 km laang Grenz hunn?
... déi sowjetesch
Kosmonaute
Juri Gagarin
Walentina Tereschkowa
1961, respektiv 1963, deen éischte Mann an déi éischt Fra am Weltall waren?
Cheeeeese
... de Film
Girl with a Pearl Earring
mat der
Scarlett Johansson
an der Titelroll, bal ganz zu Lëtzebuerg gedréint ginn ass?
... dem
United States Copyright Office
no
Afeselfien
net dem
Auteursrecht
ënnerleien?
Schabloun:WDS 38
... vun der 1. Oplo vum
Michel Rodange
sengem
Renert
no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
… 1946 an der franséischer Regierung vum
Georges Bidault
gläich zwéi Regierungsmembere waren, déi zu Lëtzebuerg gebuer waren, nämlech d'
Andrée Viénot
an de
Robert Schuman
… d'
Musel
viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'
Meurthe
gelaf ass?
... den
Dollar
säin Numm vun der Uertschaft Sankt Joachimsthal hier huet, déi haut
Jáchymov
heescht?
... d'Traditioun, d'Bierger an d'
Krateren
um
Mound
no bekannten Astronomen a Wëssenschaftler ze nennen, vum
Francesco Maria Grimaldi
(1618-1663) agefouert gouf?
... de
Lëtzebuerger Nationalfeierdag
1840 zweemol gefeiert gouf?
Schabloun:WDS 39
… de
Barrage Esch-Sauer
, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
... e Reportage iwwer "
Spaghettibeem
" 1957 en
Abrëllsgeck
vun der
BBC
war, deen deemools vill fir richteg gehalen hunn?
… am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66
Gierwereie
bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?
Monument TdF 2006 zu Esch-Uelzecht
... den
Tour de France
zanter 1947 bis ewell néngmol duerch Lëtzebuerg goung?
… de
Jérôme vu Bauschelt
(ëm 1470 - 1517) Member vum
Grousse Conseil vu Mechelen
war?
... souwuel de
Monet
wéi de
Manet
en Tableau mam Numm
Le déjeuner sur l'herbe
gemoolt hunn?
Schabloun:WDS 40
… de Moler
Pierre-Joseph Redouté
(1759-1840)
Rafael vun de Blumme
genannt gouf?
...
Jéinesch
(oder
Lakerschmus
), d'Sprooch vun de
Jéinen
, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimeschkiercher Händlerfamille geschwat gouf?
... d'
Ionesch Revolt
500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
... vun den iwwer 40 sougenannte
Spueneschen Tiermercher
, déi et an der Stad Lëtzebuerg gouf, der just nach 9 bis haut existéieren, resp. nees opgebaut goufen?
... d'
Lise Rischard
(geb. Meyer, 1868-1940) am
Éischte Weltkrich
den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der
Stater Gare
zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft
Der Landwirt
publizéiert goufen?
... fir de Bau vun der
Adolf-Emil-Hütte
(haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen
Escher Bësch
ofgeholzt ginn ass?
Schabloun:WDS 41
Herkules um Bäerdrefer Véiergëttersteen
... an der
Parkierch
vu
Bäerdref
, ënner dem Haaptaltor, ee
réimesche
Véiergëtterstee
steet, mat der Minerva, der Juno, dem Apollo an dem Herkules drop?
… de lëtzebuergeschen Ethnolog
Edouard Conzemius
(1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
… déi zwou Bensinnsstatiounen op der
Aire de Berchem
iwwer 300 Millioune Liter Brennes am Joer verkafen?
... den
Adrien Ries
(1933-1991) am Joer 1970 de Begrëff
Nordstad
geprägt huet, deen den urbane Ballungsraum ëm
Dikrech
an
Ettelbréck
bezeechent?
...
Südafrika
offiziell 3 Haaptstied huet:
Pretoria
als Verwaltungshaaptstad,
Kapstad
als Regierungs- a
Bloemfontein
als Geriichts-Haaptstad?
... d'
Uelzechtstrooss
zu Esch virun 1923, jee no Deelstéck,
Avenue de l'Hôtel de Ville, Rue de la Poste
Rue Marie-Thérèse
housch?
Schabloun:WDS 42
Whirlpool-Galaxis
… een an der
Whirlpool-Galaxie
Messier 51
oder
NGC 5194/5195
), eng Spiralgalaxie am
Stärebild
Canes Venatici
, eng äusserst aktiv Stäregebuert observéiere kann?
… d'
Berwart-Schlass
zu
Esch-Uelzecht
1954 ofgerappt gouf, fir 1956 als Kuliss fir d'Feierlechkeete vum Cinquantenaire nees fir kuerz Zäit opgeriicht ze ginn?
... -40
Grad Fahrenheit
a -40
Grad Celsius
déi selwecht Temperatur uginn?
... déi
hollännesch Provënz
Flevoland
praktesch ganz aus Land besteet, dat dem Mier ofgewonne gouf?
... d'
Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie
zu
Hamburg
déi gréisst Sammlung vu
Fläscheposten
op der Welt huet?
… et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlossportler mam Numm
Nicolas Frantz
gouf, woubäi een dovun, den
Nicolas Frantz II
, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?
Schabloun:WDS 43
...
Andorra
zwéi Staatscheffen huet, nämlech de franséische President
Emmanuel Macron
an de
Joan Enric Vives i Sicília
, Bëschof vu La Seu d'Urgell?
… den
Henri Tudor
(1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u
Bläi
vergëftung gestuerwen ass?
… d'
Dreckswiss
en Naturschutzgebitt an de Gemenge
Käerjeng
Suessem
ass, dat 71 ha Fiichtgebitt ëm d'
Kuer
ëmfaasst?
... dem
Alfred Hitchcock
säi Film
Rope
esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?
... vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der
Iechternacher Stadmauer
der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?
... den
Ötzi
iwwer 5000 Joer no sengem Doud e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien ausgeléist huet?
Schabloun:WDS 44
Manati
Ronnschwanzséikéi
Trichechidae
, och „Manati“ genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
… de belsche Kinnek
Baudouin
am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als
net am Stand, ze regéieren
erkläert gouf?
… nodeem dem
Minettstram
säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Fürerschäiprüfung benotzt ginn ass?
Schläifmillen, ëm 1834.
… d'
Draperies de Luxembourg
am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
… d'
Désirée Nosbusch
scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
… d'
Luxemburger Zeitung
tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
Schabloun:WDS 45
J. Jacoby: Edwards a Wodruff
... de lëtzebuergesche Moler
Jean Jacoby
(1891-1936) zweemol, 1924 an 1928, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
...
Halloween
op e Karschnatz- an Neijoerschfest vun de
Kelten
zeréckgeet?
... de
Ras-Täfäri
de 25. Mee 1924 op offizieller Visite zu Lëtzebuerg war?
... d'
Kuer
mat hiren Niewebaachen an d'
Fooschtbaach
am
Éislek
déi eenzeg Waasserleef zu Lëtzebuerg sinn, déi net zum Baseng vum
Rhäin
gehéieren, mä zu deem vun der
Meuse
Freideg den 13.
...
1895
, an de Pionéierjore vum
Telefon
zu Lëtzebuerg, e Mikro um
Musekskiosk
op der
Plëss d'Arem
un de Reseau ugeschloss war, fir datt d'Postbeamten de Sonndesconcert an der Telefonszentral nolauschtere konnten?
...
Paraskavedekatriaphobie
d'Angscht virum
Freideg
den Dräizéngten ass?
Schabloun:WDS 46
... de
Rubicon
an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche
Floss
op der Welt ass?
... "
Kueb
" an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'
Europaparlament
um
Kierchbierg
war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?
... d'
N 3A
mat nëmme knapps 50 m déi kierzt
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg
ass?
‎Pravčická brána
... d'
‎Pravčická brána
an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
… d'
Hélène Hiertz
(1911-1985), déi di éischt Kächen zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e
Michelin
-Stär krut, eng aktiv
Resistenzlerin
war?
... den
Erdäpfelmuseum
zu Prinzendorf an Éisträich zu Éiere vum lëtzebuergesche Geeschtleche
Johann Eberhard Jungblut
ugeluecht gouf, deen do 1761 d'Gromper agefouert huet?
Schabloun:WDS 47
... hanner dem
Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes
eng Populatioun vu
Sëlwerfëschelcher
lieft, déi fir gewéinlech a Mëtteleuropa just a Wunnengen ze fanne sinn?
...
Nauru
deen eenzege Memberstaat vun der UNO ass, dee keng Haaptstad huet?
... d'
Iechternacher Basilika
am 19. Joerhonnert joerzéngtelaang eng
Faïencerie
war, an ee vun de Kierchtierm där hire Kamäin?
... dem
Henry Miller
säi Roman
Quiet Days in Clichy
ënner anerem och zu Lëtzebuerg spillt?
... de
Pont de Fer
zu
Huy
an der Belsch entgéint sengem Numm net aus
Eisen
, mä aus
Bloem Steen
ass?
... de
Salar de Uyuni
mat enger
Fläch
vun 10.582 km² déi gréisste
Salzwüst
op der Welt ass?
Schabloun:WDS 48
...d'
Our
, d'
Sauer
an d'
Musel
op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen, e
Kondominium
sinn?
... den
Nicolas Kinsch
vun
Esch-Uelzecht
vun 1959 bis 1967 Äerzbëschof vu Kisangani (
Demokratesch Republik Kongo
) war, den
James Schwebach
vu
Platen
1891-1921 Bëschof vu La Crosse (
Wisconsin
) war; de
Jacques Mangers
vu
Stolzebuerg
vun 1953 bis 1964 Bëschof vun Oslo war; de
Jean-Baptiste Fallize
vun
Harel
1892-1922 Apostolesche Vikar vun Norwegen war an de
Michel Fallize
och vun Harel 1889-1910 Generalvikar vun der Diözes Dacca (
Bangladesch
) war?
… an der
Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg
eng 4 Millioune Fotoen an Negativer vun 1855 bis haut iwwer d'Stad Lëtzebuerg versuergt ginn?
… op den
2-Euro-Gedenkmënzen
de
Grand-Duc Henri
bis Enn 2018 a 24 verschiddenen Designen ze gesinn ass?
... de Film
Autobahnraser
op der
Lëtzebuerger A13
gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?
Schabloun:WDS 49
...déi gréisst lieweg Hai-Aart, de
Walhai
, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu
Plankton
erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?
…den
Émile Reuter
(1874-1973) dee
Chamberpresident
zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
... de Kontinent
Amerika
säin nach haut geleefegen Numm
1507
op enger Kaart kritt huet, déi en Deel vum Kartograph
Martin Waldseemüller
sengem Wierk
Cosmographiae Introductio
war, well de Waldseemüller gemengt hat, den
Amerigo Vespucci
hätt en entdeckt?
Atomium
... den
Atomium
zu
Bréissel
en
Eise
-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung duerstellt?
... souwuel de Moler a Manager
Gust Graas
wéi och de Politiker
Gusty Graas
den Titel 'Grand officier de l'
ordre de la couronne de chêne
' kritt hunn?
… et am Kader vun der
Affär Dreyfus
, déi déi franséisch Ëffentlechkeet jorelaang polariséiert huet, 11 Joer gedauert huet, ier den
Alfred Dreyfus
nees rehabilitéiert gouf?
Schabloun:WDS 50
Bretzel
... op
Bretzelsonndeg
dem
Brauch
no Männer enger Fra, déi hinnen eppes bedeit, eng
Bretzel
schenken, fir dann, bei géigesäitegem Intressi,
Ouschteren
en
Ouschteree
vun hir geschenkt kréien, ausser bei
Schaltjoren
, wou et ëmgedréint ass?
... de
Zénon Bernard
20 Joer nodeem hien e Gol am eenzege Match, deen déi
lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
jee géint Frankräich gewonnen huet, geschoss hat, als éischte
Kommunist
an d'
Chamber
gewielt gouf?
...
Südafrika
eelef
ofiziell Sproochen
huet?
Serge Gainsbourg (1981)
... de franséische Chansonnier
Serge Gainsbourg
an den 1960er Joren och Regisseur vu
Sandalefilmer
war?
… den
Iechternacher Séi
e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'
Lëschenhaus
, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?
… den
zweeten
an deen
drëtte President vun de Vereenegte Staate
genee de selwechten Dag, de
4. Juli
1826
, gestuerwe sinn?
Schabloun:WDS 51
... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'
Pierre Brunehaut
, e Monolith an der belscher
Provënz Hainaut
, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
...d'
Carmen Pereira
1984 dräi Deeg laang amtéirend Presidentin vu
Guinea-Bissau
an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika war?
... d'Stad
Limbourg
weeder an
der belscher
nach an
hollännescher Provënz Limburg
läit, deene se den Numm ginn huet, ma an der
Provënz Léck
... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng
Gemeinschaftsantenn
haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
... de Mathematiksprofesser
Antoine Meyer
(1801-1857) den Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch,
E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus
(1829), war?
...de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der
Schluecht vu Marathon
mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
Schabloun:WDS 52
... de
Schwaarze Spiecht
, dee virun dem Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
… de
Jean-Baptiste Nothomb
(1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
... den
Olympus Mons
um
Mars
mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
... d'
Haus Höcklin von Steinach
um
Krautmaart
warscheinlech dat eelst Wunnhaus an der
Stad Lëtzebuerg
ass, dat nach erhalen ass?
…d'
Zuel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg
tëscht de Joren 1830 an 1891 vun 120 op 130 eropgoung, fir dann nees, duerch Fusiounen, op déi aktuell
100
erofzefalen?
... de
Julien Lefèvre
Lëtzebuerg 1936 op den olympesche Summerspiller als Sculpteur an op de Wanterspiller als (Ersatz-)Bobfuerer vertrueden huet?
Schabloun:WDS 53
Vun „
Kategorie
WDS
Haaptsäit/WDS-Archiv
Sujet derbäisetzen