Hei fannt Dir all d'Sätzelcher aus der Rubrik Wousst Dir schonn datt… op der Haaptsäit.
All Dag um Mëtternuecht gëtt op der Haaptsäit automatesch en neie Sätzelchen agesat. D'Schabloun op der Haaptsäit huet d'Format
{{WDS no Joer}} an affichéiert de Saz mam Bild vum jeeweils aktuellen Datum, souwéi d'Sätz vun deene virege véier Deeg. De Prinzip ass esou, datt all Dag uewen en neie Saz bäikënnt an ënnen een ewechfält. Deen neie Saz gëtt, wa méiglech, mat enger Foto illustréiert. Haut ass steet z. B. dat hei dran:
Wosst Dir schonns datt...
|
Momentan gëtt et 2 x 366 verschidde Sätz, 366 Sätz fir gerued Joren, déi an der Schabloun:WDS Joer 0 stinn, an 366 fir ongerued Joren, déi an der Schabloun:WDS Joer 1 stinn. D. h. all 2 Joer geet et nees vu vir un.
Nei Sätz a Biller, déi méi spéit déi aktuell ersetze kéinten oder déi geholl kéinte ginn, fir eng zousätzlech Lëscht vun 366 Sätz opzebauen, kënnen hei an d'Spënnchen agedroe ginn.
All d'Sätz a Biller beieneen fënnt een an der laanger Lëscht hei ënnendrënner. Lénks stinn d'Sätz a Biller aus der Schabloun:WDS Joer 0 a riets déi aus der Schabloun:WDS Joer 1.

… d'Erfindung vum Timber et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?

… de Mathias Hardt (1809-1877) mat sengem Vocalismus der Sauermundart (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum Lëtzebuergesche gemaach huet?

… bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 d'Resistenzgruppen d'Lëtzebuerger majoritär dovun iwwerzeegt kruten, bei verfängleche Froen iwwer Mammesprooch a „Volkszugehörigkeit“ mat „Lëtzebuergesch“ amplaz, wéi praktesch virgeschriwwen, mat „deutsch“ z'äntwerten?
… dem Johann Philipp Bettendorf (1625-1698) seng Chronik vun de Jesuittemissiounen am Amazonasgebitt als eng Fondgrouf net nëmme fir Kiercherechtler a Missiounstheologen, mä och fir Ethnologen, Biologen, Historiker a Soziologen ugesi gëtt?

… d'Dräi Kinneken, déi heirëmer Balthazar, Caspar a Melchior genannt ginn, bei de syresche Chrëschten Larvandad, Hormisdas a Gushnasaph, bei den Ethiopier Tanisuram, Mika, Sisisba oder Awnison, Libtar a Kasäd, a bei den Armeenier Kagba a Badadilma heeschen, an deemno och alt just zu zwéi sinn?

… et verschidden Theorien iwwer den Ënnergang vun der Minoescher Kultur ginn, wouvun déi gängegst e Vulkanausbroch op der Insel Thira dofir verantwortlech mécht?

… de Ginkgo sech zanter 300 Millioune Joer kaum verännert huet an dofir als e liewegt Fossil gëllt?
… Grëmmeleschter fréier Reesbengele genannt goufen, déi zu Grëmmelescht fabrizéiert goufen?

… bei der Krispines-Kapell, och Péiter Onrou genannt, um Lampertsbierg et bis virun net all ze laanger Zäit de Brauch gouf, Käerze mat dragepickte Spéngelen ofzebrennen, fir datt Männer, déi ontrei waren, solle „bestrooft“ ginn?

… d'Christ Roi-Kapell um Belair 1931 dat éischt Kierchegebai zu Lëtzebuerg war, dat net am traditionellen neo-romaneschen oder neo-gotesche Stil gebaut gouf?

… op de Fënstere vun der Kierch Zowaasch verschidde Memberen aus der Grofefamill Saintignon an aner Stëfter vun der Kierch als Helleger duergestallt sinn?

… d'Kar keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonn an der Antiquitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als „Onkraut“ an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
… den Tevita Momoedonu aus Fidschi alt the Five Minute Prime Minister genannt gëtt, well en 2000 zweemol (wärend e puer Minutten) an 2001 (wärend zwéin Deeg) Premierminister war?

… d'Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa) am 20. Joerhonnert éischter seelen zu Lëtzebuerg war, zanter ongeféier 2010 do besonnesch opfälleg am Hierscht ass, wa s'en Masse versicht, an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren?
… een uganks 1913 d'Nimm vun de Besëtzer vun alle 430 deemools zu Lëtzebuerg ugemellte Gefierer an deenen hire Plackennummeren an der Zeitung noliese konnt?

… ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Our-Stauséi en Deel vun der Uertschaft Biwels huet missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn?

… de Krater vun Derweze an Turkmenistan zanter 1971 am Gaang ass ze brennen, an dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll krut?

… d'Baldwin Street an Neiséiland, mat engem Gefäll vu bis zu 35 %, als déi géist Strooss op der Welt gëllt?

… d'Luxemburger Wort déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi praktesch ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?

… de Streisand-Effekt no der Schauspillerin a Sängerin Barbra Streisand genannt gouf, déi eng Foto am Internet läsche loosse wollt, well dodrop (ë. a.) hiert Haus ze gesi war?
… de Quartier Belair an der Stad Lëtzebuerg bis den Ufank vum 20. Joerhonnert Dauwefeld, an dono Neimäerel genannt gouf, ier en 1957 säin haitegen Numm krut?

… et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger Sezessioun koum, déi der moderner Molerei zum Duerchbroch verhollef huet?

… de Méchelstuerm zu Miersch net, wéi de Rescht vun der aler Kierch, am 19. Joerhonnert ofgerappt gouf, well en dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. seng Fra Anna Pawlowna un d'Kierchtierm aus hirer Heemecht erënnert soll hunn, an doropshin d'Gemengeconseillere gebiede goufen, e stoen ze loossen?

… d'Land Cap Vert säin Numm vun engem Kap 500 km wäit ewech zu Dakar am Senegal huet, dat den Inselen hiren Numm ginn huet?

… en Europäeschen Igel 5.000 bis alt 7.500 Stachelen huet, déi iwwer de ganze Kapp a Réck verdeelt sinn?

… d'Kongresshal vu Berlin an der Zäit vum Kale Krich e prominent Symbol fir déi däitsch-amerikanesch Allianz war an deementspriechend politesch instrumentaliséiert gouf?

… dem Wope vu Lëtzebuerg seng Originnen an de Wope vum mëttelalterlechen Haus Lëtzebuerg huet, an op den Henri V. (1136-1196) zeréckgeet?

… de lëtzebuergesche Journalist an Dokumentarfilmmécher Gordian Troeller (1917-2003) 1992 den Adolf-Grimme-Präis fir säi Liewenswierk krut?

… wéinst der Technikbegeeschterung an den 1960er Joren e lëtzebuerger Basketballveräin, de BBC Telstar Hesper, nom Kommunikatiounssatellit Telstar genannt gi war?

… e Pingo eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafraschtbuedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?

… bei der Renovéierung vum Goteschen Haus zu Iechternach de Giewel nëmmen do stoe gelooss gouf, wou z'erkenne war, wéi d'Haus uersprénglech war?

… den 1. Juni 1904 zu Lëtzebuerg d'Aueren 35 bis 37 Minutten no vir geréckelt goufen, wéi vun der Lokalzäit op déi Mëtteleuropäesch Zäit ëmgestallt gouf?

… den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale-Stil benannt ass?

… de Codex Mariendalensis, eng spéitmëttelalterlech Handschrëft iwwer d'Geschicht vun der Yolanda vu Veianen, joerzéngtelaang als verluer gegollt huet, ier en 1999 erëmfonnt gouf?

… d'Sowjetunioun, fir de Westen an d'Ier ze féieren, hire Kosmodrom bei Tjuratam no der Uertschaft Baikonur genannt huet, déi iwwer 300 km vun do ewechlouch?
… den Tunnel vun Herstal ee vun de wéinegen Eisebunnstunnellen an der Belsch ass, duerch deen haut Autoe fueren?

… wat een am Kiwuséi méi déif geet, wat d'Temperatur an de Salzgehalt méi eropginn?

… de Lëtzebuerger René Arend d'Chicken McNuggets an de McRib, zwéi McDonald's Produiten, kreéiert huet?

… am Traité vu Lëtzebuerg 1956 festgehale gouf, datt d'Saarland, dunn e franséischt Protektorat, der Bundesrepublik Däitschland bäitriede kéint?

… de 50-Eurobilljee deen am meeschte gebrauchte Geldschäin an der Eurozon ass? Den 1. Januar 2018 waren 9.826.239.828 Exemplairen dovun am Ëmlaf. Duerno kommen dee vun 20 an dee vun 10 Euro.

… d'Tomaten am 16. a 17. Joerhonnert an Europa eng Raritéit waren, a vu räiche Leit gezillt goufe fir schéin ze maachen, well gemengt gouf, d'Fruucht wier gëfteg?

… Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufe wien e kréich?

… de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?

… d'Mafalda, e Comicpersonnage vum argentineschen Zeechner Quino, 2014 als éischt BDs-Figur mat der Légion d'honneur ausgezeechent gouf?

… de Groussherzogleche Palais an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Zort administrativen Allzweckbau war, wou nieft dem Kinnek-Groussherzog oder sengem Statthalter, déi do periodesch residéiert hunn, d'Regierung, d'Parlament, a vun 1858 un, de Staatsrot hire Sëtz haten, an och nach eng archeologesch Sammlung dran ënnerbruecht war?

… d'Willibrord-Klack an der Iechternacher Basilika mat knapps 7 Tonne Gewiicht déi schwéierst Klack am Land ass?
… et beim lëtzebuergesche Schoulgesetz vun 1912 zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Jore virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht Lénks- a Rietsparteie gefouert hat?

… d'Mathilde zanter dem Bestoe vun der Belsch déi éischt Kinnigin ass, déi do am Land gebuer gouf?
… den Albert Biever aus dem Rollengergronn 1904 zu New Orleans eng Universitéit gegrënnt huet?

… Iechternach 1886 als éischt Stad zu Lëtzebuerg eng elektresch Beliichtung krut?

… ee Konschtstéck vum lëtzebuergesche Kraaftmënsch John Grün (1868-1912) dora bestoung, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d'Luucht ze hiewen?

… dat éischt Liewewiesen, dat vun der Äerd an de Weltall geschéckt gouf, wuertwiertlech eent war, „dat billt“?

… „Luxemburgerli“ den Numm vun enger Makrounespezialitéit vun enger Zürcher Confiserie ass?

… den Ieselsfouss, eng Fréijoersplanz, och Fils avant le père genannt gëtt, well d'Bléi virun de Blieder erauskënnt?

… et vum fréiere Gauleiter Gustav Simon sengem Doud eng „offiziell“ an eng „inoffiziell“ Versioun gëtt?

… vun den ursprénglech 94 stenge Maarken, déi 1772 ënnert der Maria Theresia opgeriicht goufen, fir d'Limitte vun der Stad Lëtzebuerg ze markéieren, der haut nach 63 bestinn?
… vum héchste Billjee a Lëtzebuerger Frang, dem Fënnefdausender, 20 Joer nom Aféiere vum Euro a Form vu Billjeeën nach ëmmer eppes iwwer 10.000 Schäiner am Wäert vun 1,3 Milliounen Euro am Ëmlaf waren?

… et dräimol an der Geschicht en 30. Februar gouf?

… de Stadpark vun Esch-Uelzecht 1911 um Hank vum Gaalgebierg ugeluecht gouf, well den Escher Bësch, wou d'Leit soss an d'Gréngs trëppele goungen, bal ganz ofgeholzt gi war, fir do d'Adolf-Emil-Hütte ze bauen?

… de Peschtvull sou genannt gëtt, well fréier säi sporadescht a mysteriéist Opdauchen a Mëtteleuropa als e schlecht Omen ugesi gouf?

… Le Patron mat dräi oder véier Rieder ënnerwee ka sinn?

… d'Uewerfläch vum Doudege Mier ronn 400 m ënnert dem Mieresspigel ass?
… an de fréiere Gasometere vu Wien-Simmering haut eng 1.500 Leit wunnen?

… Dormans, an der Marne, 1920 vun der Stad Lëtzebuerg fir 1 Frang op de Kapp vun hirer Bevëlkerung 'adoptéiert' gouf?

… de Manneken Pis am Mee 2018 säin 1000. Costume geschenkt krut?

… op der Pallett vum Narmer, an enger vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt, d'Vereenegung vun Ënner- mat Ueweregypten duerch den Narmer duergestallt gëtt?

… den Huelen Zant um Bockfiels net e Rescht vum Siegfried senger Buerg ass, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der Festung, deen 1874, wéi d'Festung geschleeft gouf, an eng 'Pseudo-Ruin' ëmgebaut gouf?
… „Sequoiaen“ wuel dat eenzegt Wuert am Lëtzebuergeschen ass, bei deem all 5 Vokaler hannerenee stinn?

… dem Theodor Kaiser säi Méckefänkert nach haut milliounefach zum Asaz kënnt?

… bei der Cholera-Epidemie zu Lëtzebuerg, 1865-1866, tëscht 8.000 bis 10.000 Leit dorun erkrankt, a ronn 3.500 gestuerwe sinn, 1,83 % vun der Gesamtpopulatioun?

… Cassini-Huygens, eng Weltraummissioun mat zwou Raumsonde fir de Planéit Saturn a seng Mounden z'erfuerschen, bannent knapps 20 Joer spektakulär nei Erkenntnesser bruecht huet?
… beim Waasserball d'Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
… bei der Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, de 26. Juni 1807, 32 Persoune ëm d'Liewen koumen an der 120 schwéier blesséiert goufen, dorënner vill Kanner?

… deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de Michel Théato war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?

… d'Insel Koiluoto, déi just 3 Hektar grouss ass, tëscht Russland a Finland gedeelt ass?

… de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?

… beim Tour de France 2011 fir d'éischt Kéier an der Geschicht vum Tour, net nëmmen zwéi Lëtzebuerger, ma och zwéi Bridder mat um Podium stoungen?

… ronn all zweete Vietnamees mam Familljennumm Nguyễn heescht?

… d'stenge Mauer ronderëm den Domän vum Schlass Kockelscheier vun engem eenzege Mann, engem gewësse Welter, bannent 15 Joer – vun 1880 bis 1895 – gebaut gouf?

… zu Paräis, an der Zäit vum Directoire, et Moud war, sech zu den Incroyables oder de Merveilleuses ze zielen?

… den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zeréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Manktem u Fudder ëmmer méi kleng gouf?

… de Sënn an Zweck vun de Raschpëtzer am Gréngewald eréischt an de leschte Jorzéngte vum 20. Joerhonnert erausfonnt gouf?

… d'lëtzebuergesch Schauspillerin Germaine Damar duerch de Film Die Beine von Dolores an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eegen Televisiounsemissioun hat?

… de Schetzel e Klausener war, deen am 12. Joerhonnert bis zu sengem Doud 14 Joer laang an enger Klaus am Gréngewald bei der Stad Lëtzebuerg gelieft huet?
… de Saz „Play it again, Sam!“ esou net am Film Casablanca (1942) virkënnt?

… de leschte Kinnek vu Rumänien no sengem Règne an der Schwäiz als Ziichter vu Gefligel, Testpilot a Makler op der Bourse säin Ënnerhalt verdingt huet?

… d'Osbourg-Haus zu Gréiwemaacher am 15. Joerhonnert als Zivilhospiz gebaut gouf, an dono als Wunnplaz fir Schoulschwësteren, Schoul, Stadbibliothéik a Museksschoul benotzt gouf?
… Wäisse Wäin vun alle méigleche Wäindrauwen, och där mat bloelzeger Haut, gemaach ka ginn?

… d'Avenue Kennedy um Kierchbierg ursprénglech als Autobunn gebaut gi war, dann awer tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore als Stadboulevard zeréckgebaut gouf?

… de Skorpioun I. en alegyptesche Kinnek aus der Virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr., war?

… bei Uergelpäifen ë. a. tëscht Labial- an Zongepäifen ënnerscheet gëtt?
… den Numm vun der Uertschaft Blummendall näischt mat Blummen ze dinn huet, ma éischter op eng keltesch Gottheet zeréckgeet?

… de lëtzebuergeschen Auteur Norbert Jacques d'Figur vum Doktor Mabuse erfonnt huet?

… déi iwwer 21 km laang Donauinsel zu Wien tëscht der Donau an der Neier Donau an den 1970er/1980er Joren ugeluecht gouf, fir Héichwaasser ze reguléieren?

… als Reklamm fir d'Première vum Film De Superjhemp retörns verschidde Firmen d'Opschrëfte mat hiren Nimm (op Gefierer, Butteker oder Produkter) deelweis duerch déi parodistesch Versioun ersat hunn, déi s'am Superjhemp kritt haten?

… de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als „schwaarz Propaganda“ nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?

… d'Mundaneum vum Belsch Paul Otlet (1868-1944) eng Zort Multimedia-Archiv war, dat un e bibliographesch-enzyklopedesche Repertoire gekoppelt war, an haut als eng „analog Sichmaschinn“ vum Wësse vun der Welt ugesi gëtt?

… d'Fondation Pescatore dat éischt Gebai zu Lëtzebuerg war, dat aus arméiertem Bëtong gebaut gouf?

… d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?

… de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op Franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?

… deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
… den Traffic Light Tree zu London, sengem Kënschtler no, d'Zesummespill vun de Finanzaktivitéiten an dem Verkéier zu London, déi ni zur Rou kommen, mat de Beem an der Natur ronderëm symboliséiere soll?
… de Bernhoeft's Blitzlichtapparat Sanssouci, deen de lëtzebuergesche Fotograf Charles Bernhoeft erfonnt a patentéiere gelooss hat, Präisser doruechter gewonnen huet?

… deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der Chamber gouf, de Jean Schortgen, op engem 1. Mee bei engem Accident an der Grouf leie blouf?
… dem Mathias Erasmy säi Guide du voyageur dans le Grand-Duché de Luxembourg vun 1861 deen éischte lëtzebuergeschen Touristeguide war?

… d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de „Bléckfank“ vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?

… Sportaarten, déi um, am oder ënner Waasser ausgeüübt ginn, zu de Waassersportaarte gezielt ginn, där um Äis (soss näischt wéi gefruerent Waasser) awer net?

… am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?

… bis an d'1980er Joren an der Fiels Jeans produzéiert goufen?

… den Amazonas seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
… d'Gemeng Hollerech ëm 1905 vun der Awunnerzuel hier déi zweetgréisst Gemeng am Land war?
… d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?

… Baarle-Hertog, eng belsch Gemeng, ë. a. aus 20 Exklave besteet, déi an Holland leien, an deenen hirersäits 7 hollännesch Enklave sinn?
… am Wanter 1813/1814 am haitege Lëtzebuerg all 40. Awunner un der Fleckeféiwer-Pandemie gestuerwen ass?

… den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?

… dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'Metze Spidol war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?

… d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?

… „Ketty Maus“ den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
… Uhuen a Gefaangenschaft bis zu 60 Joer al kënne ginn?

… am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?

… d'Stroossbuerger Eeden déi eelst Charte ass, déi d'Trennung vum haitege frankophonen a germanophone Sproochraum bezeit?

… d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?

… obwuel an der Koffergrouf vu Stolzebuerg an der Zäit alt bis zu 5000 Tonne Kofferäerz am Joer ofgebaut goufen, dës ni richteg rentabel war, an dofir ëmmer nees de Proprietär gewiesselt huet?
… D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?

… de Batman, anescht wéi aner Superhelden, keng iwwernatierlech Kräften huet?

… d'Zuel vun de Supermarchéën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
… den 18. Mee 1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?

… dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
… d'Reichenbach-Waasserfäll am Kanton Bern, duerch den Arthur Conan Doyle international bekannt goufen, well do deem seng Romanfigur Sherlock Holmes an The Adventure of the Final Problem zesumme mat sengem Feind, dem Professer Moriarty, erofgefall ass?

… am August 1792, wärend dem éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten mat enger 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen huet?

… d'Gare Kautebaach vun 1888 zwéi verschidden Architekturstiler vereent - Schwäizer Chalet an italieenescht Landhaus - wat den éischte Bauhären no e Symbol fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker duerstelle soll?

… de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?

… de Geriichtshaff vun der CECA an den 1950er Jore säi Sëtz an der Stater Villa Vauban hat?
… d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?

… d'Fabréck vum Faarfpigment Falunrout, dat a Schweede wäitleefeg fir den Ustrach vu ländleche Gebaier gebraucht gëtt, 2001 vun der UNESCO op d'Weltierwelëscht gesat gouf?

… d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
… d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?

… den Chile vun Norden no Süde 4.200 km laang ass, ma op der schmuelster Plaz just 90 km breet?

… zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeüübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?

… d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?

… Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
… am Traité vun Iechternach Lëtzebuerg an d'Bundesland Rheinland-Pflaz 1974 d'Bewirtschaftung vum Waasser am Grenzgebitt vun deenen zwee Länner festgeluecht hunn?

… den Zwergen- oder Zwakemythos op bronzezäitlech Biergleit zeréckgeet, déi sief et duerch hir Originnen, sief et duerch hir Aarbecht, méi kleng waren?

… den Zwerg bei der Blummenauer am Parc de Gerlache d'Klack eng éischt Kéier beim Begriefnes vum Déifferdenger Buergermeeschter Mark gelaut huet?
… den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwen Aart aus der Famill vun den Elefanten, seng Kierpergréisst am Laf vun de Jore reduzéiert huet, well op der Insel wou e gelieft huet, de Kascht limitéiert war?

… Zwergstaaten an der Reegel eng Landfläch vun ënner 1.000 km² hunn?

… vum Zwergplanéit Pluto ugeholl gouf, et wier e fréiere Mount vum Neptun, ier 1978 entdeckt gouf, datt de Pluto selwer 5 Mounden huet?

… déi 1949 gegrënnte Goodyear S.A. zu Colmer-Bierg dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa war an 1951 mat 300 Mataarbechter ugefaangen huet?

… de Mitock (Upupa epops) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?

… de Battistero lateranense zu Roum de Modell vu bal allen Dafkierche vum Chrëschtentum am héije Mëttelalter war?

… de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
… am Club des Cent Cols netprofessionell Vëlossportler opgeholl ginn, déi op d'mannst honnert Colle gefuer sinn?
… et souwuel 1956 wéi 1973 de 25. November zu Lëtzebuerg verbuede war, mam Auto ze fueren?

… eng Kasematt vum Fort Dumoulin wärend dem Bau vum Institut National des Sports (INS) iertemlech mat Bëtong zougeschott gouf?

… Eilekatz aus onverdaulechen Iessreschter (Schanken, Fiederen, …) besteet, deen Eilen oder aner Gräifvullen erauswiergen?
… et am 13./14. Joerhonnert am Jeneeserbësch eng Schmelz gouf, déi gréisst bis ewell entdeckt Plaz vun Eisegewënnung aus dem Mëttelalter a Mëtteleuropa?
… d'Feltgeniomyces luxemburgensis, eng Ascomycota-Pilzenaart, déi 1990 zu Lëtzebuerg entdeckt a beschriwwe gouf, déi éischt bekannt Aart vun der Gattung ass?
… am schweedesche Kuerzfilm Radio Luxembourg dës Radiostatioun d'Verlaangere vun de Jugendlechen no Modernitéit, an engem Duerf uganks vun den 1960er Joren, symboliséiert?

… den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana?

… de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?

… d'Kap Komorin dee südlechste Punkt vum indeschen Ënnerkontinent ass?

… den Europäesche Biber (Castor fiber) zu Lëtzebuerg eng zwee Joerhonnerte laang ausgestuerwe war, ier e sech zanter dem Ufank vun den 2010er Joren nees laanscht Sauer, Uelzecht, Äisch an Atert ausgebreet huet?
… de Begrëff „Télécran“ fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?

… de Schwäizer Comicpersonnage Globi als Maskottche vun enger Buttekschaîne erfonnt gouf?

… op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?

… den Uergelpäifekaktus direkt iwwer dem Buedem vill eenzel Äscht mécht, déi da praktesch am Senkel eropwuessen, wat dann ausgesäit wéi eng Rei Uergelpäifen?
… de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?

… den 30. Januar 1945 iwwer 800 Prisonéier vum KZ Sonnenburg, dorënner 91 Lëtzebuerger, vun der SS duerch Genéckschoss ëmbruecht goufen?

… op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?

… d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?

… just nach op enger vun de fréier 20 Fontaine Montefiore d'Skulptur vun enger Waasserdréiesch erhalen ass?

… den Étienne Lenoir (1822-1900) 1860 deen éischte brauchbare Gasmotor an 1863 dat éischt Stroossegefier, dat domat ugedriwwe gouf, gebaut huet?

… Kiewerlekszopp ee vun de wéinege Platen an Europa ass, an deenen Insekte verschafft ginn?

… en Tangram aus fënnef Dräiecken, engem Carré an engem Parallelogramm besteet?

… d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter Kierch St. Alphonse („Paterekierch“) an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der Festungsmauer stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?

… de Lëtzebuerg-Effekt, deen dora besteet, datt de Radiosprogramm vun engem Laang- oder Mëttelwellesender schwaach am Hannergrond vun engem anere Sender ze héieren ass, eng éischt Kéier uganks den 1930er Jore bei Radio Lëtzebuerg observéiert gouf?

… de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte „Kroll-Prozess“ entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?

… d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?

… d'Serie Capitani op Netflix an alle Sproochen esou heescht, bis op Portugisesch, wou den Titel Os Segredos de Manscheid ass, an op Ongresch, wou e mat Gyilkosság Manscheidben iwwersat ass?

… deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?

… d'Kanaliséierung vun der Musel schonns 1794 eng éischt Kéier proposéiert gouf, et awer bis 1956 gedauert huet, bis et zu engem Staatsvertrag tëscht Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland koum, deen den Ausbau vu Koblenz bis op Diddenuewen festgehalen huet?

… d'Uertschaft Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?

… de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?

… vun deene véier Molchaarten, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, den nërdleche Kammmolch (Triturus cristatus) déi seelenst ass?

… den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?

… den Héichuewen C vun Esch-Belval 1996 ënner der Opsiicht vu chineeseschen Ingenieuren demontéiert, a Këschte verpaakt, a China bruecht an do nees opgeriicht gouf, wou e vun 1998 bis 2021 weider 36 Milliounen Tonnen Eise produzéiert huet?

… de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende Guillaume Capus (1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indien fräikomm ass?

… den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
… déi lëtzebuergesch Electropopband Hal Flavin et am Summer 2013 mam Lidd Trigger bis op d'Plaz 61 an de spuenesche Singlecharts gepackt huet?

… zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?

… de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?

… op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?

… zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?

… am Ettelbrécker Stadhaus op Glasmolereien Zeenen aus der Geschicht vun der Stad ze gesi sinn, wéi d'Feierkatastroph vu 1778, d'Ernennug zu enger Stad 1907, oder déi éischt Opféierung vun der Lëtzebuerger Nationalhymn Ons Heemecht?

… eng Tajine souwuel e Kichegeschier wéi och, duerch Metonymie, d'Iesse selwer, wat dra gebrutscht gëtt, ass?

… den Numm vum Roude Pëtz op e klengen Tiermchen aus rouden Zillen zeréckgeet, deen zu Festungszäite ronderëm de Pëtz stoung?
… de Codex Aureus Epternacensis, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050), 1955 zu Verkaf stoung, mä de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en sou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?

… et am Musée vun der Buerg Guttenberg eng Holzbibliothéik aus dem Joer 1790 gëtt, an där ronn 100 Bam- an Trauschzorte versuergt ginn?

… eng Klemm L25 am Joer 1946 deen éischte Fliger war, deen zu Lëtzebuerg offiziell immatrikuléiert gouf?
… d'Brubbel zu Wallenborn deen eenzege Kalwaassergeysir an Däitschland ass, an all déck hallef Stonn Schwiefelgaser ausstéisst?
… de Jacques Leurs bekannt dofir ass, deen éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf gewiescht ze sinn?

… déi karminrout Faarf vun der Rouder Bréck erausgesicht gouf, fir déi harmonesch Linne vun der Bréck ervirzesträichen, absënns och bei schlechtem Wieder?

… de Paul Lauterbur (1929-2007), Nobelpräisdréier fir Medezin 2003, lëtzebuergesch Urgrousselteren hat?

… en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
… de geographeschen Zentrum vun der Belsch um Nil läit?

… de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
… Luxembourgit e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
… de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?

… Ashcan (d. h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangelager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?

… de Buffalo Bill mat senger Wild West Show den 3. September 1906 en Optrëtt zu Lëtzebuerg hat?

… d'Arkade vun der Haaptwuecht, engem Gebai aus der Festungszäit dat op der Plëss stoung, wéi et 1902 ofgerappt gouf, an de Parc Heintz zu Hollerech geplënnert goufen?

… de Menhir vu Recken joerhonnertelaang ëmgekippt do louch, ier en 1978 als sollechen erkannt an an de Joren dono nees opgeriicht gouf?

… 2001 fir de Film Secret Passage zu Esch-Uelzecht, op der Industriebrooch vun Terre-Rouge, eng iwwer 6 Hektar grouss Kuliss vu Venedeg am 15. Joerhonnert an Originalgréisst, inklusiv de Kanäl, opgebaut gouf?

… de Moler Henri-Joseph Redouté aus dem deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg als Member vun der Commission des sciences et des arts um Napoléon Bonaparte senger Campagne an Egypten deelgeholl an doropshin 11 Tafelen an 100 eenzel Zeechnungen zum monumentale Wierk La Description de l'Égypte bäigedroen huet?

… de Michel Gloesener vun Uewerkäerjeng d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domat de Grondstee fir den elektresche Motor geluecht huet?

… d'Waasser vun der Mineralwaasserquell Bel-Val net nëmmen zu Lëtzebuerg verkaaft gouf, mä och soss an Europa, Amerika, Afrika an a China exportéiert gouf?

… Hurtigruten eng norwegesch Postschëffslinn ass, déi Fracht- Passagéier- a Kräizfahrtpassagéier laanscht d'Küstlinn tëscht Bergen a Kirkenes transportéiert?

… de lëtzebuergesch-belsche Botaniker Jean Linden (1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa Orchideeë geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?

… d'London Eye als Millennium Wheel a Betrib goung?
… d'Gebai vun der fréierer Gare vu Biissen identesch mat deem vun där vun Useldeng ass?

… vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?

… Ribeira Grande, déi éischt Siidlung um Cap Vert, och déi éischt permanent europäesch Siidlung an den Trope war?
… de Vëlodrom um Belair mat sengem Terrain an der Mëtt, ufanks deen eenzegen Sportstadion an der Stad Lëtzebeurg war?

… d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthe gelaf ass?

… d'Archive vun derOfficina Plantiniana et erméiglechen, iwwer 300 Joer Verlags- a Buchdrocksgeschicht ze verstoen?

… d'Rackés Millen zu Äischer déi eenzeg Waassermillen zu Lëtzebuerg ass, déi nach voll funktionéiert?
… et um Mound e Ball vu 40 km Duerchméisser gëtt?
… de Kasemattentheater zwar no enger vu sengen éischte Spillplazen, de Kasematten, genannt gouf, awer zanter Joerzéngte praktesch net méi do spillt?

… de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?

… am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?

… den Tour de France zanter 1947 bis ewell néngmol duerch Lëtzebuerg goung?

… een am Wanter geleeëntlech Hoeräis op muuschtegem Holz fanne kann?
… Jéinesch (oder Lakerschmus), d'Sprooch vun de Jéinen, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimeschkiercher Händlerfamille geschwat gouf?

… et vun der Schuerelsser Buerg keng bekannt Dokumenter gëtt, déi eppes iwwer d'Geschicht aussoe kéinten, grad wéi och d'Originne vum Numm net gekläert ass?

… d'Ionesch Revolt 500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?

… vun den iwwer 40 sougenannte Spueneschen Tiermercher, déi et an der Stad Lëtzebuerg gouf, der just nach 9 bis haut existéieren, resp. nees opgebaut goufen?

… 2019 nach ëmmer 1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung net un en Ofwaassersystem ugeschloss war?

… d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?

… fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?

… dem Minnsänger Wachsmut vu Kënzeg seng Lidder der Traditioun vum reflektéierende Minnesang zougeuerdnet ginn?
… de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?

… den American Building an der Stad Lëtzebeurg säin Numm dohir huet, well do d'Reesagence Derulle-Wigreux hire Sëtz hat, duerch déi bannent 40 Joer iwwer 16.000 Leit an d'USA ausgewandert sinn?

… déi zwou Bensinnsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 360 Millioune Liter Sprit am Joer verkafen?

… den Jersey-Kabes, eng Bam-Kabes-Zort, déi op op de Kanalinsele gezillt gouf, 2 bis 3 Meter héich gëtt?

… d'Uelzechtstrooss zu Esch virun 1923, jee no Deelstéck, Avenue de l'Hôtel de Ville, Rue de la Poste a Rue Marie-Thérèse housch?

… d'Bildche vun der Stackeger Muttergottes an der Léiwenger Kierch, eng Figur aus gebranntem Leem aus dem 17. Jorhonnert, am Laf vun der Zäit fënnefmol nei bemoolt gouf, ë. a. fir se der Moud vun deemools unzepassen?

… een an der Whirlpool-Galaxie (Messier 51 oder NGC 5194/5195), eng Spiralgalaxie am Stärebild Canes Venatici, eng äusserst aktiv Stäregebuert observéiere kann?
… Le Petit Prince als éischt op Englesch erauskoum, an eréischt dono an enger franséischer Editioun?
… d'Berwart-Schlass zu Esch-Uelzecht 1954 ofgerappt gouf, fir 1956 als Kuliss fir d'Feierlechkeete vum Cinquantenaire nees fir kuerz Zäit opgeriicht ze ginn?

… d'Schlass Biertreng an der Zäit am Familljebesëtz vun souwuel engem lëtzebuergesche wéi och engem belsche Premierminister war?

… de Friedrich Stummel op enger vu senge Molereien an der Stater Kathedral säin Numm am Buch vun engem Schrëftegléierten, an och e Portrait vu sech selwer, hannerlooss huet?

… d'Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie zu Hamburg déi gréisst Sammlung vu Fläscheposten op der Welt huet?

… den Optrëtt vun de Rolling Stones, am August 1995 um Kierchbierg, mat méi wéi 60.000 Zuschauer dee gréisste Concert ass, dee bis ewell zu Lëtzebuerg organiséiert gouf?
… et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlossportler mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dovun, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?

… den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?

… d'Mine Walert zu Rëmeleng de Spëtznumm Mausfal krut, well do net manner wéi 46 Biergleit hiert Liewe gelooss hunn, dorënner och den Deputéierte Jean-Pierre Bausch?

… dem Alfred Hitchcock säi Film Rope esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?

… e Studentequartier zu Köln (Neustadt-Süd), als Uspillung un de Paräisser Quartier Latin, Kwartier Latäng genannt gëtt?
… vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der Iechternacher Stadmauer der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?

… den Ötzi iwwer 5000 Joer no sengem Doud e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien ausgeléist huet?

… den hellege Fiakrius Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen ass?

… Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och „Manati“ genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass, a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn, an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?

… de Fait, dass am Finnegan's Wake vum James Joyce „that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (…)“ ernimmt gëtt, op dem Auteur säi Besuch am Land als Tourist, am August 1934, zeréckzeféieren dierft sinn?

… de belsche Kinnek Baudouin am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als net am Stand, ze regéieren erkläert gouf?

… de Bodensee näischt mat Buedem ze dinn huet, ma op eng fréier Uertschaft an Herzogtum Bodamon (haut eng Uertschaft an der Gemeng Bodman-Ludwigshafen), zeréckgeet?

… nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Führerschäiprüfung benotzt ginn ass?

… Enn vum 19. Joerhonnert an der Paschtéitche Champignone gezillt goufen?

… d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?

… d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?

… den Auguste Dutreux (1808-1890) e lëtzebuergesche Jurist a Lepidopterolog war?

… de Kiwi no engem Vull aus Neiséiland genannt gouf, opwuel d'Fruucht ursprénglech aus China kënnt?

… de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol – 1924 an 1928 – d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?

… déi satiresch Zeitung D'Wäschfra an hirem 16-järege Bestoen e puermol den Titel huet misse wiesselen (Thill Eulenspiegel, Der neutrale Pulcinell, D'Uoreg Zongen), well et ëmmer nees Prozesser géint si gouf?

… de Ras-Täfäri de 25. Mee 1924 op offizieller Visite zu Lëtzebuerg war?

… d'Kuer mat hiren Niewebaachen an d'Fooschtbaach am Éislek déi eenzeg Waasserleef zu Lëtzebuerg sinn, déi net zum Baseng vum Rhäin gehéieren, mä zu deem vun der Meuse?

… d'Sahara, entgéint dem Klischee, just zu 20 % aus Sandwüst besteet?

… 1895, an de Pionéierjore vum Telefon zu Lëtzebuerg, e Mikro um Musekskiosk op der Plëss d'Arem un de Reseau ugeschloss war, fir datt d'Postbeamten de Sonndesconcert an der Telefonszentral nolauschtere konnten?

… d'Liicht an eiser Mëllechstrooss ronn 100.000 Joer braucht, fir vun engem Enn bei dat aner ze kommen?

… de Rubicon an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche Floss op der Welt ass?
… de Guillaume Kroll an den 1920er-1930er Joren an der Stad um Belair an der Villa Leclerc e Laboratoire opgeriicht huet, fir metallurgesch Fuerschungen ze bedreiwen, ier en 1940 an d'USA ausgewandert ass?
… „Kueb“ an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut „Klenge Kueb“ genannt gëtt?
… d'Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?

… op der Venus, anescht wéi bei den anere Planéite vu eisem Sonnesystem, d'Sonn am Westen opgeet an am Osten ënner?
… d'Hélène Hiertz (1911-1985), déi di éischt Kächen zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e Michelin-Stär krut, eng aktiv Resistenzlerin war?
… den Erdäpfelmuseum zu Prinzendorf an Éisträich zu Éiere vum lëtzebuergesche Geeschtleche Johann Eberhard Jungblut ugeluecht gouf, deen do 1761 d'Gromper agefouert huet?

… de Bradypus variegatus aus der Familll vun den Dräifanger-Lidderhanessen (Bradypodidae), 15 bis 18 Stonnen am Dag mat schlofe verbréngt, a just all 8 Deeg vun de Beem erofklëmmt, dat, fir säin Daarm eidel ze maachen?

… Nauru deen eenzege Memberstaat vun der UNO ass, dee keng Haaptstad huet?

… de Fluchhafe Kansai op enger kënschtlecher Insel an der Bucht vun Osaka gebaut gouf?

… dem Henry Miller säi Roman Quiet Days in Clichy ënner anerem och zu Lëtzebuerg spillt?
… de Sënn an Zweck vun den Nazca-Linnen am Peru, honnerte vu schnouerriichte Linnen am Wüstebuedem, awer och Representatioune vun Déieren a Planzen, bis ewell net eendeiteg bestëmmt konnt ginn?
… d'Our, d'Sauer an d'Musel op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen, e Kondominium sinn?

… de Finneschen Nationaltheater (Suomen Kansallisteatteri) deen eelsten Theater a Finnland ass, an deem Stécker op Finnesch gespillt ginn?
… deen éischte Geldautomat zu Lëtzebuerg am Mee 1982 op der Post, op der Stater Gare, a Betrib geholl gouf?

… Monaco, mat bal 16.000 Awunner pro km², deen am dichtste besidelte Staat op der Welt ass?

… de Film Autobahnraser op der Lëtzebuerger A13 gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?

… déi gréisst lieweg Hai-Aart, de Walhai, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu Plankton erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?

… de Guggenheim-Effekt nom Guggenheim-Musée vu Bilbao genannt ass, an ausdréckt, wéi en ikonescht Gebai d'Zuel vu Visiteuren an enger Stad signifikant vergréissert?
… den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
… den Dettifoss am Norde vun Island, der Waasserquantitéit no, dee gréisste Waasserfall an Europa ass?

… den Atomium zu Bréissel en Eise-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung duerstellt?

… d'Verkéiersluuchte fir de Stater Tram déi selwecht sinn, wéi déi fir d'Busser, mat zousätzleche Signaler, déi fir däitsch Trammen entwéckelt goufen?

… bei den Nanduen ee Männchen d'Eeër vu bis zu 12 Weibercher mateneen ausbréit an sech dann ëm d'Opzuucht vun deene Jonke këmmert?

… et am Kader vun der Affär Dreyfus, déi déi franséisch Ëffentlechkeet jorelaang polariséiert huet, 11 Joer gedauert huet, ier den Alfred Dreyfus nees rehabilitéiert gouf?

… an der Fassad vum fréiere Kino Capitole an der Stad Wellen a Blëtzer mat de Wierder Vox a Lux ze gesi sinn, déi drop higewisen hunn, datt am Kino Tounfilmer gewise goufen?

… den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?

… d'Mauer ronderëm den Domän vum Schlass vu Chambord mat 32 km Längt déi längst a Frankräich ass?

… den Edward Hopper sech selwer als Modell fir déi dräi männlech Personagen op sengem Tableau Nighthawks geholl huet?

… et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
… d'Carmen Pereira 1984 wärend dräi Deeg d'Amt als Presidentin vu Guinea-Bissau hat an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika war?
… Kollumerpompsters an Hoogelandsters zwou vun den aacht Variante vum Gronengesch sinn?

… um Widdebierg vun ufanks vum 19. Joerhonnert bis an d'1960er Jore souwuel Bau- a Paweesteng wéi och Sand ofgebaut gouf?

… Japan dat eenzegt Land op der Welt ass, dat nach e Keeser als Staatschef huet?

… de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?

… den Habschter Tunnel, beim Ofschloss vun den Aarbechten 1879, dee längsten am Land war?

… de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?

… um Kierfecht am Heeschdrëffer Park zanter 1919 iwwer 700 Schwëstere vun der Doctrine chrétienne begruewe sinn?

… de Puck 1877 vum William Fleet Robertson erfonnt gouf, andeems en einfach zwou Tranchë vun engem Vollgummisball uewen an ënnen ewechgeschnidden hat?

… vun den aacht grousse Landschaftsbiller vu Lëtzebuerger Buergen, déi de Barend Cornelis Koekkoek fir de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. gemoolt buet, der bis haut just nach véier erhale sinn?

… de Staatsarchitekt Charles Arendt 1900 proposéiert hat, um Glacis eng neigotesch Kathedral mat Plaz fir bis zu 3.000 Leit ze bauen?

… een, fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, 80.000 bis 150.000 Bléie brauch?

… et am Arboretum Kierchbierg, op dräi Parke verdeelt, eng Sammlung vu ronn 500 wanterfeste Bam- an Trauschaarten aus Europa an aus senge Grenzgebidder gëtt?
… de Film Irina Palm, deen 2007 den 3. Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie „Bescht Koproduktioun“ krut, a Groussbritannien Ausléiser an Inspiratioun war vun der Irina Palm d'Or, enger ironescher Auszeechnung fir déi schlechtst brittesch Produktioun vun deem Joer?

… de Routhirsch zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert praktesch ausgerott war, säi Bestand awer zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert nees an d'Luucht geet, op haut e puer Dausend Déieren?
… d'Grondmauere vum markanten 8-stäckegen Tuerm vun der Villa Louvigny, op de Reschter vum Fort Louvigny stinn?

… dem Franz Kafka seng net verëffentlecht Wierker net, wéi hien et a sengem Testament gewollt huet, verbrannt goufen, ma awer publizéiert goufen?

… Äsche vum Entdecker vum Zwergplanéit Pluto 2015 mat der Raumsond New Horizons just 12.500 km laanscht deen Himmelskierper geflu sinn?

… d'Produktioun vu Gromperen zu Lëtzebuerg bannent 50 Joer, tëscht 1960 an 2010, ëm 80 % gefall ass?

… de Kino Empire (1958 bis 1978) zu Esch-Uelzecht, mat zäitweis 940 Sëtzplazen, zu senger Zäit dee bei wäitem gréisste Kino am Land war?

… d'Reeboufrell (Oncorhynchus mykiss), déi ursprénglech aus Nordamerika kënnt a géint 1855 an Europa agefouert gouf, zu Lëtzebuerg fir d'éischt 1887 ausgesat gouf?
… den Alphonse Kemp 1911 e Projet virgestallt huet fir d'Uelzecht an engem Tunnel ënnert dem Rummplateau erduerch ze féieren?

… et vun enger vun de sëllege Publikatiounen, déi de Kim Jong-il als Auteur uginn, eng lëtzebuergesch Iwwersetzung gëtt, nämlech Déi historesch Lekzioun vum Opbau vum Zozialissem an déi allgemeng Linn vun onser Partei?

… d'Katastroph vun Tschernobyl der Ëffentlechkeet bekannt gouf, wéi a Schweden anormal héich Stralungswäerter bei enger Atomzentral gemooss goufen, vun deenen ufanks ugeholl gouf, si kéime vun do?

… Mogotes Kalleksbierger am Valle de Viñales op Kuba sinn, déi sech aus der rouder Äerd ervirdinn a vun ënnerierdeschem Waasser ausgehielegt goufen?

… wéi De Scholdschäin, déi éischt Operett op Lëtzebuergesch, 1855 fir d'éischt opgefouert gouf, Männer d'Fraerolle gespillt hunn, well et „sech net gepasst“ huet, datt Frae géifen Theater spillen?

… de Jacques Santer an de Jean-Claude Juncker ee wéi deen aneren noeneen Affekot, CSV-Fraktiounssekretär, Staatssekretär am Aarbechtsministère, Aarbechts-, Finanz- a Premierminister, a President vun der Europäescher Kommissioun waren?
… als Seriemäerder gewéinlech eng Persoun bezeechent gëtt, déi mat zäitlechem Ofstand vu méi wéi 30 Deeg dräi oder méi Mënschen ëmbréngt?

… den Héichpunkt vun de Louhecken zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert louch, wéi wéinst der grousser Nofro no Eecheschuelen fir d'Gierwereien vill Bichebëscher duerch Louhecken ersat goufen?

… ee Panneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?

… eng 100 Millioune Joer laang bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger Landmass vereent war, déi Pangea genannt gëtt?
… den Doud vum Deputéierten Aly Duhr, den 1. Januar 1974, als Konsequenz hat, datt d'CSV bis d'Walen am Mee 1974 mat engem Deputéierte manner an der Chamber vertruede war, well kee méi op hirer Lëscht vum Ostbezierk stoung, deen nach hätt kënnen noréckelen?
… een am Spueneschen Duerf (Poble Espanyol) zu Barcelona, dat 1929 fir d'Weltausstellung um Montjuïc gebaut gouf, déi charakteristesch Bauforme vun deenen eenzele spuenesche Regiounen am Detail nogestallt fënnt?

… de Film Déi zwéi vum Bierg am Dréibuch Di zwéi vum Bierg an um Filmplakat Déi zwee vum Bierg housch?

… de Laacher-Séi-Ausbroch viru ronn 13.000 Joer an der Äifel, mat an enger 40 Kilometer héijer Eruptiounssail, dee rezentste Vulkanausbroch a Mëtteleuropa war?

… déi 7 Mann Besatzung, déi ëm d'Liewe koumen, wéi hiren ugeschossene Fliger am Abrëll 1943 bei Käerch erofgefall ass, an un déi e Monument erënnert, eréischt 10 Joer méi spéit un Hand vun enger Kap identifizéiert konnte ginn?

… dat Wuert Schach op Persesch „Kinnek“ bedeit, a Schachmatt „de Kinnek ass dout“?

… d'Monument Valley tëscht Utah an Arizona keen Nationalpark ass, ma Deel vun der Navajo Nation Reservation?

… ëm d'Joer 2020 Wëllef vun der mëtteleuropäescher Flaachlandpopulation a vun där aus dem Alperaum sech an der Regioun ëm d'Belsch a Lëtzebuerg vereenegt hunn?

… d'Deisermillen aus engem System vu véier Mille bestanen huet, déi 1964 duerch en Äerdrutsch zerstéiert goufen?

… wärend der Berliner Blockad 1948 iwwer eng Loftbréck deeglech eng 5.000 Tonne Liewensmëttel ageflu goufen?

… et an de Kasematte vun der Redoute Marie en (zougespaarten) Zougank an d'Fondation Pescatore gëtt?
… den Zockerbäcker Nicolas Namur, ier e säi Betrib an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt huet, 1854 bis 1861 Pâtissier a Kalifornien war?

… Titanic vum James Cameron deen éischte Film war, dee méi wéi eng Milliard Dollar an de Kinoen abruecht huet?

… den 1900 gebaute Liichttuerm Rubjerg Knude Fyr an Dänemark 2019 eng 70 Meter an d'Hannerland geréckelt gouf, fir dass en net an d'Mier soll falen?

… de Stroossennumm Leschte Steiwer op den Numm vun enger Wiertschaft zeréckgeet, wou d'Baueren aus den Nopeschgemengen um Heemwee hire leschte Su (Steiwer) fir e Patt ausginn hunn?

… de lëtzebuergeschen Entreprener Théodore Pescatore (1871-1931) schonn 1904 eng Firma (L'Auto mixte) gegrënnt huet, fir Hybrid-Gefierer ze bauen?
… Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?

… wéi de Wilwerdanger Tunnel 1889 a Betrib geholl gouf, eng Persoun agestallt gouf, där hir Aufgab et war, déi ronn 90 Kenkien Dag an Nuecht um liichten ze halen?

… den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?

… d'Sudoku-Spill schonns am 18. Joerhonnert ënner dem Numm Carré latin vum Mathematiker Leonhard Euler erfonnt gouf, ma eréischt am 21. Joerhonnert ënnert senger japanescher Bezeechnung weltwäit Succès krut?

… d'Lëtzebuerger Ofkommes vun 1952 deen éischten internationale Vertrag ass, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermuerd un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschtland iwwerholl huet?
… de Julien Lefèvre Lëtzebuerg 1936 op den olympesche Summerspiller als Sculpteur an op de Wanterspiller als (Ersatz-)Bobfuerer vertrueden huet?








