Hëllef:Jargon – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Informatioun
Wëllkomm
Tour fir Lieser
Éischt Schrëtt
Billertutorial
Index
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Glossar
Technesch Hëllef
Artikelrichtlinnen
Froe stellen
Kontakt
D'Organisatioun
Dës Säit soll Iech en Iwwerbléck iwwer de gängege Wikipedia-Jargon ginn, deen dagdeeglech vun de
Wikipedianer
benotzt gëtt. Ofkierzungen, déi virun allem am Resümmee nom Ännere vun engem Artikel benotzt ginn, sinn ënner Resumé erkläert. Zousätzlech kënne mir Iech op d'Lëscht vun den Ofkierzungen (Netzjargon) hiweisen.
Index
änneren
Quelltext änneren
Administrateur
: Mat
Administrateur
ginn déi Leit bezeechent, déi eng Säit definitiv läschen oder blockéiere kënnen an och anonym a registréiert Benotzer blockéiere kënnen, wann et noutwenneg ass. Jiddwereen, deen zanter enger Zäitchen u
Wikipedia
matgeschafft huet, kann Administrateur ginn, de Fall gesat et gëtt keng legitim Oppositioun. Liest heizou och
Wikipedia:Administrateuren
Artikel
: Mat
Artikel
menge mer eng Wikipedia-Säit, déi enger enzyklopedescher Entrée entsprécht. Dovun ausgeschloss sinn de Moment zum Beispill d'Wikipedia-Säite mat gréngem Hannergrond (am Monobook Stil) asw.
Änneren
: Wa mer Artikelen
änneren
, editéiere mer se (engl.
to edit
). Dëst beinhalt souwuel eng einfach
Ännerung
, andeems der méi Informatiounen dozou bäidrot oder eppes verbessert, oder awer och, wann der e
ganz neien Artikel
opsetze wëllt.
änneren
Quelltext änneren
Bot
: D'Wuert
Bot
kënnt vum Wuert
Roboter
. Am Kader vu Wikipedia sinn dëst kleng automatesch Programmer fir d'Kreatioun oder d'Mise à jour vu Säiten. Liest heizou och
Wikipedia:Bot
änneren
Quelltext änneren
Editeur
: Vum engleschen
editor
ass den
Editeur
deejéinegen, deen um Artikel schafft. Am Allgemenge bezeechne mer eis "Mataarbechter" als
Wikipedianer
änneren
Quelltext änneren
Gewënscht Säiten
: D'
gewënscht Säite
sinn eng Rubrik vun de Spezialsäiten, déi automatesch generéiert gëtt. De System kuckt einfach, op wéi een Titel vun engem Artikel, deen et nach net gëtt, déi meescht Linken hiweisen, a rechent sech dann eng Tabell aus, déi der hei
Spezial:Gewënscht Säiten
kucke kënnt.
GFDL
GFDL
steet fir
NU
ree
ocumentation
icense. Dat ass d'Lizenz, ënner där an der Wikipedia Artikelen, Biller asw. an den Ufanksjoere verëffentlecht goufen. Haut ass déi gebräichlech Lizenz
Creative Commons
by sa
. Fir méi Informatiounen, kuckt d'Artikele
Wikipedia:Copyright
GFDL
, respectiv
Creative Commons
änneren
Quelltext änneren
Historique
: Den
Historique
ass d'Gesamtheet vun den Ännerunge vun enger Säit, déi all Mënsch nokucke kann. Domat kënnt Dir d'Evolutioun vun enger Säit matverfollegen, vum Ufank bis zur leschter Ännerung. Den Historique erlaabt et och am Fall vu
Vandalismus
eng fréier Versioun vun enger Säit erëm hierzestellen, andeems een déi lescht valabel Versioun vun der Säit opmécht an nach eng Kéier frësch ofspäichert.
änneren
Quelltext änneren
Interwiki-Linken (en, fr, de...)
: De Begrëff bezitt sech allgemeng op d'Verknëppung vu Säiten tëscht Wiki-Projeten; also z.
B. vun der lëtzebuergescher op déi däitsch Wikipedia. Dobäi stinn déi 2 Buschtawen als Ofkierzunge fir de Sproochecode no der
ISO 639
Norm. Benotzt gi se net nëmmen am Numm vun der Wikipedia (
lb
.wikipedia.org), mä och bei de sougenannten Interwiki-Linken.
E puer Beispiller:
en
= "Englesch" -
fr
= "Franséisch" -
de
= "Däitsch" -
ja
= "Japanesch" -
lb
= "Lëtzebuergesch" -
nl
= "Hollännesch" asw.
Kuckt de Site
fir eng komplett Lëscht.
änneren
Quelltext änneren
Kuerz Artikelen
Kuerz Artikele
sinn, wéi den Numm et scho seet, net extreem laang, mä awer laang genuch fir iwwer dem Stadium vun enger Skizz ze stoen. Eng Lëscht vun de kuerzen Artikelen, déi och zu de Spezialsäite gehéiert, an eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner
Spezial:Kuerz Säiten
änneren
Quelltext änneren
Laang Artikelen
: Wéi den Numm et scho seet, si
laang Artikelen
Artikele vun enger gewësser Gréisst. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner
Spezial:Laang Säiten
änneren
Quelltext änneren
NPOV
NPOV
steet fir
eutral
oint
iew, also en neutrale Point de vue. Wat genee fir Wikipedia dorënner ze verstoen ass, liest dir am beschten am Artikel
Wikipedia:Neutralitéit
änneren
Quelltext änneren
Réckgängeg maachen
: Mat der Funktioun
réckgängeg maachen
ass et méiglech, en Artikel op eng fréier Versioun am Historique zréckzesetzen, obwuel méi eng rezent besteet. Dëst geschitt meeschtens a Fäll vu
Vandalismus
Redirect
: kuckt
Viruleedung
Rezent Ännerungen
: D'
rezent Ännerunge
sinn eng vum System generéiert Lëscht, wou der déi lescht Ännerungen un der lëtzebuergescher Wikipedia nokucke kënnt. Dës Lëscht fannt Dir am Menü op der lénkser Säit oder andeems Dir direkt heihi klickt:
Spezial:Rezent Ännerungen
änneren
Quelltext änneren
Sakgaassesäiten
Sakgaassesäiten
sinn Artikelen, déi néierens hiféieren. Dëst geschitt entweeder doduerch, datt all d'Linken am Artikel nach rout sinn, et déi Artikelen also net gëtt, an dee Moment d'Linken néierens landen. En anere Fall ass, wann et am Artikel selwer guer keng Linke gëtt. Wann also e Lieser op eng Sakgaassesäit geréit, kënnt e vun do bei senger Wanderung net méi weider. D'Lëscht vun dësen Artikelen, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, fannt Dir ënner
Spezial:Sakgaasse-Säiten
Säit réckelen
: Eigentlech ass mat
réckele
gemengt, datt d'Säit ëmbenannt gëtt. Praktesch gesäit dëst sou aus, datt alles vun der aler Säit op eng nei Säit mat engem neien Numm eriwwergeholl gëtt, mat der Diskussiounssäit, an de ganzen Historique bleift bestoen. Op der aler Säit gëtt eng Viruleedung (
Redirect
) op déi nei automatesch agesat.
Skizz
: Am Englesche
stub
genannt, sinn d'
Skizzen
op Wikipedia Artikelen, déi nëmmen aus knapps zéng Zeile bestinn an dofir nach kee vollwäertegen Artikel duerstelle kënnen. Eng Lëscht vun aktuelle Skizze fannt dir ënner
Kategorie:Wikipedia:Skizzen
. Bei sou Säite gesitt Dir, datt de follgende Message iwwer dem Artikel steet:
Dësen Artikel ass eréischt just eng
Skizz
. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
änneren
Quelltext änneren
Viruleedung
Viruleedungssäiten
hunn u sech nëmmen de But op eng aner Säit weiderzeleeden. Dëst ass zum Beispill de Fall beim Artikel
Julius Cäsar
, deen op
Gaius Iulius Caesar
weidergeleet gëtt. Dëst kann dee Moment ganz nëtzlech sinn, zemools bei Ofkierzungen, déi ëmmer op den ausgeschriwwenen Titel redirigéiere sollen (Beispill USA → Vereenegt Staate vun Amerika). Eng Viruleedung maacht Dir ganz einfach, andeems Dir ënnert dem Numm, vun deem aus redigéiert gi soll,
#VIRULEEDUNG [[Numm vun der Säit, op déi redirigéiert gi soll]]
an de Quelltext schreift, oder op de Knäppche "Viruleeden" am erweiderte Menü vum Editeur vun der Ännerungssäit klickt, wou da just nach den Numm vun der Zilsäit muss tëscht déi eckeg Klamere geschriwwe ginn.
änneren
Quelltext änneren
Weesesäiten
: Eng
Weesesäit
entsteet, wa keen aneren Artikel op dës spezifesch Säit linkt. Eng Lëscht, déi eemol d'Woch aktualiséiert gëtt, kann hei
Spezial:Weesesäiten
consultéiert ginn.
Wikipedia
: D'
Wikipedia
ass de Gesamtbegrëff fir dës Enzyklopedie. Genee Detailer fannt dir am Artikel iwwer
Wikipedia
Wikifikatioun
: Mat
Wikifikatioun
oder
Wikifizéirung
bezeechne mer d'Formatéiere vun engem Artikel no de
Stilkonventiounen
Reegele
vu Wikipedia. Dëst beinhalt ënner anerem Linke bäisetzen, Interwiki-Linke schafen oder Kategorië bäisetzen.
Vun „
Kategorie
Hëllef
Hëllef
Jargon
Sujet derbäisetzen
US