Den
Tennō
Jimmu
, mythesche Grënner vum Keeserräich Japan
Der Seechen no gouf Japan am
7. Joerhonnert v. Chr.
vum
Tennō
jap. Keeser
Jimmu
gegrënnt. Schonn am
5.
6. Joerhonnert
hate sech d'chineesesch Schreifweis an de
Buddhismus
etabléiere kënnen, éischt Zeeche fir de staarken Afloss dee China op d'japanesch Kultur sollt hunn.
Bedeitung a Roll vum Keeser hunn am Laf vun der Geschicht staark variéiert. Bis an d'
8. Joerhonnert
war den Tennō déi héchst Autoritéit am Räich, an der Zäit duerno war seng Muecht éischter begrenzt an dacks nëmme vu symboleschem Wäert. D'Soen hat vereenzelt d'Noblesse aus dem Entourage vum Haff, meeschtens awer waren et d'
Shōgun
déi d'Land ënner Kontroll haten. Japan war
de facto
fir Joerhonnerten ënner der Herrschaft vu verschiddene Shogunaten (Militärdynastien) déi - mat relativ kuerzen Ënnerbriechungen - vum
12.
bis an d'éischt Hallschent vum
19. Joerhonnert
un der Muecht waren.
Am
16. Joerhonnert
hunn Handelsleit a
chrëschtlech
Missionnairen aus
Portugal
Spuenien
Holland
an
England
Japan fir sech entdeckt. Den
europäeschen
Interessi um Land huet d'Shogunat zwar skeptesch gemaach, gouf awer ufanks toleréiert. Nodeem d'Aktivitéite vun de kathoulesche Missionnairen awer weider zougeholl hunn, gouf d'Chrëschtentum
1636
verbueden. Virun allem d'Verbreedung vum Katholizismus war an den Ae vun de Shogun en éischte Schrëtt a Richtung Kolonialiséierung vu Japan duerch d'Iberer. Zu gudder Lescht gouf jiddwer Kontakt mat Europäer verbueden. Eenzeg Ausnam: protestantesch Hollänner hunn däerfe kontrolléierten Handel bedreiwen, dat awer och just op der Insel
Dejima
bei
Nagasaki
Tokugawa Ieyasu
Déi sougenannt
Edo-Period
1603
1868
), an där d'Shogunat vun der
Tokugawa
-Famill un der Muecht war, war d'Zäit vun internationaler Isolatioun, mä anengems och déi längst Friddensperiod vun der
Neizäit
Et sollten 251 Joer vergoe bis datt d'Japaner
1854
- ënner Drock vun den
Amerikaner
- nees wëlles waren d'Relatioune mam Westen erëm opzehuelen an der Isolatiounspolitik en Enn ze maachen.
De Kontakt mat den Europäer an den Amerikaner léist bannent kierzter Zäit eng ganz Rëtsch vun Evenementer aus, déi déi traditionell politesch Kultur a gesellschaftlech Verhältnesser an e Koup trëlle loossen. De politeschen Ëmbroch kënnt
1868
mat der sougenannter
Meiji-Restauratioun
. D'Shogun verléieren d'Muecht an de Keeser gëtt nees als héchst Regierungsinstanz unerkannt. Eng sëllege Reforme ginn an deene Jore lancéiert: de Feudalsystem gëtt ofgeschaaft, staatlech Institutiounen no westlechem Modell ginn etabléiert, d'Schoulflicht gëtt agefouert an d'Land kritt eng nei Verfassung. Aus dem Keeserräich gëtt um Enn eng
konstitutionell Monarchie
, aus dem Agrarland eng Industrienatioun. Déi schëtzeg Moderniséierung an d'Fale loosse vun der Isolatiounspolitik verännere Land a Gesellschaft fundamental. D'Japaner ginn aussepolitesch méi king a si Wëlles hir Positioun als regional Wirtschafts- a Militärmuecht weider auszebauen. D'Konsequenz dovu sollt eng Expansiounspolitik sonnergläiche sinn.
An de Joren
1894
95
kënnt et zum
éischte chineesesch-japanesche Krich
. China verléiert
Taiwan
, d'Insel bleift bis
1945
japanesch Provënz.
D'Engagement vun de
Russen
an der
Mandschurei
am Nordoste vu China féiert
1905
zum
russesch-japanesche Krich
. D'Konfrontatioun goung zu Gonschte vu Japan aus a markéiert déi éischt Defaite vun enger europäescher Groussmuecht géint en asiatescht Land. Japan kënnt an de Besëtz vu
Sakhalin
an de
Kurilen
, d'Mandschurei gëtt nees u China zeréckginn.
1910
annektéiert Japan
Korea
Am
Éischte Weltkrich
stinn d'Japaner op der Säit vun der
Entente
1920
trëtt d'Land dem
Vëlkerbond
bäi a gëtt Member vum Sécherheetsrot. De Westen erkennt Japan als nei Regionalmuecht am Pazifikraum un, an akzeptéiert déi nei Territoiren. Et sollt net fir laang sinn.
Parlament, Regierung a Keeser hunn am Laf vun den
1930er
Joren ëmmer méi d'Kontroll un d'Militär verluer.
1932
besetzen d'Japaner d'
Mandschurei
a grënnen de Marionettestaat
Mandschuko
. No massiver internationaler Kritik trëtt Japan
1933
nees aus dem Vëlkerbond aus.
1936
ënnerschreiwe Japan an Däitschland den
Antikominternpakt
. Et bleift zwar en éischter symbolescht Schreiwes, ass awer och en éischte Schrëtt a Richtung
Achs Berlin-Roum-Tokio
vun
1941
Detonatioun vun der Atombomm
Fat Man
iwwer
Nagasaki
1937
eskaléiert d'Situatioun an der Mandschurei an et kënnt zum
zweete chinesch-japanesche Krich
1938
iwwerdréit d'Parlament all Entscheedungsautoritéit a krichsrelevante Froen op d'Militär.
Den zweete Krich mat China markéiert och gläichzäiteg den Ufank vum
Pazifikkrich
an dem
Zweete Weltkrich
an Asien. Een Dag no der
Fligersattaque op d'amerikanech Pazifikbase zu Pearl Harbor
op
Hawaii
7. Dezember
1941
) erklären d'Amerikaner Japan de Krich.
D'Japaner waren den Alliéierten an der Ufankszäit vum Krich ëmmer e Schratt viraus a konnten hiren Afloss iwwer ganz Südostasien ausbreeden. D'
Philippinnen
Neiguinea
Birma
an
Indonesie
ginn am Laf vun nëmmen e puer Méint okkupéiert.
Mat der japanescher Nidderlag an der
Schluecht vu Guadalcanal
op de
Salomonen
(1942-43) konnt d'japanesch Expansioun gestoppt ginn. Japan verléiert duerch d'Géigenoffensive vun den Alliéierten no an no ëmmer méi Territoiren.
1945
gëtt Okinawa op de Ryūkyūinsele vun den Alliérten ageholl, Tokio an Ōsaka bombardéiert. De
6. August
1945
gehaien d'Amerikaner eng éischt
Atombomm
op
Hiroshima
, den
9. August
explodéiert eng zweet iwwer
Nagasaki
. Sechs Deeg drop kapituléiert Japan bedingungslos; formell ënnerschriwwe gouf d'Kapitulatioun den
2. September
1945
D'Haaptacteuere vun der aggressiver Annexiounspolitik sinn an den internationale
Krichsverbriecherprozesser vun Tokio
tëscht 1946-48 ugeklot a verurteelt ginn.
Bis Enn Abrëll
1952
war Japan vun den Amerikaner okkupéiert.
1956
trëtt d'Land de
Vereenten Natioune
bäi. Tëscht 1955-1973 ass d'japanesch Ekonomie formidabel gewuess an d'Land huet sech politesch stabiliséiert.
Satelittefoto vu Japan
Japan läit op engem
Archipel
ëstlech vum asiatesche Festland. Den
Inselstaat
grenzt am Norden un d'
Ochotskescht Mier
, am Osten un de
Pazifeschen Ozean
, am Süden un d'
Ostchineesescht Mier
an am Westen un d'
Japanescht Mier
. Nieft sëllege méi klengen Insele (6848 Stéck
) sinn d'Haaptinselen - vun Norden no Süden -
Hokkaidō
Honshū
(déi gréisst),
Shikoku
, an
Kyūshū
. Ëm déi 73
% vun der Landmass si Bierger. Deen héchsten ass de
Fujisan
mat 3776 Meter
. Déi riseg Biergformatiounen aus vulkaneschem Gestengs si knapps fir Landwirtschaft, Industrie oder als Bauland ze gebrauchen. Besidelt sinn haaptsächlech d'Küsteregiounen, wat och eng vun den Haaptursaaachen ass datt Japan eng vun deenen héchste Bevëlkerungsdensitéiten op der Welt huet. Am Groussraum
Tokio
op der Pazifikküst wunnen eleng schonn 30 Millioune Leit.
Japan läit matzen an enger
Subduktiounszon
, enger Regioun an där sech dräi
tektonesche Placke
laanschtenee reiwen, d'
eurasesch
, d'
philippinnesch
an d'
Pazifesch Plack
Et kënnt dofir reegelméisseg zu
Äerdbiewen
Vulkanausbr
éch. Vun deene ronn 240
Vulkaner
sinn der eng 40 aktiv. Besonnesch geféierlech si Séibiewen, déi am schlëmmste Fall en
Tsunami
ausléise kënnen.
D'
Shibuya
-Kräizung zu Tokio
D'Sproochsituatioun a Japan ass eng relativ homogeen.
Japanesch
, op Japanesch 日本語
nihongo
, ass d'Nationalsprooch a gëtt vun der Quasitotalitéit vun der Populatioun a vun deene meeschte Minoritéite geschwat. Wéi déi meescht Sproochen huet och d'Japanesch eng sëllege regional Dialekter opweises.
Déi japanesch Sprooch benotzt nieft de
chineesesche Schrëftzeechen
Kanji
) zwee eege Silbeschrëftsystemer (
Hiragana
Katakana
), déi vu chineesesche Schrëftzeechen ofgeleet sinn. Stroossen, Garen a.s.w si meeschtens a Kanji an a laténgescher Ëmschrëft (
Rōmaji
) beschëldert.
D'
Ryūkyū-Sproochen
, déi gemenkerhand als Ënnergrupp vum Japanesche gesi ginn, ginn hautdesdaags nëmmen nach vun enger Minoritéit zu
Okinawa
op de
Ryūkyū-Insele
geschwat.
Ainu
, eng indigène Minoritéitssproooch déi net mam Japanesche Famill ass, kënnen nëmmen nach vereenzelt eeler Leit am Norde vun der Insel Hokkaido.
Englesch
ass nach viru
Chineesesch
déi Friemsprooch, déi am meeschten an de Schoule geléiert gëtt. Allerdéngs gëtt dacks kritiséiert, datt de japaneschen Engleschcours ze vill op d'Bestoe vum
TOEIC-Test
ausgeriicht ass an net genuch Kommunikatiounsfäegkeete vermëttelt. Déi drëttheefegst Friemsprooch ass
Däitsch
Hochzäit am Meiji-Schräin, Tokio 2002
Japan gouf mat der Constitutioun vun
1947
zu engem
laizistesche
Staat an huet mam selwechten Dokument d'absolut Reliounsfräiheet agefouert.
De
Buddhismus
an de
Schintoismus
sinn déi historesch wichtegst Reliounen an hu bis haut groussen Afloss op Kultur a Gesellschaft vum Land. Aus westlecher Perspektiv éischter gelungen ass datt den offizielle Statistiken
no eng grouss Majoritéit (iwwer 80
%) vun de Japaner net nëmmen zu enger, mä zu en allenzwou gehéiert. Eng Ursaach dofir ass datt de Buddhismus an de Schintoismus an hirer reliéiser a philosophescher Traditioun no beienee leien a sech am Laf vun der Zäit zu enger eegener, typesch japanescher Spirutualitéit vermëscht hunn. De reliéise
Synkretismus
erkläert och datt sech d'Iddi vun där enger, exklusiver Relioun ni richteg duerchgesat huet. De Buddhismus an de Schintoismus gehéieren haut zum soziokulturelle Patrimoine vun de Japaner a liewen an der Traditioun vun de gesellschaftleche Gebraich virun. Hochzäite ginn dacks mat enger schintoistescher Zeremonie gefeiert, Doudesritualer wéi d'Begriefnes an d'Gebied fir déi Verstuerwe si meeschtens a buddhistescher Traditioun gehalen.
De Buddhismus, op Japanesch 仏教
bukkyo
, koum am
6. Joerhonnert
iwwer den Emwee vu Korea an d'Land. Anescht wéi am Schintoismus gëtt et am Buddhismus eng persounifizéiert Hellegkeet an d'Méiglechkeet nom Doud an d'Paradäis ze kommen. De
Schintoismus
, deen aus de japaneschen Urreliounen entstanen ass, baséiert dogéint op der Veréierung vun Naturgottheeten an de Virfueren. Et gëtt iwwer 200 Richtungen.
Zanter dem
19. Joerhonnert
sinn a Japan eng Hellewull nei reliéis Beweegungen, déi sougenannt
Nei Reliounen
, op Japanesch 新宗教
shinshūkyō
, entstanen. Déi meescht si vun traditionelle Relioune wéi dem Schintoismus, dem Buddhismus, dem Hinduismus an dem Chrëschtentum beaflosst.
D'Chrëschtentum an den Islam spillen a Japa sou gutt wéi keng Roll.