Jimmy Wales – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Jimmy Wales
Portrait vun 2008
Gebuertsnumm
Jimmy Donal Wales
Pseudonym
Jimbo
Gebuer
7. August
1966
Huntsville
Nationalitéit
USA
Vereenegt Kinnekräich
Educatioun
Universitéit vun Alabama,
Indiana University Bloomington
Aktivitéit
Geschäftsmann, Entreprener, Wikimedianer, Informatiker, Fuerscher, Riedner, Händler
Member vun
Wikimedia
Auszeechnungen
Internet Hall of Fame, Dan-David-Präis
Famill
Bestuet mat
Kate Garvey (6.10.2012–),
Christine Rohan (1997–2001),
Pamela Green (1986–1993)
Websäit
Den
Jimmy Donal "Jimbo" Wales
, gebuer de
7. August
1966
zu
Huntsville
Alabama
, ass en
US-amerikanesche
Geschäftsmann a
Wiki
-Pionéier.
No sengem Studium op der Universitéit vun Auburn an der Universitéit vun Alabama gouf de Wales
Derivaten
-Trader op der
Bourse
vu
Chicago
, wou en sou vill Sue gescheffelt huet datt e fir de Rescht vu sengem Liewen ausgesuergt huet.
1996
huet e säi Beruff un den Nol gehaangen an e Sichportal mam Numm
Bomis
gegrënnt, iwwer dat en ë.
a. erotesch a
pornographesch
Biller verkaaft huet. De Wales ass hautdesdaags zwar net méi Direkter vu Bomis, mä ëmmer nach den Haaptaktionär an och en Employé vun där Firma.
Den Jimbo Wales mat zwee Bomis-Meedercher
Am
Mäerz
2000
huet en den oppenen
Enzyklopedie
-Projet
Nupedia
gegrënnt an de
Larry Sanger
als Chefredakter agestallt. D'Nupedia ass awer dee kooperative Modell fir Artikelen ze schreiwen nach vill ze restriktiv ugaangen, soudatt dat Ganzt kee grousse Succès gouf an d'Internetsäit schlussendlech zougemaach gouf.
Sou koum et dann datt de
15. Januar
2001
de Wales, de Sanger an nach e puer anerer zesummen en neien Ulaf geholl hu fir eng fräi wiki-baséiert Enzyklopedie online ze bréngen: d'
Wikipedia
. Den
20. Juni
2003
huet de Wales dee ganze Projet der frësch gegrënnter Fondatioun
Wikimedia
ënnerstallt, an där hirem Direktiounskommitee de Wales selwer mat nach zwéin anere Bomis-Mataarbechter d'Majoritéit huet, géint zwéi vun der Wikipedia-Communautéit fräi gewielte Kommiteesmemberen.
2004
huet de Wales dunn déi profitorientéiert Firma
Wikia
an d'Liewe geruff, déi de Webhosting-Déngscht
Wikicities
bedreift.
Fir d'Wikimedia z'ënnerstëtze
reest de Wales dacks duerch d'Welt fir Konferenzen ze halen an op Wiki-Evenementer dobäi ze sinn (z.
B. "Wikimeets" a "Wikimania"). Dacks gëtt en och als Gaaschtriedner engagéiert. Sou ass hien den 20. Juni 2013 vun 10:30 bis 11:15 als Riedner op der 'ICT Spring Europe 2013' an der Luxexpo um Kierchbierg.
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Jimmy Wales
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen
Quelltext änneren
Agenda vun de Riedner op der ICT Spring Europe 2013
Archivéiert
den 20.06.2013.
Gekuckt den 11.06.2013.
Wikipedia Gründer Jimmy Wales kommt nach Luxemburg op wort.lu publizéiert den 10.6. 2013
Archivéiert
de 15.06.2013.
Gekuckt den 11.06.2013.
Den Jimmy Wales op der ICT Spring Europe 2013 um Site itone.lu
Archivéiert
den 19.06.2013.
Gekuckt den 11.06.2013.
Vun „
Kategorien
Wikipedia
Gebuer 1966
US-amerikanesch Entrepreneren
Wikipedianer
US-amerikanesch Informatiker
Verstoppt Kategorien:
Articles which use infobox templates with no data rows
Citation
Jimmy Wales
Sujet derbäisetzen
US