Linux – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
D'Linux Maskottchen Tux
Den Desktop vun der Distributioun
Ubuntu
16.10
Linux
bezeechent am strenge Sënn nëmmen de Linux-
Kernel
. Allerdéngs gëllt de Begrëff normalerweis och fir dat ganzt fräit
Betribssystem
Vun der
Free Software Foundation
a vu ville Puriste gëtt Linux och dacks
GNU/Linux
genannt, well Linux souwuel um Linux Kernel wéi och op de GNU-
Tools
opbaut. Publizéiert gëtt de Linux Kernel wéi och déi Toolen ënner der
GNU GPL
Linux als Betribssystem besteet aus e puer Deeler oder Programmen, déi vu Software-Entwéckler aus der ganzer Welt programmeiert a weiderentwéckelt ginn. Linux gëtt gewéinlech als sougenannte
Linux-Distributioun
ugebueden oder souguer verkaaft.
Debian
Suse
Red Hat
Gentoo
Slackware
sinn, fir just e puer Beispiller ze nennen, wäit entwéckelt Distributiounen.
Dat bal méi bekannt Maskottche vun der Linux-Gesellschaft ass de Pinguin Tux.
Linux
selwer ass e Markennumm, deen dem
Linus Torvalds
gehéiert.
Geschicht
änneren
Quelltext änneren
De
finneschen
Universitéitstudent
Linus Torvalds
hat de Linux Kernel ursprénglech als Hobby geschriwwe wärend en op der Universitéit
Helsinki
studéiert huet. Den Torvalds hat am Ufank
Minix
op sengem Computer benotzt, ee vereinfachte Kernel dee vum
Andrew Tanenbaum
geschriwwe gi war fir Betribsystemdesign z'enseignéieren. Leider huet den Tanenbaum awer keng Extensioune fir säi Betribssystem ënnerstëtzt, wat den Torvalds dozou bruecht huet een Ersatz fir de Minix ze schreiwen. Obschonn datt am Ufank ee Minix System néideg war fir Linux z'installéieren an ze starten huet de Linux de Minix ganz séier iwwerholl wat d'Funktionalitéit ubelaangt.
Déi éischt Linux Versioun ass am
September
1991
op den
Internet
gesat ginn, a kuerz drop, am
Oktober
, ass eng zweet Versioun nokomm (Kuckt heizou och
). Zanter dem Moment hunn dausende vun
Developpeure
rondrëm d'Welt beim Projet matgemaach. Dem
Eric S. Raymond
säin Essay
The Cathedral and the Bazaar
diskutéiert iwwer den Developementsmodèle vum Linux Kernel a vun änlecher Software.
D'Geschicht vum Linuxkernel ass enk mat där vum
GNU
verbonnen, ee bekannte fräie Software Projet dee vum
Richard Stallman
geleet gëtt. De GNU Projet ass
1983
gestart ginn fir ee komplette
Unix-änleche
Betribssystem, mat Entwécklertools an Endbenotzerapplikatiounsprogrammer z'entwéckelen, dee ganz aus fräier Software besteet. Wéi déi éischt Release vum Linux Kernel erauskomm ass, hat de GNU Projet schonn all néideg Komponente fir dee System produzéiert, ausser eebe just de Kernel. Den Torvalds an aner fréi Linux-Entwéckler hunn hire Kernel sou opgebaut datt e mat de GNU Komponenten a User-space Programmer zesummeschaffe konnt fir e voll funktiounsfäege Betribssystem ze sinn. De Linux Kernel a Betribssystem sinn ënner der
GNU General Public License
(GPL) lizenzéiert, déi verlaangt datt all Quellcodeännerungen an derivéiert Aarbechten och ënner der GPL musse lizenséiert ginn. Déi Method gëtt normalerweis als eng "deelt, an deelt mat" Lizenz bezeechent. Am Joer 1997 huet Linus Torvalds gesot datt "de Linux ënner d'GPL ze setzen definitiv dat bescht war wat ech jee gemaach hunn" (liest heizou och
).
De Linus Torvalds
Den Numm "Linux" ass net vum Torvalds selwer erausgesicht ginn, mä vum
Ari Lemmke
, Administrateur vum ftp.funet.fi, deen dem
FTP
Directory vun deem de Linux fir d'éischt disponibel war, en Numm ginn huet (
). D'geschützte Mark
Linux
(SN: 1916230) gehéiert dem Linus Torvalds, an ass registréiert fir "Computerbetribssystemer fir Computerbenotzung an -operatioun ze vereinfachen." D'Lizenzéierung vun der geschützter Mark gëtt elo vum
Linux Mark Institute
geréiert.
Wouhier kënnt den Numm Linux
änneren
Quelltext änneren
Dem Linus Torvalds no sollt d'Betribssystem eigentlech Freax heeschen, zesummegesat aus dem englesche Wuert Freak an dem
um Schluss vun Unix.
Wéi de Linus ugefaangen huet u sengem Minix-Clonen ze schaffen, huet en am Ufank d'Dateien ënner dem Numm Freax um
FTP
Server
vu senger Uni (
Helsinki
Finnland
) ofgeluecht. Den Numm Freax huet dem Administrateur vun deem Server awer net gefall an hien huet dann och déi ganz Saachen an den neien Dossier Linux gesat. Fir e groussen Opstand ze vermeiden, a sécherlech och well em déi néideg Fantasie gefeelt huet fir e besseren Numm ze fannen, huet den Torvalds näischt gesot, an déi nei Situatioun akzeptéiert.
Den Tux
änneren
Quelltext änneren
Den Tux ass
1996
vum
Larry Ewing
gemoolt ginn. D'Iddi datt d'Linuxmaskottchen ausgerechent ee Pinguin soll sinn koum vum
Linus Torvalds
selwer, dem Schöpfer vum Linux.
Verschidde Leit behaapten den Numm kéim vun
orvalds
ni
, een Numm dee vum James Hughes virgeschloe ginn ass. Mä am Allgemenge gëtt ugeholl, datt den Numm vun
tux
edo
kënnt, Englesch fir Frack (de Pinguin kuckt jo sou aus wéi wann hien ee Frack unhätt).
Den Tux ass fir ee Linux Logo's Concours gemoolt ginn. Biller vun anere Propositioune kënnen um fonnt ginn. De Gewënner ass vum Larry Ewing mam
Gimp
gemoolt ginn. De Gimp ass ee fräie Molprogramm. De Larry Ewing huet de Pinguin der Communautéit mat follgende Konditiounen zur Verfügung gestallt:
D'Erlabnes fir d'Bild ze benotzen an/oder et z'änneren ass ginn ënner der Konditioun datt der mech an de GIMP als Auteur unerkennt, wann ee freet.
Den Torvalds huet no eppes Witzeges a Sympathesches gesicht wat ee mat Linux associéiere kann, an ee liicht décke Pinguin, dee sech no enger gudder Molzecht liddreg dohi sëtzt huet perfekt gepasst!
Den Tux ass een Ikon fir d'Linux an d'
Open Source
Communautéit ginn, an et huet souguer ee brittesche Linux User Group ee Pinguin vum
Bristol Zoo
adoptéiert. De Pinguin ass méi bekannt wéi säi grousse Frënd, de GNU, ee friddlecht a scheit
Gnu
deen de
GNU
Projet representéiert.
Den Tux ass dacks verschidden ugedoen duergestallt, jee no Kontext; zum Beispill, wann hie fir de
PaX
Sécherheetsalgorithmus steet huet hien een
Helm
un, a fuchtelt mat enger
Aaxt
an engem
Schëld
rondrëm, a seng Ae si rout.
Tux ass och den Haaptacteur vun engem Linux
Spill
wat
Tux Racer
genannt gëtt, an deem de Spiller den Tux iwwer eng Rei veräisten Hiwwelen erofsteiert, op sengem Bauch, an deem e probéiert
Hierken
ze frupsen, an d'Zäitlimit ze klappen. Den Tux ass och eng Figur vum
Web comic
User Friendly
A verschiddenen
Linux Distributioune
seet den Tux dem Utilisateur moie wärend dem
booten
, a Multiprozessersystemer weise souvill Tuxe wéi Prozessoren do sinn.
TUX ass och den Numm vun engem
Webserver
deen am
Linux Kernel
leeft, dee capabel ass statesch Websäite fir méi séier ze zerwéiere wéi traditionell Servere wéi den
Apache HTTP Server
. Dës
Software
gëtt vu
Red Hat
ënnerhalen.
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Linux
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Kernel.org: The Linux Kernel
Linux.org: The Linux Home Page
Linux.com: The Enterprise Linux Resource
LiLux: Linux User Group Lëtzebuerg
Repertoire a Ranking vu Linux-Distributiounen
Vun „
Kategorien
Linux
Software
Linux
Sujet derbäisetzen
US