Lëtzebuergesch – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Lëtzebuergesch
Gëtt geschwat an:
Lëtzebuerg
Belsch
Areler Land
Zënt-Väiterland
),
Frankräich
Diddenuewener Land
Sierker Land
),
Däitschland
Saarbuerger Land
Béibreger Land
Prümer Land
Regioun
Europa
Gëtt geschwat vun:
400.000
Klassement
Klassifikatioun no Sproochfamill:
Indoeuropäesch
Germanesch
West-Germanesch
Germano-Hollännesch
Fränkesch
Mëttelfränkesch
Lëtzebuergesch
Offizielle Status
Reglementéiert vun:
n.a.
Sproochcoden
ISO 639-2
lb
ISO 639-3
ltz
D'
Lëtzebuergesch
gëtt an der däitscher Dialektologie als ee
westgermaneschen
, mëtteldäitschen
Dialekt
aklasséiert, deen zum
Muselfränkesche
gehéiert. An der
Linguistik
gëtt et och alt zu de sougenannten
"Ausbausproochen"
, respektiv
"Kultursproochen"
, gezielt.
D'Lëtzebuergescht gouf de
24. Februar
1984
per Gesetz
als "Nationalsprooch" an nieft dem
Franséischen
an dem
Houdäitschen
als eng vun den dräi administrative Sproochen zu
Lëtzebuerg
deklaréiert
. Lëtzebuergesch gouf 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de
Gemengeréit
deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht
Spéitstens zanter dem Gesetz vun 1984 gëtt Lëtzebuergesch national wéi eng eegestänneg Sprooch behandelt.
Dofir
, fir et als eege Sprooch ze gesinn, schwätzt ënner anerem, datt een, deen Houdäitsch als Mammesprooch huet, Méi huet, fir Lëtzebuergesch ze verstoen. Och gëtt Lëtzebuergesch a méi Situatioune gebraucht, wéi dat bei engem Dialekt de Fall wier - vun der
Chamber
bis zu de wëssenschaftlechen Emissiounen z.
B. um Radio. Et gëtt och mëttelalterlech Texter déi op Lëtzebuergesch bzw. Muselfränkesch geschriwwe goufen z.
B. den Text '
Yolanda vu Veianen
' eng Säit aus dem
Codex Mariendalensis
(c. 1330 AD),
dat beweist datt Lëtzebuergesch sech schonn deemools vum westgermaneschen Dialektcontinuum
ofgespléckt a relativ onverännert bis haut iwwerlieft huet.
Dergéint
schwätzt, datt et keng däitlech Sproochegrenz zu deenen ugrenzenden däitschen Dialekter gëtt.
Ofgesi vun dësen éischter
technesche
Krittären ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.
Geographesch Verbreedung
Lëtzebuergesch gëtt zu
Lëtzebuerg
geschwat, mä och nach an de Grenzregioune vu sengen Nopeschlänner: an
Däitschland
an der Géigend ëm
Béibreg
an am
Museldall
ronderëm
Tréier
, an der
Belsch
an der
Provënz Lëtzebuerg
, am
Areler Land
, an a
Frankräich
an enger Partie vu
Loutrengen
. Wat ee méi a Richtung Oste geet, wat dat, wat geschwat gëtt, ëmmer méi an déi aner muselfränkesch Dialekter iwwergeet. Mat vill guddem Wëlle kann een och nach d'
USA
derbäizielen, wou d'Kands(-kands-)kanner vun deene Lëtzebuerger, déi am
19. Joerhonnert
dohin ausgewandert
waren, nach vereenzelt Lëtzebuergesch schwätze kënnen. Geleeëntlech gëtt nach ëmmer dat, wat a Siwebiergen/
Transsylvanien
Rumänien
) geschwat gëtt oder gouf, wéinst engem Glach mam Lëtzebuergeschen derbäigezielt, och wa sech dat scho laang als wëssenschaftlech net haltbar erwisen huet
An der Belsch an a Frankräich gouf Lëtzebuergesch allerdéngs laang Zäit nom
Zweete Weltkrich
net geléiert, soudatt et virun allem eeler Generatioune sinn, déi et nach schwätzen. Doduerch, datt et fir déi vill
Frontalieren
um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nëtzlech ass, gëtt et awer erëm, zum Beispill an Owescoursen, geléiert.
Et gëtt verschidden Dialektforme vum Lëtzebuergeschen:
Areler
Eechternoacher
Kliärrwer
Minetter
Miseler
Stater
Veiner
Weelzer
, asw. Fréier gouf et souguer vun Duerf zu Duerf Ënnerscheeder bei verschiddene Wierder, oder et koum zu am Rescht vum Land onbekannte Wierder (z.
B. al Rëmelenger Wierder wéi
Klëppchen
oder
Schëntercher
). Déi Ënnerscheeder sinn an historesche Sproochatlante genee beschriwwe ginn
Duerch d'Mobilitéit vun de Leit an och duerch déi geschwate Medien (Radio an
Televisioun
) verlafe sech dës Ënnerscheeder awer ëmmer méi, respektiv tendéieren zu enger Zort 'Standardlëtzebuergesch', an der Linguistik
Koinè
genannt, hin
Geschriwwent Lëtzebuergesch
No enger Rei vun Uleef
gouf
1975
eng eenheetlech
Orthographie
duerch e ministeriellen Arrêté agefouert
1999
goufen dës Reegele per
groussherzoglecht Reglement
liicht verännert
10
. Déi offiziell Orthographie gëtt an de Schoulen, wann iwwerhaapt, nëmmen ee Joer enseignéiert, wat dozou féiert, datt weiderhin individuell Orthographievarianten an der Praxis koexistéieren.
Zanter 2006 gëtt et e
Spellchecker
, deen ënner enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze funktionéieren (
OpenOffice
Mozilla Thunderbird
, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm www.spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt
11
Zënter November 2024 ka jidderee seng Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie testen an unerkennen loossen. Den Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie gouf an enger Kollaboratioun tëschent dem
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
(ZLS), dem
Luxembourg Center for Educational Testing
(LUCET) an dem
Institut national des langues Luxembourg
(INLL) ausgeschafft.
12
D'Lëtzebuergesch a Gefor?
Lëtzebuergesch gouf 2009 vun der
Unesco
an de
Weltatlas vun de Sproochen, déi a Gefor sinn
, opgeholl. D'Vitalitéit vun der lëtzebuergescher Sprooch gëtt an der Online-Versioun vum Atlas als onsécher (
unsafe
) agestuuft
13
Déi Ausso ass zu Lëtzebuerg ëmstridden, virun allem bei Fuerscher, déi sech mat der Lëtzebuerger Sprooch befaassen. De Soziolog
Fernand Fehlen
(Uni Lëtzebuerg) vertrëtt z.
B. d'Meenung, d'Lëtzebuerger Sprooch wier net um Ausstierwen, am Géigendeel, si géif sech gutt entwéckelen, sou als Invité vum Dag den 9. Mäerz 2009 um
Radio 100,7
14
An der Kulturchronik vum Radio 100,7 geet de Jean-Claude Majerus den 10. Mäerz 2009 nach emol op de Sproochenatlas vun der Unesco an. Hei gouf d'Lëtzebuerger Sprooch jo als onsécher Sprooch mam Niveau 1 aklasséiert (déi Bairesch Sprooch huet déi selwecht Astufung). Dat kënnt dohier, well d'Unesco Krittäre benotzt wéi beispillsweis a wéi engem Mooss eng Sprooch an der nationaler Press geschriwwe gëtt. Wéinst hirer schwaacher Stellung an der geschriwwener Press ass d'Lëtzebuergesch do agestuuft ginn.
De
lëtzebuergesche Linguistik- a Literaturlabo
op der Uni Lëtzebuerg zeechent en anert Bild vun eiser Sprooch: verglach mat den 1970er an de 1980er Joren huet d'Lëtzebuergesch signifikativ u Bedeitung zougeholl, ëmmer méi Leit schwätzen et, et gouf nach ni sou vill op Lëtzebuergesch geschriwwe wéi haut, an dat net nëmmen an der Literatur, mä och an neie Beräicher, wéi d'elektronesch Post (Email, SMS) oder um Internet (Wikipedia, Websäiten, Bloggen, Facebook). Experte wéi de Fernand Fehlen ginn och ze bedenken, datt d'Lëtzebuergesch eng kleng a jonk Sprooch ass, déi voll an der Entwécklung stécht, an där hir Plaz an der kultureller a soziokultureller Landschaft vu Lëtzebuerg erhale wäert bleiwen.
De
Statec
huet 2011 an 2017 objektiv Donnéeë virgeluecht. Vun de Kanner déi tëscht 2007 an 2011 als Lëtzebuerger gebuer goufen hunn der just 78,4
% d'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch. Vun der aktiver auslännescher Populatioun sinn et 2017 nach déi Däitsch vun deene der am meeschten op d'mannst e gewëssen Niveau am Lëtzebuergeschen hunn (42,8
%), virun de Belsch (24,9
%), Portugisen (20,4
%), Italieener (18,4
%) an zum Schluss d'Fransousen (15,6
%) - an der Moyenne kënnen also eng 80
% vun hinne guer kee Lëtzebuergesch. Dem Alter no gekuckt sinn et um Stand vun 2011 nach déi jonk Auslänner an déi vun där eelerer Generatioun déi déi zu de meeschte Lëtzebuergesch als Haaptsprooch ugesinn, vu 27 bis 65 Joer sinn et der just 5
% oder souguer manner. Am Ganzen ass et 2017 sou, datt 60,7
% vun alle Leit déi zu Lëtzebuerg liewen d'Sprooch kënnen, an 39,3% hunn net mol eng rudimentär Basis vum Lëtzebuergeschen
15
16
Morphologie
Nominalmorphologie
De Fall, oder de Kasus, gëtt op Lëtzebuergesch haaptsächlech am Artikel (den, en), aner Determinanten (mäin, dësen, keen), an an attributiven Adjektiver gewisen. D'Lëtzebuergesch kennt 3 Fäll: den
Akkusativ
, deen och d'Funktioun vum
Nominativ
iwwerholl huet, den
Dativ
an nach an e puer Expressiounen de
Geenitiv
. Vum Nominativ bleiwe just nëmmen e puer Nominalphrasen (NP) wéi
der Däiwel
oder
eiser Herrgott
Well de Geenitiv am Lëtzebuergeschen rar ass, gëtt de Besëtz mam Dativ ausgedréckt:
dem Mann säi Buch
. Dëst gëtt dacks als
Geenitivëmschreiwung
genannt,
Genitivumschreibung
op Däitsch a
periphrastic genitive
op Englesch. Zu de Geenitivausdréck gehéieren z.
B.:
Enn des Mounts, ufanks der Woch, hien ass des Däiwels.
Wat d'Zuel ugeet, do kennt d'Lëtzebuergescht d'Eenzuel (de Singulier) an d'Méizuel (de Pluriel). Et ass d'Eenzuel, déi onmarkéiert ass. Dëst heescht, datt et eng Méizuelendung gëtt, mä keng Eenzuelendung. Am Lëtzebuergesche kennt d'Méizuel keng Geschlechter, déi gëlle just an der Eenzuel.
Geschlechter (Genus) gëtt et der dräi: männlech, weiblech, a sächlech. Dat biologescht Geschlecht vu Leit an Déieren entsprécht an deene meeschte Fäll och dem Wuert sengem Geschlecht. Sou ass
de Papp, de Mann, den Dokter
männlech an
d'Mamm, d'Fra
weiblech. Ausnam ass d'
Meedchen
, dat sächlech ass.
D'Nimm vun den Deeg, Méint a Joreszäite si männlech. Ausnam ass d'
Fréijoer
, dat sächlech ass.
D'Nimm vun de Beem, Blummen a Friichte sinn am Allgemenge weiblech:
d'Dänn, d'Eech, d'Rous, d'Piisch
Zesummegesat Wierder kréien de Genus vum leschte Wuert:
d'Bir + de Bam = de Birebam
d'Kichen + de Schaf = de Kicheschaf
Ausnam:
d'Kand + d'Daf = de Kanddaf
Wierder, déi net mat engem biologesche Geschlecht verbonne sinn, kënnen iergendee Geschlecht hunn, ouni datt d'Wuert mat dësem grammatesche Geschlecht eppes ze dinn hätt.
Verschidden Endunge kënnen de Genus bestëmmen:
Männlech
- er
de Meeschter, de Schüler
- är
de Kommissär
- ismus
de Patriotismus
Weiblech
- heet
d'Fräiheet, d'Gesondheet
- keet
d'Wierklechkeet
- esch
d'Néiesch
- in
d'Léierin
- ung
d'Heizung
- ei
d'Molerei
- schaft
d'Wiertschaft
- ioun
d'Millioun
Wierder mam Prefix
Ge-
si sächlech, si bezeechnen dacks Kollektiver:
d'Geméis, d'Gestreids, d'Gebraddels, d'Gefréiss.
Adjektivalmorphologie
En Adjektiv ass e Wuert, dat e Substantiv beschreift, mä et kann awer och als Adverb benotzt ginn, wou en dann en anert Adjektiv beschreift, oder e Verb, oder eng ganz Konstruktioun. Morphologesch gesi gëtt et zwou Kategorië vun Adjektiver: si sinn entweeder attributiv oder predikativ. Predikativ Adjektiver kommen nom Substantiv a ginn net deklinéiert:
De Mann ass grouss. (
männlech
D'Fra ass grouss. (
weiblech
D'Meedchen ass grouss. (
sächlech
D'Kanner si grouss. (
Méizuel
Attributiv Adjektiver kommen awer virum Substantiv ginn deklinéiert a kréien hir respektiv morphologesch Endung:
de grouss
Mann (
männlech
déi grouss Fra (
weiblech
dat grouss
Meedchen (
sächlech
déi grouss Kanner (
Méizuel
Interessant ass och hei, datt déi bestëmmt Artikelen dacks virun engem attributiven Adjektiv d'Form vum Demonstrativ unhuelen: weiblech
gëtt
déi
(oder och
di
), sächlech
gëtt
dat
, a Méizuel
gëtt
déi
De Komparativ gëtt am Lëtzebuergeschen analytesch gemaach, dat heescht, datt d'Adjektiv selwer net geännert gëtt (z.
B. -
er
, wéi am Däitschen), mä, datt nach en anert Wuert drugehaange gëtt. Dofir gëtt net
*schéiner
gesot, mä
méi schéin
Lëtzebuerg ass méi schéi wéi Esch.
Beim Superlativ gëtt tëscht dem relative Superlativ an dem absolutte Superlativ ënnerscheet:
De relative Superlativ gëtt gebraucht fir e méi héije Grad vun enger Qualitéit par Rapport zu engem Ensembel ze maachen.
deen, déi, dat, déi + Adjektiv + -
st(en)
Dat ass
déi schéinst
Fra
Bei Adjektiver déi op
oder
endegen, gëtt just
t(en)
ugehaangen.
Dat ass
déi béist
Hex
Dat ass
dee kierzte
Wutz
De sougenannte
superlatif relatif épithète
gëtt d'selwecht deklinéiert wéi en
adjectif épithète
Beispiller:
Nominativ:
Dee schéinste
Roman deen ech bis elo gelies hunn, krut gëschter e Literaturpräis
Déi klengst
Bouwen hunn am meeschte Kaméidi gemaach
Dativ:
De Jamper danzt
mat deem schéinste
Meedchen
Dat ass eng
vun deene gelungenste
Geschichten déi ech bis elo héieren hunn
Akkusativ:
Si deet
hire schéinsten
Hutt op
Deen Entreprener baut
déi deierst
Haiser.
Den absolutte Supertlativ
Beim absolutte Superlativ gëtt
aller-
virun den normale Superlativ gesat:
Do steet den
allerneiste
Modell
Et ass och deen
allerdeiersten
Dat ass dat
allerschéinst
Meedchen
Verbalmorphologie
Syntax
Wuertuerdnung
An engem onmarkéierte Saz ass d'Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet:
Ech iesse Kuch
. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch:
adjunct
) steet, da kënnt als éischt d'Verb an duerno de Sujet:
Muer iessen ech Kuch
. Dëse Phenomeen gëtt "V2" (
Verb Second
) genannt, well d'(Haapt)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass.
Lëtzebuergesch huet awer och e Mëttelfeld, wou den Objet vum Saz tëscht dem Hëllefsverb op der lénkser Säit an dem Haaptverb op der rietser Säit steet: Ech muss Kuch iessen.
An Niewesätz ass d'Wuertuerdnung SOV:
datt ech Kuch iessen
. Wann an engem Niewesaz en Auxiliaire an e Participe passé ass, da kënnt d'Haaptverb fir d'éischt an den Auxiliaire fir d'lescht:
datt ech de Kuch giess hunn
. Wann an engem Niewesaz e Modalverb an en Infinitiv ass, da kënnt d'Modalverb fir d'éischt: "datt ech Kuch muss iessen". Et wier awer net falsch wann d'Modalverb am Enn kënnt (
datt ech Kuch iesse muss
) oder souguer virum Objet (
datt ech muss Kuch iessen
).
Neologismen
Neologisme sinn nei Wuertbildungen an nei Bedeitunge vu Wierder, déi schonn existéieren.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Neologismen am Lëtzebuergeschen
Literatur
Berg, Guy
, 1993.
Mir wëlle bleiwe wat mir sin: Soziolinguistische und sprachtypologische Betrachtungen zur luxemburgischen Mehrsprachigkeit.
Reihe Germanistische Linguistik 140. Tübingen.
ISBN 3-484-31140-1
Braun, Josy
, 2006.
Eis Sprooch richteg schreiwen
. 12. Oplo. Rapidpress, Bartreng.
ISBN 2-9599684-4-1
Bruch, Robert
, 1954.
Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen
, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale, 1953, vol. I;
Das Luxemburgische im westfränkischen Kreis
, Luxembourg, Publications scientifiques et littéraires du Ministère de l'Éducation nationale vol. II.
Bruch, Robert, 1955 [²1968].
Précis de grammaire luxembourgeoise
, Bulletin Linguistique et Ethnologique de l'Institut Grand-Ducal. Linden, Luxembourg.
Chechulina, Irina, Layout a Graphik vum
Lex Weyer
, 2009.
Dictionnaire Lëtzebuergesch - Russesch / Russesch - Lëtzebuergesch
, Lëtzebuerg,
ISBN 978-2-87996-599-4
Fehlen, Fernand
, 2009.
BaleineBis: Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation - Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel
. RED N° 12, SESOPI Centre Intercommunautaire.
Fehlen, Fernand, 2011.
Sprachenpolitik zwischen 1815 und 1830
d'Lëtzebuerger Land
Nr. 51, vum 23. Dezember 2011, S. 22-23.
Garcia, Nuria
La 'nationalisation' de la langue luxembourgeoise
; in:
forum
, Nr. 299 (September 2010), Ss. 33-36 (Referenzen).
Gilles, Peter
, 1998. Die Emanzipation des Lëtzebuergeschen aus dem Gefüge der deutschen Mundarten. Zeitschrift für deutsche Philologie 117: 20-35.
Gilles, Peter, 2006. Phonologie der n-Tilgung im Moselfränkischen ('Eifler Reegel'): ein Beitrag zur dialektologischen Prosodieforschung / Peter Gilles. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. S. 28-68. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
Girnth, Heiko, 2006. Entwickelungstendenzen des "Eifler Reegel" im Moselfränkischen. - Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie, S. 69-86. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
Goerens, Mil
, 2013,
Vun der Long op d'Zong
, Verlag S.MO, Kordel 2013, 422 Säiten, gebonnen,
ISBN 978-3-940760-52-4
Goetzinger, Germaine
Gast Mannes
Roger Muller
, 2000. Lëtzebuergesch - "eng Ried déi vun allen am meeschten ëm ons klengt". Eine Sprache geht ihren Weg. Von "onst Däitsch" zu "eis Sprooch". Ausstellungskatalog. Centre national de littérature, Mersch. [Katalog vun der Ausstellung mam selwechten Titel, Oktober 2000 - Mäerz 2001].
Krummes, Cédric, 2004.
The Lëtzebuergesch verb
ginn
(give): grammaticalisation from lexical verb to copula, existential construction, passive auxiliary and conditional mood auxiliary
. BA Thesis, University of Wales, Bangor.
Cote LMT 1256
Krummes, Cédric, 2005.
Can-Do or Can-Don't?: Do Luxembourgish as a Foreign Language (LaF, Lëtzebuergesch als Friemsprooch) Materials Conform to
Waystage 1990
Specifications?
. MA Thesis, University of Sheffield.
Cote LMT 1492
Lulling, Jérôme
, 2002.
La créativité lexicale en luxembourgeois,
Thèse de doctorat, Université Paul Valéry Montpellier III, sous la direction de François Schanen.
Moulin-Fankhänel, Claudine
, 2004. Lëtzebuergescht Handwierderbuch (LHWB) = Dictionnaire pratique de la Langue Luxembourgeoise = Handwörterbuch der Luxemburgischen Sprache. In: Wissenschaftliche Lexikographie im deutschsprachigen Raum, S. 519-528. Winter, Heidelberg.
Moulin, Claudine & Damaris Nübling (Hrsg.), 2006.
Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie.
Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
ISBN 3-8253-5156-4
. [Dëst Buch ass publizéiert gi mat der Ënnerstëtzung vum
Fonds national de la recherche
Newton, Gerald (ed.), 1996.
Luxembourg and Lëtzebuergesch: Language and Communication at the Crossroads of Europe
. Oxford.
ISBN 0-19-824016-3
Nübling, Damaris, 2006. Zur Entstehnung und Struktur ungebändigter Allomorphie: Pluralbildungsverfahren im Luxemburgischen. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. S. 107-125. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
Reisdoerfer, Joseph
, 2006.
Pour une étude scientifique de la langue luxembourgeoise
(Remarque sur la
Grammaire de la langue luxembourgeoise
).
D'Lëtzebuerger Land
Nr. 44: 11-13.
Reuland, Joseph
, Capesius, Bernhard & Piringer, Otto, 2015.
Kleines siebenbürgisches Wörterbuch - Siebenbürgisch - Deutsch / Deutsch - Siebenbürgisch - Wörter und Texte.
Luxemburg, 160 S.
ISBN 978-99959-0-144-8
Schanen, François
, 2004.
Parlons Luxembourgeois, Langue et culture linguistique d'un petit pays au coeur de l'Europe
. L'Harmattan, Paris.
ISBN 2-7475-6289-1
Schanen, François
Zimmer, Jacqui
, 2005 & 2006.
1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire. Band 1: Le groupe verbal. Band 2: Le groupe nominal. Band 3: L'orthographe
. Éditions Schortgen, Esch-sur-Alzette.
Schanen, François, 2006. Kréien (+ Partizip II) im Lëtzebuergeschen. In: Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik: Studien zu Diachronie und Synchronie. p.
203-225. Universitätsverlag Winter, Heidelberg.
Welschbillig, Myriam, François Schanen & Jérôme Lulling, 2008.
Luxdico / Lëtzebuergesch > Däitsch / Deutsch > Luxemburgisch / 52.800 Iwwersetzungen / 52.800 Übersetzungen
. 358 S. Éditions Schortgen, Luxemburg.
ISBN 978-2-87953-058-1
Luxdico Deutsch
Wolter Fernand,
Marx Lynn
, 2008.
Alles an der Rei. Lëtzebuergesch fir de Beruff an den Alldag
. 184 S. + 1 CD. éditions saint-paul, Luxembourg.
ISBN 978-2-87963-703-7
bibnet.lu
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
, 2020,
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
, Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1,
ISBN 978-2-9199644-1-3
, 96 Säiten
17
Kuckt och
Conseil permanent de la langue luxembourgeoise
(CCPL)
E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen
Eifeler Reegel
Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch
Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis
Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg
Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten
Lëtzebuergesch Dictionnairen
Lëtzebuerger Online Dictionnaire
Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises
(Uni Lëtzebuerg)
Luxogramm
Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
Sproochenhaus Wëlwerwolz
Um Spaweck
Commons: Lëtzebuergesch
– Biller, Videoen oder Audiodateien
dico.lu
Dictionnaire luxembourgeois français / Franséisch - Lëtzebuergeschen Dictionnaire
Spellchecker.lu: Quelltextoffene Spellchecker
Bonjour.lu
Videoclippe fir Lëtzebuergesch ze léieren
d'
Lëtzebuerger Orthografie per Video
30 Clippe mat de wichtegste Reegelen vun der Rechtschreiwung op play.rtl.lu
d'Lëtzebuerger Land, Index vu Luxemburgensia
Luxemburgistik: Forschungsstelle für Sprachen und Literaturen Luxemburgs
Centre for Luxembourg Studies
(University of Sheffield, GB)
PISA - De Wëssensmagazin, Vun "Onsem Däitsch" bis bei "Eist Lëtzebuergesch"
Reportage op rtl.lu de 24. Mäerz 2019
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch
um
radio 100,7
mat der Linguistin
Caroline Döhmer
vum
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Gilles, Peter (2021),
Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen
Autoritéitskontroll
LCCN
sh2003005414
GND
4125795-9
BNF
cb119667950
(data)
NDL
001134462
NKC
ph263235
BNE
XX554274
Referenzen
Cf. Fehlen, Fernand: BaleineBis, SESOPI 2009, S.235-236
Cf. Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues.
Mémorial A n°16: 196-197, 27.02.1984
Cf. den Artikel
Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
Cf. Loi du 28 décembre 1995 fixant les modalités de participation aux élections communales des citoyens non luxembourgeois de l'Union Européenne et modifiant 1) la loi électorale modifiée du 31 juillet 1924 2) la
loi communale modifiée du 13 décembre 1988
Mémorial A n° 101 du 28.12.1995
D'Westgermaneschen Dialektcontinuum ass eng terminologie fir d'Evolution vun der Westgermaneschen Sproochen z.
B. d'Evolution vun Fränkësch zu Hollännesch asw.
Dëse Glach huet als Éischten
1768
de
François-Xavier de Feller
festgestallt. De
Gustav Kisch
huet ëm 1900 d'Thees opgestallt, d'Leit aus Siwebierge wieren aus (dem haitege) Lëtzebuerg dohin ausgewandert; seng "
Urheemecttheorie
" gouf awer scho kuerz duerno widderluecht (a Wierklechkeet waren d'Leit am 13. Joerhonnert - am Ganzen der just e puer Dausend - aus alle méigleche Géigende vum deemolegen Däitsche Räich a Siwebierge geplënnert). Méi doriwwer bei
Fernand Fehlen:
Luxemburg und Siebenbürgen 2007.
STADE - Études Sociologiques et Politiques sur la société luxembourgeoise, Working Paper 1/07. Université de Luxembourg, 2007.
Kuckt: Schmitt, Ludwig Erich (Hg.) (1963):
Luxemburgischer Sprachatlas. Laut- und Formenatlas
. Von Robert Bruch. Marburg: Elwert (Deutscher Sprachatlas. Regionale Sprachatlanten 2). Dëse gouf digitaliséiert an iwwerschafft vun der
Claudine Moulin
, mat Hëllef vum Roland Kehrein, Alfred Lameli, Jost Nickel, Stefan Rabanus, a kann ënner
www.luxsa.info
konsultéiert ginn.
Dozou:
Peter Gilles
Dialektausgleich im Letzebuergeschen. Zur phonetisch-phonologischen Fokussierung einer Nationalsprache
. Tübingen: Niemeyer (Phonai 44), 1999. De Begrëff
Koinè
am Bezuch op Lëtzebuerg gouf eng éischt Kéier 1909 vum
René Engelmann
gebraucht.
Cf. Arrêté ministériel du 10 0ctobre 1975 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise. Mémorial B n°68: 1366–1390, 16 novembre 1976.
Cf. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise
Mémorial A n° 112: 2040-2048, 11.08.1999
Tëscht 2000 an 2002 gouf en éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht ënner dem Numm
Cortina
entwéckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begréisst, awer och vereenzelt kritiséiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf 2002 agestallt.
Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie (ZLO): en neien Outil, fir seng Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie ze testen an unerkennen ze loossen
men.lu
(11.11.2024).
Gekuckt de 15.11.2024.
Cf.
UNESCO Interactive Atlas of the World's Languages in Danger
(en)
Cf. Fehlen 2009 an der Literatur.
Rapport "Aarbecht a sozial Kohäsioun"
, Statec, 2017
Sprooche beherreschen, e Kohäsiounsvektor
, Paperjam, 22. Oktober 2017
ZLS News, "Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch"
Vun „
Kategorie
Lëtzebuergesch Sprooch
Verstoppt Kategorien:
Citation
Wikipedia-Artikele mat LCCN-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat GND-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat BNF-Identifianten
Säiten, déi magesch ISBN-Linke benotzen
Lëtzebuergesch
Sujet derbäisetzen