Mars Express – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Mars Express
Missioun
Marserfuerschung
Dréierrakéit
Sojus-Fregat
ST 11
Optrag vun der
ESA
Hiersteller
Haaptoptrag
EADS Astrium
a 25 Ënneroptraghueler aus 15 Staaten
Startmass
1120
kg
Start
2. Juni 2003 17:45 UTC
Startplaz
Baikonur
Dreifstoffmass
427
kg
Notzlaaschtmass
116
kg
Mass vum Beagle 2
71
kg
Spannwäit vun de Solarzellen
12 m
Solarzellengréisst
11,42 m²
Sender
S-Band
X-Band
Leeschtung
Sender
5 Watt am S-Band, 65 Watt am X-Band.
Datespäicher
1,5 GB
RAM
Haaptdreifwierk
S 400
mat 400 N Schub
Steierdreifwierker
2x4 S 10 mat 10 N Schub
Dreifstoff
MMH
Arrivé Mars
25. Dezember 2003
Éischt Ëmlafbunn
250 - 150.000
km Héicht mat 25° Equatorschréi
aktuell Ëmlafbunn
258 - 11.560
km Héicht mat 86,3° Equatorschréi, Ëmlafzäit 6 h 43 min
De
Mars Express
(ofgekierzt
MEX
) ass eng
Mars
Sond
vun der
ESA
. Si gouf am Juni
2003
gestart an hat de Planéit de
25. Dezember
2003
erreecht. D'Haaptaufgab vun der Missioun war déi vollstänneg Kartograféierung vum Mars, d'Erfuersche vu senger Atmosphär, senger Uewerfläch souwéi dem Material, dat a bis zu zwéi Meter Déift läit. Zousätzlech hat d'Sond d'
Landeinstrument
Beagle 2
u Bord. D'Primärmissioun vum
Orbiter
war ufanks Juni
2004
op ee Marsjoer (ongeféier 23 Äerdméint) ausgeluecht. Si gouf an der Tëschenzäit schonn e puermol verlängert, a soll op d'mannst bis 2026 lafen.
Missiounsoflaf
änneren
Quelltext änneren
De Mars Express gouf den
2. Juni
2003
mat enger russescher
Sojus-FG/Fregat
Rakéit vu
Baikonur
aus gestart. D'
Startmass
vun der Sond war 1.223
kg.
De Lander Beagle
2 sollt de 25. Dezember 2003 um Mars landen, fir do no organesche Liewensspueren ze sichen. Well trotz alle Versich kee Kontakt hiergestallt konnt ginn, gouf d'Landeinstrument den
11. Februar
2004
als verluer erkläert.
De Mars Express hat déi plangméisseg Ëmlafbunn ëm de Mars am Januar 2004 erreecht. D'Sond kreest ëm de Planéit op enger elliptescher polnoer Bunn mat enger
Inklinatioun
vu 86°, am Minimalofstand vu bal 300
km a Maximaldistanz vun 11.000
km.
Den
19. Oktober
2014
koum de Koméit
Siding-Spring
bis op 140.000
km un de Mars erun. De Mars Express hat dobäi de Koméitekär an de Koméiteschwäif analyséiert.
Ausfuere vun de MARSIS-Antennen
änneren
Quelltext änneren
Déi lescht Episod an der Instrumentenaktivéierung u Bord vum Mars Express war d'Ausfuere vun zwou 20
m an enger 7
m laanger MARSIS-Antenn. Dat Instrument war virgesi fir bis zu en ettleche Kilometer ënner der Uewerfläch no flëssegem oder gefruerenem Waasser ze sichen. Déi éischt Antenn gouf de 4. Mee ausgefuer, allerdéngs gouf kuerz dono festgestallt, datt eent vun den Antennensegmenter net komplett fest souz. Awer schonn den 10. Mee war et den ESA-Ingenieure gelongen, d'Antenn ganz auerneen ze falen, andeems dat net festgeklemmt Segment am Sonneliicht opgewiermt gouf. Déi zweet 20
m Antenn gouf den 13. Juni ausgefuer, virdru gouf déi zesummegeklappt Antenn och am Sonneliicht opgewiermt. De 16. Juni gouf de Virgank als erfollegräich deklaréiert. De 17. Juni gouf déi drëtt a lescht, 7
m laang Antenn, ausgefuer. No weideren Tester konnt MARSIS de
4. Juli
2005
mat senger wëssenschaftlecher Aarbecht ufänken.
Ausrëschtung
änneren
Quelltext änneren
De Mars Express huet siwe Moossinstrumenter mat sech: Mat
MARSIS
Mars Advanced Radar for Subsurface and Ionospheric Sounding
) soll de Marsbuedem bis an eng Déift vu fënnef Kilometer ënner anerem no Waasser resp. Äis ënnersicht ginn. D'NASA-Sond
2001 Mars Odyssey
kann dogéint nëmmen eng Déift vun e puer Meter ënnersichen, allerdéngs net mat engem
Radar
, mä mat engem
Neutronespektrometer
. MARSIS schafft am Frequenzberäich vun 1,3 bis 5,5
MHz, a ka vu 500 Meter bis zu 5
Kilometer déif an d'Marskuuscht andréngen, huet eng horizontal Opléisung vu 5 bis 9
km laanscht d'Fluchrichtung a 15 bis 30
km queesch zur Fluchrichtung souwéi eng vertikal Opléisung vu 70
Meter. MARSIS gëtt a senge Fuerschungsresultater vum
Shallow Radar
(kuerz
SHARAD
vervollstännegt. Béid Instrumenter schaffen a verschiddene Frequenzberäicher an hunn ënnerschiddlech Duerchdréngdéiften.
Déi héichopléisend Stereokamera
HRSC
liwwert Biller mat enger Opléisung vu bis zu 10
Meter, aus deenen eng dräidimensional Marskaart erstallt ka ginn. Dofir huet se néng
CCD
-Zeilen, déi a verschiddene Wénkelen duerch déi selwecht Optik "kucken". Duerch d'Beweegung vun der Sond iwwer d'Uewerfläch entstinn 9 vollstänneg Biller, déi de Mars ënner verschiddene Bléckwénkelen duerstellen. Eng computertechnesch Veraarbechtung fabrizéiert doraus en dräidimensionalen Uewerflächemodell, Faarffiltere viru véier CCD-Zeilen erméiglechen eng faarweg Duerstellung. Bedéngt duerch Limitatioun vum Datentranfert-Taux a -Quanritéit gëtt meeschtens nëmmen ee vun de Sensoren mat der maximaler Opléisung bedriwwen, déi aner maache Biller mat enger zwee-, véier- oder aachtfach méi schlechter Opléisung. Well d'Faarffilteren no wëssenschaftleche Krittären erausgesicht goufen, ass et schwéier, domat Usiichten ze produzéieren, "wéi en Astronaut de Mars kucke géif". D'HRSC ass aktuell déi eenzeg Kamera vun enger Marssond, déi 3D-Faarfbiller vun der Uewerfläch ophuele kann; d'HiRISE vum
Mars Reconnaissance Orbiter
erlaabt nëmme schwaarzwäiss 3D-Biller.
Zousätzlech huet d'HRSC eng Super Resolution Channel (SRC) genannt Optik vum
Maksutov-Typ
mat enger
Apertur
vun 100
mm an enger
Brennwäit
vun 1000
mm. Dat erméiglecht eng theoreetesch Opléisung vu knapps 2
Meter. Allerdéngs liwwert den SRC keng befriddegend Resultater, well sech een Temperaturverlaf am Tubus bilt. Dat viischt Enn killt aus, wärend dat bannenzegt Enn duerch d'Wärmt vum Satellit eng eppes méi héich Temperatur opweist. Doduerch entstinn Verspannungen an der Optik, déi d'Bildschärft schlecht maachen.
D'Kamera gouf am Berliner Institut fir Planéitefuerschung vum
DLR
ënner
FU
-Professor
Gerhard Neukum
entwéckelt a bei
Astrium
zu Friedrichshafe gebaut.
Aner Moossinstrumnter wéi de
Planetares Fourier-Spektrometer
(kuerz
PFS
) sammelen Hiweiser iwwer d'Beschafenheet vun der Atmosphär. D'Mars-Radio-Science-Experiment
MaRS
erfuerscht d'Atmosphär, Ionosphär an d'Sonnekorona (kuckt
Radio-Okkultatioun
), liwwert Aussoen iwwer d'Marsuewerfläch an ënnersicht Gravitatiounsanomalien.
ASPERA-3
hat d'Missioun, méi iwwer d'
Marsatmosphär
an hir Interaktioun mam
Sonnewand
z'erfueren an d'Quelle vun der sougenannter ENAs (
Energetic Neutral Atoms
) um Mars z'ënnersichen. Ausserdeem hat
ASPERA-3
d'Aufgab, Plasma an neutral Gase an der Ëmgéigend vum Mars z'analyséieren an ze kategoriséieren.
Wëssenschaftlech Erkenntnesser
änneren
Quelltext änneren
Nom Ukommen um Mars an der Kalibréierung vun den Instrumenten huet d'Stereokamera
HRSC
ugefaangen, d'Uewerfläch ze kartograféieren. Dobäi konnt schonn eng Fläch opgezeechent ginn, déi méi grouss ass wéi Nordamerika. D'Gesamtfläch vum Mars entsprécht ongeféier der ganzer Landfläch vun der Äerd.
Duerch d'Miessinstrumentt
OMEGA
Visible and Infrared Mineralogical Mapping Spectrometer
) konnte grouss Deeler Waasseräis op der südlecher Polkap vum Mars nogewise ginn.
Änlech Daten a méi klenger Qualitéit hat schonn
2001
déi amerikanesch Sond
Mars Odyssey
geliwwert.
Enn Mäerz
2004
huet d'ESA matgedeelt, datt de Mars Express mat Hëllef vu sengem Spektrometer Spuere vu
Methan
an der Marsatmosphär fonnt hätt. Obwue et nëmme ganz kleng Virkomme sinnl, stellt sech d'Fro, wéi dës Verbindung an d'Marsloft komme konnt. Methan entsteet souwuel bei
vulkanesche
Prozesser wéi och bei
Verweesungsprozesser
vun organrsche Materialien. Dofir kéint dës Entdeckung och e klengt Indiz fir eventuell existéierendes oder viru laanger Zäit existéierendes
Liewen um Mars
sinn, wat awer zum aktuellen Zäitpunkt nach Spekulatioun ass.
Enn November
2005
hunn Date vun OMEGA Beweismëttel dofir geliwwert, datt an der Fréizäit vum Mars grouss Iwwerschëss vu flëssegem Waasser op der Uewerfläch waren.
Gläichzäiteg liwwert MARSIS Erkenntnesser dofir, datt ënner der Uewerfläch vun engem Marskrater méiglecherweis Waasseräis begruewen ass. No beim Nordpol gouf warscheinlech ee ronn 1
km décken Äispanzer ënner der Uewerfläch fonnt.
Am November
2008
goufe vun der vum
DLR
bedriwwener héichopléisender Stereokamera HRSC Fotoen am Gebitt vum
Eumenides Dorsum
(griech.
Réck vun de Furien
) westlech vun der
Tharsis-Regioun
gemaach, déi vill opfälleg
Yardang
-Strukture weisen, déi duerch Wanderosioun entstane sinn. Dës ginn Opschloss iwwer d'Dynamik vum Wand op der Marsuewerfläch; d'Dicht vun der Marsatmosphär ass nëmme 0,75 Prozent vun der Dicht vun der
Äerdatmosphär
op Miereshéicht. Änlech Strukture goufen duerch de Mars Express schonn méi dacks nogewisen, beispillsweis am Beräich vum
Olympus Mons
an, nieft den Tafelbierger, bei
Aeolis Mensae
Am Juli
2018
gouf bekannt, datt an der Géigend vum Südpol flëssegt Waasser ënner der Uewerfläch fonnt gouf.
Kuckt och
änneren
Quelltext änneren
Portal Astronomie
2001 Mars Odyssey
, nach aktiven Orbiter vun der
NASA
Venus Express
, änlech opgebaute Schwëstersond, déi
2006
d'
Venus
erreecht hat
Lëscht vun onbemannte Raumfaartmissiounen
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Mars Express
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Mars Express Websäit vum EADS Astrium
(en)
Mars Express Websäit vun der ESA
Informationen der ESA zu MARSIS
Projektsäite vum HRSC Kamera Experiment
(däitsch & englesch; Pressmatdeelungen an héichopgeléiste Biller)
Mars Express von Bernd Leitenberger
Mars Express-Sonderseite von Raumfahrer.net
Mars Express-Spezialsäit vum DLR
Informatioune vu GEO
(Heft 04-2003)
Planetariumsprogramm "Mars in 3D" mat faarfgetreie Stereobiller vum Mars Express
Referenzen
Quelltext änneren
Mitteilung der ESA vom 5. August 2005
Mitteilung der ESA vom 28. Juli 2005
Matdeelung vun der ESA vum 30. November 2005
ESA-Matdeelung vum 30. November 2005
DLR: Yardangs und Tafelberge in Aeolis Mensae
28. Juni
2007
Vun „
Kategorien
Marssonden
ESA
2003 an der Raumfaart
Mars Express
Sujet derbäisetzen