Norwegen – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Kongeriket Norge
Kongeriket Noreg
Detailer
Detailer
Offiziell
Sprooch
Norwegesch
Bokmål
an
Nynorsk
),
Samesch
Haaptstad
Oslo
Staatsform:
Konstitutionell Monarchie
Kinnek:
Harald V. vun Norwegen
Premierminister:
Jonas Gahr Støre
Fläch:
385.207
km
67.
Dovu
Waasser
5,7
Bevëlkerung:
5.627.400
(2026)
120.
Bevëlkerungsdicht:
14,6/
km
Onofhängegkeet:
vu
Schweden
, deklaréiert de
7. Juni
1905
Nationalfeierdag:
17. Mee
Nationalhymn:
Ja, vi elsker dette landet
Lauschtert
Wärung
Norwegesch Kroun
(NOK)
Zäitzon
UTC
+1
Internet TLD
.no
Internationalen
Telefonsprefix
+47
Eng typesch norwegesch Fjordlandschaft
D'Kinnekräich
Norwegen
(norw.:
Kongeriket Norge/Noreg
) ass en
nordeuropäescht
Land a läit am Weste vun der
skandinavescher Hallefinsel
. Nopeschlänner sinn am Oste
Schweden
, am Nordoste
Finnland
Russland
Am Weste gëtt d'Land vum
Nordatlantik
begrenzt, dee sech deelweis wäit a Form vu
Fjorden
an d'Land era grieft.
Geographie
änneren
Quelltext änneren
Norwegen ass e laangt, schmuelt Land. Vun der Südspëtzt zu
Lindesnes
bis op
Kinnarodden
um
Nordkap
, deem nërdlechste Punkt an
Europa
, sinn et 1.752
km Loftlinn. D'Breet variéiert tëscht den zwéin Extremer tëscht 6
km a 430
km. De
Relief
vum Land ass markéiert vu Bierger,
Gletscheren
Fjorden
. Mat de Fjorden abegraff bréngt et Norwegen op 25.148
km Küst. Den héchste Bierg ass mat sengen 2.469 Meter de
Galdhøpiggen
, dee gréisste
Séi
ass de
Mjøsa
mat 362
km².
D'Klima laanscht d'Küsten ass wéinst der vum
Golfstroum
transportéierter Wäermt verhältnesméisseg temperéiert. Méi kill gëtt et a Richtung Banneland an an deenen nërdlechste Regiounen herrschen am Wanter subarktesch Temperaturen. An deenen Deeler vum Land déi nërdlech vum arktesche
Polarkrees
leie, geet d'Sonn am Summer ni ënner (Mëtternuechtssonn) respektiv am Wanter ni op.
Nieft
Oslo
gëtt et an Norwegen nach dräi aner Stied mat méi wéi 100.000 Awunner, nämlech
Bergen
Trondheim
Stavanger
Norwegen huet fënnef Regiounen an Iwwerséi:
Svalbard
mat der Insel
Spitzbergen
an der
Biereninsel
am Nordatlantik an am Nordpolarmier
Jan Mayen
am Nordatlantik
Bouvetinsel
am Südpolarmier
Péiter-I.-Insel
am Südpolarmier
Kinnigin-Maud-Land
an der Antarktis
Bevëlkerung
änneren
Quelltext änneren
Zuel
änneren
Quelltext änneren
Am Hierscht 2000 ass d'Zuel vun den Awunner an Norwegen op méi wéi 4,6 Mio. geklommen a si klëmmt nach virun, all Joer ëm ongeféier 30.000 Mënschen. Vill vun hinne sinn zougewandert Flüchtlingen. Ze berécksiichtegen ass och, datt d'Gebuertenzuel an Norwege méi héich wéi an deene meeschten europäesche Länner ass.
Zesummesetzung
änneren
Quelltext änneren
95,9
% vun der Bevëlkerung sinn Norweger, dozou zielen och d'Minoritéite vun ongeféier 40.000 Saami (Lappen) an ongeféier 10.000 Finnen (Kvener). Den Auslännerundeel erreecht 4,1
% (0,6
% Schweden, 0,4
% Dänen, 0,3
% Bosnier, 0,2
% Pakistaner, 0,2
% Britten ënner aneren.) (Stand 2001).
75
% vun der Populatioun liewen an de Stied.
Grouss Stied a vun Touriste besicht Uertschaften
änneren
Quelltext änneren
Oslo
, Haaptstad, 533.050 Awunner (2005)
Alesund
, 39.373 Awunner (2002)
Bergen
, 239.209 Awunner (2005)
Flåm
, (450 Awunner)
Hammerfest
, 9261 Awunner (2005)
Honningsvåg
, 3.500 Awunner (2005)
Kirkenes
, (4.900 Awunner)
Molde
, 23 975 Awunner (2003)
Svolvær
Lofoten
), zirka 4.000 Awunner
Stavanger
, 114.401 Awunner (2005)
Trondheim
, 154.351 Awunner (2004)
Tromsø
, 67.904 Awunner (2005)
Sproochen
änneren
Quelltext änneren
Norwegesch
gehéiert zu den
nordgermanesche
Sprooche wouvun et haut zwou offiziell Versioune gëtt,
Bokmål
an
Nynorsk
. Allebéid si
Schrëftsproochen
Bokmål ("Buchsprooch") geet op d'
Riksmål
("d'Sprooch vum Räich") zeréck d.
h. op déi haaptsächlech vum
Dänesche
markéiert Sprooch vun der Uniounszäit mat
Dänemark
Nynorsk ("Neinorwegesch"), dat bis
1929
Landsmål
("d'Sprooch vum Land") geheescht huet, ass u sech eng kënschtlech Sprooch an ass zanter
1885
déi zweet offiziell Schrëftsprooch.
Nynorsk ass zu engem groussen Deel eng Sammlung aus verschiddene westnorwegeschen
Dialekter
, déi an de Publikatioune vum
Linguist
Ivar Aasen
systematiséiert goufen an hir allgemeng Verbreedung fonnt hunn.
D'Majoritéit vun den Norweger schreift Bokmål. Nynorsk ass fir 10-12
% d'Haaptsprooch.
An der Schoul léieren norwegesch Schüler a Schülerinnen haut souwuel Bokmål wéi och Nynorsk. Béid Sprooche gi mëndlech an enger sëllegen Dialekter geschwat.
Nieft Norwegesch gëtt am Norde vum Land och nach
Samesch
Finnesch
vun den nationale Minoritéite geschwat.
Relioun
änneren
Quelltext änneren
Norwegen huet eng Staatskierch (
D'Norske Kirke
) no evangeelesch-lutherescher Traditioun. Hir héchst Autoritéit ass de Kinnek.
Geschicht
änneren
Quelltext änneren
Déi eelst Spuere vun Zivilisatioun haitegen Norwege si ronn 10 300 Joer al a goufen an der Géigend vum
Nordkap
fonnt. Den
Harald Hårfagre
("Harald mat de schéinen Hoer") bréngt et an der
Wikingerzäit
800
1050
) fir d'éischt Kéier fäerdeg grouss Deeler vun Norwegen an engem Kinnekräich ze vereenegen.
Norwegesch
Wikinger
bedreiwen an där Zäit net nëmmen Handel mat hiren europäeschen Noperen, mä bleiwen och wéinst hirem Geraafs a Gestiels a Kléischter an a Küstestied an Erënnerung.
Island
d'Faröerinselen
Grönland
gi vun norwegesche Wikinger besidelt.
Ëm
1030
gëtt d'Land
christianiséiert
1387
stierft d'norwegesch Kinneksgeschlecht aus, an Norwege gëtt en Deel vun der
Kalmarer Unioun
. D'Land ass en zimmlech onbedeitende Member nieft
Schweden
an deem deemools dominanten
Dänemark
. Norwege gëtt als net méi wéi eng dänesch Provënz ugesinn an déi offiziell Sprooch ass dänesch. D'Personalunioun mat Dänemark hält bis
1814
(Schweden emanzipéiert sech ënner dem
Gustav Vasa
an ass zanter
1523
net méi an der Unioun). Dänemark-Norwegen steet an de Kricher vum
Napoleon
als Alliéierten op der Säit vu
Frankräich
. Als Konsequenz dovu gëtt Dänemark am
Fridde vu Kiel
1814
) dozou gezwongen, Norwegen u Schweden ofzeginn.
Nationalversammlung zu Eidsvoll vun 1814
D'Norweger probéiere vun där Iwwergankszäit ze profitéieren a gi sech de
17. Mee 1814
zu
Eidsvoll
eng
Constitutioun
, an där se sech als onofhängeg deklaréieren. No engem kuerze Krich mat Schwede gëtt zu gudder Lescht de Kompromëss fonnt, datt Norwegen zwar en eegent Kinnekräich mat deelweis eegenen Institutioune bleiwen däerf, dat awer nëmmen am Kader vun enger Personalunioun mat Schweden. Den
13. August
1905
stëmmt eng grouss Majoritéit vun den Norweger an engem Referendum fir d'Opléisung vun der Unioun, déi domat onbluddeg op en Enn bruecht gëtt. Neie Kinnek gëtt den dänesche Prënz Carl aus dem Haus
Glücksburg
, dee sech
Haakon VII.
nennt.
Am
éischte Weltkrich
bleift Norwegen
neutral
1920
trëtt d'Land dem
Vëlkerbond
Société des nations
) bäi.
Den
9. Abrëll
1940
iwwerfält
Däitschland
déi neutral Länner Dänemark an Norwegen (
Operatioun Weserübung
).
D'Norweger wiere sech 6 Woche laang, mussen awer den
10. Juni
1940
virun der däitscher Arméi kapituléieren.
D'Zil vun der däitscher Invasioun war et d'norwegesch Häfen ënner Kontroll ze kréien. Engersäits sollt doduerch verhënnert ginn, datt
Groussbritannien
a Kooperatioun mat Norwegen Däitschland den Zougang zum
Nordmier
kéint blockéieren, anerersäits war den Hafe vun
Narvik
eng wichteg Statioun fir den Transport vu
Minett
aus dem schweedesche
Kiruna
an d'
Drëtt Räich
D'Majoritéit vun den Norweger war géint d'Besetzung an d'Ideologie vum
Nazidäitschland
. D'national
Resistenz
huet dobäi eng wichteg Roll gespillt. Dogéint ass den Numm vum bekanntsten norwegeschen
Nationalsozialist
, dem
Vidkun Quisling
, zum
Synonym
vu
Kollaborateur
ginn.
Norwegen ass Member vun der
NATO
, de
Vereenten Natiounen
an der
EFTA
Association européenne de libre-échange
), huet d'
Schengener Ofkommes
ënnerschriwwen an ass en Deel vum
Europäesche Wirtschaftsraum
. Zweemol, an de Joren
1972
respektiv
1994
hunn d'Norweger a Referendume géint de Bäitrëtt an d'
EU
gestëmmt.
Politik
änneren
Quelltext änneren
D'kinneklecht Schlass zu Oslo
D'Stortinget (Parlament) zu Oslo
D'norwegesch Constitutioun vum
17. Mee
1814
ass vun där franséischer vum Enn vum
18. Joerhonnert
inspiréiert. De Prinzip vum
Montesquieu
vun der Gewaltentrennung gëllt och hei. D'Duerchféierung vun deem Prinzip huet allerdéngs an der Praxis e puermol zu Ausenanersetzungen tëscht der Exekutiv, déi am wesentleche vum Kinnekshaus kontrolléiert gëtt, an dem
Storting
, dem norwegesche
Parlament
, gefouert. D'Kinnekshaus huet nämlech probéiert seng Privilegien als Executivmuecht auszebauen, andeems d'Parlament, opgrond vun der Constitutioun, dat verhënnere wollt.
Dës Spannungen hu bis
1884
zougeholl, deem Joer, dat an Norwegen als dat Joer ugekuckt gëtt, wou de Parlamentarismus sech duerchgesat huet. De biergerlech-liberale Stortings-Deputéierte
Johan Sverdrup
huet trotz Widderstand vum Kinnek
Oskar II.
d'staatsrechtlecht Prinzip duerchgesat, no deem eng Regierung, fir kënne virun ze regéieren, d'Ënnerstëtzung vum
Storting
, also dem Parlament brauch. No dëser Bestätegung huet de Kinnek missen de
Sverdrup
als neie Ministerpresident mat der Regierungsbildung chargéieren.
D'Parlament besteet aus 165 Deputéiert. All 4 Joer gëtt gewielt (bis
1936
all drëtt Joer). D'Parlament,
Stortinget
(1:1 iwwersat „Déi grouss Saach“), besteet aus zwéin Deeler,
Odelstinget
Lagtinget
. Well den Ënnerscheed awer net ganz kloer ass, gëtt den norwegesche System allgemeng als Eekummersystem ugesinn.
Grousskoalitioune sinn an Norwegen net de Gebrauch. De Fall, datt Minoritéitsregierunge mat der Ënnerstëtzung vum Parlament regéieren, ass méi heefeg. A leschter Zäit hate Minoritéitsregierunge Problemer, soudatt och elo an Norwege fir de Prinzip vu Koalitioune plädéiert gëtt. No de leschte Walen, den
12. September
2005
besteet d'Regierung aus enger Koalitioun vun "Arbeiderpartiet" (Sozialisten), "Sosialistisk Venstreparti" (Sozialistesch Lénkspartei) an der "Senterpartiet" (Zentrumspartei). Norwegesche Regierungschef ass de Sozialist Jens Stoltenberg.
An Norwege gouf et bis elo 6 Referendumen:
1905 iwwer d'Opléisung vun der Unioun mat Schweden. (Resultat:Jo)
1905 iwwer d'Ernennung vum Prënz Carls vun Dänemark als Kinnek Haakon VII. (Resultat: Jo)
1916 iwwer d'Alkoholverbuet. (Resultat: Jo)
1927 iwwer d'Annulatioun vun dëser Interdictioun. (Resultat: Jo)
1972 iwwer de Bäitrëtt zu der Europäescher Communautéit. (Resultat: Nee)
1994 iwwer de Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun. (Resultat: Nee)
Parteien
änneren
Quelltext änneren
Am Storting sinn zurzäit vertrueden:
Arbeiderpartiet (Sozialdemokratesch Partei)
Høyre (Konservativ)
Fremskrittspartiet (Fortschrëttspartei)
Sosialistisk Venstreparti (Sozialistesch Lénkspartei)
Kristelig Folkeparti (Chrëschtlech Vollekspartei)
Senterpartiet (Zentrumspartei, vertrëtt d'Interesse vun de Baueren)
Venstre (Liberal)
Miljøpartiet De Grønne (Déi Gréng, eng Ëmweltspartei)
Aner kleng Parteien:
Kystpartiet (Küstepartei, vertrëtt d'Interesse vun de Mënschen op der Küst an Nord-Norwegen)
Arbeidernes kommunistparti (Kommunistesch Partei vun den Aarbechter)
Norges Kommunistiske Parti (Kommunistesch Partei vun Norwegen)
Rød Valgallianse (Rout Walallianz, gréisst kommunistesch Partei)
Kristent Samlingsparti (Chrëschtlech Sammlungspartei, chrëschtlech, extrem-konservativ)
Demokratene (D'Demokraten, extreem konservativ)
Det Liberale Folkepartiet (Liberal Vollekspartei)
Pensjonistpartiet (Rentner-Partei, Partäi fir al Leit)
Administrativ Ënnerdeelungen
änneren
Quelltext änneren
D'Land ass an 15 Verwaltungsprovënzen (
Fylker
) agedeelt. Déi klengst der Fläch no ass d'Haaptstad Oslo.
Verwaltungsprovënzen (fylke) 2024
Verwaltungsprovënzen 2024
Administrativen Zentrum
Oslo
Oslo
11
Rogaland
Stavanger
15
Møre og Romsdal
Molde
18
Nordland
Bodø
31
Østfold
Sarpsborg
32
Akershus
Oslo
33
Buskerud
Drammen
34
Innlandet
Hamar
39
Vestfold
Tønsberg
40
Telemark
Skien
42
Agder
Kristiansand
46
Vestland
Bergen
50
Trøndelag
Steinkjer
55
Troms
Tromsø
56
Finnmark
Vadsø
Kultur
änneren
Quelltext änneren
Literatur
änneren
Quelltext änneren
Norwegen huet an der leschter Hallschent vum
19. Joerhonnert
vun engem staarke kulturellen Opschwong profitéiert. Un him haten Auteure wéi den
Henrik Ibsen
, de
Bjørnstjerne Bjørnson
, den
Alexander Kielland
, de
Jonas Lie
, d'
Amalie Skram
, den
Arne Garborg
Hans E. Kinck
Knut Hamsun
e groussen Undeel.
Dräi Norweger kruten den
Nobelpräis fir Literatur
: de
Bjørnstjerne Bjørnson
(1903),
Knut Hamsun
(1920) an d'
Sigrid Undset
(1928). De
Friddensnobelpräis
gëtt op Beschloss vum norwegeschen Nobelkommitee zu Oslo zouerkannt.
Musek, Theater a Konscht
änneren
Quelltext änneren
De bekanntsten norwegesche Komponist ass den
Edvard Grieg
Déi wichtegst Theaterbüne sinn d'
Oper
an d'
Nationaltheatret
zu Oslo, d'national Scene zu Bergen an den neien Theater an norwegescher Sprooch:
Det norske Teater
zu Oslo.
De bekanntste Moler ass den
Edvard Munch
. Seng Wierker kann een haaptsächlech am Munch-Musée zu Oslo gesinn.
Ekonomie
änneren
Quelltext änneren
D'
Buerinsel
Stratford A am
Nordmier
(1982)
D'norwegesch Ekonomie baséiert op engem räiche
Wuelfaartsstaat
no
kapitalisteschem
Modell mat enger Kombinatioun vu fräiem Marché a staatleche Reguléierungen. Vital Beräicher wéi de petrocheemesche Secteur sinn a grousse Staatsbetriber organiséiert. D'Land ass räich un natierleche Ressourcen;
Pëtrol
Waasserkraaft
Fësch
Bëscher
Mineralien
. Norwegen ass ferm ofhängeg vu senger Äerduelegproduktioun an den internationale Pëtrolspräisser.
1999
louch den Undeel vum Äerduelegexport bei 35
% vun den Exportrevenuen.
Saudi-Arabien
Russland
sinn déi eenzeg Länner déi nach méi Äerdueleg exportéieren.
E groussen Deel vum Benefice gëtt vum norwegesche Staat an en nationalen Äerduelegfong (
Statens petroleumsfond
) placéiert, deen a senger Totalitéit an d'Ausland investéiert gëtt. De Wäert vum
Pëtrolsfond
louch am 2. Quartal
2005
bei 181,5 Milliarden
US-Dollar
Norwegen ass net an der
EU
, huet awer wéinst dem Accord iwwer den
Espace Économique Européen
Zougang zum europäesche Marché.
Kuckt och
änneren
Quelltext änneren
Fjorde vun Norwegen
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Norwegen
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Offiziell Websäit vun Norwegen
Gouvernement
Service Public
Däitsche Site fir Leit déi an Norwege reesen
Franséischen Norwegen-Portal mat Touristinformatiounen
Den Norske Forening i Luxembourg
- Norweger zu Lëtzebuerg
Autoritéitskontroll
VIAF
155855229
LCCN
n79021528
ISNI
0000 0001 2298 9524
GND
4042640-3
SUDOC
026396009
BNF
cb11865124d
(data)
BIBSYS
90052905
HDS
003365
NDL
00568689
NKC
ge130191
iNaturalist
7016
BNE
XX451946
CiNii
DA06999205
KulturNav
e3269295-2756-4cce-9e79-a9280d720643
Memberstaate vun der
NATO
Albanien
Belsch
Bulgarien
Däitschland
Dänemark
Estland
Finnland
Frankräich
Griicheland
Holland
Island
Italien
Kanada
Kroatien
Lettland
Litauen
Lëtzebuerg
Montenegro
Nordmazedonien
Norwegen
Polen
Portugal
Rumänien
Schweden
Slowakei
Slowenien
Spuenien
Tierkei
Tschechesch Republik
Ungarn
Vereenegt Kinnekräich
USA
Referenzen an Notten
Quelltext änneren
Arealstatistics for Norway 2019, Kartverket, mapping directory for Norway
Archivéiert
den 08.06.2019.
Gekuckt de 24.03.2019.
(Fläch vum Kinnekräich mat
Svalbard
Jan Mayen
(en)
Population, 1.01.2026
Statistics Norway
(25.02.2026).
Gekuckt de 25.02.2026.
(no)
Fylkesinndelingen fra 2024
Regjeringen
(05.07.2022).
Gekuckt den 01.03.2024.
Vun „
Kategorie
Norwegen
Verstoppt Kategorien:
Citation
AK mat 14 Elementer
Wikipedia-Artikele mat VIAF-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat LCCN-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat ISNI-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat GND-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat BNF-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat BIBSYS-Identifianten
Norwegen
Sujet derbäisetzen
US