Paräis – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Portal vu Paräis
– All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer
Paräis
Paräis
Paräis nuets
Paräis nuets
Land
Frankräich
Regioun
Île-de-France
Departement
Paräis
Arrondissement
20 Arrondissementer
Postcode
75001 bis 75020 a 75116
Gemengecode
75056
Koordinaten
48°
51’
00’’ N
02°
20’
00’’ O
Fläch
105,40
km²
ha
Bevëlkerung
2 229 621
2013
Satellittefoto vu Paräis
Regioun Île-de-France mat Paräis
Paräis
fr.
paˈʀi
]) ass d'Haaptstad vu
Frankräich
a vun der Regioun
Île-de-France
. An eeleren, meeschtens
laténgeschen
, Texter gëtt Paräis och
Lutetia
respektiv
Lutezia
genannt. De Floss
Seine
deelt d'Stad an en nërdlechen Deel (
rive droite
- rietst Seineufer) an e südlechen Deel (
rive gauche
- lénkst Seineufer). Paräis huet am eigentleche Stadgebitt 2.153.600 Awunner, an an der
Agglomeratioun
liewen 12.067.000 Mënschen (Stand
1. Januar
2007
).
Déi Uertschafte vun der
Banlieue
, déi baussent dem
Peripherique
leien, gi selbstänneg verwalt an zielen doduerch net wierklech zur Stad Paräis mat hiren zwanzeg Arrondissementer am verwaltungsrechtleche Sënn. Paräis ass eng Weltstad an dat grousst
politescht
wirtschaftlecht
kulturellt
Zentrum vum zentralistesch organiséierte Land, an ass och deem seng gréisst Verkéiersachs (ënner anerem mat dräi
Fluchhäfen
a sechs
Kappgaren
). Paräis ass och de Sëtz vun der
UNESCO
, der
OECD
an der
ICC
Geographie
änneren
Quelltext änneren
Geographesch Lag
änneren
Quelltext änneren
D'Stad läit am Zentrum vum
Paräisser Baseng
duerchschnëttlech
65 Meter iwwer dem Mieresspigel. D'
Seine
leeft op enger Héicht vu 25 Meter iwwer dem Mieresspigel aus der Stad eraus. Ronderëm Paräis leien zwéi grouss
Stadbëscher
, déi der Bevëlkerung als Noerhuelungsgebitt déngen.
D'Stadgebitt huet eng Fläch vun 105,4 Quadratkilometer. D'
Metropolregioun
huet eng Buedemfläch vu 14.518 Quadratkilometer.
De
Meridian
vu Paräis, dee
1718
vum
Jacques Cassini
festgeluecht an
1806
vum franséische Physiker
Arago
prezis berechent gouf, huet bis an d'Joer
1884
International Meridian-Konferenz zu Washington
) ee vu villen
Nullmeridianen
duergestallt. En ass matzen duerch de
Paräisser Observatoire
gaangen, a gouf duerch verschidde Saile souwéi duerch déi verschidden
Arago
-Medaillone markéiert, déi
1995
vum hollännesche Konzeptkënschtler
Jan Dibbets
diskreet an de
Pavé
, op Trottoiren, Häff a verschidde Gebaier (ënner anerem de Louvre) agelooss goufen, als en Hommage un de Physiker a Mënscherechtler. Vun den ursprénglech 135 Plackette sinn der e puer zanter der Verëffentlechung vum
Dan Brown
sengem Erfollegsroman
The Da Vinci Code
geklaut ginn.
Seine
änneren
Quelltext änneren
D'
Seine
verbënnt Paräis mam Banneland (
Bourgogne
) a mam
Äermelkanal
. Si war de wichtegste Faktor fir d'Entstehung an d'Entwécklung vun der Stad, déi hiren Ursprong op der gréisster Seineinsel, vun deenen et fréier eng ganz Partie gouf, fonnt huet. D'Seine deelt d'Stad an zou ongläich Hallschenten, déi nërdlech, mam Handel an de Finanzen (
rive droite
) an déi südlech (
rive gauche
), déi mat dem
Quartier Latin
als Véirel vun den Intellektuellen ugesi gëtt, an als Wunngéigend staark gefrot ass.
Inselen
änneren
Quelltext änneren
Île aux Cygnes
île de la Cité
am Häerz vun der Stad war schonn an der
Antiquitéit
bewunnt, an ass domat den eelsten Deel vun der Haaptstad.
1584
huet den
Henri III.
dräi suppeg Insele vun der ëstlecher Inselspëtzt matenee verbonnen, a si un déi grouss ugegliddert. Domat ass d'Fläch am Laf vun de Joerhonnerte vun ursprénglech 8 op am Ganze 17 Hektar eropgaangen. Sou konnt eng "kinneklech" Plaz entstoen (
Place Dauphine
) entstoen, an aus dem Verkaf vun den Haiser konnten d'Sue beschaf ginn, fir eng Bréck ze bauen, déi déi zwéi Seine-Ufere matenee verbanne sollt. Dës sougenannten "Nei Bréck" (
Pont Neuf
) ass haut déi eelst Bréck vu Paräis, déi nach erhalen ass.
Och d
Île Saint-Louis
ass eng Zesummefügung vun zwou klengen Inselcher, der
Île aux Vaches
an der
Île Notre Dame
. Am Géigesaz zu hirer grousser Schwëster, der
Cité
, ass si bis zum Ufank vum
17. Joerhonnert
onbebaut bliwwen. Am Joer
1614
huet de
Louis XIII.
dem Entreprener Christophe Marie den Optrag ginn, d'Géigend z'erschléissen. De Marie huet een Aarm vun der Seine zougeschott, ronderëm déi zwou Inselen eng Kaimauer baue gelooss, souwéi Brécken zu de Flossuferen. Zanter ongeféier
1618
gouf d'Gelänn mat Haiser fir Handwierker a Kafleit bebaut, zanter
1638
och mat luxuriéise Stadpalaise fir déi méi gehuewe Klass. D'Bebauung ass no engem feste Grondplang mat riichte Stroosse gemaach ginn, deen een och haut nach erkenne kann.
(Kuckt och:
Plang vun der Île Saint-Louis
Déi fréier
Île des Cygnes
(Schwaneninsel) gouf
1773
mam
Champ de Mars
, dem Manöverfeld vun der Militärschoul, verbonnen.
Haut dréit net wäit vum
Eiffeltuerm
en Damm, deen op der Seine ugeluecht gouf, den Numm
Île aux Cygnes
mat der
Allée des Cygnes
déi driwwer leeft. Op hir steet eng 11,50 Meter héich
Kopie vun der Fräiheetsstatu
. Si kuckt no Westen, a Richtung
Atlantik
, an domat zu hirer "grousser Schwëster" am
New Yorker
Hafen. En opfällegt Bauwierk op der
Île aux Cygnes
ass déi 380 Meter laang Bréck
Pont de Bir-Hakeim
. Si besteet aus verschiddenen Deeler: enger 114 Meter laanger Bréck iwwer den Haaptaarm vun der Seine, dem Deel op der Insel, enger 90 Meter laanger Bréck iwwer den Niewenaarm vun der Seine souwéi den „Zoufahrtsviaduct“ vum
Paräisser Metro
Hiwwelen
änneren
Quelltext änneren
Déi héchst natierlech Erhiewung bannent de Stadgrenzen ass den Hiwwel
Butte Montmartre
mat enger Héicht vun 129 Meter. Op den Hiwwel fiert d'
Standseelbunn
Funiculaire de Montmartre
. Um Nordhang gouf e
Wéngert
ugeluecht, deen awer zanter datt am
Parc Georges Brassens
an am
Parc de Bercy
Riewe
wuessen, net méi deen eenzege vu Paräis ass.
Geologie
änneren
Quelltext änneren
De Paräisser Baseng ass eng grouss Schichtstufelandschaft. Schlësselfërmeg leien do d'Schichte vum
Mesozoikum
a vum
Paleogen
(fréier
Altertiär
) anenaner a si vun der
Erosioun
zu enger wäitgespaanter Stufelandschaft ausgeschafft ginn, där hir Stufe sech no bausse riichten.
Nëmmen am ëstlechen Deel sinn am Offall vun dëse Stufe géint d
Saône-Spléck
tektonesch
Brochlinne méi markant. Dat sinn déi géi Häng vum
Plateau vu Langres
an der
Côte-d'Or
(bis 636 Meter), déi och berüümt Wäibaugebidder sinn, well si am Reeschiet vun der
Leesäit
méi laang Sonn hunn, an doriwwer eraus och nach d'Virdeeler vun der Südexpositioun hunn.
Eng gewëssen Ongläichfërmegkeet besteet doran, datt d'Schichtefolleg am nordëstlechen Deel méi perfekt ass, wéi am Westen. Déi méi staark Eraushiewung vum Ostfligel huet och allgemeng méi grouss Héichtenënnerscheeder a méi eng markant Formatioun vun de Stufe mat sech bruecht. An de Baseng era reecht als bedeitend Stuf déi vun den
eozene
-Kalleker, an där d'
Île-de-France
, d'Ballungsgebitt vu Paräis, agebett läit.
Stadglidderung
änneren
Quelltext änneren
Kaart vun den Arrondissementer
Paräis gouf am Joer
1790
Verwaltungssëtz vum
Departement Seine
(75) an ass zanter der Neiglidderung vun der
Île-de-France
am Joer
1968
gläichzäiteg Stad an Departement. Ofgesi vun der geographescher Glidderung a
rive droite
rive gauche
an „Inselen" ass si an
arrondissements
an a
quartiers
ënnerdeelt.
Déi 20 nummeréiert
arrondissements
(ofgekierzt Arrdt.) hunn d'
Postcode
75001 bis 75020 an duerchzéie Paräis spiralfërmeg vu bannen no baussen. D'Spiral fänkt am historesche Stadkär un, der Géigend vum
Louvre
Palais Royal
Forum des Halles
, a geet am Oste vun der Stad, dem Arrondissement vum
Kierfecht Père-Lachaise
op en Enn. All Arrondissement huet säin eegene Buergermeeschter
(Maire d'Arrondissement)
, deen am Buergermeeschteramt vu sengem Bezierk
(Mairie de l'Arrondissement)
residéiert. All Bezierk ass sengersäits nach a véier
quartiers
agedeelt.
D'Arrondissementer vu Paräis sinn:
1.
Louvre
2.
Bourse
3.
Temple
4.
L'Hôtel de Ville
5.
Panthéon
6.
Luxembourg
7.
Palais Bourbon
8.
L'Elysée
9.
L'Opéra
10.
L'Entrepôt
11.
Popincourt
12.
Reuilly
13.
Gobelins
14.
L'Observatoire
15.
Vaugirard
16.
Passy
17.
Batignolles-Monceaux
18.
Butte-Montmartre
19.
Buttes-Chaumont
20.
Ménilmontant
Klima
änneren
Quelltext änneren
Klimadiagramm Paräis
Paräis läit an der
gemässegter Klimazon
. D'Joresmëtteltemperatur bedréit 10,6 Grad Celsius an et falen am Duerchschnëtt pro Joer 639 Millimeter Néierschlag.
De wäermste Mount ass de Juli mat an der Moyenne 18,0 Grad Celsius, de keelste Mount ass de Januar mat an der Moyenne 3,4 Grad Celsius. De meeschten Néierschlag fält am Juni mat an der Moyenne, am Mannsten Néierschlag fält am Februar an am Abrëll mat an der Moyenne 45 Millimeter.
Zanter
1873
ginn zu Paräis reegelméisseg
meteorologesch
Miessunge gemaach. Déi déifst Temperatur gouf den
10. Dezember
1879
mat -23,9 Grad Celsius. Den Hëtzterekord gouf mat 40,4 Grad Celsius den
28. Juli
1947
im
Parc Montsouris
gemooss.
Geschicht
änneren
Quelltext änneren
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Geschicht vu Paräis
Lutetia
D'Stad huet sech zanter der Mëtt vum
3. Joerhonnert v. Chr.
aus der
keltescher
Siidlung
Lutuhezi
entwéckelt, déi vum
Stamm
vun de
Parisii
bewunnt war, an op der
Seine
Insel
louch, déi haut
Île de la Cité
heescht. Deen éischte Bestanddeel vum Numm staamt vun der keltescher Wuerzel
luta
, also "Supp/Mouer", soudatt de ganze keltesch-réimesche Numm
Lutetia Parisiorum
, also "flaach Supp vun de Parisier" bedeit. Den Hiwäis op d'Supp goung dunn am Laf vun der Zäit verluer.
No der Eruewerung vun der Siidlung duerch d'
Réimer
am Joer
52 v. Chr.
hunn d
Parisii
hiert Inselfort niddergebrannt an et de Réimer iwwerlooss. Déi hunn d'Stad als
Lutetia
erëm opgebaut, se befestegt an och op dat lénkst Seineufer ausgebreet. Do sinn Thermen, e Forum an en
Amphitheater
entstanen. D'Stad gouf am réimesche Räich als
Civitas Parisiorum
oder
Parisia
bekannt, blouf awer am besate
Gallien
uganks relativ onbedeitend.
Paräis 1493
Am
5. Joerhonnert
ass d'réimesch Herrschaft duerch d'
Merowenger
op en Enn gaangen. Am Joer
508
war Paräis d'Haaptstad vum Merowengerräich ënner dem
Clovis I.
(466-511) ginn. Duerno gouf si ënner engem vu senge Jongen zum fränkeschen
Deelkinnekräich Paräis
. Wärend der
Karolengerherrschaft
hunn d'
Normannen
ëmmer nees d'Stad iwwerfall. D'
Kapetenger
hu Paräis nees zur Haaptstad vu Frankräich gemaach. De
Philippe II. Auguste
(1165-1223) huet d'Stad befestege gelooss.
1190
gouf eng Mauer um rietsen Ufer vun der Seine gebaut an am Joer
1210
e Wall um lénksen Ufer. Zu där Zäit gouf et um rietse Seineufer vill Händler. Ausserdeem huet de Philippe II. de
Louvre
an Optrag ginn.
1181
ass déi éischt iwwerdaachte Machthal opgaangen an
1301
ass op der
Île de la Cité
e Kinnekspalais gebaut ginn. D'
Sorbonne
huet sech am Süde vu Paräis aus enger jett méi klenge Schoulen entwéckelt. De
Charles V.
(1338-1380) huet um lénkse Seineufer d'Mauer zum Schutz vun der Stad virun den
Englänner
erneiere gelooss.
1370
gouf op seng Veruloossung um rietsen Ufer, wou hat d
Grands boulevards
verlafen, och eng Mauer gebaut ginn. Wärend dem
Honnertjärege Krich
war Paräis vu
1420
bis
1436
vun den Englänner besat.
De Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789
Wärend de
Reliounskricher
tëscht
1562
1598
ass d'Stad a
kathouleschem
Besëtz bliwwen. An der
Baartelméisnuecht
de
24. August
1572
goufen zu Paräis Dausende vun
Hugenotten
higeriicht. Op Uerder vum
Louis XIV.
(1638-1715) goufe Stroossebeliichtungen installéiert, d'Waasserversuergung moderniséiert an d'Spideler
Invalides
Salpêtrière
gebaut. Hien huet d'Stadmauere vu Paräis ofdroe gelooss an an hirer Plaz d
Grands boulevards
baue gelooss. D'
Residenz
vum Kinnek gouf op
Versailles
verluecht. Paräis ass awer de politeschen Zentrum vu Frankräich bliwwen, wat op d'héich Bevëlkerungszuel an d'wirtschaftlech Roll am Land zeréckzeféiere war.
Wéi am Joer
1789
d'
Franséisch Revolutioun
ausgebrach ass, war et d'Bevëlkerung vu Paräis, déi de Wee zu der Ofschafung vun der
Monarchie
an zu der Aféierung vun der éischter franséischer Republik fräigemaach huet.
1844
gouf zu Verdeegeungszwecker do wou hat de Boulevard Périphérique verleeft, eng nei Stadbefestegung gebaut mat enger Längt vun 39 Kilometer. Si war mat hire 94
Bastiounen
a 16
Forts
déi gréisst Befestegungsanlag vun der Welt.
D'Weltausstellung 1900
Paräis war an de Joren
1855
1867
1878
1889
1900
an
1937
d'Veranstaltungsplaz vu sechs
Weltausstellungen
, déi d'kulturell a politesch Bedeitung vun der Stad ënnerstrach hunn. Nom Néiergang vum
Second Empire
wéi däitsch Truppen
1871
op Paräis amarschéiert sinn, koum et zu der
Commune vu Paräis
, déi sech aus Aarbechter, Handwierker a Klengbierger zesummegesat huet, géint déi
konservativ
provisoresch Regierung vun der Republik. Eng Bléizäit huet Paräis tëscht
1871
an
1914
an der
Belle époque
erlieft. Un der
Gare de Lyon
, dem
Pont Alexandre III
an de Metrosstatiounen ass de Stil vun där Zäit z'erkennen.
1921
hat Paräis mat knapps dräi Milliounen déi héchst Awunnerzuel vu senger Geschicht erreecht. De stättesche Wunnengsbau ass der Nofro net méi nokomm. Wärend dem
Zweete Weltkrich
war d'Stad tëscht
1940
an
1945
vun der däitscher
Wehrmacht
besat.
1968
koum et zu Studenterevolten a Massestreiken.
2005
koum et zu Onroue vu Randaléierer an de Faubourge vun der Haaptstad, déi sech lues a lues op d'ganzt Land ausgebreet hunn.
2015
huet den
IS
Attentater
mat 132 Doudeger verübt.
2024
sinn zu Paräis déi
XXXIII. Olympesch Summerspiller
Bevëlkerung
änneren
Quelltext änneren
Relioun
änneren
Quelltext änneren
D'Kierch Notre-Dame
Ëm déi 80 Prozent vun den Awunner si
gedeeft
, ronn 75 Prozent bekenne sech zum
kathoulesche
Glawen, déi meescht praktizéieren de
Laténgesche Ritus
, verschiddener och den
armeeneschen
a ukrainesche Ritus. Den
Äerzbëschof vu Paräis
ass fir d'Katholicke vun den ëstleche Riten zoustänneg. Zu Paräis gëtt et an de politesche Grenze vun der Stad 94 kathoulesch Gemengen, des Weidere 15
griichesch-
russesch-orthodox Kierchen
, siwe
Synagogen
fir déi ronn 220.000
Judden
an zwou
Moschee
ë fir déi ronn 50.000
Moslemen
, haaptsächlech
Sunitten
. Nëmme knapps 12
% vun de Chrëschten an ongeféier 15
% vun de Judde praktizéieren hire Glawen.
D'Regioun
Île-de-France
ass och en Zentrum vum arabesch-islamesche Liewen an Europa. Am Laf vum
20. Joerhonnert
ass d'Zuel vun de Moslemen an der Metropolregioun op schätzungsweis eng Millioun (10
% vun den Awunner) geklommen. Besonnesch zanter Ufank vun den
1960er
Jore si vill Awanderer aus Nordafrika (
Algerien
Marokko
und
Tunesien
) an d'Banlieue vu Paräis kopmm. D'Spannungen tëscht de verschiddene Reliounen hunn zanter den
1980er
Joren zougeholl.
No de Walerfolleger vum rietsradikale
Front National
(FN) vum
Jean-Marie Le Pen
bei de Kommunalwalen
1983
koum et an der Regioun an a wäiten Deeler vum Land zu enger Well vu rassistescher Gewalt géint Moslemen aus Nordafrika. Besonnesch nodeem den
Noostkonflikt
no den Uschléi vum
11. September
2001
zu
New York
nees opgeflamt ass, koum et zu weidere
rassisteschen
an
antisemittesche
Strofdoten.
Dës Fakte sollen awer op kee Fall iwwerdriwwe ginn. Den Alldag vun de Paräisser ass vun engem Multikulturalismus charakteriséiert, deen zu enger bemierkenswäerter Spezifizitéit vun der Stad ginn ass.
Awunnerentwécklung
änneren
Quelltext änneren
De bestännege Réckgank vun der Bevëlkerung an der
Antiquitéit
an am
Mëttelalter
ass op déi vill Kricher,
Epidemien
an Hongersnéit zeréckzeféieren. Sou si souguer nach am Joer
1832
bei enger
Choleraepidemie
ronn 20.000 Mënsche gestuerwen. Eréischt d'Inudstrialiséierung am
19. Joerhonnert
huet zu engem staarke Wuesstem vun der Bevëlkerung gefouert.
1846
hunn zu Paräis ronn eng Millioun Leit gewunnt, bis
1876
hat sech dës Zuel op 2 Millioune verduebelt.
1921
hat d'Awunnerzuel vu Paräis mat knapps 3 Milliounen Awunner hiren historeschen Héichpunkt erreecht. 2009 liewen eppes méi wéi zwou Millioune Leit an der Haaptstad selwer. Zanter
1954
huet eng 3/4 Millioun Awunner Paräis nees verlooss.
Verschiddener sinn an d'Provënz geplënnert, mä d'Majoritéit an d'
Banlieue
. Sou huet sech d'Bevëlkerungszuel vun der
Metropolregioun
, zu där nieft Paräis och d'Regioun
Île-de-France
gehéiert, vu 5,85 Milliounen am Joer
1946
op 11,6 Milliounen am Joer 2005 verduebelt. Den Haaptgrond fir d'Ofwanderung waren d'Präisser vun de Wunnengen, déi ëmmer méi an d'Luucht gaange sinn. Mä och d'
Dezentraliséierung
vu verschidden Industriebrachen an de Bau vu ville Bürosgebaier hunn eng wichteg Roll fir de Bevëlkerungsverloscht vun der Haaptstad gespillt.
Am Verlaf vum
20. Joerhonnert
huet sech Paräis zu enger
multikultureller
, kosmopolitescher Stad entwéckelt. Den Haaptdeel vun den
Immigrante
kënnt aus Algerien, Portugal a Spuenien. Am Ganze liewen eng 40 verschidden Nationalitéiten zu Paräis (vun Nordafrika iwwer Südamerika bis
Indochina
).
Déi follgend Iwwersiicht weist d'Awunnerzuele nom jeeweilege Gebittsstand. Bis
1784
handelt et sech ëm Schätzunge vun den Historiker
Jacques Dupâquier
an
Alfred Fierro
, vun
1790
bis
1999
ëm Resultater vun der Vollekszielung a fir 2005 ëm eng Berechnung.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Joer
Awunner
150
80.000
363
20.000
510
30.000
1000
20.000
1180
110.000
1250
215.000
1365
275.000
1500
200.000
1589
300.000
1637
415.000
1675
500.000
1700
600.000
1784
660.000
1790
524.186
1796
556.304
1801
546.856
Joer
Awunner
1807
580.609
1817
713.966
1831
785.862
1836
909.126
1841
935.261
1846
1.053.297
1851
1.053.262
1856
1.174.346
1861
1.696.141
1866
1.825.274
1872
1.851.752
1876
1.988.813
1881
2.239.928
1886
2.260.945
1891
2.447.957
1896
2.536.834
Joer
Awunner
24. Mäerz 1901
2.714.068
4. Mäerz 1906
2.763.393
5. Mäerz 1911
2.888.110
6. Mäerz 1921
2.906.472
7. Mäerz 1926
2.871.429
8. Mäerz 1931
2.891.020
8. Mäerz 1936
2.829.746
10. Mäerz 1946
2.725.374
10. Mee 1954
2.850.189
7. Mäerz 1962
2.753.014
1. Mäerz 1968
2.590.771
20. Februar 1975
2.317.227
4. Mäerz 1982
2.188.918
5. Mäerz 1990
2.152.423
8. Mäerz 1999
2.125.246
1. Januar 2005
2.138.551
Entwécklung vun der Wunnsituatioun
änneren
Quelltext änneren
Ufank vun den
1960er
Jore gouf zu Paräis mat enger groussugeluechter Stadsanéierung an Entwécklung vum Stadbau ugefaangen. Am ëstlechen a südëstlechen Deel vun der Haaptstad goufe ganz Véirel renovéiert. An der Ëmgéigend vun de moderniséierten an neie Garë wéi d'
Gare de Lyon
an d'
Gare Montparnasse
sinn nei Staddeeler an Déngschtleeschtungszentren entstanen.
Duerch dës Agrëffer goufen awer och vill historesch Gebaier zerstéiert, wat zu Protester vu villen Awunner gefouert huet. D'
urbanistesch
Entwécklung huet zu Véirel a Betonbauweis gefouert, an Héichhaiser aus
Glas
Stol
, wouduerch Paräis deenen anere Grousstied ëmmer méi geglach huet. D'Wunnengen am Zentrum sinn ëmmer méi deier ginn, an déi méi arm Awunner sinn an d'
Banlieue
geplënnert, wärend déi méi räich sech an der Stad selwer néiergelooss hunn. Och vill Awanderer déi virun allem aus Nord- a Schwaarzafrika komm sinn, hu sech an de leschte Joerzéngten an de Bëtongssiidlungen um Bord vun der Stad néiergelooss.
A Frankräich gouf iwwer Joerzéngten d'Awanderung vu Millioune vu Mënschen aus dem aussereuropäesche Raum gefërdert, ouni d'Folgen z'analyséieren an ze verschaffen. Et kënnt ëmmer nees zu Gewaltausbréch an der Paräisser Banlieue, wat fir d'Experten en Zeeche fir d'Roserei vu ville Jugendlecher iwwer de relativen Aarmut, de
Rassismus
, d'Perspektivlosegkeet an d'Massenaarbechtslosegkeet ass, déi besonnesch d'
Migranten
an den
Trabantestied
betrëfft.
Politik
änneren
Quelltext änneren
Stadregierung
änneren
Quelltext änneren
Den Hôtel de Ville vu Paräis
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Den éischte Buergermeeschter vun der Haaptstad, de
Jean-Sylvain Bailly
, gouf de
15. Juli
1789
vun der Paräisser Selbstverwaltung agesat. Well d'Commune un der diktatorescher Schreckensherrschaft (
Terreur
) bedeelegt war, gouf si
1794
vun 12 getrennten an dezentraliséierte Gemengeverwaltungen ersat. De Staat huet d'Kontroll iwwer d'Stad iwwerhol, an huet d'Amt vum Prefekt vun der Seine (
Préfet de la Seine
) geschaf. Wärend der
Biergerlecher Revolutioun
vun
1848
an der
Commune vu Paräis
vun
1870
1871
huet fir e puer Méint e Buergermeeschter d'Soen iwwer d'Stad gehat.
Den
20. Mäerz
1977
gouf de Jacques Chirac den éischte fräi gewielte Buergermeeschter vu Paräis. D'Haaptstad, déi bis elo ënner engem Prefekt stoung, dee vun der Regierung ernannt gi war, krut de selwechte Status wéi all aner Gemengen a Frankräich. Eng Ausnam ass awer d'
Police
, déi weiderhin dem Policeprefekt ënnersteet. E Gesetz vun
1982
huet d'Rotsversammlunge vun den
Arrondissements
etabléiert, déi haaptsächlech berotschloe sollen, a begrenzt Befugnisser hunn. De Gemengerot (
Conseil de Paris
) an de Buergermeeschter (
Maire de Paris
) gi fir jeeweils sechs Joer gewielt. Déi nächst Gemengewale si fir
2007
festgesat.
Buergermeeschter vu Paräis waren:
Jean-Sylvain Bailly
(15. Juli 1789-18. November 1791),
Jérôme Pétion
(18. November 1791-15. Oktober 1792),
Philibert Borie
(7. Juli 1792-13. Juli 1792),
René Boucher
(15. Oktober 1792-2. Dezember 1792),
Nicolas Chambon
(8. Dezember 1792-2. Februar 1793),
Jean-Nicolas Pache
(14. Februar 1793-10. Mee 1794),
Jean-Baptiste Fleuriot-Lescot
(10. Mee 1794-17. Juli 1794),
Louis-Antoine Garnier-Pages
(24. Februar 1848-5. Mäerz 1848),
Armand Marrast
(9. Mäerz 1848-19. Juli 1848),
Étienne Arago
(4. September 1870-15. November 1870),
Jules Ferry
(15. November 1870-5. Juni 1871),
Jacques Chirac
(20. Mäerz 1977-16. Mee 1995),
Jean Tiberi
(22. Mee 1995-24. Mäerz 2001),
Bertrand Delanoë
(25. Mäerz 2001-5. Abrëll 2014) an
Anne Hidalgo
(5. Abrêll 2014-haut).
Partnerschafte mat anere Stied
änneren
Quelltext änneren
Paräis huet Partnerschafte mat follgende Stied. A Klameren d'Joer vum Etablissement vun der Partnerschaft.
Roum
Italien
(1956)
Kyoto
Japan
(1958)
Tokio
Japan
(1982)
Kairo
Egypten
(1985)
Amman
Jordanien
(1987)
Berlin
Däitschland
(1987)
Sanaa
Jemen
(1987)
Seoul
Südkorea
(1991)
Beirut
Libanon
(1992)
Moskau
Russland
(1992)
Jakarta
Indonesien
(1995)
Chicago
USA
(1996)
Québec
Kanada
(1996)
San Francisco
USA
(1996)
Peking
China
(1997)
Prag
Tschechien
(1997)
Riad
Saudi-Arabien
(1997)
Sankt Péitersbuerg
Russland
(1997)
Santiago de Chile
Chile
(1997)
Tiflis
Georgien
(1997)
Jerewan
Armenien
(1998)
Lissabon
Portugal
(1998)
Sofia
Bulgarien
(1998)
Sydney
Australien
(1998)
Mexiko-Stadt
Mexiko
(1999)
Warschau
Polen
(1999)
Athen
Griicheland
(2000)
Madrid
Spuenien
(2000)
Washington, DC
USA
(2000)
London
Groussbritannien
(2001)
Genf
Schwäiz
(2002)
Alger
Algerien
(2003)
Montréal
Kanada
(2003)
São Paulo
Brasilien
(2004)
Kultur a Kuckeswäertes
änneren
Quelltext änneren
D'franséisch Haaptstad huet eng grouss Zuel vu kuckeswäerte kierchlechen a weltleche Bauwierker, Stroossen, Plazen a Parken, eng ronn 160 Muséeën, 200 Konschtgalerien, zirka 100
Theater
, iwwer 650
Kinoen
a méi wéi 10.000 Restauranten. D'Offer vu kulturelle Veranstaltungen, Musek- a
Filmfestivaller
, Ausstellungen, Concerten, Moudedéfiléën a sportleche Kompetitiounen ass räichhalteg. D'Schlassanlag zu
Fontainebleau
gouf 1979, d'
Schlass vu Versailles
1981
an d'Uferpromenad vun der
Seine
zu Paräis an d'
UNESCO
-Lëscht vun de
Weltkulturierwen
opgeholl.
D'
Cité internationale des arts
ass eng vun de gréisste Kënschtlerresidenz op der Welwäit, an där all Joer iwwer Dausend Kënschtler schaffen a wunnen.
De
Musée d'Orsay
Theater
änneren
Quelltext änneren
Bedéngt duerch d'Traditioun vum
Zentralismus
a Frankräich hunn déi wichtegst Theater- a Ballettsensembele vum Land hire Sëtz zu Paräis. De Programm ass mat vill Ofwiesslung a kann an engem vun de Veranstaltungskalennere wéi
Pariscope
oder
Officiel des Spectacles
nogekuckt ginn, déi een op all Zeitungskiosk fënnt. Staark reduzéiert Theaterkaarte kann een all Dag vun 13.00 Auer u fir d'Virstellunge vum selwechten Owend an de speziellen Theaterkioske virun der Gare Montparnasse an der Kierch Madeleine kréien.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Paräisser Theater
Muséeën
änneren
Quelltext änneren
Zu Paräis gëtt et eng ronn 160
Musée
ën zu de verschiddensten Theemen. Zu de bekanntsten zielen natierlech de
Louvre
, deen
1793
opgaangen ass, an de
Musée d'Orsay
fir zäitgenëssesch Konscht an
Impressionismus
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Paräisser Muséeën
Bauwierker
änneren
Quelltext änneren
Plazen a Stroossen
änneren
Quelltext änneren
Zu Paräis gëtt et eng jett kuckeswäert Plazen a Stroossen.
Éischt
urbanistesch
relevant Moossname goufen zu Paräis um Ufank vum
17. Joerhonnert
vum Kinnek
Henri IV.
getraff, wéi zwou vun den am Ganze fënnef sougenannte
"Places royales"
gebaut goufen.
Op der
Place de la Concorde
fänkt d'Prunk- a Paradestrooss
Avenue des Champs-Élysées
un, eng vun de groussen a berüümte "Weltstroossen".
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Paräisser Plazen a Stroossen
Weltlech Bauwierker
änneren
Quelltext änneren
Déi eelst Bauwierker vun der Stad Paräis stinn am
Quartier Latin
op der
Montagne-Sainte-Geneviève
, wou sech zanter
52 v. Chr.
Réimer
néiergelooss hunn. Nom Ënnergang vum
Réimesche Räich
si virun allem
Sakralbauten
entstanen.
Hôtel de Sens
Déi eelst Deeler vum
Palais de la Cité
- dorënner d'
Sainte-Chapelle
- déi nach erhale sinn, goufen am
13. Joerhonnert
ënner dem
Louis IX.
gebaut. De
Louvre
wéi mir en haut kennen ass d'Resultat vu ville Baucampagnen ënner ville verschiddene Kinneken, eng Mëschung aus
Mëttelalter
Renaissance
Barock
Second Empire
. Aus der zweeter Hallschent vum
15.
an dem
16. Joerhonnert
komme vill interessant
Hôtels
, Stadpalaisen, wéi zum Beispill den
Hôtel de Sens
1475
1507
) och nach den
Hôtel Carnavalet
dee
1548
ugefaange gouf.
De
Palais du Luxembourg
gouf am
1615
vum
Maria vu Medici
als Landschlass baussent den deemolege Stadmaueren an Optrag ginn. De
Palais-Royal
, nërdlech vum Louvre, gouf vu 1627 bis 1629 fir de
Richelieu
gebaut. De
Panthéon
gouf tëscht
1764
1790
als Klouschterkierch fir d'
Benediktiner
baue gelooss.
Den Eiffeltuerm
Den
Arc de Triomphe
op der
Place de l'Étoile
gouf nach ënner dem
Napoleon
1806
an Optrag ginn, mä war eréischt am Joer
1836
fäerdeggebaut.
Zanter der Mëtt vum
19. Joerhonnert
huet sech d'Stad an eng prestigräich modern Metropol verwandelt. Als Kréinung vun dëser Epoch zielt d
Opéra Garnier
(1861 - 1875).
D'Wouerzeeche vun der Stad ass den
Eiffelturm
(324,8 Meter héich mat der Antenn) vun
1889
, deen eigentlech nëmmen temporär fir d'Weltausstellung do stoe sollt.
An der zweeter Hallschent vum
20. Joerhonnert
koum et duerch d
grands projets
zu ville Bauteprojeten an der ganzer Stad. E perséinleche Prestigeobjet aus der éischter Amtsperiod vum
François Mitterrand
ass d'
Opéra Bastille
(1983 - 1989).
D'
Grande Arche
vum
Johan Otto von Spreckelsen
, e Kubus deen an der Mëtt op ass, steet am
Défense-Véirel
a gouf
1989
ageweit.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Paräisser Bauwierker
Kierchen
änneren
Quelltext änneren
Déi fréier
Abteikierch Saint-Germain-des-Prés
um
Boulevard Saint-Germain
(6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de
fränkesche
Kinnek
Childebert I.
aus dem Geschlecht vun de
Merowenger
, e Jong vum
Clovis I.
hei am Joer
557
eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut.
D'
Kathedral
Notre-Dame de Paris
op der
Île de la Cité
(4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste
gotesche
Kathedrale vu
Frankräich
. Si ass der
Maria
, der Mamm
Jesu
, geweit. D'Kierch
Saint Germain-l'Auxerrois
nieft dem
Louvre
(1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der
Romanik
am 12. Joerhonnert. D'Parkierch
Saint-Sulpice
südlech vum
Boulevard Saint-Germain
(6. Arrdt.) ass dem hellege
Sulpicius II. vu Bourges
geweit.
D'Palaiskapell
Sainte-Chapelle
am
Palais de la Cité
(1. Arrdt.) net wäit vun der Kathedral ewech gouf vum
Saint Louis
an den
1240er
Jore baue gelooss, fir wäertvoll
Reliquien
opzehuelen.
Den
Dôme des Invalides
gouf tëscht
1670
1691
vum
Jules Hardouin-Mansart
um lénksen Ufer vun der
Seine
gebaut (7. Arrdt.). Dës prächteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wéi d'Zaldotekierch
Saint-Louis des Invalides
en Deel vum
Hôtel des Invalides
De Bau vun der Kierch
La Madeleine
nërdlech vun der
Place de la Concorde
(8. Arrdt.) huet
1764
nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember
1791
opgrond vun der
Franséischer Revolutioun
missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt
Jacques-Marie Huvé
1783
1852
) nees opgeholl an am Joer
1842
ofgeschloss
D'
Basilique du Sacré-Cœur
ass eng réimesch-kathoulesch
Wallfaartskierch
um Hiwwel vu
Montmartre
an ass den zweethéchste Punkt vun der Stad nom
Eiffeltuerm
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Paräisser reliéis Gebaier
Gréngflächen
änneren
Quelltext änneren
De Séi "
Lac Inférieur
" am
Bois de Boulogne
Op den éischte Bléck mécht Paräis den Androck vun enger grénger Stad. Un de Stroosse stinn eng Ronn 89.000 Beem. D'Gaardebauamt
Direction des Parcs, Jardins et Espaces Verts de Paris
këmmert sech an der Stad selwer ëm déi 2.437 Hektar Gréngflächen, zu deenen ausser de béide grousse Stadbëscher
Bois de Vincennes
(995 Hektar) a
Bois de Boulogne
(846 Hektar) och déi 14 Kierfechter zielen (92 Hektar), d'Gaardebauschoul
Ecole Horticulture Du Breuil
(22 Hektar) an de Gaardebauzentrum
Centre Horticole Auteuil-Longchamps
(8,5 Hektar), an deem Blummen a Sträicher geziicht ginn.
D'Stad Paräis huet doriwwereraus nach 6 weider Kierfechter, de Bësch
Beauregard
bei
La-Celle-Saint-Cloud
an d'Blummeproduktiounsplazen zu
Rungis
, Fresnes an Achères (477 Hektar).
Nieft de Flächen, ëm déi sech d'Stad këmmert, stinn den Awunner an Touriste vu Paräis och nach siwe Gäert a Parken zur Verfügung, déi vum Stat ënnerhale ginn (118 Hektar).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Parken a Gäert zu Paräis
Kuckeswäertes an der Géigend
änneren
Quelltext änneren
D'
Schlass vu Versailles
Zu
La Défense
, engem Büros- a Geschäftsvéirel, leeft no Westen de Paräisser
Axe historique
weider bis bei déi sougenannt
Grande Arche
. De Kubus, deen 110 Meter héich ass, ass en Entworf vum Architekt
Johan Otto von Spreckelsen
dee vum
Paul Andreu
ausgefouert gouf. D'Gebai ass de Sëtz vum franséischen Handels- an Transportministère.
D'
Schlass vu Fontainebleau
an der Uertschaft mam selwechten Numm läit 65 Kilometer südlech vu Paräis, a gouf am
16. Joerhonnert
ënner de Kinneke
François I.
an
Henri II.
baue gelooss. Den Architekt war de
Philibert Delorme
1510
1570
).
D'
Schlass vu Versailles
, wat westlech vu Paräis an der Stad
Versailles
steet, war d'Virbild fir vill europäesch Kinneksschlässer. Fir d'Erweiderung vum Juegdschlass vum
Louis XIII.
huet de
Louis XIV.
1661
den Architekt
Le Vau
, de Moler
Le Brun
an de Gaardenarchitekt
Le Nôtre
komme gelooss.
D'
Basilika Saint-Denis
ass eng fréier
Abteikierch
an der Stad
Saint-Denis
nërdlech vu Paräis. Do goufen zanter dem
10. Joerhonnert
quasi all franséisch Monarche begruewen. D'Kierch huet zanter
1966
de Status vun enger
Kathedral
Den
Disneyland Resort Paris
(kuerz och
Eurodisney
genannt) an der Stad
Marne-la-Vallée
, ëm déi 30 Kilometer ëstlech vu Paräis, ass mat 1943 Hektar e grousse Fräizäitkomplex.
Sport
änneren
Quelltext änneren
Zu Paräis gëtt et eng Partie sportlech Groussevenementer: hei ass d'Arrivée vum
Tour de France
am Vëlossport, hei gëtt e
Marathon
gelaf, d
French Open
am
Tennis
gespillt, an de
Prix de l'Arc de Triomphe
am Päerdssport iwwerreecht. Ausserdeem ginn de
Meeting Gaz de France
Liichtathleetik
), d
Trophée Lalique
Äiskonschtlaf
) an de
Sechs-Natiounen-Tournoi
am
Rugby
organiséiert.
De
Stade de France
steet zu
Saint-Denis
, nërdlech vu Paräis. De Foussball- an Nationalstadion fir 80.000 Spectateure gouf fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft
1998
a Frankräich gebaut. D'franséisch Foussballsekipp an d'Rugby-Nationalmannschaft spillen hir Heemspiller am
Stade de France
Am
Parc des Princes
fannen 49.000 Spectateuren eng Plaz, an hei gi meeschtens d'Matcher tëscht de Lokalmannschaften ausgedroen. De Stadion gëtt haaptsächlech vum Foussballclub
Paris Saint-Germain
benotzt. Zanter dem Bau vum
Stade de France
huet de
Parc des Princes
u Bedeitung verluer, zielt awer weiderhin zu de modernste Stadie vun
Europa
Den
Hippodrom vu Longchamp
ass déi wichtegst Infrastruktur fir Päerdssport zu Paräis. Den haitegen Hippodrom gouf
1857
op de Mauere vun der Abtei vu Longchamp gebaut, déi am Kader vun der
Franséischer Revolutioun
zerstéiert gi war.
Reegelméisseg Evenementer
änneren
Quelltext änneren
Januar
: Moudendéfilé
Prêt à Porter
Porte de Versailles
) a
Festival de création musicale
Maison de Radio France
).
Februar
Paris Romantique
Mäerz
Banlieues Bleues
(Blues & Jazz Festival) a
Festival du Film de Paris
(Cinéma Gaumont Marignan).
Abrëll
: Paräisser
Marathon
vun der
Avenue des Champs-Élysées
bis an d'
Avenue Foch
Mee
Grand Steeplechase de Paris
(Hippodrome vun
Auteuil
) a
French Open
(Roland Garros).
Juni
Fête de la Musique
Gay Pride Parade
Juli
: Festivitéiten zum franséischen Nationalfeierdag op de
Champs-Élysées
Juli
August
Paris-Plage
September
Journées du Patrimoine
Dezember
Le Bal Crillon des Débutantes
Akafen
änneren
Quelltext änneren
Galeries Lafayette
Paräis ass natierlech och bekannt duerch déi vill Geschäfter, déi et hei ginn. Zu de bekanntste Geschäfter zielen d
Galeries Lafayette
. Déi grouss Zentralhal mat hirer Glaskuppel ass e Baumonument. Nëmmen e puer Meter weider fënnt een d'Geschäft
Au Printemps
. Op der
Rive Gauche
ass och d'Luxusgeschäft
Le Bon Marché
ze fannen, wat mat senger „
Grande Épicerie de Paris
“ och Liewensmëttel aus aller Welt ze bidden huet.
Net wäit ewech vun der
Opéra Bastille
läit de Maart
Marché d'Aligre
, deen all Dag ausser méindes op huet. Gezei an och Konschtgéigestänn kann een um Floumaart
Puces de la Porte de Montreuil
fannen. Weider Mäert sinn de
Marché de la Porte Vanves
an de
Puces de Saint-Ouen-Clignancourt
D'Geschäft
Le Louvre des Antiquaires
beim
Palais Royal
zielt zu de gréissten a bekanntsten Antiquitéitegeschäfter vu Paräis. A ronn 250 Raim op dräi Stäck fënnt ee Miwwelen, Biller, Teppecher, Spillsaachen, awer och Aueren a Bijouen.
E weidert grousst Akafszentrum ass
Les Halles
, wou een nieft Geschäfter och Restauranten an e Kino fanne kann. Eng grouss a bekannt Geschäftsstrooss ass d
Rue de Rivoli
Paräis an de Film
änneren
Quelltext änneren
Paräis kann op eng laang an erfollegräich Filmgeschicht zeréckkucken.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Film zu Paräis
Ekonomie an Infrastruktur
änneren
Quelltext änneren
Ekonomie
änneren
Quelltext änneren
Vue vun der Austelitz-Bréck op Paräis.
Paräis ass de wichtegste Wirtschaftszentrum vu Frankräich. An der
Metropolregioun
Paräis hu sech ongeféier e Véirel vun de Produktiounsbetriber vum Land néiergelooss. Duerch de grousse Maart, deen d'Stad selwer bitt, huet si schonn ëmmer Hiersteller vu Konsumartikelen ugezunn. Paräis ass bekannt fir d'Produktioun vu Luxusgéigestänn (
Haute Couture
a Bijouen). Zu de wichtegste Produite vun der Stad zielen och cheemesch Produiten, elektresch Apparater, Autoen a Maschinnen.
Traditionell ass d'Wirtschaftspolitik duerch déi staark staatlech Agrëffer beaflosst. Hei spillt déi historesch Roll vum
Merkantilismus
– besonnesch dem
Colbertismus
– eng Roll. D'reguléiert Vollekswirtschaft gouf an de leschte Joren awer ëmmer méi
privatiséiert
. D'Schlësselindustrien, besonnesch d'
Energiewirtschaft
, stinn awer nach ënner staatlecher Kontroll.
Bal all grouss Déngschtleeschtungsentreprise vu Frankräich, besonnesch Banken a Firme vum Finanzwiesen, hunn hire Sëtz zu Paräis. Zanter den
1990er
Jore gouf ausserdeem versicht, multinational Konzerner op Paräis ze kréien. D'Stad ass haut eng vun de wichtegsten Handelsmetropole vun
Europa
E wichtege Virdeel vun der Stad ass, datt si matzen an enger vun de fruuchtbarsten Argrarlandschaften an Europa läit. D'Landwirtschaft war schonn a fréiere Joerhonnerten d'Wirtschaftsgrondlag vun der Regioun an huet d'Versuergung vun der Stadbevëlkerung geséchert.
D'Haaptstadregioun produzéiert duerch déi staark Konzentratioun vun nationalen an internationalen Entreprisen ongeféier en Drëttel vum
BIP
vum Land.
Ee Problem ass de Chômage. Zanter dem Ufank vun den 1990er Joren huet Paräis ronn eng véirels Millioun Aarbechtsplaze verluer. E Grond ass den Ofbau vun Aarbechtsplazen an der Industrie an d'Verlagerung vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten an d'Nopeschgemenge wéi z.
B. d'Geschäftsvéirel
La Défense
Verkéier
änneren
Quelltext änneren
Fernverkéier
änneren
Quelltext änneren
De Périphérique bei der Porte de la Muette.
Paräis ass iwwer e Netz vun Autobunnen a Schnellstroosse mam ganze Land verbonnen. Eng wichteg Roll spillt heibäi de
Boulevard périphérique
. Déi aachtspuereg Autobunn leet de Verkéier ronderëm Paräis an an d'Stad eran. Bal all wichteg franséisch Autobunne lafen op Paräis zou a kommen aus alle Richtungen op de Boulevard périphérique: d'A 1 aus
Lille
, d'A 4 aus
Reims
, d'A 5 aus
Dijon
, d'A 6 aus
Lyon
, d'A 77 aus
Nevers
, d'A 10 aus
Orléans
, d'A 13 aus
Rouen
an d'A 16 aus
Amiens
Paräis huet den zweetgréisste
Bannenhafen
an Europa an ass e wichtege Knuet am Eisebunnsnetz vu Frankräich. E bësse baussent der Stad gëtt et dräi international
Fluchhäfen
. 48,3 Millioune Passagéier hunn am Joer
2003
de Fluchhafe „
Charles de Gaulle
“ passéiert – dëst war déi drëtthéchst Zuel vun alle Fluchhäfen an Europa. Mat 23,1 Millioune Passagéiert war den
Orly
op néngter Plaz. Den drëtte Fluchhafen ass de
Paris-Beauvais
Zu de wichtegsten Eisebunnsstrecken zielen d'Verbindunge mat de Stied
Marseille
Lyon
Bordeaux
Toulouse
Stroossbuerg
Rennes
, déi zum Deel mat
TGV
-Zich befuer ginn. Zu de groussen europäesche Verbindungen zielen d'Strecke vum
Eurostar
op
London
a vum
Thalys
op
Köln
an
Amsterdam
iwwer
Bréissel
. Déi grouss Gare sinn d'
Gare d'Austerlitz
Gare de l'Est
Gare de Lyon
Gare Montparnasse
Gare du Nord
Gare Saint-Lazare
. Fir Wuere gëtt d'Gare
Le Bourget
benotzt.
Noverkéier
änneren
Quelltext änneren
De Paräisser Metro
De Verkéier an der Stad selwer leeft gréisstendeels iwwer de
Metro
. De
Paräisser Metro
ass no
London
1863
),
Glasgow
Budapest
1896
) déi véierteelst U-Bahn an Europa. Déi éischt Metroslinn ass den
19. Juli
1900
opgaangen. D'Paräisser U-Bahnnetz besteet aus 14 Linnen an ass mat 212,5 Kilometer eent vun de gréissten Netzer vun der Welt. De Metro gëtt dagdeeglech vu bal 5 Millioune Mënsche benotzt.
Um Metrosnetz hänken d'Expressbunne vum
RER
, déi Paräis mat de Faubourge verbannen.
Den
21. November
1853
sinn zu Paräis déi éischt
Päerdstramme
gefuer, et waren déi éischt an Europa. Mat der Elektrifizéierung vum
Tramsnetz
gouf de
6. November
1881
ugefaangen. De Betrib gouf de
14. August
1938
agestallt. No 54 Joer Ënnerbriechung fiert zanter dem
6. Juli
1992
nees en Tram duerch d'Banlieue. Zanter dem
16. Dezember
2006
fiert den
Tram
och nees zu Paräis selwer.
Paräis huet och e grousst Netz vu Buslinnen, souwéi speziell Nuetsbusser (
Noctambus
).
Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen
Paräisser Metro
Réseau Express Régional
a(n)
Paräisser Tram
Bildung
änneren
Quelltext änneren
D'Universitéit Paris IV-Sorbonne
D'Géigesätz tëscht Paräis an dem Rescht vum Land gi virun allem an der Bildung däitlech. Déi wichtegst Schoulen an Infrastrukture stinn zu Paräis.
1257
gouf d'
Sorbonne
gegrënnt, an ass domat déi eelst Universitéit a Frankräich. Aus enger Fakultéit fir
Theologie
ass d'Sorbonne zu enger vun de renomméiersten Universitéite vun hirer Zäit ginn. Am Joer
1968
gouf d'Universitéit duerch eng Reform an 13 onofhängeg Deeler opgespléckt, wouvu fënnef haut baussent Paräis leien.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Sorbonne
D'
Académie française
ass eng vun den eelsten Institutioune vu Frankräich, an déi mam gréisste Prestige. Si ass zanter
1801
am
Collège des Quatre Nations
vis-à-vis vum
Louvre
ze fannen; do wunnt och de
Secrétaire perpétuel
, dee säin Amt op Liewenszäit kritt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Académie française
Weider héich Bildungsariichtunge sinn de
Collège de France
1530
), d'
École polytechnique
1794
), de
Conservatoire national des arts et métiers
1794
), den
Institut Catholique
1875
), d'
HEC Paris
1881
) an d'
École du Louvre
1882
).
Vun de ville Bibliothéiken zu Paräis ass d'
Franséisch Nationalbibliothéik
fr.
Bibliothèque Nationale de France
) déi gréisst. Dat haitegt Gebai gouf
1990
ugefaangen, an ass den
20. Dezember
1996
opgaangen.
Bekannt Paräisser
änneren
Quelltext änneren
Éierebierger
änneren
Quelltext änneren
Éierebierger vu Paräis sinn ënner anerem de Moler a Graphiker
Pablo Picasso
(zanter
1971
), d'
Ingrid Betancourt
, den US-amerikanesche Journalist
Mumia Abu-Jamal
(zanter
2003
) souwéi d'Politikerin
Aung San Suu Kyi
(zanter
2004
).
Jongen a Meedercher vun der Stad
änneren
Quelltext änneren
Paräis war de Gebuertsuert vu ville bekannte Perséinlechkeeten. Dozou zielen ënner anerem de Komponist
Georges Bizet
, d'Chansonsängerin
Edith Piaf
, de Moler
François Boucher
, de
Pierre de Coubertin
, de
Serge Gainsbourg
, den Architekt
Charles Garnier
, de Prefekt
Georges-Eugène Haussmann
, de Schauspiller a Regisseur
Mathieu Kassovitz
, d'Schauspillerin
Sophie Marceau
an d'Sängerin a Schauspillerin
Caterina Valente
Perséinlechkeeten, déi zu Paräis gewierkt hunn
änneren
Quelltext änneren
Zu de Perséinlechkeeten, déi zu Paräis gewierkt hunn, gehéieren ënner anerem de Schrëftsteller
Honoré de Balzac
, de Komponist
Frédéric Chopin
, d'Schauspillerin
Marlene Dietrich
, den Ingenieur
Gustave Eiffel
, de Schrëftsteller
Heinrich Heine
, de Sänger
Jim Morrison
The Doors
), de Komponist
Jacques Offenbach
an de Literat
Oscar Wilde
Literatur zum Theema
änneren
Quelltext änneren
Hanno Ballhausen,
Chronik der Metropolen. Paris.
Wissen Media Verlag GmbH, Gütersloh 2004
ISBN 3-577-14599-4
Jean-Pierre A. Bernard,
Les deux Paris: les représentations de Paris dans la seconde moitié du XIX
siècle
, Seyssel, Champ Vallon, 2001.
Yvan Combeau,
Histoire de Paris
, Que sais-je
?, Paräis, 2003.
Bernard Champigneulle,
Paris: architectures, sites et jardins
, Éditions du Seuil, Paräis, 1973.
Jean Firges,
Die Stadt Paris. Geschichte ihrer Entwicklung und Urbanisation.
Sonnenberg-Verlag, Annweiler am Trifels, 2002
ISBN 3-933264-00-6
Michel Fleury,
Paris monumental
, Flammarion, Paräis, 1974.
Michel Fleury,
Paris: de Lutèce à Beaubourg
, Flammarion, Paräis, 1979.
Ursula von Kardorff,
Adieu Paris. Streifzüge durch die Stadt der Bohème
, Kindler-Verlag, München, 1974
ISBN 3-463-00590-5
Herbert R. Lottman,
Der Fall von Paris 1940
, Piper, München, 1994
ISBN 3-492-03531-0
Giovanna Magi, Rita Bianucci, Hubert Bressonneau,
Kunst und Geschichte von Paris und Versailles. Besichtigung aller bedeutenden Monumente und Museen.
, Konrad-Theiss-Verlag, Stuttgart, 2002
ISBN 3-8062-1697-5
Gerhard Sälter,
Polizei und soziale Ordnung in Paris.
, Vittorio-Klostermann-Verlag, Frankfurt am Main, 2004
ISBN 3-465-03298-5
Klaus Schüle,
Paris. Die politische Geschichte seit der Französischen Revolution.
, Gunter-Narr-Verlag, Tübingen, 2005
ISBN 3-8233-6183-X
Fritz Stahl,
Paris. Eine Stadt als Kunstwerk.
, Rudolf Mosse Buchverlag, Berlin, 1929.
Richard Wunderer,
Paris - Sittengeschichte einer Weltstadt.
, Weltspiegel-Verlag, Stuttgart, 1967
(ISBN B0000BU9UC)
Gielercher
änneren
Quelltext änneren
Compagnon de la Libération
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Paräis
– Biller, Videoen oder Audiodateien
(fr)
Offiziell Säit vun der Stad Paräis
(fr)
Paräis op Wikivoyage
(fr)
Dat antikt Paräis
Haaptstied
an
Europa
Amsterdam
Andorra la Vella
Athen
Belgrad
Berlin
Bern
Bratislava
Bréissel
Budapest
Bukarest
Chişinău
Dublin
Helsinki
Kiew
Kopenhagen
Lissabon
Ljubljana
Lëtzebuerg
London
Madrid
Minsk
Moskau
Nikosia
Oslo
Paräis
Podgorica
Prag
Pristina
Reykjavík
Riga
Roum
Sarajevo
Skopje
Sofia
Stockholm
Tallinn
Tiflis
Tirana
Vaduz
Valletta
Vilnius
Warschau
Wien
Zagreb
Portal vu Paräis
– All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer
Paräis
Vun „
Kategorien
Paräis
Universitéitsstied a Frankräich
Olympesch Stied
Uertschaften, déi d'Légion d'honneur kruten
Compagnons de la Libération
Etappestied vum Tour de France
Verstoppt Kategorien:
Infobox Uertschaft Frankräich
Säiten, déi magesch ISBN-Linke benotzen
Paräis
Sujet derbäisetzen
US