Portugal – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
República Portuguesa
Detailer
Detailer
National Devise
: keng
Offiziell
Sprooch
Portugisesch
Mirandeesesch
Haaptstad
Lissabon
Awunner:
509751
Koordinaten:
38º42'N, 9º11'W
Staatsform:
Republik
President:
António José Seguro
Premierminister:
Luís Montenegro
Fläch:
92.090
km
Bevëlkerung:
10.599.095
Bevëlkerungsdicht:
115/
km
Nationalfeierdag:
10. Juni
, Dia de Portugal
Nationalhymn:
A Portuguesa
Lauschteren
Wärung
Euro
(EUR)
Zäitzon
UTC
0 (+1 am Summer)
Internet TLD
.pt
Internationalen
Telefonsprefix
+351
D'
Portugisesch Republik
República Portuguesa
) oder och einfach nëmme
Portugal
, ass e
Staat
am Südweste vun der
ibeerescher Hallefinsel
. E gëtt am Westen an am Süde vum
Atlanteschen Ozean
, am Osten an am Norde vu
Spuenien
begrenzt. Donieft gehéieren zum portugisesche Staatsgebitt d'Inselgrupp vun den
Azoren
souwéi
Madeira
. Westlech vun der Haaptstad
Lissabon
läit
Cabo da Roca
, dee westlechste Punkt vum europäesche Festland.
Den Numm
Portugal
kënnt vum Numm vun der Siidlung
Cale
am Delta vum Floss
Douro
hier.
Cale
kéint e
griichescht
Wuert sinn (
Kalles
= "schéin") a sech op d'Schéinheet vun der Natur am Norde vum Portugal vun haut bezéien, deen d'
Griichen
deemools koloniséiert haten. Aner
Historiker
mengen, datt
Cale
aus dem
Phenizesche
kéim, well d'Phenizier Portugal an der Zäit virun de
Réimer
besidelt haten. Wéi Portugal zum Réimeschen Imperium gehéiert huet, gouf
Cale
e wichtegen Hafen, op
Latäin
Portus Cale
. Am
Mëttelalter
gouf
Portus Cale
du
Portucale
, duerno
Portugale
, woubäi dat Wuert am
7.
an am
8. Joerhonnert
nëmmen déi nërdlech Deeler vum Land bezeechent hunn, also d'Regioun tëscht de Flëss
Douro
Rio Minho
. Anerersäits verkierzt sech den Numm
Portus Cale
zu
Porto
, der zweetwichtegster Stad, déi sech dowéinst voller Stolz als déi Stad betruecht, déi dem Land den Numm ginn huet.
Administrativ Andeelung
änneren
Quelltext änneren
Portugal huet eng ganz komplex Administratioun. Et gëtt fënnef
Regiounen
regiões
), 18 Distrikter (
distritos
) an zwou autonom Regiounen (
regiões autónomas
), donieft existéieren 28 sougenannt "statistesch Ënnerregiounen" (
subregiões estatísticas
). Een Niveau drënner kommen dann ongeféier 308 Kreesser (
municípios
oder
concelhos
) a 4257 Gemengen (
freguesias
). Déi Andeelung ass éischter ineffizient an deier. Et gëtt un enger Reform geschafft, déi d'Distrikter ofschafen an d'Kompetenzen dezentraliséiere soll.
Geschicht
änneren
Quelltext änneren
Torre de Belém
Fréigeschicht bis d'Antikitéit
änneren
Quelltext änneren
D'Vir- an d'Fréigeschicht vum Land entsprécht zum gréissten Deel der Entwécklung an den anere Regioune vun der Ibeerescher Hallefinsel. Vun
2000 v. Chr.
un sinn d'
Ibeerer
warscheinlech aus Nordafrika agewandert. Vun
1200 v. Chr.
un goufe vun de
Phenizier
a vun
700 v. Chr.
un vun de
Griichen
Kolonie gegrënnt. No
600 v. Chr.
wandere
Kelten
eran, déi sech mat den Ibeerer vermëscht hunn (sougenannt
Keltibeerer
). Zu deene gehéiert och de Stamm vun de
Lusitaner
, deenen hire
laténgeschen
Numm méi spéit dem Land säi sollt ginn.
No
450 v. Chr.
gouf dat Gebitt vu
Karthago
eruewert an nom
Zweete Punesche Krich
Roum
ofgetrueden. Vun de Réimer gëtt et ënner dem Numm
Lusitania
zum Deel als eegestänneg Provënz verwalt. Déi réimesch Herrschaft hält op an der
Vëlkerwanderungszäit
, d'
Sueben
(no
409
) a virun allem d'
Westgoten
(no
416
) grënnen hir Räicher um Terrain vum spéidere Portugal.
Herrschaft vun de Maure bis d'Kolonialmuecht
änneren
Quelltext änneren
Am Joer
711
gouf d'Land vun de
Mauren
eruewert, Portugal gëtt en Deel vum
Kalifat vu Cordoba
, wou d'
Almoraviden
d'Soen hunn.
718
fänkt
León
mat der chrëschtlecher
Reconquista
un, aus Portugal gëtt sou am
11. Joerhonnert
eng eegestänneg Grofschaft, déi
1093
un den
Henri vu Burgund
fält, de Grënner vun der éischter portugisescher Kinneksdynastie.
Ënner dem Henri sengem Jong an Nofollger
Alphonse I.
gëtt Portugal
1143
onofhängeg, den Alphonse selwer gëtt Kinnek. D'
Burgunder
sinn a Portugal bis
1383
um Rudder,
1211
gëtt dat éischt Stännparlament (
Cortes
) aberuff,
1250
ass d'Reconquista, no der Eruewerung vun der
Algarve
, a Portugal fäerdeg,
1256
gëtt
Lissabon
nei Haaptstad vum Kinnekräich.
1383 stierft de leschte Burgunder a Portugal. De
Jean vun Avis
, dee baussent engem Bestietnes op d'Welt koum, rifft sech zum Kinnek aus, ka
kastilesch
Uspréch op de portugiseschen Troun an der
Schluecht vun Aljubarrota
1385
) ofwieren a grënnt déi zweet portugisesch Dynastie (
Avis
). D'Avis-Kinneken, besonnesch den
Emanuel I.
1495
1521
) verbesseren dem Land seng wirtschaftlech a militäresch Kapazitéite massiv: Portugal gëtt féierend Handels- a Séimuecht, keeft Kolonien a
Brasilien
Afrika
Arabien
Indien
an a
China
, d'Land ass eng Weltmuecht an déi räichst Natioun vun Europa (
Kuckt dozou och den Artikel:
Henri de Séifuerer
). Och kulturell ass d'Land an der Bléi (
Luís de Camões
).
1580
ass d'Avis-Dynastie um Enn, Portugal fält aus dynastesche Grënn un d'
Habsburger
vu
Spuenien
. Bis
1640
regéieren d'Spuenier, Portugal verléiert seng Onofhängegkeet, gëtt zu enger spuenescher Provënz degradéiert a verléiert Stécker vu sengem Kolonialräich. 1640 kënnt et zu enger Revolte géint d'spuenesch Herrschaft vum Adel ënner dem Herzog vu
Bragance
, dee sech als
Jean IV.
zum Kinnek erkläert. Hie grënnt déi virlescht portugisesch Dynastie, d'
Haus Bragance
. Baussen- a wirtschaftspolitesch gëtt d'Land méi a méi ofhängeg vun
England
(cf.
Methuenvertrag
1703
).
1755
zerstéiert en
Äerdbiewen
grouss Deeler vun der Haaptstad Lissabon, de
Marquês de Pombal
baut d'Stad erëm op a baut d'Land mat deels drastesche Methoden zu engem opgekläerten
absolutistesche
Staat ëm.
1807
hunn
napoleonesch
Truppen d'Land besat, d'kinneklech Famill goung an den
Exil
a Brasilien. Nodeemss d'Fransouse mat brittescher Hëllef erausgehäit goufen, koum et zu enger
liberaler Revolutioun
, d'Land krut fir d'éischt Kéier a senger Geschicht eng
Constitutioun
1821
). Eréischt am
Miguelistekrich
hunn d'Unhänger vun enger
konstitutioneller Monarchie
géint d'Unhänger vum Absolutismus gewonnen. 1821 gouf Brasilien ënner dem Keeser
Pedro I.
onofhängeg.
Schlussphas vun der Monarchie bis den Estado Novo
änneren
Quelltext änneren
D'Zäit nom Miguelistekrich gëtt vum Konflikt tëscht de riets- an de lénksliberale (
Cartisten
Setembristen
) bestëmmt.
1853
stierft mat der Kinnigin
Maria II.
d'Haus Bragance an direkter Linn aus, wéinst dem Bestietnes vun der Kinnigin mam
Ferdinand II.
vu
Sachsen-Coburg-Gotha
kann d'portugisesch Branche vun dësem däitschen Adelshaus den Troun iwwerhuelen (bis
1910
). D'Schlussphas vun der Monarchie gëtt vun enger allgemenger Schwächt vum Land, wirtschaftleche Problemer (
Staatsfaillite
1891
) a sech widderhuelend republikanesch Opstänn bestëmmt.
1908
kommen de Kinnek
Carlos I.
a säin Ierwe bei engem Attentat ëm d'Liewen, 1910 gëtt d'
Republik
ausgeruff.
1916
gräift d'Land op der Säit vun der
Entente
an den
Éischte Weltkrich
an. Déi
éischt Republik
, bis
1926
, ass duerch
anarchesch
a chaotesch Zoustänn gezeechent, monarchistesch a kommunistesch Revolten, Putschversich (ë.
a. vum
Sidónio Pais
1917
), schwaach, dacks Regierungen déi wiesselen, ouni parlamentaresch Majoritéit an eng allgemeng politesch Instabilitéit erschwéieren d'Situatioun.
1926
putscht d'Arméi a setzt der éischter Republik en Enn. Ënner dem Militär setzt sech allerdéngs en Zivilist,
António de Oliveira Salazar
, vun
1928
un Finanzminister, vun
1932
u Premier, un d'Spëtzt vum Staat. Hie grënnt
1933
den
Estado Novo
, den neien autoritäre Staat mat
faschisteschen
Tendenzen, mat enger Eenheetspartei (
National Unioun
), enger Staatsjugend an enger Geheimpolice (
PIDE
). Am
Zweete Weltkrich
bleift d'Land
neutral
, erlaabt awer den
Alliéierten
d'Ariichte vu Militärbasen op den
Azoren
a gëtt, nodeem de Krich eriwwer ass,
NATO
-Member.
1960
fänkt de
Kolonialkrich
un, dee besonnesch an Afrika (
Angola
Mosambik
Guinea-Bissau
) mat grousser Häert gefouert gëtt.
1968
muss de Salazar wéinst Problemer mat der Gesondheet opginn, säin Nofollger,
Marcello Caetano
, ka sech allerdéngs net zu radikale Reformen decidéieren. Duerch de Kolonialkrich ass Portugal aussepolitesch ëmmer méi isoléiert, d'Käschte vum Krich dreiwen d'Staatsverscholdung an d'
Inflatioun
an d'Luucht. Féierend Genereel erkennen, datt de Kolonialkrich militäresch fir Portugal net méi ze gewannen ass. Well d'Regierung net capabel ass, eng politesch Léisung fir de Problem ze fannen, kënnt et
1974
zum
Putsch
. D'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung mat der
Diktatur
, déi duerch d'Wirtschaftskris (wéinst der
Éischter Pëtrolskris 1973
) nach verstäerkt gëtt, féiert dozou, datt sech d'Bevëlkerung massenhaft mat de putschenden Offizéier solidariséiert, et kënnt zu engem allgemenge Volleksopstand, der
Oeilletsrevolutioun
, déi den
Estado Novo
ewechbléist. Déi nei Machthaber entloossen d'portugisesch Kolonien an d'Onofhängegkeet (1974/
1975
). Dat ass d'Enn vum portugisesche Kolonialräich.
Et bleift ze soen, datt Portugal seng lescht Kolonien, nämlech de klengen Iwwerséiterritoire
Macau
, op der südchinesescher Küst, ongeféier 60
km vun Hongkong ewech, eréischt 1999 u China zeréckginn huet.
Kaart vu Portugal
Vun der Oeilletsrevolutioun bis zum EU-Bäitrëtt
änneren
Quelltext änneren
Déi éischt Phas no der Revolutioun ass vun engem Konflikt tëscht enger éischter konservativer Stréimung (
Generol António Sebastião Ribeiro de Spínola
) an engem
sozialistesche
Flillek (
Otelo Saraiva de Carvalho
Haaptmann Otelo
) gezeechent, dee sech an dem
MFA
(Movimento das Forças Armadas - der Vereenegung vun de putschenden Offizéier) ofspillt. Um Ufank gésäit et sou aus, wéi wann d'sozialistesch Stréimung géif gewannen, well et zu
Verstaatlechungen
Landreforme
komm ass, déi nei Constitutioun von
1976
definéiert de Sozialismus als Staatszil.
Mä wéi sech bei den éischte Presidentschaftswalen no der neier Constitutioun 1976 de moderéierten
Generol Eanes
iwwerraschend däitlech géint den Haaptmann Otelo kann duerchsetzen, sinn d'Weiche gestallt fir datt d'Land erëm eng parlamentaresch Demokratie no westeuropäeschem Modell ka ginn. Den Eanes an de Chef vun der Sozialistescher Partei, de
Mário Soares
(Premier vun 1976 bis
1978
a vun
1983
bis
1985
, Staatspresident vun
1986
bis
1996
) féieren d'Land 1986 an d'
Europäesch Gemeinschaft
Vum EU-Bäitrëtt bis haut
änneren
Quelltext änneren
1979
gewënnt fir d'éischt Kéier zanter der Oeilletsrevolutioun erëm eng politesch Gruppéierung, déi riets vun der Mëtt steet, d'Parlamentswalen (wat zu de Regierunge
Francisco de Sá Carneiro
Francisco Pinto Balsemão
féiert), d'Regierung ka sech mat der sozialistescher Oppositioun op eng Constitutiounsännerung eenegen, duerch déi sozialistesch Iwwerreschter, déi no der Oeilletsrevolutioun an d'Constitutioun geschriwwe goufen, erausgeholl ginn. D'Constitutiounsännerung, déi 1982 a Kraaft trëtt, eliminéiert ënner anerem dee bis dohi wichtege Revolutiounsrot a setzt e Verfassungsgeriicht nom Virbild vun aneren demokratesche Staaten an. 1985 gëtt den
Aníbal Cavaco Silva
Premier, seng konservativ
PSD
gewënnt onerwaart héich d'Wale vun
1978
, bei deenen eng Partei fir d'éischt Kéier eng absolut Majoritéit kritt. De Cavaco Silva bleift bis
1995
Premier, hie steet fir eng
neoliberal
Wirtschaftspolitik, d'Verstaatlechungen aus der Zäit vun der Oeilletsrevolutioun gi réckgängeg gemaach. Vun 1995 bis
2002
stellen d'Sozialiste mat dem
António Guterres
d'Regierung, vun 2002-
2004
huet d'Land mat dem
José Manuel Barroso
erëm eng konservativ Regierung. D'Funktioun vum President ass mat engem Sozialist besat, well dem Soares säin Nofollger 1996 de Sozialist
Jorge Sampaio
gëtt.
2004
gëtt de Barroso vum
Europäesche Conseil
zum Nofollger vum
Romano Prodi
als President vun der
Europäescher Kommissioun
bestëmmt. De
Pedro Santana Lopes
gëtt doropshi Premier, mä seng Koalitioun hält net laang: den
30. November
2004 rifft de President Sampaio Neiwalen aus, déi am Februar 2005 ofgehale ginn. De
José Sócrates
, dee Spëtzekandidat vun der
Partido Socialista
war, ass zanter dem
12. Mäerz
2005
Ministerpresident.
Den
22. Januar
2006
gouf de Cavaco Silva zum President gewielt; hie gouf den
23. Januar
2011
erëmgewielt.
Geographie an Natur
änneren
Quelltext änneren
Klimadiagramm vu Porto
Klimadiagramm vu Lissabon
Klimadiagramm vu Faro
Den Norde vu Portugal huet e relativ killt a fiicht Klima. En ass ënnerdeelt an zwou Provënze resp. Landschaften:
De
Minho
am Nordweste ass eng vun de Géigende wou déi meescht Leit wunnen, d'Groussstied leien nëmmen op der Atlantikküst, bannen am Land leien dofir vill Dierfer a méi kleng Stied. De Minho gëtt wéinst sengem Klima an der relativ staarker Vegetatioun als de
grénge Gaart
vu Portugal bezeechent. D'Häng vun de ville Flossdäller si fir den Ubau vun Drauwe reservéiert, aus deenen de bekannte
Portwäin
an de
Vinho Verde
gemaach ginn. Donieft gëtt et och vill Geméiskulturen. D'natierlech Vegetatioun ass eng Mëschung vun där aus der gemässegter Klimazone an aus där vun der subtropescher, jee no Héicht gëtt et
Eechen
oder
Käschten
resp.
Kiferen
an
Olivebeem
Am Nordoste läit
Trás-os-Montes
Hanner de Bierger
). Dësen Deel vum Land deen dem Mier de Réck dréit, ass eng Gebiergsregioun an där et am Wanter zimmlech kal, an am Summer zimmlech waarm ka ginn. D'Vegetatioun ass net sou staark wéi am Minho an hëlt of wat ee méi no bei d'spuenesch Grenz kënnt. Déi zwou Provënzen hunn eng Gemeinsamkeet: hir Gebiergsmassiver, wéi z.
B. de
Marão
oder de
Peneda-Gerês
gi vu ville Flëss, wéi dem
Rio Minho
(Grenzfloss tëscht Portugal a Spuenien) oder dem
Rio Douro
, duerchschnidden. Am Norde vu Portugal läit de
Nationalpark Peneda-Gerês
, dat gréisst Naturschutzgebitt vum Land, wou et och nach Reschter vum Urbësch gëtt, mat Beem wéi der wantergrénger
Steeneech
. Grouss Stied am Norde si
Porto
Vila Nova de Gaia
Matosinhos
Braga
Vila Real
Bragança
Mëttelportugal ass gréisstendeels hiwweleg bis gebiergeg an huet mat der
Serra da Estrela
eng gréisser Biergskette wou et och e Skigebitt gëtt. Déi wichtegst Landschafte sinn d'
Beira
, de
Ribatejo
(den Tejo-Plateau mat dem Spëtznumm
Gaart vu Lissabon
), d'
Estremadura
an den Zoufloss vum Tejo an den Atlantik. Déi ganz Regioun ass relativ fruchtbar an huet en optimale Klima fir den Ubau vu Wäindrauwen. Wäi gëtt hei schonn zanter der Réimerzäit produzéiert. Donieft ginn och nach all méiglech Zorte Kar, Räis, Sonneblummen a Geméis ugebaut. D'Regioun gëtt vum
Tejo
an zwee gedeelt. Iwwerschwemmungen, déi fréier am Ribatejo reegelméisseg eng Plo waren, kommen zanter dem Bau vu ville Staumaueren net méi vir. Grouss Stied a Mëttelportugal si
Lissabon
Aveiro
Amadora
Almada
Seixal
Cascais
Coimbra
Viseu
Guarda
Leiria
Castelo Branco
Covilhã
Setúbal
Santarém
De Süde vu Portugal besteet aus dräi Landschaften:
Terras do Sado
Alentejo
an der Algarve. Déi ganz Régioun ass platt bis hiwweleg mat engem drechene bis gliddege Klima. Den Alentejo, fréier souzesoen de portugisesche Reservoir fir Kar, ass hautdesdaags nëmmen dënn bewunnt a vill vu senge Bewunner wanderen aus, wäitleefeg Karfelder mat Olivebongerten a
Korkeechen
dominéieren d'Landschaft. Zum Kar- kënnt och nach de Wäinubau, an a klammende Proportiounen d'Sonneblumen, als Haaptproduiten. D'Wisen, déi am Fréijoer voll vu Blumme sinn, ginn als Weede fir d'Schof benotzt. Zum wirtschaftleche Néiergang droen net zulescht och déi ëmmer méi laang Drécheperiode bäi. Fir deem entgéint ze steiere ginn ëmmer méi Staumauere gebaut. Net
heemesch
, mä ëmmer méi heefeg ze fanne, sinn
Eukalyptusbeem
, déi allerdéngs, wéinst der grousser Brandgefor déi vun hinnen ausgeet, net onëmstridde sinn. Déi südlech Küsteregioune sinn haaptsächlech vu Kifere bewuess. Donieft gëtt et vill
Palmenzorten
, vun deenen awer nëmmen d'
Zwergpalm
aus dem Land selwer ass.
D'Algarve markéiert déi ganz Südküst vum Land an ass mat hire schéine Stied, de géie Küsten a Sandplagen zu enger beléifter Vakanzendestinatioun ginn, wat déi gewinnt negativ Niewewierkunge vum Massentourismus mat sech bruecht huet. Grouss Stied a Südportugal si
Portalegre
Évora
Beja
Faro
Sagres
. De wichtegste Floss ass de
Rio Guadiana
, deen och d'Grenz zu Spuenien markéiert. Un déi grouss Hëtzt am Summer ugepasst sinn och vill Planzen déi Waasser späicheren.
Zu Portugal gehéieren och déi zwou Inselgruppe
Madeira
Holzinsel
) an d'
Azoren
d'
Héngerdéifsinsel
am
Atlantik
. Déi sinn duerch vulkanesch Aktivitéit entstanen an hu wéinst hirer Lag virun der afrikanescher Küst eng zu engem Deel tropesch, zum aneren Deel subtropesch Vegetatioun. Den héchste Bierg vu Portugal fënnt een op den Azoren (Monte Pico, 2
351 m).
De wichtegste Floss vu Portugal ass den
Tejo
, deen a Spuenien ënner dem Numm
Tajo
entspréngt a bei Lissabon an den Atlanteschen Ozean fléisst.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:
Lëscht vun de portugisesche Stied
D'Déierewelt
änneren
Quelltext änneren
Landschaft bei Monsaraz
D'Déierewelt vu Portugal ass nëmmen onwesentlech anescht wéi déi vu Spuenien. Vereenzelt gëtt et nach
Wëllef
; de
Pardelluchs
, deen et nëmmen op der ibeerescher Hallefinsel gëtt, ass a Portugal bal ausgestuerwen. Nëmmen nach seele ginn Eenzeldéiere fonnt an déi sinn héchstwarscheinlech iwwer d'spuenesch Grenz an d'Land komm. Fir de Rescht fënnt een nach d'
Wëllkaz
, de
Routfuuss
, d'
Wëllschwäin
, den
Hirsch
, wëll
Geessen
an d'
Wëllkanéngchen
. A Portugal kann ee vill Vigel observéieren, well d'Land op der Migratiounsroute vun den
Zugvigel
fir d'Destinatioun Afrika läit, dorënner besonnesch am Süden och
Flamingoen
Steenadler
liewen an de Küstegebidder a ginn do och op d'Juegd. Am Banneland kommen och verschidden Zorte
Schlangen
Skorpioune
vir.
Bevëlkerung
änneren
Quelltext änneren
Portugal ass, aus sproochlecher, ethnescher a reliéiser Siicht, en homogeent Land. D'
Portugisesch Sprooch
gëtt am ganze Land geschwat. Just an den Dierfer vu
Miranda do Douro
gëtt en Dialekt geschwat, de
Mirandeesesch
, deen dem
Astureschen
zougerechent gëtt.
Eng grouss Majoritéit vun de Portugise bekennt sech zum
kathoulesche Glawen
Vu wou kommen d'Auslänner?
Aus
anthropologescher
Siicht sinn d'Portugisen e
Mëschvollek
, dat aus den Nokomme vun den Ibeerer besteet, der Urbevëlkerung vun der ibeerescher Hallefinsel, den Nokomme vun de
réimeschen
goteschen
suebeschen
maureschen
Invasoren.
De maureschen Afloss ass a Portugal méi staark wéi an aneren europäesche Länner. No der
Reconquista
goufen d'Mauren zum Deel verdriwwen, zum gréissten Deel als
versklaavt
. Si hu sech méi spéit mat der Bevëlkerung vermëscht a waren um Opbléie vum Handwierk a vum Akerbau am fréie
Mëttelalter
bedeelegt.
Iwwer laang Jore war Portugal en Auswanderungsland; wichteg Zentre vu portugisescher Kultur gëtt et virun allem a
Frankräich
wou 600
000 Portugise liewen. Anerersäits war Portugal schonn an den Zäite vun den
Onofhängegkeetskricher
vu senge Kolonien Zilland fir Immigranten aus den koloniséierte Géigenden. Zanter dem Bäitrëtt vu Portugal an d'
Europäesch Unioun
ass d'Land ëmmer méi zu engem Awanderungsland gi fir Mënschen aus Afrika (Angola), Südamerika (Brasilien), de
Kap Verdeschen Inselen
an aus Osteuropa (
Russland
Moldawien
an aus der
Ukrain
).
Enn 2003 hunn ongeféier 250
000 Auslänner a Portugal gelieft. Vun deene stamen déi meescht aus anere portugiseschsproochege Länner, si gréisstendeels Katholicken an hunn de selwechte kulturelle Fong. E Véirel vun den Auslänner, déi a Portugal liewen, sinn Europäer; zum Deel Leit, déi hir Pensioun am Land verbréngen. Mä dobäi sinn awer och Portugisen, déi ausgewandert waren an dunn zeréckkommen, deelweis mat anere Päss. Statistesch gesinn, kënnt op zéng Portugisen ee Bierger, deen net vun do ass.
Méi wéi d'Hallschent vun den Auslänner lieft zu
Lissabon
oder an anere Küstestied. D'Bevëlkerungsdicht ass am gréissten an der Küstesträif tëscht der spuenescher Grenz an der Géigend ronderëm Lissabon. Op deem Terrain liewe 70 Prozent vun der ganzer Bevëlkerung; d'Hannerland ass nëmme ganz dënn besidelt.
Iwwer 10 Prozent vun de Leit wunnen an enger vun de Groussstied Lissabon oder Porto. Méi wéi d'Hallschent lieft an Uerschafte mat manner wéi 2000 Awunner.
Matzen am Land gëtt et ëmmer méi Migratiounsbeweegungen. Ëmmer méi Mënsche plënneren aus dem Hannerland a Richtung Industriezentren (
Lissabon
Porto
) oder Tourismusgéigenden (Algarve,
Madeira
oder op d'
Azoren
).
Ekonomie
änneren
Quelltext änneren
Zanter dem Bäitrett vum Portugal zur
EG
am Joer
1986
huet sech dem Land seng Économie sech méi a méi diversifiéiert a sech dobäi virun allem op den Déngschtleeschtungssecteur ausgeriicht. Dengschtleeschtunge maachen an der Tëschenzäit ongeféier zwee Drettel vum
BIP
aus. Wéi och an anere Staate vun Europa goufen an de leschte Joren noutwenneg
Privatiséierungen
duerchgefouert an dem Staat seng Ausgabe reduzéiert.
1998
huet sech Portugal fir de Bäitrett an d'
Europäesch Wärungsunioun
qualifizéiert an huet den 1. Januar 2002, wéi 11 aner Staaten och, den
Euro
als Wärung agefouert.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
D'Neiverschëldung vu Portugal läit momentan iwwer den 3
% déi am
Maastricht-Vertrag
definéiert goufen, woubäi et allerdéngs net dat eenzegt Land am Moment ass.
De Wirtschaftswuesstem huet mat ongeféier 3,3
% all Joer zwar an der Vergangenheet den EU-Durchschnett an der Reegel iwwertraff, trotzdeem ass Portugal nach ëmmer den äermsten
Almember
vun der
EU
: De BIP pro Kapp (a
Kaafkraaftparitéiten
) läit bei ongeféier 78
% vum Duerchschnett vun den EU-Länner virun der
Ostvergréisserung
, woubäi en
1985
nach bei 50
% louch. Aus deene Grënn geréit Portugal ëmmer méi a Rivalitéit mat Länner mat nidderege Paien aus Mëttel- an Osteuropa, Asien an Nordafrika an ass deemno fir auslännesch Direktinvestitiounen net besonnesch attraktiv; d'Durchschnëttsléin sinn a Portugal ganz niddrëg bei ganz laangen Aarbechtszäiten. Auslännesch Investitiounen komme virun allem aus
Groussbritannien
Spuenien
; déi gréisst Investitioun vun allen Zäite war de Bau vun
Auto-Europa
, enger Autofabrik.
De Chômage ass mat ongeféier 4
% am Verglach mat dem EU-Durchschnëtt niddereg, woubäi een dorun denke muss, datt et e groussen informelle Secteur an der portugisescher Wirtschaft gëtt, deen e gewëssen Deel vun deenen Aarbechtslose beschäftegt, déi anerfalls an d'Chômage-Statistike géife falen.
Den Aussenhandel gëtt zu ongeféier 80
% mat den EU-Partner ofgewéckelt; exportéiert gi virun allem Kleeder a Schong, Maschinnen, Chimiesproduiten, Kork, Cellulose a Pabéier. Importéiert gi Maschinnen, all Zorte vun Transportmëttelen,
Pëtrol
a Pëtrolsproduiten a Landwirtschaftsproduiten. Portugal huet e ganz groussen
Handelsbilanzdefizit
an och en
Zahlungsbilanzdefizit
, deen duerch héich Recetten aus dem Tourismus allerdéngs net sou héich ass wéi den Handelsbilanzdefizit.
Portugal huet vill natierlech Ressourcen, dorënner
Kuel
Koffer
Zënn
Gold
Eisenäerz
Pyrit
Chalcopyrit
, Tounmineraler wéi
Kaolinit
Wolframit
an
Uraninit
; et gehéiert domat zu de weltwäit féierende Natiounen an der
Wolfram
- an
Uranproduktioun
. Wärend dem
Zweete Weltkrich
huet Hitlerdäitschland portugisesche Wolfram fir seng Waffenproduktioun benotzt, an der Atombomm vun
Hiroshima
war portugiseschen Uran dran.
D'Landwirtschaft a Portugal ass eng vun den ineffizientsten an Europa; den Undeel vum Akerbau um BIP läit bei ongeféier 5
%, mä iwwer 15
% vun der aktiver Bevëlkerung schaffen hei. Dat huet dozou gefouert, datt vill Betriber hu missen opginn, soudatt mëttlerweil bal d'Hallschent vun de Liewensmëttel muss importéiert ginn. D'Korkeecheplantatiounen am
Alentejo
an de Ubau vu
Mandelen
ass och an enger déiwer Kris. Anerersäits ginn op grousse Flächen
Eukalyptusbeem
gesat, well déi méi séier wuessen an domat der
Celluloseindustrie
, engem wichtege Wirtschaftsfacteur vum Portugal, déi noutwenneg Ressource liwwert. Ëmweltpolitesch gesinn ass dat eng ganz schwiereg Situatioun, well den Eukalyptus dem Buedem seng Reserven hëlt, den Urbësch an domat och d'Déierewelt op d'Säit dréckt a selwer ganz liicht brennt, wat zu deene bekannten an heefege katastrophale Bëschbränn am Summer féiert.
Genee wéi den Akerbau huet och d'Fëscherei Produktivitéitsproblemer; d'portugisesch Fëschereiflott ass am Verglach mat der spuenescher wäit hannendran. Déi meescht Fësch ginn importéiert.
Ongeféier 8
% vum BIP, mat klammender Tendenz, bréngt den Tourismus an, woubäi déi meescht Touristen aus Spuenien a Groussbritannie kommen. D'Algarve ass den Zentrum vun der tourestescher Aktivitéit a läit dobäi mat groussem Ofstand un der Spëtzt.
Politik
änneren
Quelltext änneren
Zanter der
Oeilletsrevolutioun
vun 1974 huet Portugal sech zu enger stabiler
parlamentarescher Demokratie
entwéckelt. Déi véier wichtegst Organer vun der Politik a Portugal sinn de
President
, de
Premier
a säi Ministerrot, d'
Parlament
an d'
Justiz
De
President
, deen all fënnef Joer direkt an allgemenge Wale bestëmmt gëtt, ass och Commandant en chef vun der Arméi. Hien ernennt de Premier an de Ministerrot, woubäi en sech do un de Resultater vun der Parlamentswal z'orientéieren huet. De
Staatsrot
ass e Gremium, deen de President beréit. E besteet aus sechs ziville Beamten, alle fréiere Presidenten, fënnef Persounen, déi vum Parlament gewielt ginn a fënnef Persounen, déi de President bestëmmt.
D'Regierung gëtt vum
Premierminister
ugefouert, dee sech säi
Ministerrot
zesummenstellt. All nei Regierung muss dem Parlament e Programm virleeën, iwwer deen debattéiert gëtt. Wann dee Programm net refuséiert gëtt, dann heescht dat, datt d'Régierung vum Parlament akzeptéiert gëtt.
D'
Parlament
gëtt als
Assembleia da República
Versammlung vun der Republik
) bezeechent a besteet aus enger Kummer mat bis zu 230 Deputéiert. D'Deputéiert gi fir véier Joer gewielt, woubäi d'
Verhältneswalrecht
benotzt gëtt. De President huet d'Recht, d'Parlament opzeléisen an Neiwalen auszeschreiwen.
D'
Iewescht Geriicht
ass déi héchst Instanz vun der portugisischer Justiz, woubäi et speziell Iewescht Gerichter fir militäresch, verwaltungsrechtlech a steierrechtlech Froe gëtt. D'portugisesch
Cour constitutionnelle
huet néng Memberen an iwwerwacht d'verfassungsgerecht Ausleeë vum Recht.
Am
Parteie
spektrum dominéieren dräi Parteien: de
Sozialisten
PS
) stinn zwou biergerlech-konservativ Parteien, d'
Sozialdemokratesch Partei
PSD
) an d'
Vollekspartei
CDS-PP
), géinteniwwer. Déi zwou leschtgenannte Parteien hu sech zu enger Walallianz, der
Força Portugal
, zosummegedoen. De PS stellt zanter der Oeilletsrevolutioun ëmmer de President, andeems d'Premieren schonn aus béid Lagere komm sinn. Zurzäit regéiert d'biergerlech-konservatiivt Lager.
Weider Parteien sinn déi portugisesch Gréng (
Partido Ecologista “os Verdes”
PEV
), d'Kommunisten an de Lénksblock (
Bloco de Esquerda
BE
).
Kuckt dozou och den Artikel:
Lëscht vun de politesche Parteien (Portugal)
International Bezéiungen
änneren
Quelltext änneren
Portugal ass Member vun der
Europäescher Unioun
(EU) an hat d'Presidence vum
Conseil vun der EU
am éischte Hallefjoer
2000
iwwerholl. An där Zäit huet Portugal als Zil gehat, den Dialog mat
Afrika
ze forcéieren an Impulser fir d'Stäerkung vun der
Konkurrenzkapazitéit
vun der europäescher Wirtschaft ze ginn. Dat 2. Semester
2007
huet et nees d'Presidence.
Portugal war Grënnungsmember vun der
NATO
a bedeelegt sech mat Truppe bei der Friddenssécherung um
Balkan
. Zesumme mat Spuenien ass Portugal un den
Ibero-Amerikanesche Sommete
bedeelegt, deenen hiert Zil den Dialog virun allem mat de Länner aus
Latäinamerika
ass. Portugal war och an der Féierungsroll wéi d'
Communautéit vun de Portugiseschsproochege Länner
(CPLP) gegrënnt ginn ass, mam Zil, d'Kooperatioun vun dëse Länner ze verdéiwen. Portugal huet och
Timor-Leste
ënnerstëtzt, eng fréier Kolonie, an där hirem Onofhängegkeetswëllen, souwuel finanziell wéi och militäresch, a kooperéiert elo mat dësem jonke Staat zesumme mat asiatesche Länner, den USA an der
UNO
Portugal huet en Territorialsträit mat
Spuenien
wéinst
Olivenza
(resp.
Olivença
), dat zu
Spuenie
gehéiert, mä awer vu Portugal revendikéiert gëtt. Olivenza ass zanter
1801
ënner spuenescher Verwaltung, allerdéngs huet Spuenien sech um
Wiener Kongress
vun
1815
bereet erkläert, den Territoire u Portugal zeréckzeginn. Dat ass nach net geschitt, wat Portugal dofir bis haut reegelméisseg verlaangt.
Kultur
änneren
Quelltext änneren
Literatur
änneren
Quelltext änneren
Portugal gëtt heiansdo och
d'Land vun de Poete
genannt. An der portugisescher Literatur hat d'
Poesie
ëmmer méi e staarken Afloss wéi d'
Prosa
. Am
Mëttelalter
, wéi d'portugisesch Natioun entstanen ass, war am Nordweste vun der ibeereschen Hallefinsel d'Poesie wäit verbreet an huet exzellent sou gutt
eepesch
wéi
lyresch
Wierker produzéiert. Ausser deene bekanntste klasseschen Dichter
Luís de Camões
Fernando Pessoa
, gëtt et eng Rei aner, manner bekannte Kënschtler, déi op déi modern portugisesch Literatur e wichtegen Afloss hunn..
D'Prosa huet sech e bësse méi spéit entwéckelt. Eréischt am
14. Joerhonnert
koumen déi éischt Chroniken oder Biographië vun Helleger eraus. De
Fernão Lopes
ass dovun dee wichtegsten; hien huet eng Chronik geschriwwen iwwer d'Regentschaft vun dräi Kinneken aus senger Zäit. International ass déi portugisesche modern Literatur am meeschte bekannt. Hei falen d'Schrëfte vum
Eça de Queirós
an dem
Nobelpräisdréier fir Literatur
1998
José Saramago
am meeschten op.
Relioun
änneren
Quelltext änneren
Ongeféier 97
% vun de Portugise si
réimesch-kathoulesch
, woubäi a Portugal Glawensfräiheet besteet. D'Pilgerplaz
Fátima
läit a Portugal an ass der Maria, dem Jesus senger Mamm, dévouéiert. D'Maria gëtt vun de Portugise vill veréiert, bal wéi eng Gottheet, wat fir munnecher en Indiz op de Fait ass, datt d'Virfahre vun de Portugise virun der
Christianiséierung
haaptsächlech weiblech Gottheeten ugebiet hunn.
Gastronomie
änneren
Quelltext änneren
D'portugisesch Kichen huet enorm vill Aspekter, well d'Portugise vill Saachen, déi s'op hiren Entdeckungsfahrte kennegeléiert hunn, an hir Kachtraditiounen opgeholl hunn. An all Régioun vu Portugal gëtt et eege Spezialitéiten, mat verschiddene Fleesch- a Fëschzorten oder Mieresfriichten. D'Nationaliessen ass de
Bacalhau
, bei deem et 365 verschidde Zoubereedungsméiglechkeete gi soll. Portugal ass och fir säi Wäi bekannt, schonn zanter der
Réimerzäit
gëtt Portugal mat dem Gott vum Wäin an de Fester, dem
Bacchus
, associéiert. Och haut gehéieren d'Wäiner aus Portugal zu deene beschten op der Welt, bekannt ass virun allem de séisse
Porto
Kuckt dozou och den Artikel:
Caldeira de carne
Musek
änneren
Quelltext änneren
Déi wichtegst Museksform a Portugal ass de
Fado
, dee ganz melancholesch ka sinn an dowéinst deelweis responsabel ass fir de
Klischee
vun de melancholesche Portugisen; géintiwwer den temperamentvolle Spuenier. Dës Musek huet eppes vu
saudade
(etwa:
Seensucht
) u sech, an et ass gutt méiglech, datt s'eng Mëschung ass vun de Lidder vu portugisesche Matrousen an de Rhythme vun afrikanesche Sklaven.
Dobäi gëtt en Ënnerscheed tëscht zwou Stilformen; dem
Fado
vu
Lissabon
an deem vu
Coimbra
. D'
Amália Rodrigues
war déi wichtegst a bekanntst Fado-Kënschtlerin, no hirem Doud kruten e puer jonk Kënschtler d'Méiglechkeet aus dem Schiet erauszekommen an nei Forme vum Fado ze produzéieren, déi zum Deel nëmmen nach duerch d
saudade
un den urspréngleche Fado erënneren. Och an de fréiere portugisesche Kolonien hat de Fado sech ausgebreet a sech eegestänneg zum
kap-verdesche
Morna
vun der
Cesária Évora
oder zum brasilianesche
Choro
weiderentwéckelt.
Aus der Zäit vum faschisteschen
Estado Novo
ënner dem
Salazar
staamt eng Liddermaachertraditioun. Déi bekanntst Vertreter vun dëser Protestbeweegung sinn de
José Afonso
(dacks
Zeca
genannt) an de
Sérgio Godinho
. Vum José Afonso staamt d'Interpretatioun vum
Grândola, vila morena
, e Lidd, dat den Depart fir d'Oeilletsrevoluioun aglaut hat.
An der
Popmusk
huet sech a Portugal den
Hip Hop Tuga
erausgeschielt, deen eng u Portugal adaptéiert Fassong vum
Hip Hop
ass, an deen ënner Jugendlecher ganz populär ass.
All portugisesch Regioun ass houfreg op hiren eegene
Folklorestil
Ranchos Folclóricos
). Déi portugisesche Musek- und Danztraditioun huet sech a Brasilien mat den Traditioune vun de
Sklaven
aus dem Angola vun haut gemëscht an ass als
Samba
och a Portugal ganz beléift. Ënner den angolaneschen Immigranten ass och de
Kuduro
, eng Zort haarden, allerhad sënnleche Samba mat engemhelleweche Rhythmus, ganz populär, de
Kizomba
ass en änlechen Danzrhythmus, deen awer net sou verbreet ass.
Volleksfester
änneren
Quelltext änneren
Am Juni gëtt et a ganz Portugal Fester zu Éiere vun den dräi Vollekshellegen (
Santos Populares
). Dës dräi Helleg sinn den
Antonius
, den hellege
Johannes
an de
Péitrus
. Gefeiert gëtt mat Wäin,
água-pé
Moscht
), traditionellem Brout mat Sardinnen, Stroossefester an -dänz, Hochzäiten, Feier a Freedefeier a vill gudder Laun.
Santo António
gëtt an der Nuecht vum 12. op den 13. Juni gefeiert, virun allem zu Lissabon (wou dësen Hellëge gebuer gouf und gelieft huet), wou et och eng Zort Kavalkad (
Marchas Populares
) him zu Éiere gëtt. Et ginn och Hochzäiten zelebréiert (
Casamentos de Santo António
). De populäersten Hellegen ass de
São João
(hl. Jean), deen um
Gehaansdag
virun allem zu
Porto
Braga
gefeiert gëtt, woubäi et
Sardinen
Caldo Verde
(eng traditionell Zopp) gëtt an d'Leit sech géigesäiteg mat Plastikhummeren op de Kapp schloen, wat Gléck soll bréngen. Zu Éiere vum
São Pedro
gëtt den 28. an den 29. Juni gefeiert, besonnesch zu
Póvoa de Varzim
an zu
Barcelos
, woubäi déi Fester zu Éiere vum Mier sinn. Dofir gëtt vill Feier (
fogeiras
) benotzt an et gëtt erëm eng Zort "Stroossefuesend".
Sport
änneren
Quelltext änneren
Foussball
ass dee bekanntsten, beléiftsten an am meeschte gespillte Sport a Portugal. De
portugisesche Foussball
huet Weltklassespiller wéi den
Eusébio
Manuel Rui Costa
oder de
Luís Figo
ervirbruecht. Nieft dem Foussball hu portugisesch Sportler international an aneren Disziplinne
Marathon
Beachvolleyball
und
Rullhockey
groussen Erfolleg.
Et gëtt a Portugal nach eng traditionell Sportaart, de
Jogo do pau
Bengelspill
), dat e Selwerverdeedegungssport ass an einfach hëlze Bengelen als "Waff" benotzt. Dëse Sport staamt aus dem Mëttelalter, ass awer haut nach populär; d'Bengelen, déi hautdesdaags dofir geholl ginn, si 60 bis 80 Zentimeter laang, also méi kuerz wéi déi vu fréier.
Bildungssystem
änneren
Quelltext änneren
Bis zu der
Oeilletsrevolutioun
1974 gouf d'Bildung lénks leie gelooss an och no der Revolutioun geet den Opbau vum Bildungssystem nëmme lues virun. Bis d'Joer
2000
hat nëmmen een Zéngtel vun den Drëssegjäregen en Héichschouldiplom. Domat hat Portugal ënner den EU-Membere virun der Osterweiderung dee mat groussem Ofstand nidderegste Wäert. Mat senge 15
% Analphabeten louch Portugal och an dëser Statistik vir. Hautdesdaags awer net méi. Zanter 2016 läit den Taux vun den Analphabeten (meeschtens bei eelere Leit) bei 5
an 100
% vun de Schüler an der Primärschoul si scolariséiert.
Dat ass e grousse Problem fir d'wirtschaftlech Entwécklung, an dréit virun allem bei d'Ineffizienz vum Akerbau bäi, well virun allem d'Landbevëlkerung vum Analphabetismus betraff ass. Mä och d'portugisesch Mëttelschicht ass ënnerduerchschnëttlich gebilt, well den Accès op d'Universitéiten eréischt an de leschte Jore méi einfach ginn ass. Sou feelt et z.
B. u gutt ausgebilten Entrepreneren déi traditionell Besëtzer vu Firme sinn der ausländescher Konkurrenz dacks net méi gewuess, well se duerch Ierwschaft, net duerch Ausbildung zu hirem Posten als Chef komm sinn.
De Schoulsystem besteet aus enger véierjäreger Primärschoul an enger fënnefjäreger Uewerschoul. Et besteet eng gesetzlech festgeluecht zwielefjäreg Schoulflicht fir all d'Kanner vun hirem sechste Liewensjoer un. D'Flichtschoul ass an de staatleche Schoule gratis a fir an enger vun de relativ ville privaten Institutiounen kënnen an d'Schoul ze goen, kënnen aarm Famille Subside kréien.
Wien no der Uewerschoul nach d'
Escola Secundária
besicht (wärend dräi Joer), däerf op d'Universitéit a kann tëscht e puer Méiglechkeete fir säin Héichschoulstudium wielen: d'Héichschoulbildung gëtt a Portugal vu staatlechen a privaten Universitéiten (
universidades
) a staatlechen a private Fachhéichschoulen (
escolas politécnicas
) ugebueden an duerchgefouert. Fir den entléene Régiounen ze hëllefen sinn a ville mëttlere Stied Héichschoulen agericht ginn; de Wiessel vun enger Institutioun zu enger anerer ass relativ liicht. Et ass op jiddwerfall en Opnamexamen z'absolvéieren an et sinn Studéiertaxe fälleg, déi bei de private Schoulen méi héich si wéi bei de staatlechen, an och vum Fach ofhängeg sinn; op staatleche Schoule si bis zu 850
€ all Joer fälleg. Trotzdeem ass ongeféier en Drëttel vun de Studente bei enger privater Institutioun ageschriwwen. Zousätzlech zu den Aschreiwtaxe si
propinas
ze bezuelen, dat sinn Taxen déi fir d'Austelle vun Zensuren an Diplomer agezu ginn. Ongeféier 20
% vun de Studente kommen an de Genoss vun enger akommesofhängeger staatlecher Subventioun.
Medien
änneren
Quelltext änneren
Déi staatlech portugisesch Radio- an Televisiounsgesellschaft
RTP
Radiotelevisão Portuguesa
) bedreift zwéin Televisiounssenderen,
RTP 1
an
RTP 2
. Zanter
1992
si Privatsenderen a Portugal erlaabt, zanterhier gëtt et nach
SIC
an
TVI
Televisão Independente
). De Programm gëtt bei alle véier Sendere vu brasilianeschen a portugiseschen
Telenovelas
an Action-Serien dominéiert; d'Noriichte sinn an héijer Mooss op Portugal ausgeriicht. Filmer ginn dacks op Englesch mat
Ënnertitele
gewisen. Den Auslandssender
RTP-Internacional
kann och a Mëtteleuropa empfaange ginn.
A Portugal gëtt et ongeféier 150 Radiostatiounen, woubäi de Sender vun der
RTP
an de kathoulesche Sender
Radio Renascença
landeswäit kënnen empfaange ginn. D'RTP ass iwwer
Kuerzwell
och a Mëtteleuropa ze héieren, allerdéngs nëmmen op Portugisesch.
Ënner de villen Zeitungen, déi a Portugal gedréckt ginn, leeft momentan e Konsolidéierungsprozess of, bei deem wuel e puer méi kleng Zeitungen ënnergoe wäerten.
Déi wichtegst Zeitunge sinn déi konservativ-liberal
Diário de Notícias
, de linksliberale
Público
(allen zwee vu Lissabon) an de
Jornal de Notícias
vu Porto.
Ganz grouss Oploen hunn och d'Sportzeitungen, déi all Dag erauskommen a sech bal nëmme mat Foussball beschäftegen - déi wichtegst sinn d
O Jogo
an d'
A Bola
Als bescht Wochenzeitung gëllt den
Expresso
Am Beräich vun der
Klaatschpress
sinn d'Magaziner
Maria
an
Nova Gente
déi all Woch gedréckt ginn, déi Publikatioune mat den héchsten Oploen.
Verkéier
änneren
Quelltext änneren
Déi dräi wichtegst Fluchhäfe vu Portugal,
Porto
Lissabon
Faro
gi vun e puer Fluchgesellschaften ugeflunn, woubäi déi zwou portugisesch Fluchgesellschaften
TAP Portugal
Portugália
déi meescht Verbindungen ubidden. Et gëtt och Flich bannent dem Land, mä well d'Land ze kleng ass sinn déi net besonnesch attraktiv an tendéieren dozou relativ deier ze sinn.
D'Stroossennetz ass, virun allem och mat Hëllef vu Subside vun der
EU
gutt ausgebaut, wat Leit, déi Portugal an den achtzeger Jore fir d'lescht Kéier besicht haten, verwonneren däerft. Déi wichtegst Route gi vun
Autostradas
(mat Péagen) oder
Itinerários Principais (IP)
(gratis) resp.
Itinerários Complementares (IC)
zerwéiert. An ofgeleeëne Gebidder kann een allerdéngs nach dacks op
Pavé-Stroosse
stoussen. D'Selwerfueren, speziell an de Stied, sollte sech Mëtteleuropäer gutt iwwerleeën; dem Chaos zu de Stousszäiten an dem generéisen Ausleeë vun de Verkéiersreegelen ass net jiddweree gewuess. Datt de Stroosseverkéier a Portugal zu den onsécherste gehéiert, hunn europäesche Onglécksstatistike schonn dacks bewisen. Taxie si relativ bëlleg, besonnesch an de Stied.
D'Eisebunnsnetz a Portugal ass net besonnesch dicht, op den Haaptstrecke sinn d'Verbindungen awer effizient a séier, wann d'Eisebunner net grad streiken. Op den Niewestrecke gouf an de leschte Joerzéngten näischt méi investéiert an et sinn der och mëttlerweil vill ausser Betrib. International Zich verbanne Portugal mat e puer Stied a
Spuenien
, dernieft gëtt et eng Verbindung op
Irún
op der spuenesch-franséischer Grenz mat direktem
TGV
-Uschloss fir op Paräis.
Dogéint gëtt et en zimmlech dicht Busnetz, dat zu niddrege Präisser bal all Uertschaft ufiert. International Busse verbanne Mëtteleuropa mat Portugal, si gi wéinst der laanger Fuerzäit allerdéngs bal nëmme vu Gaaschtaarbechter benotzt.
Feierdeeg
änneren
Quelltext änneren
Datum
Numm
Portugisesche Numm
Bemierkung
1. Januar
Neijoerschdag
Ano Novo
Karfreideg
Sexta-Feira Santa
de Freideg virun Ouschteren
Ouschterdag
Páscoa
Ouschtersonndeg
25. Abrëll
Dag vun der Fräiheet
Dia da Liberdade
Oeilletsrevolutioun
1974
1. Mee
Dag vun der Aarbecht
Dia do trabalhador
10. Juni
Portugal-Dag
Dia de Portugal
Doudesdag vum
Camões
am Joer
1580
Erläichendag
Corpo de Deus
Donneschdeg, 40 Deeg no
Ouschteren
15. August
Léiffrawëschdag
Assunção
5. Oktober
Aféierung vun der Republik
Implementação da República
am Joer
1910
1. November
Allerhellegen
Todos os santos
1. Dezember
Erëmaféierung vun der Onofhängegkeet
Restauração da Independência
am Joer
1640
8. Dezember
Onbefleckt Empfängnis
Imaculada Conceição
Patréinesch
vu Portugal
25. Dezember
Chrëschtdag
Natal
Wat nach dozou ze soen ass:
All Krees huet en eegene reliéise Feierdag, dacks fir den hellegen Antonius den
13. Juni
, dem hellege Johannes de
24. Juni
oder den hellege Péitrus den
29. Juni
. Wann de Krees kee sou e Feierdag huet, dann ass
Fuessonndeg
e gesetzleche Feierdag. De
Fuessonndeg
gëtt awer faktesch wéi e normale Feierdag behandelt, virun allem well d'Staatsbeamten deen Dag normalerweis fräi hunn. Donieft gëtt doriwwer diskutéiert, de
24. Juni
als Feierdag anzeféieren (Onofhängegkeet vu Portugal am Joer
1128
).
Literatur iwwer Portugal
änneren
Quelltext änneren
Briesemeister, Dietrich an Axel Schönberger (Hrsg.), 1997.
Portugal heute: Politik - Wirtschaft - Kultur
. Frankfurt am Main. (Eng relativ deier, ustrengend, mä ganz informativ an déifgrënneg Aufsatzsammlung)
Freyre, Gilberto
, 1990.
Herrenhaus und Sklavenhütte
. 491 S. Dtv. (Dat wichtegst Wierk vum bedeitende brasilianesche Soziolog an Anthropolog gëtt zwar e
Bild vun der brasilianescher Gesellschaft
, mä an engem Drëttel geet et awer iwwer d'portugisesch Kolonisatoren a virun allem iwwer deenen hir kulturell Originnen an hir Wirtschaftsgeschicht rieds. D'Original koum 1933 ënner dem Titel "Casa grande e senzala" eraus).
Labourdette, Jean-François, 2000. Histoire du Portugal. 703 p., Fayard, France.
ISBN 2-213-60590-4
Page, Martin
, 2007.
The first global village / How Portugal Changed the World
. 9. Oplo. Casa das lettras, Cruz Quebrada, Portugal. 277 p. (zielt zu de beschten an aktuellste Geschichtbicher iwwer Portugal).
Remarque, Erich Maria
, 1962.
Die Nacht von Lissabon
. (D'Geschicht spillt am Zweete Weltkrich an där Zäit, wou Lissabon eng Sammelplaz fir all déi europäesch Krichsrefugiée war, déi vun do aus an Amerika emmigréire wollten)
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Commons: Portugal
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Administratioun
änneren
Quelltext änneren
Portal do Governo
- Haaptsite vun der portugisescher Régierung.
Presidência da República
- Offiziell Säit vum President.
Assembleia da República
- Offiziell Websäit vum Parlament.
Tourismus
änneren
Quelltext änneren
Welcome to Portugal
- Allerhand interessant Saachen iwwer Portugal.
Portugal inSite
- Den offizielle Rees- an Tourismussite vu Portugal.
Portugal
- Portugal Rees.
Portugalia
- Fotoe vu Portugal.
Biller aus Portugal
Portugal op Wikivoyage
Kultur a Sport
änneren
Quelltext änneren
Contemporary Portuguese Political History Research Centre
- Geschicht a Politik.
IGESPAR
- Monumenter a Portugal.
Euro 2004
- Offiziell Websäit iwwer d'Foussball-EM2004.
Folclore de Portugal
- Portugisesch Folklor.
Bengelspill
Diverses
änneren
Quelltext änneren
Site vun der portugisescher EU-Presidence 2007
Eng Datebank iwwer Portugal an eng kommentéiert Bibliographie (op fr.)
Autoritéitskontroll
VIAF
153009195
LCCN
n80049716
ISNI
0000 0001 2242 8399
GND
4046843-4
SUDOC
026398516
BNF
cb119328454
(data)
HDS
003368
NDL
00569163
NKC
ge130488
iNaturalist
7122
BNE
XX4575378
KulturNav
feb63f94-bb00-469f-a60b-fd7081f16236
Memberstaate vun der
Europäescher Unioun
Belsch
Bulgarien
Däitschland
Éisträich
Dänemark
Estland
Finnland
Frankräich
Griicheland
Irland
Italien
Kroatien
Lettland
Litauen
Lëtzebuerg
Malta
Holland
Polen
Portugal
Rumänien
Schweden
Slowakei
Slowenien
Spuenien
Tschechesch Republik
Ungarn
Zypern
Memberstaate vun der
NATO
Albanien
Belsch
Bulgarien
Däitschland
Dänemark
Estland
Finnland
Frankräich
Griicheland
Holland
Island
Italien
Kanada
Kroatien
Lettland
Litauen
Lëtzebuerg
Montenegro
Nordmazedonien
Norwegen
Polen
Portugal
Rumänien
Schweden
Slowakei
Slowenien
Spuenien
Tierkei
Tschechesch Republik
Ungarn
Vereenegt Kinnekräich
USA
Referenzen an Notten
Quelltext änneren
Fläch ouni d'Azoren a Madeira: 88 967 km
. Quell:
Statistical Yearbook of Portugal (2005)
vum
Instituto nacional de estatística
2006
Instituto nacional de estatística
(August 2007)
Taxa de analfabetismo em Portugal ainda é das maiores na Europa
Vun „
Kategorie
Portugal
Verstoppt Kategorien:
Wikipedia-Artikele mat VIAF-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat LCCN-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat ISNI-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat GND-Identifianten
Wikipedia-Artikele mat BNF-Identifianten
Säiten, déi magesch ISBN-Linke benotzen
Portugal
Sujet derbäisetzen
US