No der Aart vun der Ëmlafbunn ënnerscheet ee bei Äerdsatellitte tëscht follgenden Typpen:
Low-Earth-Orbit-Satellitten (kuerz LEOS) si kënschtlech Satellitten, déi d'Äerd an enger Héicht vun 200 bis 2000
km
ëmkreesen. Fir eng Ëmkreesung brauche si am Schnëtt zirka 100 Minutten, wat bedeit, datt e Punkt op der Äerd de Kontakt zum Satellit no zirka 15 min verléiert. Fir eng permanent Ofdeckung vun engem Punkt op der Äerduewerfläch duerch LEO Satellitten ze maachen, mussen dofir 25-75 Satellitten d'Äerd ëmkreesen.
Beispiller sinn d'
Kommunikatiounssatellitte
vum
Iridium-
a vum
Globalstar
-Netz souwéi e puer
Wiedersatelliten
E Medium Earth Orbit Satellit (kuerz: MEOS) ëmkreest d'
Äerd
an enger Héicht vun 10.000 bis 12.000 km. Dës Satellitten ëmkreesen d'
Äerd
an zirka sechs Stonnen, wouduerch een der 10 bis 12 fir déi komplett Ofdeckung vun der
Äerduewerfläch
brauch. Bekannt Beispiller sinn d'
GPS
-Navigatiounssatellitten (Héicht 20.000 km).
Highly-Elliptical-Orbit-Satellitten (
HEO
, engl. „héichelliptesch-orbitale Satellit“) si kënschtlech Satellitte mat enger staarker
elliptescher
Bunn
(grouss
Exzentrizitéit
, grousst Verhältnes vun
Äerdnoperschaft
zu mëttlerem
Bunnradius
). Dës Aart vun Ëmlafbunne gëtt dacks vu
Weltraumteleskope
benotzt, déi sech pro Ëmlaf laang Zäit iwwer der
Van-Allen-Stralungsceinture
ophale sollen. Beispiller sinn den
Integral
an den
EXOSAT
HEO-stationäre Satellit
, och
Molnija-Orbit
, bezeechent staark elliptesch a staark
schréi
Bunne mat dem
Apogeum
an
Himmelspol
. E Molnija-Orbit huet typescherweis eng
Bunnschréi
vun 63,4°. Bei där Schréi verschwënnt déi duerch den Äquatorwulst vun der Äerd ausgeléist
Perigeumsdréiung
vun der Bunn, soudatt déi gewënscht Lag vum Apogeum iwwer laang Zäit erhale bleift.
Gebraucht ginn HEO-Satellitte fir d'Ofdecke vu Polargebidder.
Geostationär
Satellitte si wéinst der klenger
Elevatioun
an dëse Gebidder schlecht bis iwwerhaapt net méi gëeegent. Et ginn dofir staark elliptesch Bunne mat dem Apogeum an der Polgéigend gebraucht. Antenne mussen nogefouert ginn. Fir eng Ofdeckung déi net de ganzen Dag dauert geet ee Satellit mat enger Ëmlafzäit vun 24 Stonnen duer, aus (am
Perigeum
gëtt et eng Paus vun 2 bis 4 Stonnen). Fir e ganzen Dag ofzedecken, brauch een 2 Satellitten.
Dat russescht Kommunikatiounssystem
Molnija
russesch
„Blëtz“), no deem dësen Orbit benannt ass, huet HEO-stationär Satellitten am Asaz, fir virun allem nërdlech Gebidder vu Russland optimal ofzedecken.
Geostationär
Satellitte si kënschtlech Satellitten, déi d'Äerd an enger Héicht vun zirka 35.800
km iwwer dem
Equator
ëmkreesen. Fir eng Ëmkreesung brauchen déi Satellitte 24
Stonne bei enger Vitess vun ongeféier 3,07
km/s. Dofir sti se vun der Äerd aus gesinn (geozentresch) ëmmer op der selwechter Positioun an eegene sech sou fir dauerhaft Satellitteverbindungen wéi d'Satellittentelevisiounsreceptioun.
Satellitte kënnen ënnerschiddlech Missiounen kréien:
D'
Äerdobservatiounssatellitte
kënne Biller fir ënnerschiddlech Zwecker liwweren, sou d'
Wiedersatellit
an
Spionagesatellitten
. Déi Biller kënne mat verschiddene Techniken erstallt ginn, zum Beispill vu
Radarsatellitten
D'
Noriichtesatellitten
erfëlle kommerziell Missiounen, wärend
Amateurfunksatellitten
privaten Zwecker déngen, kuckt och
Satellittenkommunikatioun
D'
Televisiounssatellitten
iwwerdroen Televisiounsprogrammer direkt un d'Publikum, soudatt äerdgebonne Sender- a Kabelnetzer ewech fale kënnen.
D'
Astrometriesatellitten
observéieren de Weltraum, haaptsächlech fir wëssenschaftlech Zwecker.
D'
Killersatellitten
si Satellitten, déi dozou dengen, aner feindlech Satellitten ze zerstéieren.
D'Fuerschungssatellitten dénge reng wëssenschaftlechen Zwecker, z.
B. Mikrogravitatiounsexperimenter.
D'
Spionagesatellitten
déngen zum Ausspionéieren z.
B. vu feindleche Staaten, Schëffsbeweegungen an der Iwwerwaachung vu Rëschtungsofkommen. Si gi vu militäreschen Administratiounen a
Geheimdéngschter
bedriwwen a sinn dacks streng geheim Projeten.
D'
Raumstatioune
sinn och Äerdsatellitten, déi primär wëssenschaftlechen Zwecker déngen.
Am Joer (
2006
) louch d'Zuel vun de bekannten an aktive Satellitten iwwer 800.
. Doriwwer eraus sinn e ganze Koup weider Objeten (ausgedéngte Satellitten, Deeler vu Rakéiten an anere
Weltraumschrott
) am Äerdorbit.
Et bezeechent een e Fluchkierper nëmmen dann als Satellit, wann hien d'Äerd am
Weltraum
ëmkreest. All Fluchkierper, deen den Äerdorbit mat
Fluchtvitesse
verléisst, gëtt
Raumsond
genannt, onofhängeg dovun, ob si an den Orbit vun engem anere Planéit oder Mound antrieden oder net.