Wikimedia – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Wikimedia Logo
Wikimedia Foundation Inc.
ass d'Organisatioun déi sech ëm
Wikipedia
Wiktionary
Wikiquote
Wikibooks
In Memoriam 9/11
an
Nupedia
këmmert. Wikimedia ass eng
Association sans but lucratif
déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat
Florida
USA
fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni
2003
vum
Jimbo Wales
bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.
Ziler vun der Fondatioun
änneren
Quelltext änneren
D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstum vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi
fräit
Wëssen nom
WikiWiki
Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie
Wikipedia
existéiert och een
Dictionnaire
- an
Thesaurus
-Projet (
Wiktionary
), eng Enzyklopedie mat
Zitater
Wikiquote
), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (
Wikibooks
), haaptsächlech mat Wierker aus dem
Domaine public
D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September. Schlussendlech geréiert d'Fondatioun och den
Nupedia
-Projet (wat keng Wiki ass, mä wou de Contenu trotzdeem
fräi
ass). Am Moment ass dëse Projet allerdéngs e bessen op Äis geluecht.
D'Mataarbechter vu Wikipedia a vun deenen anere Projeten hoffen, datt duerch eng Fondatioun sans but lucratif an duerch noutwännesch
Donen
de Projet um Liewe ka gehale ginn.
Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den
Jimbo Wales
och all Copyright, all Domain Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.
De Verwaltungsrot
änneren
Quelltext änneren
Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den
Tim Shell
an de
Michael Davis
als Membere vum
Conseil d'Administration
nominéiert. Am Juni gouf et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'
Angela Beesley
an d'
Florence Devouard
gewielt
, als Representanten vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.
Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'Administration a si hunn e
Cahier de charges
opgestallt.
Gouvernance
Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.
Wikimedia Lëtzebuerg
änneren
Quelltext änneren
Wikimedia Lëtzebuerg ass eng Associatioun, déi de 26. November 2016 gegrënnt gouf an den 1. Februar 2017 als
Association sans but lucratif
am
Handelsregëster
ënner der Referenz F11166 ageschriwwe gouf
. D'A.s.b.l. huet hire Sëtz an der
Gemeng Leideleng
Den Zweck vun der Associatioun ass:
d'Schafen, d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen ze promovéieren
dat fräit Verdeele vu Wëssen ze promovéieren
d'Projeten an d'Communautéite vun deenen ënnerstëtzen, déi bei Wikimedia bäidroen, z.
B. Wikipedia, Wiktionnaire oder Wikimedia
mat der
Wikimedia Foundation
matschaffen an och am Reseau vun den
Chapter
vun Evenementer, Programmer a gemeinsamen Aktiounen
Projete mat de selwechten Ziler a Wäerter ënnerstëtzen
d'Ëffentlechkeet a punkto Problematike vun der intellektueller Proprietéit ze sensibiliséieren, besonnesch déijéineg, déi mat den
Auteursrechter
zesummenhänken an eng Gesetzgebung ze verdeedegen, déi souwuel am Aklang mat der intellektueller Proprietéit, wéi mat de Wäerter an Ziler vun der Associatioun ass.
D'Grënnungsmembere sinn d'Benotzer †
Astro-Jupp
Cayambe
GilPe
Les Meloures
MMFE
Robby
Soued031
Sultan Edijingo
an
Zinneke
D'Associatioun ass um Site vun der Agence vum
Benevolat
referenzéiert
Kontaktadress:
wikimedia.lu@gmail.com
Um Spaweck
änneren
Quelltext änneren
Offiziell Säit vun der Fondatioun
Wikimedia Foundation Bylaws
PDF
Annonce vun der Fondatioun
(en)
Wikimedians of Lëtzebuerg - User_Group
Commons: Wikimedia Foundation
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Wikimedia-Treffen zu Lëtzebuerg
– Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen
Quelltext änneren
Publication F11166
Wikimedia Lëtzebuerg um Site vun der Agence vum Benevolat
Vun „
Kategorien
Wikimedia
Organisatiounen an den USA
Wikimedia
Sujet derbäisetzen
US