Wikipedia:Läschen – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Dëst ass d'Säit fir
Läschdiskussiounen
. Hei hutt Dir d'Méiglechkeet fir Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen, selwer nei Säite fir d'Läschen ze proposéieren a wann néideg driwwer ze diskutéieren, ob d'Läsche wierklech ubruecht ass.
Eng nei Läschdiskussioun ufänken
Am Fall wou eng Säit carrement nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass, se Affer vu Vandalismus gouf oder de Contenu op eng aner Säit geréckelt gouf, kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an duerch d'Schabloun
Läschen
mam Grond fir d'Läschen ersetzen (z.
B.
{{Läschen|Gouf geréckelt}}
oder
{{Läschen|Vandalismus}}
). Doduerch gëtt den Artikel automatesch an d'
Kategorie:Läschen
gesat. Beispiller fir Contenu, wou et ze schued gewiescht wier, en einfach ze läschen, sinn an eisem
Schmunzeleck
veréiwegt.
Am Fall wou et manner kloer ass, ob eng Säit geläscht soll ginn oder net, soll een de Contenu net läschen, mee just uewen an den Artikel
Läschen
setzen an de Grond fir d'Läschpropos uginn. Duerno kann op dëser Säit een neien Abschnitt ugeluecht ginn, wou iwwert d'Läsche vun deem Artikel ofgestëmmt ka ginn.
Et gëtt
eng Woch laang ofgestëmmt
, vum Dag vun der Läschpropos un. Dofir kann een déi follgend Symboler benotzen, optional eng Begrënnung derbäischreiwen a mat
--~~~~
ënnerschreiwen:
Pro
, wann ee fir d'Läschen ass.
Kontra
, wann ee géint d'Läschen ass.
Neutral
, wann een der Läschpropos géigeniwwer neutral ass, sech also an anere Wierder enthält.
Kommentar
, wann een e Kommentar ofgi wëll, ouni datt dee Kommentar eng Positionéierung géigeniwwer der Läschpropos beinhalt.
Ofstëmme kënnen all ugemellt Benotzer, déi scho virun der Läschpropos aktiv waren.
Aktiv
bedeit, datt een op d'mannst 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg oder 50 Ännerungen am Ganzen op Artikele vun der Lëtzebuergescher Wikipedia gemaach huet.
Kuckt Iech wgl. virum Proposéieren a virum Ofstëmmen d'
Relevanzkrittären
vun der Lëtzebuergescher Wikipedia un.
Archivéiert Diskussioune fannt Dir am
Archiv
Claude Mousel
Pro
: och wann en déi meescht Stëmme bei de Gemengewale krut, misst de Mann op d'mannst Buergermeeschter sinn (elo, net eventuell an x Joren)
GilPe
Diskussioun
16:46, 19. Jun. 2023 (UTC)
äntweren
Pro
idem --
Les Meloures
Diskussioun
17:06, 19. Jun. 2023 (UTC)
äntweren
Hei hu mer en eppes spezielle Fall: En Nach-net-Buergermeeschter: Wann haut fest steet (sou verstinn ech dat op d'mannst) dass de Buergermeeschterposten tëscht zwou Koalitiounsparteie gedeelt gëtt, an se sech eens sinn, wéini wien 'drun' ass, ass dat fir mech 'stabil' genuch, dass de Relevanzcritère 'Buergermeeschter' hei ugewandt géif. Ech verstinn awer och d'Argument, einfach emol ofzewaarden, bis dat souwäit ass (dh an zwee Joer). --
Zinneke
Diskussioun
06:30, 20. Jun. 2023 (UTC)
äntweren
Fir mech e valabelt Argument, wann déi zwee Joer wéi erwaart oflafen. Ech sinn am Prinzip géint d'Zukunftsmusek well mer schonn ze dacks hu misse Saachen ännere goen, mengen awer och datt mer hei nuancéiere kënnen. Wéi d'Läschschabloun an den Artikel gesat gouf, war (wéinsten am Wikiartikel) d'Informatioun, iwwer d'Buergermeeschterei net do. --
Les Meloures
Diskussioun
07:21, 20. Jun. 2023 (UTC)
äntweren
Kontra
: wéi uewe beschriwwen. --
Bdx
Diskussioun
09:53, 18. Okt. 2023 (UTC)
äntweren
Kommentar
: De Claude Mousel ass zanter dem 19.09.2025 Buergermeeschter. Ech mengen, domat ass dës Läschdiskussioun zou. --
Volvox
Diskussioun
19:14, 1. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
: Et wier awer gutt, wann am Text stéing, wéini a wou de Mann gebuer ass, vläicht och e Wuert zu senge Studien oder eventuelle Parteimandaten.--
Jamcelsus
Diskussioun
) 08:28, 15. Jan. 2026 (UTC) — Ass elo deelweis geschitt!--
Jamcelsus
Diskussioun
14:40, 21. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS...
Ech proposéieren all déi follgend Kategorien ze läschen:
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS Category
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS Category talk
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS Image talk
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS MediaWiki
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS Talk
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS Template
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS User
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS User talk
Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS Wikipedia
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS Benotzer
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS Category
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS Hëllef
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS Image
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS MediaWiki
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS Template
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS User
Schabloun:MediaWiki Noarticletext NS Wikipedia
Ech denken, datt dës Schablounen 2005 ugeluecht goufe fir d'Messagen ze definéieren, déi ugewise ginn, wann een op eng Säit geréit, déi et nach net gëtt. Aktuell ginn dës Schablounen awer néierens méi gebraucht an dat wat bei Säiten, déi et net gëtt, ugewise gëtt, gëtt och net méi iwwer Schablounen definéiert. --
Volvox
Diskussioun
20:43, 1. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Wa se net gebraucht ginn, da kënne se fort. |
GilPe
Diskussioun
21:11, 1. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Les Meloures
Diskussioun
08:05, 2. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Mobby 12
Diskussioun
17:50, 2. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Schablounen, déi kënne geläscht ginn
Schabloun:Infobox Comic
(bleift stoen Infobox Comic 2 gouf heihi geréckelt) --
Les Meloures
Diskussioun
17:10, 18. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Schabloun:Infobox Garen zu Lëtzebuerg
Schabloun:Infobox Insel
(bleift stoen Infobox Insel nei gouf heihi gerèckelt) --
Les Meloures
Diskussioun
13:57, 18. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Schabloun:Infobox Schinnegefierer
Pro
et misst een allerdéngs virdru kontrolléiren op all d'Labelen an déi nei Schabloun iwwerholl goufen. --
Les Meloures
Diskussioun
19:45, 6. Jul. 2025 (UTC)
äntweren
Moien, a wat fir eng aner Schabloun? Weess net wat fir eng geméngt ass. |
Mobby 12
Diskussioun
09:41, 29. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Schabloun:Infobox Stär
(bleift stoen Infobox Stär 2 gouf heihi geréckelt) --
Les Meloures
Diskussioun
13:57, 18. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Schabloun:Infobox V3/Tableau Ligne mixte
Schabloun:Infobox V3/Début
Schabloun:Infobox V3/Fin
Schabloun:Infobox V3/Image
Schabloun:Infobox V3/Tableau début
Schabloun:Infobox V3/Tableau fin
Ginn net méi gebraucht; e puer goufen duerch aner Infoboxen ersat. --
Mobby 12
Diskussioun
11:05, 18. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Léierpersonal
Vum·Vun der
2A02:A03F:A199:6C00:6182:6DDD:C562:45AD
proposéiert mat der Begrënnung: „Grond: Schlechte Redirect - et gëtt och nach anert Léierpersonal.“
Well „dës Säit sou gespaart gouf, datt nëmme ugemellt Benotzer s'ännere kënnen“, gouf d'Läschpropos heihi kopéiert vum
GilPe
Diskussioun
14:42, 12. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
Kontra
: "Léierpersonal" ass am Lëtzebuergeschen déi allgemeng gebräichlech (an déi geschlechtsneutral) Bezeechnung fir Schoulmeeschteren a Léierinnen.
Den LOD iwwersetzt
Léierpersonal
mat
personnel enseignant
respektiv
Lehrerschaft
an op der de.wiki gëtt och
Lehrpersonal
op
Lehrer
virugeleet. Do dernieft ass mir perséinlech och keng aner Bedeitung fir „Léierpersonal“ geleefeg.
GilPe
Diskussioun
14:53, 12. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
ausser et géif en Artikel draus gemaach ginn, awer nëmmen e Redirect op Schoulmeeschteren a Léierinnen ass schlecht. Professeren, Chargés de cours, oder aner pedagogesch Beruffer gehéieren och zum Léierpersonal. Am Däitsche gëtt de
Lehrer
och anescht definéiert a beschränkt sech net op d'Schoulmeeschteren a Léierinnen déi bei ons nëmmen an der Grondschoul, Schoul halen:
Ein Lehrer oder eine Lehrerin ist eine Person, die andere auf einem Gebiet weiterbildet, auf dem sie selber einen Vorsprung an Können, Wissen oder Erfahrung hat. Da es sich um keine geschützte Bezeichnung handelt, kann sich grundsätzlich jede Person so nennen, die sich in einer Phase der Vermittlung von Wissen, Können, Lebensweisheit, Ausbildung oder Bildung befindet. „Lehrer“ kann in der Umgangssprache als Berufsbezeichnung oder als Ehrentitel sehr unterschiedliche Bedeutung annehmen und ist eine Sammelbezeichnung für alle Arten von Lehrenden; diese lassen sich durch eine entsprechende Wortverbindung jeweils näher kennzeichnen, etwa Schullehrer, Hauslehrer, Tanzlehrer oder Segellehrer. Vor allem in der modernen Amtssprache findet sich die geschlechtsneutrale Bezeichnung Lehrkraft.
--
Les Meloures
Diskussioun
15:15, 12. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
Kontra
: -- wéi de Benotzer GilPe et uewe scho schreift. --
Bdx
Diskussioun
07:52, 13. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
: Mat "Léierpersonal" ass definitiv net nëmmen de Schoulmeeschter/Joffer/... gemengt am Primaire mä och am Secondaire an och anert Personal dat Coursë gëtt. --
Soued031
Diskussioun
09:27, 15. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
: D'Situatioun ass een Duercherneen. Am Artikel
Schoulmeeschter a Léierin
steet
Léierpersonal
als geschlechtsneutral Bezeechnung. An deemselwechten Artikel gëtt sech awer och spezifesch op d'Primär-/Grondschoul bezunn. Am verbonnene Eikidata-Element
Schoulmeeschter
(Q2251335)
ass awer rieds vu
primary or secondary school
. Wa
Léierpersonal
sech net nëmmen op Grondschoulléierpersonal bezitt – an dovunner ginn ech aus –, gesinn ech zwou Méiglechkeeten:
Den Artikel
Schoulmeeschter a Léierin
behält säi Scope, gëtt mat
Schoulmeeschter
(Q10509151)
verbonnen, d'Ernimmung vu
Léierpersonal
gëtt gestrach (oder modifizéiert, datt kloer ass, datt et eng Iwwerklass ass) an de Redirect gëtt geläscht (oder zu engem separaten Artikel ausgebaut).
De genannten Artikel gëtt am Scope erweidert a misst deemno unhaltlech erweidert ginn, awer fir de Resch bräicht sech näischt ze änneren (ausser eventuell nach méi een allgemengt Wikidata-Element).
Ech perséinlech si fir déi éischt Optioun, well de
Schoulmeeschter
am Lemma reng op Grondschoule bezéibar ass. --
Volvox
Diskussioun
06:47, 19. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
Merci dem
Volvox
fir seng Analys; ech ënnerstëtze seng 1. Alternativ. |
GilPe
Diskussioun
15:51, 23. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
fir déi 1. Alternativ. --
Zinneke
Diskussioun
13:49, 2. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
1. Optioun ass ëmgesat. --
Volvox
Diskussioun
14:09, 2. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Buergermeeschter-Schabloune fir fréier Gemenge läschen
Ech denken, datt et kee Sënn méi huet, d'
Buergermeeschterschabloune
fir fréier Gemengen ze halen. Déi ginn normalerweis benotzt fir de jeeweils aktuelle Buergermeeschter an engem Artikel (meeschtens an enger Infobox) unzeweisen. Dat wieren ze läschen:
Schabloun:Buergermeeschter Bous
Schabloun:Buergermeeschter Groussbus
Schabloun:Buergermeeschter Tënten
Schabloun:Buergermeeschter Wal
--
Volvox
Diskussioun
12:28, 2. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Les Meloures
Diskussioun
13:13, 2. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Zinneke
Diskussioun
13:47, 2. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Mobby 12
Diskussioun
14:41, 2. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
GilPe
Diskussioun
16:19, 2. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Fazit
: goufe geläscht. --
Zinneke
Diskussioun
08:55, 8. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Lager Gruben
Deen Artikel ass iwwer ee (vun am Ganzen ennger aacht) Gefaangenelager fir sougenannt "
Ostarbeiter
", d.h. vun den Nazien agesaten Zwangsaarbechter aus Osteuropa). Dës Lager sollen am Artikel "Ostarbeiter" - Kapitel "Ostarbeiter zu Lëtzebuerg", am beschten an enger Tabell (mat e puer Donnéeeën - wou genee, wéini, wéivill Gefannagener,...) all opgezielt ginn. Eegen Artikelen, wou net méi dra stéing wéi an enger Zeil Tabell, hu mMn net vill Sënn (kuckt och Diskussiounssäit zum Artikel). --
Zinneke
Diskussioun
08:48, 8. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
läschen --
Zinneke
Diskussioun
08:50, 8. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
läschen --
GilPe
Diskussioun
09:39, 8. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Les Meloures
Diskussioun
10:40, 8. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Mobby 12
Diskussioun
11:00, 8. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
15:42, 17. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Fondatioun ouni Gewënnzweck (Lëtzebuerg)
D'Situatioun vun de Fondatiounen zu Lëtzebuerg ass am Artikel
Stëftung
erkläert; et ass mMn en Doublon a gouf schonn 2012 proposéiert fir ze läschen. Kuckt d'
Diskussioun
dozou. |
GilPe
Diskussioun
15:38, 17. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
läschen |
GilPe
Pro
Pro
--
Mobby 12
Diskussioun
) 7:33, 18. Okt. 2025 (UTC)
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
08:27, 27. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Veräiner an Organismen
Am Artikel ass allerhand Duercherneen (gouf och schonn
diskutéiert
). A mengen Aen wär et besser den Artikel
Veräin
op
Club
weiderzeleeden an do dran den Ënnerscheed tëscht De-facto-Associatioun, ASBL an Netregierungsorganisatioun ze maachen. Wéi och schonn ernimmt, steet Organismen am Lemma, gëtt awer am Artikel net ernimmt. |
GilPe
Diskussioun
13:38, 19. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
13:38, 19. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
14:09, 19. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
|--
Zinneke
Diskussioun
16:16, 19. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
Déi dozougehéiereg
Kategorie: Veräiner an Organismen
sollt a mengen Aen op
Kategorie:Organisatiounen
ëmbenannt ginn, déi bei eis nach keen Haaptartikel hunn. Vun
Organisatioun
wieren da
Veräin
Club
Ënnerklassen. Mee ech wéisst lo net, wéi ech
Veräin
Club
a Relatioun zuenee setze géif, ob dat Synonymmer sinn – wéi dem GilPe säi Virschlag noleet – oder dat eent e Spezialfall vum aneren ass oder et awer zwee ënnerschiddlech Konzepter (mat méiglecher Iwwerlappung) sinn. --
Volvox
Diskussioun
18:22, 19. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Merci
Volvox
, jo dat mat der Kategorie gesinn ech och esou. Wat Club a Veräin ugeet, sou sinn dat fir mech effektiv Synonymmer. Eis Kolleegen op der de.wiki gesinn dat och
esou
. |
GilPe
Diskussioun
20:27, 19. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Ech setze mech drun d'Kategorien ëmzestrukturéieren.
Wat
Veräin
Club
ugeet: Wann s de ënner
Club
den Ënnerscheed tëscht
association de fait
, ASBL an Netregierungsorganisatioun maache wëlls an ech mer d'Lëscht vun den ASBLen an Netregierungsorganisatiounen ukucken, da géif ech mech bei verschiddenen awer dorunner stoussen se als
Club
ze bezeechnen, wougéint
Veräin
awer ëmmer eenegermoosse passt.
Club
wierkt méi informell, méi wéi een Zesummesi vu Leit, wougéint
Veräin
a mengem Kapp och bei Organisatioune passt, déi engem bestëmmten Zweck déngen ouni Gesellegkeet. Mee dat si just vag Gedanke mengersäits... --
Volvox
Diskussioun
20:53, 19. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:04, 29. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Tripticon+
Wéinst Relevanzcritère schonn am Joer 2023 proposéiert gi fir geläscht ze ginn (cf
Diskussioun
). |
GilPe
Diskussioun
11:16, 26. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
11:16, 26. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
13:54, 27. Okt. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
17:05, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Safet Alili
Den Artikel sollt wéinst de Relevanzkrittäre geläscht ginn; et geet haaptsächlech ëm d'ASBL
LëtzCare
, déi elo en eegenen Artikel huet. |
GilPe
Diskussioun
17:01, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:01, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Les Meloures
Diskussioun
18:15, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Zinneke
Diskussioun
19:25, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Mobby 12
Diskussioun
20:00, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Artikelen déi schonn eng Zäit laang vegetéieren…
Centre d'Incendie et de Secours Kehlen
Läschpropos vum 17. Mee 2024, Grond: minimalistesch.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Kaum enzyklopedesch Relevanz a kaum Informatiounen. --
Volvox
Diskussioun
15:11, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Alphonse Halleux
Läschpropos vum 14. Sep. 2022, Grond: keng Relevanz, eege Recherchen ouni weider Quellen.
Kontra
läschen; et feele just Quellen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
Muss doriwwer eraus og jidde Fall iwwerschafft ginn: Vill ze ausféierlech iwwer kleng perséinlech Detailer vum Liewen, kaum eppes iwwer seng Kënschtleraktivitéit (Ausbildung, Austellungen, Quellen, Katalogen, ... Stil ass och net wéi e soll sinn
("Den Alphonse ...")
--
Zinneke
Diskussioun
10:37, 5. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Jean-Baptiste Sanfourche
Läschpropos vum 23. Dez. 2021, Grond: Maschinneniwwersetzung; näischt dran ausser Foussnouten, nom Motto 'sicht dach selwer iwwer deen Onbekannten no', deen ausser enger Gare net vill Relevantes opweises huet.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Kachkéis Kultur
Läschufro vum Auteur
Benotzer:Charel Schiltz
vun der Säit vum 25. Okt. 2025, Grond: Eegenen Artikel, net relevant am Senn vun de Wikipedia-Relevanzkrittären. Ech bieden em d'Laeschen.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
De
Benotzer:Charel Schiltz
ass gefrot ginn, fir seng Läschdemande selwer hei mat Argumenter ze presentéieren. |
GilPe
Diskussioun
13:33, 6. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
Well elo eng laang Zäit näischt geschitt ass, géif ech proposéieren, datt ech den Artikel eng Kéier iwwerschaffen an aktualiséieren. Ech mengen, datt den Artikel de Relevanzkrittären entsprécht, well et gëtt dee Podcast nach ëmmer. Ech wëll den Artikel natierlech nëmmen iwwerschaffen, wann en net direkt duerno erëm geläscht gëtt. --
Bdx
Diskussioun
11:27, 6. Mäe. 2026 (UTC)
äntweren
Kontra
: Den Artikel ass iwwerschafft. De Podcast leeft scho 4 Joer a gouf an d'Programmatioun vum Radio Ara iwwerholl. Zu den Invitéen zielen eng ganz Rei Leit a Gruppen, déi an der Lëtzebuerger Musekszeen zimmlech bekannt sinn, et also kee klengen Nichepodcast mat Onbekannten. --
Bdx
Diskussioun
10:30, 12. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Conclusioun: Ech mengen, bei enger Stëmm dogéint a kenger dofir no 4 Méint a 24 Deeg, kann ee soen, datt dës Läschdiskussioun ofgeschloss ass an den Artikel bleift. Merci dem @
Bdx
fir d'Iwwerschaffen. --
Volvox
Diskussioun
11:21, 13. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Benotzer Diskussioun:Lệ Xuân
Läschpropos vum 24. Jun. 2022, Grond: Vandalismus gouf et scho virun 2 Joer eng Kéier op méi Wikien.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
Déi Säit huet d'Krittäre vum
Direkt Läschen
erfëllt, wëll se laut Google Translate voller Obszönitéite war an deemno ënner Vandalismus fält. --
Volvox
Diskussioun
15:09, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Schabloun:Liste horizontale
Läschpropos vum 30. Jun. 2025, Grond: Ausser Déngscht.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Volvox
Diskussioun
15:05, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
) 20:36, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Schabloun:Metanavigatioun
idem
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Volvox
Diskussioun
15:05, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
) 20:35, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Benotzer:RoudeLéiwHuelSe
Läschpropos vum 24. Feb. 2023, Grond: Test page.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Volvox
Diskussioun
15:04, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
) 20:35, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
San Amaro (Burgos)
Läschpropos vum 26. Mee 2023, Grond: Maschinneniwwersetzung vun engem deen d'Sprooch net kann.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
) 20:34, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Tinkoff (2012) an Tinkoff (2013)
Läschpropos vum 6. Mäe. 2023, Grond: Dës Säit ass onnéideg, well se just eng Schabloun enthält, déi lo am Haaptartikel vun Tinkoff steet.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Am Artikel
Tinkoff
enthalen. Domat kann och d'
Kategorie:Tinkoff
fort. --
Volvox
Diskussioun
13:21, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
) 20:34, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Veianenerstross
Läschpropos vum 7. Jan. 2025, Grond: et schéngt kee sou e Lieu-dit ze ginn, op de Koordinaten déi ugi sinn ass näischt ze fannen.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Kommentar
Op
data.public.lu
fënnt een allerdéngs eng „Veianerstrooss“ fir „Hosingen“ an der Lëscht vun de Lieuxdits (
Link op den Datesaz
); dat ass awer och bal dat eenzegt. @
Zinneke
Wourop has du dech baséiert, wou s de den Artikel ugeluecht hues? --
Volvox
Diskussioun
13:18, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Moien, se war am Artikel
Gemeng Housen
ënner "Häff a Lieu-diten" opgezielt, sou dass ech unhuelen, dass ech do virun 13 Joer eng Kéier op dee roude Link geklickt an den Artikel nom Schema x ugeluecht hunn. Allerdings ass do d'Schreifweis ewell liicht anescht. --
Zinneke
Diskussioun
19:22, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Moien, am Artikel Housen war och iwwregens uginn wou den Numm géif hierkommen, e war allerdéngs am Ufank falsch geschriwwen (warscheinlech souguer mäi Feeler). Dësen Artikel gouf lo op déi richteg Schreifweis geréckelt, aner Schreifweisen an den Artikele goufe verbessert an d'Referenze goufen och an dësen Artikel derbäigesat, sou datt lo menger Meenung no kee Läschgrond méi besteet. Ech hunn och dofir d'Läschschabloun aus dem Artikel erausgeholl. --
Les Meloures
Diskussioun
13:06, 5. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Benotzer:YxLizxy
Läschpropos vum 10. Mee 2025, Grond: Spillsäit vun engem Benotzer dee soss nach guer näischt opweises huet.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
20:32, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Benotzer:Ⲩ.Ⲅ./Lorentzwues
Läschufro vum 28. Dez. 2020 vum Auteur
Benotzer:Ⲩ.Ⲅ.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
--
Volvox
Diskussioun
13:01, 22. Nov. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
) 20:33, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Oh mäin Léift, Clementine
Haaptsächlech Doublon mat dem Artikel
Un der Atert
; kuckt weider Infoen an der Këscht vum Artikel.
Pro
läschen |
GilPe
Diskussioun
07:30, 5. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Kontra
: Ass en eegestännegt, wäit bekannt Lidd/Melodie, dat duerchaus en eegenen Artikel verdingt (et gëtt en an enger halwer Dose Sproochen).
Un der Atert
ass eng "speziell" Adaptatioun, a well se zu Lëtzebuerg och wäit bekannt ass, kann déi och en Artikel hunn, an deem all dat besschriwwen ass. Allerdings soll deen hei ënner dem Originaltitel Lemmatiséiert sinn (net ënner enger kaum bis net genotzter Iwwersetzung). Ech réckelen en emol. --
Zinneke
Diskussioun
10:42, 5. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Artikel gouf iwwerschafft; d'Bäibehale vum Artikel ass berechtegt. |
GilPe
Diskussioun
22:02, 11. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Jonah Blumenfeld
Den Artikel erfëllt d'Relevanzkrittären net.
Mobby 12
Diskussioun
12:00, 7. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
12:00, 7. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
, en huet och a soss kenger Wikipedia en Artikel, a e gëtt an der en-Wiki just eng Kéier ernimmt. -
Puscas
Diskussioun
12:23, 7. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
GilPe
Diskussioun
16:39, 7. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
21:26, 18. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Business Federation Luxembourg
Pro
Ass eng Viruleedung mat falschem Lemma an néirens méi verlinkt --
Puscas
Diskussioun
12:17, 15. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
20:38, 18. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Kontra
- D'Fedil nennt sech zënter 2018
The Voice of Luxembourg's Industry
, virdru war et
Business Federation Luxembourg
. D'Viruleedung mécht deemno Sënn, et gouf just en Tippfeeler an der Viruleedungssäit (ech hunn e verbessert) |
GilPe
Diskussioun
21:24, 18. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Benotzer:GilPe
: Se huet just ni
Business Federation Luxembourg
geheescht, souwäit wéi ech erausfonnt hunn. De Lemma gouf jo dowéinst scho ganz am Ufank geréckelt. Kuckt iech vläicht d'Vesioune vum Artikel un. Do steet och derbäi firwat.--
Puscas
Diskussioun
21:36, 18. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Moien @
Puscas
. Ech hat net an de Versioune gekuckt, mä am Kapitel
Numm
vum Artikel selwer. Do steet, datt d'Fedil sech vun 2008 bis 2018
Business Federation Luxembourg
genannt huet. An dat geet och aus de Statutenännerungen ervir, déi als Referenz ugi sinn. |
GilPe
Diskussioun
09:14, 19. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Remoien
GilPe
. Dann hat do vläicht deen een oder aneren net opgepasst. Aus
dësem Dokument
an och aus
dësem
gett kloer ervir dat den Numm
Fedil - Business Federation Luxembourg
war an net einfach
Business Federation Luxembourg
--
Puscas
Diskussioun
18:21, 19. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Okee, da läit de Feeler an dëser Diskussioun vläicht bei mir; ech hat net verstanen, datt „mat falschem Lemma“ sech just op de Prefix „Fedil -“ bezéie géif, dee virun „Business Federation Luxembourg“ feelt. Jo, an deem Fall kann déi Säit mMn (eng Woch no der Läschpropos) geläscht ginn. |
GilPe
Diskussioun
21:11, 19. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Pro
- cf hei driwwer. |
GilPe
Diskussioun
21:13, 19. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
17:13, 24. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Geschäftsleitskategorien
Ënner
Kategorie Diskussioun:US-amerikanesch Geschäftsleit
gouf knapp diskutéiert, datt d'Kategorien ënner
Kategorie:Geschäftsleit no Länner
eventuell redundant wieren, well mer schonn
Kategorie:Entrepreneren
hunn. Wann dat de Fall wier, wieren
Kategorie:Spuenesch Geschäftsleit
Kategorie:Tschechesch Geschäftsleit
Kategorie:US-amerikanesch Geschäftsleit
op déi entspriechend „Entreprener“-Versioun ze leeën an ze läschen.
Allerdéngs sinn ech mer beim optimale Begrëff net sécher: „Entreprener“ kléngt e bëssen no Bausecteur an „Geschäftsleit“ kéint un de Commerce denke loossen. Mee op éigendee Begrëff muss ee sech jo eenegen... --
Volvox
Diskussioun
18:27, 29. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Mir gefält Geschäftsleit besser, well e geschlechtsonspezifesch ass. A jo, bei Entrepreneur denken ech och éischt un de Baussecteur.--
Bdx
Diskussioun
10:33, 12. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Eidel Kategorie fir Gebuer/Gestuerwen
Ech proposéieren, e puer dausend Kategorien ze läschen – 4780, fir genau ze sinn – nämlech all Kategorie fir „Gebuer“ oder „Gestuerwen“, déi eidel ass. Weem dat ze extreem ass: Zumindest all déi Kategorië mat „v. Chr.“ brénge kengem eppes. Déi huele just Plaz wech a spammen d'
Spezial:Net benotzt Kategorien
zou. Sot beim Ofstëmme villäicht, ob der se all ewech wëllt hunn, just déi v. Chr. oder guer keng. --
Volvox
Diskussioun
21:47, 1. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Moien, ech géif s'och all bis d'Joer 1 läschen; nei Artikelen iwwer Leit aus der Antikitéit si rar, a wann, ass d'Kategorie séier nees ugeluecht.
--
Zinneke
Diskussioun
22:52, 1. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Moien,
Pro
läschen: alles virun Chr. an eventuell esouguer bis d'Joer 1000 duerno. |
GilPe
Diskussioun
08:17, 2. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
läschen |
Mobby 12
Diskussioun
10:14, 2. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Moien, ech verstinn de Problem mat der Plaz net richteg. Wou huele se Plaz ewech? --
Les Meloures
Diskussioun
10:50, 2. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Ech hu mech salopp ausgedréckt mat der Plaz. Späicherplaz op Serveren oder Änleches ass wuel kaum relevant, dat hunn ech net gemengt. Mee déi Kategorien erfëllen – wéi déi meeschten eidel Kategorien – keen Zweck an tauchen awer op Spezialsäiten, am AWB oder a Requêten etc. op a „begruewen“ do jee nodeems relevant Resultater, virun allem well et der Dausende sinn. --
Volvox
Diskussioun
11:14, 2. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Moien,
Pro
alles wat eidel ass bis d'Joer 1000.
Robby
Diskussioun
13:05, 2. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Kommentar
: Nodeems eng Woch vergaangen ass, schéngt et Konsens déi onbenotzt Gebuer- a Gestuerwesäiten v. Chr. ze läschen an eventuell bis 1000, wann den @
Zinneke
net „
just
bis d'Joer 1“, mee „
mindestens
bis d'Joer 1“ gemengt huet.
Ech hu mech mam @
Soued031
amüséiert erauszefannen an ze testen, wéi een de pywikibot (
mw:Manual:Pywikibot/delete.py
) benotze kann, fir déi dausende Kategorien op ee Schlag ze läschen. Well een dofir awer Adminrechter brauch, kann ech déi Ännerungen net mat mengem Bot-Account maachen, mee ech muss mäin Haaptaccount benotzen. A well ech doduerch d'Rezent Ännerunge komplett zouschëdden, loossen ech dat Ganzt dës Nuecht lafen, wou warscheinlech kee méi ënnerwee ass.
--
Volvox
Diskussioun
17:01, 10. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Fir datt ech och an Zukunft nach weess, wéi mer et gemaach hunn:
Aus de Kategorien:Gebuer (n. Joerhonnert) einfach d'Lëscht vun all de Kategorien an eng Textdatei kopéieren.
Mat
find-replace
„ (eidel)“ ewech maachen, da mam Regex „([^\(\)\n\r]+\([^\(\)]+\))“ all Zeil wou nach Klammeren (an deemno forcément „(… S)“ fir eng Säitenzuel an der Kategorie) stinn läschen, „\r\n\r\n“ duerch „\r\n“ sou oft ersetze bis keng eidel Zeile méi do sinn an dann „Kategorie:“ prefixéieren. Dat geet natierlech alles zefouss, wat méi einfach ass, mee bei dausend Zeilen e bësse méi laang dauert. D'Haaptsaach herno sti just nach d'Kategorien, déi geläscht solle ginn, am Fichier, mat Nummraum an eng pro Zeil.
Mam pywikibot an der Kommandozeil de Befeel
python pwb.py delete -file:"C:\…\Gestuerwen-Kategorien-viru-Christus.txt" -always -summary:"Wéi ënner [[Wikipedia:Läschen#Eidel Kategorie fir Gebuer/Gestuerwen]] diskutéiert"
ausféieren, woubäi
C:\…\
duerch de Pad bis op de Fichier z'ersetzen ass. Virdru muss een natierlech de
pywikibot
mat allem drum un dran installéieren a sech ee
Botpasswuert
fir säi Kont generéiert an an d'Konfiguratioun vum pywikibot gepak a sech ageloggt hunn.
D'Exekutioun vum pywikibot ass op ronn 8 Sekonne fir eng Aktioun gedrosselt. Doduerch muss en hei e puer Stonne lafen. Wann ee sech mat engem Kont ouni Adminrechter ageloggt huet, gëtt just d'Läschschabloun op d'Säit gesat, wann de Kont Adminrechter huet (an ee beim Generéiere vum Botpasswuert opgepasst huet, datt och d'Läschrechter iwwerdroe ginn), da ginn d'Säite geläscht.
Volvox
Diskussioun
10:42, 11. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Nina Krajnik
Läschpropos; Grond: „pam. crosswiki self promotion, machine translation abuse“ |
GilPe
Diskussioun
15:28, 7. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
GilPe
Diskussioun
22:07, 11. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
10:54, 12. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
|--
Zinneke
Diskussioun
15:57, 15. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
| --
Sultan Edijingo
Diskussioun
17:05, 15. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
| --
Les Meloures
Diskussioun
17:11, 15. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht. |
GilPe
Diskussioun
07:59, 21. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Rebecca Shoichet
Läschpropos; Grond: „1-Saz-Artikel voller Feeler an ouni Quellen; Relevanz net ginn“ |
GilPe
Diskussioun
15:47, 18. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Keng Relevanz |
GilPe
Diskussioun
15:47, 18. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Gouf scho geläscht well: „Resurectiounsartikel war schonn eng Kéier geläscht ginn“ |
GilPe
Diskussioun
17:00, 18. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Schabloun:Switch
Dës Schabloun gouf scho viru laanger Zäit vun der Parserfunktioun #switch ofgeléist an ass och net méi am Asaz, nodeems ech se op de leschte Plazen ersat hunn.
Pro
--
Volvox
Diskussioun
14:26, 19. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Wa se net gebraucht gëtt, ka se fort |
GilPe
Diskussioun
16:07, 19. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
18:46, 19. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Gouf geläscht |
GilPe
Diskussioun
21:52, 29. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Bob Morbach
Pro
entsprécht net de Relevanzcritère fir Politiker --
Puscas
Diskussioun
18:35, 29. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
d'accord, datt keng enzyklopedesch Relevanz z'erkennen ass. --
Volvox
Diskussioun
19:42, 29. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
läschen; keng Relevanz |
Pro
Mobby 12
Diskussioun
10:29, 30. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
- Sollt en enges Daags Buergermeeschter ginn, ass den Artikel jo nees séier reaktivéiert. --
Zinneke
Diskussioun
10:46, 30. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Conclusioun: gouf geläscht |
GilPe
Diskussioun
21:09, 22. Feb. 2026 (UTC)
äntweren
Charles Pauly
Pro
Persoun ass weeder Spiller vun der Natioinaldivisioun nach Buergermeeschter; President vum Naturpark Öewersauer ass och net relevant genuch. |
GilPe
Diskussioun
21:00, 17. Mäe. 2026 (UTC)
äntweren
D'Persoun huet an den 80er an 90er Joren 64 Matcher an der Nationaldivisioun gespillt, falls dat hëlleft
Benemlu
Diskussioun
06:54, 18. Mäe. 2026 (UTC)
äntweren
Leider net,
Nationalekipp
ass gefrot. |
GilPe
Diskussioun
08:22, 18. Mäe. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
, wéi beschriwwen. --
Zinneke
Diskussioun
11:17, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
gouf alles gesot --
Sultan Edijingo
Diskussioun
06:48, 11. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Conclusioun: No dräi Wochen a véier Deeg dräi Stëmme fir d'Läschen a keng dogéint. Domat ass den Artikel geläscht. --
Volvox
Diskussioun
14:26, 11. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Graziano D'Urso
Grond: Maschinneniwwesetzung, Autopromo a keen Artikel op der italieenescher Wiki. |
Mobby 12
Diskussioun
10:51, 6. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
, idem |
GilPe
Diskussioun
14:54, 6. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
ass a kenger grousser Wiki vertrueden, oder gouf do scho geäscht. --
Les Meloures
Diskussioun
09:19, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
- wéi uewendriwwer gesot. --
Zinneke
Diskussioun
11:16, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
alles gouf gesot--
Sultan Edijingo
Diskussioun
06:43, 11. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Conclusioun: No enger Woch a véier Deeg gouf et 4 Stëmme fir d'Läschen a keng dergéint. Deemno ass den Artikel geläscht. --
Volvox
Diskussioun
10:45, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Eesti Raadio
Grond: D'Relevanzkrittäre ginn net erfëllt. |
Mobby 12
Diskussioun
11:34, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
, mee net onbedéngt, well d'Relevanzkrittären net erfëllt wieren (villäicht sinn se et, villäicht net), mee well et e moeren an net propper strukturéieren Iwwersetzungsartikel ass. --
Volvox
Diskussioun
11:38, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Jo, ass besser.
Pro
Mobby 12
Diskussioun
11:39, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kontra
-Relevanz ass hei keen Argument. an eng Skizz vun der Struktur, wài se soll sinn, ass séier gemaach. Ausbaue kann een ëmmer. Loosse mer eis Frënn aus Estland emol e bësse méi iwwert hiert Land hei uleeën - soulaang et effektiv net méi Aarbecht mécht wéi selwer schreiwen. --
Zinneke
Diskussioun
12:54, 10. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kontra
--
Sultan Edijingo
Diskussioun
06:51, 11. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Alles ass schéin a gutt sou laang wéi et keng Iwwerhand hëlt. Ech stellen allerdéngsfest datt déi Mataarbechter just e puer Sätz heihinner klake kommen, a sech bis elo rose wéineg ëm de Layout bekëmmert hunn, oschonn d'Modeller do sinn. --
Les Meloures
Diskussioun
10:37, 11. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Kommentar
De Problem bei automateschen Iwwersetzungen ass net nëmmen d'
mise en forme
; déi ass tatsächlech relativ séier gemaach, wann ee Motivéierte sech fënnt. Mee bei automateschen Iwwersetzunge leit och den Inhalt an dee misst een och allkéiers am Detail préiwen, fir erauszefannen wou beim Iwwersetzen eppes schif gaangen ass, ouni datt een et gemierkt huet (well den „Iwwersetzer“ et guer net mierke kann). Deen Opwand ass méi grouss an et ass liicht, dee Problem z'ignoréieren, soulaang den Artikel uewerflächlech an der Rei ausgesäit. Wa mer automatesch Iwwersetzunge vu Leit, déi d'Sprooch net kënnen, akzeptéieren, da riskéiere mer, datt mer onbemierkt Ongenauegkeeten oder carrément Falschinformatiounen aschleisen. --
Volvox
Diskussioun
14:23, 11. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Alpha Capital Discount Code AQM74
Grond: Spam XReport. |
Mobby 12
Diskussioun
09:23, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
Mobby 12
Diskussioun
09:30, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Conclusioun: Ass direkt geläscht ginn, well et kloer Spam war. Den temporäre Kont gouf entre-temps scho global gespaart. --
Volvox
Diskussioun
09:55, 17. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Vun „
Kategorien
Läschen
Wikipedia-Administratioun
Wikipedia
Läschen
Sujet derbäisetzen