Wikipedia:Technesche Krom – Wikipedia
Op den Inhalt sprangen
Vu Wikipedia
Op dëser Säit kann alles diskutéiert ginn, wat mat techneschen Aspekter vun der Wikipedia-Aarbecht ze dinn huet.
E Message hannerloossen
Et kënne Froe gestallt ginn, wéi eppes funktionéiert, oder Ufroe gestallt gi fir nei technesch Funktionalitéiten. Et kann een Erklärungen heihinner schreiwen, déi op deenen eenzele Schablounen- oder Moduldiskussiounssäite verluer goe géifen, awer och soss alles beschwätzen, wat villäicht e bëssen ze vill an den techneschen Detail geet fir den „normale“
Stamminee
Wann Dir keng Diskussiounssujete verpasse wëllt, kënnt Dir dës Säit einfach op Är
Iwwerwaachungslëscht
setzen.
Kuckt och
Wikipedia:Tech News
fir all Woch déi aktuell
Tech News
vu Meta-Wiki ze liesen.
Wikipedia:De Stamminee
fir allgemeng, och net-technesch Sujeten.
Wikipedia:Global Annoncen
fir global Annoncen a Messagen, déi automatesch op deene verschiddene Wikien – dorënner och d'Wikipedia op Lëtzebuergesch – verbreet ginn.
Fir emol unzefänken: "Sproochen" a reduzéierter Form
Quelltext änneren
Moien, op verschiddene Wikien, wéi eiser, gi lénks all Sproochen ugewisen, an deenen et eppes zum selweschten Thema gëtt.
Bei der Haaptsäit ass dat e bësse problematesch, well dat einfach ze laang ass (300+) an d'Säit 3 Mol sou laang mécht wéi den Text deen do steet. Op der Däitschsproocheger schéngen s'en Trick fonnt ze hunn, dat op déi 'Gängegst' ze reduzéieren (déi x Gréisst an all déi europäesch Sproochen, wann ech dat richteg interpretéieren). Kinnt een dat hei och aféieren?
Zinneke
Diskussioun
17:54, 29. Mäe. 2025 (UTC)
äntweren
Wéi?
Et gëtt ee
magic word
{{noexternallanglinks}}
, mat deem een dat automatescht Uweise vun den Interwiki-Linken, wéi se am ggf. verbonnene Wikidata-Element hannerluecht sinn, ënnerdrécke kann (cf.
mw:Wikibase/Installation/Advanced configuration#noexternallanglinks
). Wann een dat asetzt, kann ee wéi fréier mat manuellen Interwikilinken à la
[[de:Wikipedia:Hautpseite]]
all gewënschte Sproochlinken zefouss definéieren.
Op der däitschsproocheger Wikipedia hunn se op der Haaptsäit dofir d'Schabloun {{
Wikipedia:Hauptseite/Interwikis
}} gesat, an där all hir 51 Interwikilinke vun hirer Haaptsäit opgelëscht sinn, suivéiert vum genannte
magic word
Firwat (net)?
Am Prinzip kéinte mir dat ganz einfach och maachen, mee a mengen Ae wier dat eng onnéideg Aschränkung, well guer kee Problem besteet: Ugemellte Benotzer kënnen nämlech an hire Benotzerastellungen ënner „Ausgesinn“ am leschten Abschnitt „Sproochen“ d'Optioun „Benotzt eng kompakt Lëscht vu Sprooche mat deene Sproochen, déi fir Iech relevant sinn“ aktivéieren, fir datt net déi ganz Sproochelëscht ausgeklappt gëtt. A fir net ugemellte Benotzer – déi jo keng sou Astellunge maache kënnen – gëtt d'Standardbenotzeruewerfläch
Vector (2022)
benotzt, bei där d'Interwikilinken net ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt, mee zesummegeklappt iwwert der Säit (resp. aus engem mir onbekannte Grond op Haaptsäiten drënner) stinn. D.
h. fir ugemellte Benotzer ass de Problem mat engem Klick an de Benotzerastellunge liicht léisbar a fir net ugemellte Benotzer besteet de Problem guer net.
An déi Däitschsproocheg?
Op der däitschsproocheger Wikipedia ergëtt hir Léisung awer duerchaus Sënn, well bei hinnen d'Standardbenotzeruewerfläch net
Vector (2022)
ass, mee
Vector alt (2010)
, an do ginn d'Interwikilinken ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt ugewisen, deemno och fir net ugemellte Benotzer. A well net ugemellte Benotzer jo keng Benotzerastellunge maache kënnen an et och fir si „propper“ ausgesi soll, ware se gezwongen eng global Léisung ëmzesetze wéi uewe beschriwwen.
--
Volvox
Diskussioun
00:01, 30. Mäe. 2025 (UTC)
äntweren
P.S.: Witzegerweis hunn ech mäi Kommentar iwwer déi däitschsproocheg Wikipedia dee leschten Dag gemaach, wou en iwwerhaapt nach gestëmmt huet. Den 31. Mäerz 2025 gouf nämlech och op der dewiki
Vector (2022)
och zum Standard 😉(cf.
de:Hilfe:Skin/Vector 2022
). --
Volvox
Diskussioun
17:57, 7. Abr. 2025 (UTC)
äntweren
Infoboxe mat Wikidata lo och mat „mul“
Quelltext änneren
Ech wollt Bescheed soen, datt iwwer d'Schabloun
wikidata
duerch
dës Ännerung
lo net nëmme méi lëtzebuergesch Etiketten ofgegraff ginn – wann et därer keng gouf, da gouf virdrun einfach guer näischt ugewisen –, mee elo och „mul“-Etiketten (also de berüümten neie „Standard fir all Sproochen“). Doduerch ass et net méi néideg fir all méiglech Persounen hiren Numm op Lëtzebuergesch ze kopéieren, just fir datt se an Infoboxen optauchen.
Falls engem Problemer domat opfalen oder Argumenter afalen, firwat dat keng gutt war, gäre Bescheed soen.
(@
GilPe
, @
Les Meloures
pour info)
--
Volvox
Diskussioun
20:56, 26. Abr. 2025 (UTC)
äntweren
Tipptopp, merci fir den Hiwäis. |
GilPe
Diskussioun
06:20, 27. Abr. 2025 (UTC)
äntweren
Schabloun:Commonscat geännert
Quelltext änneren
Pour info
: Ech hunn d'
Schabloun:Commonscat
grad geännert. Wann een einfach nëmmen
{{Commonscat}}
an een Artikel oder eng Kategorie schreift, da gëtt de Wäert vun der Eegenschaft
Commons-Kategorie
(P373)
vu Wikidata als Commons-Kategorie geholl a
{{PAGENAME}}
als Linktitel ugewisen.
De Gedanken dohannert ass et, d'Derbäisetze vu Commons-Linken haaptsächlech an eise Kategorien däraarteg ze vereinfachen, datt kee sech méi ploe muss all Kéiers nom Verknäppe mat Wikidata op Wikimedia Commons nozekucken, wéi déi Kategorie dann do heescht, fir se dann zesumme mat engem
{{PAGENAME}}
an de Wikitext vun der Kategorie antippen ze goen. Lo geet et duer
{{Commonscat}}
an déi zweet Zeil ze setzen, an d'Bier ass geschielt (ech wäert dat deemnächst mam
AutoWikiBrowser
iwwerall do maachen, wou nach guer kee Commons-Link gesat ass, obwuel en existéiert). Bei Artikelen ass et net ëmmer esou banal, well mer do dacks d'Méizuel vum lëtzebuergesche Begrëff gesi wëllen; dat muss een dann nach ëmmer zefouss definéieren. A fir all anere Fall kann een nach ëmmer de Link an de Linktitel definéieren, wéi ee wëll. --
Volvox
Diskussioun
18:06, 10. Mee 2025 (UTC)
äntweren
Neie Gadget: MiniEdit
Quelltext änneren
Ab elo hu mer nieft
HotCat
och een zweete Gadget op der lbwiki:
Wikipedia:MiniEdit
Dat wäert bestëmmt net dee leschte bleiwen, deen nei derbäi komm ass.
Wann iergendee Wënsch huet fir nei Gadgeten (déi een z.
B. op aner Wikie gesinn huet), kann e mer dat gäre soen. Da kann ech kucke fir s'eventuell hei z'importéieren.
(@
GilPe
a @
GilPeBot
pour info)
--
Volvox
Diskussioun
20:58, 28. Jun. 2025 (UTC)
äntweren
Eifeler op der Haaptsäit
Quelltext änneren
Moien, op der Haaptsäit liesen ech "[...] a 140 Mataarbechter." Am Quellentext schéngt es, wéi wann do e Code géif no der Eifeler Reegel kucken, ma bei "Honnert" schéngt dat offensichtlech net de Fall ze sinn. Wann eng Léisung ze komplizéiert wier, kann een och einfach "a(n)" dohischreiwen. Bescht Gréiss. --
Zinneke
Diskussioun
07:46, 26. Sep. 2025 (UTC)
äntweren
Salut, ass mat
där heiter Ännerung
um
Modul: SimplifiedEifelRule
behuewen.
Normalerweis gëtt an deem Modul gekuckt, woumat dat zweet Wuert ufänkt, fir ze wëssen, ob beim éischte Wuert den -n (oder -nn) ewechfale muss. Dat ass entweeder eng Zuelegrupp, déi da fir d'éischt a Buschtawen ëmgewandelt gëtt, oder einfach den éischte Buschtaf.
De Problem war hei, datt dat zweet Wuert net dat war, wat ugewise gouf – also 140 –, mee de Wikitext – also
'''[[…
a sou weider – an deemno gouf d'Zuel 140 guer net fonnt.
No der Ännerung gëtt dat zweet Wuert fir d'Iwwerpréiwung fir d'éischt vu Wikitext an den ugewisenen Text ëmgewandelt an elo klappt et. --
Volvox
Diskussioun
16:51, 26. Sep. 2025 (UTC)
äntweren
Top! Merci! ---
Zinneke
Diskussioun
22:05, 26. Sep. 2025 (UTC)
äntweren
Homonymie-Linken entdecken
Quelltext änneren
Den Tipp vum Dag: Wann ee wëll méi liicht
Wikipedia:Homonymie
-Linken an Artikelen entdecken, fir se eventuell duerch e Wikilink op déi richteg Säit z'ersetzen, kann ee se faarweg markéiere loossen, andeems ee ganz einfach op seng Benotzerënnersäit
common.css
dee follgende Code dropsetzen:
mw-disambig
background-color
#ff9191
(inspiréiert vum Gadget
de:Wikipedia:Helferlein/Begriffsklärungs-Check
). Amplaz
#ff9191
kann een natierlech eng belibeg aner Faarf wielen. Dat gesäit dann z.
B. esou aus:
Screenshot vu „
Jeanne-Claude
“ vum 26.04.2025 mat faarflecher Markéierung vun Homonymiesäiten.
A schonn huet een niewelaanscht een Homonymielink fonnt fir ze verbesseren. --
Volvox
Diskussioun
13:50, 26. Abr. 2025 (UTC)
äntweren
Kann iwwregens gutt mat der Spezialsäit „
Säiten, déi op Homonymiesäite verlinken
“ kombinéiert ginn. --
Volvox
Diskussioun
13:57, 26. Abr. 2025 (UTC)
äntweren
Klengen Update: Mëttlerweil gëtt et dat Ganzt als
Gadget
Homonymiedetekter
. --
Volvox
Diskussioun
23:24, 29. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Eng fei Saach dat do! --
Zinneke
Diskussioun
00:05, 30. Dez. 2025 (UTC)
äntweren
Faarwegen Text
Quelltext änneren
Fir dat neit Joer e bësse faarweg unzefänken…
An enger Diskussioun mam @
Volvox
hei
) ass et ëm Schabloune gaange fir Text
faarweg
oder mat engem
faarwegen Hannergrond
ze schreiwen. Do gëtt et nämlech d'Schablounen
{{Faarf}}
an
{{Iwwerstrach}}
. Da gouf och nach eng aner Schabloun
{{Boxarrondi}}
erëmfonnt
mat där een en Text an eng
Këscht
pake kann an och déi jeeweileg Faarwen (Text, Hannergrond, Bord) steiere kann. De Bord ass zwar – anescht wéi den Numm vun der Schabloun et seet – net ofgerënnt, mä dat kann awer nach adaptéiert ginn.
D'Froen déi sech stellen:
Sollen d'Schablounen
{{Faarf}}
an
{{Iwwerstrach}}
bestoe bleiwen (eventuell mat besseren Nimm
{{Textfaarf}}
an
{{Hannergrondfaarf}}
) an d'Schabloun
{{Boxarrondi}}
gefléckt ginn, datt se ronn Ecke kritt, oder
soll d'Schabloun
{{Boxarrondi}}
als allround-Schabloun ëmgebaut gëtt, datt se alles matenee ka maachen an déi éischt genannt kënne geläscht ginn? (d'Schabloun kréich dann en neien Numm, z.
B.
{{Textlayout}}
).
Sot eis Är Meenung (1 oder 2; bei 2 eventuell mat engem Numm fir déi nei Schabloun). E schéint neit, faarwegt Joer 2026! |
GilPe
Diskussioun
15:13, 3. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Moien, a Merci gläichfalls, an och u jiddereen! Ech wosst bis ewell näischt vun deene Schablounen, a giff soen, et wier besser éng Schabloun, déi alles kann, mat engem einfachen a sech-selwer-eklärendem Numm ze hunn, wéi hirer méi. Allerdings ass den Numm "BoxArrondi" weeder nach,, dofir géif ech dat a
Schabloun:Faarwegen Text
ëmbenennen.
E Wuert awer nach zum Gebrauch: Ausser op Usersäiten oder Hëllefsäiten (bei Explikatiounen) gesinn ech net, wou een dat gebrauche kéinnt. --
Zinneke
Diskussioun
15:22, 3. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Pro
2: allround-Schabloun; „FaarwegenText“ ass fir mech och an der Rei.
Nach eng Info zum Gebrauch: de faarwegen Text oder faarwegen Hannergrond ass effektiv op Hëllefssäiten nëtzlech; dat mat der Këscht ronderëm gëtt aktuell op de Gare-Säite gebraucht fir d'Zich unzeginn, déi do stallhalen, z.
B.
RE
oder
RB
. |
GilPe
Diskussioun
17:31, 3. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Neie Gadget Calculator
Quelltext änneren
Et gëtt (scho säit e puer Deeg méi laang) en neie
Gadget Calculator
mat dozougehéiereger
Schabloun:Calculator
! Domat kann ee lauter interaktiv Elementer op enger Wikipedia-Säit abannen, ouni selwer mussen JavaScript o.
ä. programméieren ze kënnen, mee eleng mat Schablounen. Op der enwiki fënnt een nieft de méi einfache Beispiller op
en:Template:Calculator
nach richteg cool Beispiller op
en:Template:Calculator/doc/examples
, dorënner eng 360-Grad Foto, déi een an zwou Achsen dréine kann, oder eng historesch Landkaart, déi sech verännert, wann een e Slider beweegt. Wann ech dat richteg am Kapp hunn, gouf de Calculator ursprénglech op
WikiProjectMed
entwéckelt, fir e BMI-Rechner uweisen ze kënnen, an dann op
mw:Template:Calculator
iwwerdroen. Och op der enwiki ass de Calculator nach relativ nei, dohier gëtt et nach net esou vill Asazbeispiller. Hei just dat einfachst vum einfachen, fir de Prinzip z'illustréieren (an hoffentlech Appetit op eegen Experimenter ze maachen – et muss een de Gadget Calculator an de Benotzerastellungen aktivéiert hunn, fir datt d'Schablounen interaktiv sinn!):
An ee Schachbriet, wat sech endlech beweegt!
Op
Wikipedia:Homonymiedetekter#Upassungen
gesäit een, dat ee mat engem Calculator-Element esouguer op anere Plazen op der Säit een Effekt kann erzilen!
Natierlech gëllt och fir de Calculator, datt d'Wikipedia eng Enzyklopedie ass a kee faarweg blénkenden interaktive Multimedia-Zauber, mee ech sinn der Meenung, datt ee wueliwwerluechte Gebrauch vun Interaktivitéit, wéi se de Calculator och erméiglecht, och fir eng niichter Wëssensvermëttlung fërderlech ka sinn.
--
Volvox
Diskussioun
12:43, 12. Jan. 2026 (UTC)
äntweren
Ech weess net ob dat mam Gadget Calculator ze maachen ass, mä ech géif et flott fannen, wann an de Biographie Infoboxen de Calculator ausrechne kéint, wéi al eng bestëmmt Persoun ass oder war (also d'Differenz vun haut oder vum Doudesdatum zum Gebuertsdatum), sou wéi dat z. B. op der fr.wiki oder en.wiki de Fall ass. Kënne mer dat bei eis abauen? Merci |
GilPe
Diskussioun
15:06, 13. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Salut, mir hunn hei déi relativ simpel
Schabloun:Alter
, där een zwee Datume gëtt an déi engem dann den Alter ausrechent. Fir de Gebrauch mat Infoboxe geet dat aleng awer net duer. Déi vu Wikidata agebonne Gebuerts- an Doudesdatumen an déi fir d'Schabloun néideg Form ze bréngen, ass dee mannste Problem, mee déi Schabloun gëtt net domat eens, wa just Joer a Mount oder just d'Joer bekannt ass. Entweeder mir kopéieren eppes wéi
en:Template:Age
eriwwer, oder mir bastelen hei eppes méi Einfaches zesummen (woubäi dann ëmmer de Risiko ass, datt een e Grenzfall vergiess huet). Ech si mer nach net sécher, wat de bessere Wee ass...
De Calculator-Gadget spillt hei net. Den Numm „Calculator“ fannen ech an där Hisiicht onglécklech, well ee menge kéint, et géif ëm
calculation
goen. Mee de Knackpunkt ass net, datt en eppes rechne kéint, mee datt e Knäppercher an Inputfelder huet, ob déi eppes
interaktiv
reagéiert (sief et andeems tatsächlech eppes berechent gëtt, oder datt einfach just eppes visuell dorop reagéiert wéi beim Schachbriet). Mee den Numm ass sou üblech op anere Wikien. --
Volvox
Diskussioun
09:32, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Geographesch Koordinaten
Quelltext änneren
Gudde Mëtteg,
Mir haten de Problem schonn iergendwou ugeschwat, ech fannen en awer net erëm. Et geet ëm d'Geographesch Koordinaten déi an den Infoboxe stinn a vun Wikidata importéiert ginn an och ëm déi, déi direkt op Wikidata stinn: klickt een drop, kritt e just eng Feelermeldung, wéi z. B.:
GeoHack (49.572433; 5.995241) Dës Säit huet aktuell keen Text. Dir kënnt op anere Säiten no dësem Säitentitel sichen, an den entspriechende Logbicher nokucken oder dës Säit uleeën.
Éischtens ass dee Feelertext e bësse bosseg, mä méi wichteg ass, datt de Link net méi funktionéiert… (Wéi) kréie mer dat geléist? |
GilPe
Diskussioun
15:00, 13. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Salut, dat war hei:
Wikipedia:De Stamminee#Koordinaten
. De Fazit war (zumindest fir mech):
Mir kënnen an der Schabloun
wikidata
op déi däitsch (oder englesch) Versioun vu GeoHack ëmleeden. Dat léist de Problem awer net fir wann een op Wikidata selwer op en entspriechende Link klickt.
Mir kënnen eng Schabloun
GeoTemplate
uleeën, wéi déi aner Sproochversiounen och. Dat ass eemoleg e groussen Opwand, mee da fonktionéiert et vun iwwerall aus (an et ass op Lëtzebuergesch, fir déi, déi dat léiwer hunn).
Mir wullen a wulle fir erauszefannen, ob et iergendwou eng Konfiguratioun gëtt, fir déi een eng däraarteg Ännerung ufroe kéint, datt ee vun all Wikimedia-Projete mam Interface op Lëtzebuergesch op GeoHack op Däitsch (oder Englesch) geschéckt gëtt. Dat schéngt mer awer héchst spekulativ.
A mengen Aen ass 2. déi bescht Léisung, mee leider ustrengend... --
Volvox
Diskussioun
09:42, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
GeoHack gouf vum Magnus Manske virun engem hallwe Joer a Rust nei geschriwwen (déi al Versioun war a PHP geschriwwen), villäicht ass dobäi eppes mam Fallbacksproochemechanismus schif gaangen. Ech hu mol een Ticket op GitHub opgemaach, à voir... --
Volvox
Diskussioun
18:33, 14. Abr. 2026 (UTC)
äntweren
Vun „
Kategorie
Wikipedia-Administratioun
Verstoppt Kategorie:
Calculator-Säiten
Wikipedia
Technesche Krom
Sujet derbäisetzen
US